Werner Schmoll

Vu Wikipedia
Werner Schmoll
Pseudonym Jean Taureau
Gebuer 11. Dezember 1926
Leipzig
Gestuerwen 14. Dezember 1998
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schrëftsteller

De Werner Schmoll, Pseudonym: Jean Taureau, gebuer den 11. Dezember 1926 zu Leipzig, a gestuerwen de 14. Dezember 1998, war een däitsche Schrëftsteller.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Werner Schmoll war de Jong vun engem Schräiner. Vun 1941 bis 1943 huet en eng Léier als Maschinneschlässer gemaach. Am Zweete Weltkrich war en Zaldot an der Marinn. Vun 1946 bis 1950 huet en Droit op der Universitéit vu Leipzig studéiert, war eng Zäit an der Volkspolizei a Redakter bei enger Zeitung. Vun 1955 bis 1956 huet en ee Cours am Däitsche Literaturinstitut zu Leipzig gemaach. Kuerz duerno gouf hie fräie Schrëftsteller zu Leipzig an duerno zu Ost-Berlin.

De Werner Schmoll huet Romaner, Erzielungen a Jugendbicher geschriwwen. A sengen zwee éischte Bicher huet e seng Erfarungen als Volkspolizist an déi Zäit, wou en am Industriepark Schwarze Pumpe geschafft huet, verschafft. Säin erfollegräichste Roman Mit siebzehn ist man noch kein Held zielt zur sougenannter Ankunftsliteratur, enger Stréimung an der DDR-Literatur an de fréien 1960er Joren. Säi spéit Wierk besteet haaptsächlech aus Jugendbicher a Kriminalromaner. Seng Krimien, déi zu Paräis spillen, huet de Schmoll ënner dem Pseudonym Jean Taureau geschriwwen.

Zanter 1962 war de Werner Schmoll Member vum Däitsche Schrëftstellerverband vun der DDR. Hie krut 1963 de Literaturpräis vum Fräien Däitsche Gewerkschaftsbond (FDGB) an 1974 de Konschtpräis vun der Stad Leipzig.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Gefreiter Ruhland, Berlin-Wilhelmsruh 1960
  • Kiefern und Kühltürme, Berlin 1960
  • Mit siebzehn ist man noch kein Held, Halle/Saale 1962
  • Die Detektive vom Wenzelsplatz, Berlin 1963
  • Löwen, Sultaninen und ein Detektiv, Berlin 1965
  • Monsieur bleibt im Schatten, Berlin 1971 (ënner dem Numm Jean Taureau, zesumme mam Jürgen Brinkmann)
  • Eine Wolke aus Blech oder Meine verrückten Geschichten, Berlin 1973
  • Zufällig Stefanie, Berlin 1977
  • Der zweite Tod, Berlin 1980 (ënner dem Numm Jean Taureau)