Wesseling
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land: | |||||
| Bundesland : | |||||
| Regierungsbezierk : | Köln | ||||
| Landkrees : | Rhein-Erft-Krees | ||||
| Fläch : | 23,37 km² | ||||
| Awunner : | 35.154 (31. Dez. 2011) | ||||
| Héicht : | 42,5 - 62,7 m | ||||
| Koordinaten: | 50° 49′ N, 6° 58′ O50.8166666666676.9666666666667Koordinaten: 50° 49′ 0″ N, 6° 58′ 0″ O | ||||
D'Stad Wesseling grenzt um lénksen Uwänner vum Rhäin südlech un de Kölner Staddeel Godorf. Weider Nopeschstied si Brühl am Westen a Bornheim am Südwesten. D'Stad ass ënnerdeelt an d'Staddeeler Wesseling-Mitte, Keldenich, Berzdorf an Urfeld sowéi d'Gewerbezonen Rheinbogen an Eichholz.
Den 1. Januar 1975 gouf Wesseling durch § 1 Abs. 1 vum Köln-Gesetz Deel vun der Stad Köln, mä no enger erfollegräicher Klo den 1. Juli 1976 krut et seng Selbstännegkeet erëm.
Op dem Terrain vun der Stad leie vill grouss Betriber vun der chemescher Industrie, wéi zum Beispill d'Degussa an d'Basell (fréier emol Rheinische Olefinwerke an Elenac) sowéi eng Raffinerie vun der Shell (fréier DEA und Union Kraftstoff Wesseling). D'Raffinerie ass iwwer eng Pipeline mat Wilhelmshaven a Rotterdam verbonnen, wou se hire Pëtrol hierkritt.
Wesseling ass iwwer d'Autobunne 555 (Bonn–Köln) a 553 z'erreechen. Déi lescht stellt d'Verbindung zu den Autobunnen 61 an 1 hier. Mat der Stadtbahn, fréier Köln-Bonner Eisenbahn, kann ee Wesseling vun den Haaptgare vun Köln a Bonn a 35 bzw. 18 Minutten erreechen.
D'Stad bitt e grousse Kulturprogramm un a konnt 2004 dem Phönix-Theater eng éischte Kéier eege Raimlechkeeten an der neier Veranstaltungshal RheinForum ubidden. Eng Traditioun ass den Jazz-Festival 'Live im Lessing'. Ausserdem bitt d'Stad mat hirem grousse Schoulzentrum de Schoulflichtegen an Auszebildenden all Aart vu Schoulbildung un. Zum Schoulzentrum gehéieren e Gymnasium, Real-, Haapt-, Grond- a Beruffsschoul sowéi eng grouss Sportsanlag mat enger Sportsplaz am Fräien an e puer Turnhalen.
Baussent dem Uertsdeel Urfeld bedreift op Schloss Eichholz d'Konrad-Adenauer-Stëftung e Bildungszentrum.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Wesseling – Biller, Videoen oder Audiodateien |