Westleche Gorilla

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) West-Gorilla)
Westleche Gorilla
E Westleche Gorilla (Gorilla gorilla)

E Westleche Gorilla (Gorilla gorilla)
E Westleche Gorilla (Gorilla gorilla)
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Primaten
Ënneruerdnung: Afe mat dréchenen Nuesen
Famill: Mënschenafen (Hominidae)
Gattung: Gorillaen (Gorilla)
Aart: Westleche Gorilla
Wëssenschaftlechen Numm
Gorilla gorilla
Savage a Wyman, 1847
Ënneraarten

Westleche Flaachland-Gorilla
Cross-River-Gorilla

De Westleche Gorilla (Gorilla gorilla) ass eng vun den zwou Aarte vu Gorillaen aus der Primatefamill vun de Mënschenafen (Hominidae).En ass méi verbreet an e bësse méi kleng wéi déi aner Gorillaenaart, den Ëstleche Gorilla. Et gëtt zwou Ënner-Aarte vum Westleche Gorilla: de Westleche Flaachlandgorilla (Gorilla gorilla gorilla) uan de Cross-River-Gorilla (Gorilla gorilla diehli), deen no um Ausstierwen ass.

Verbreedungsgebitt vum Westleche Gorilla

D'Westlech Gorillae liewen am Weste vun Zentralafrika an der Géigend vum Golf vu Guinea. D'Cross-River-Gorillae liewe just an der Grenzregioun vun Nigeria a Kamerun, eng 300 Kilometer nordwestlech vun de Westleche Flaachlandgorillaen. Dës sinn am südleche Kamerun an am Weste vun der Zentralafrikanescher Republik iwwer Equatorialguinea, Gabun an d'Republik Kongo doheem.

Mat enger Gesamtpopulatioun vu ronn 100.000 Déieren ass de Westleche Gorilla déi bei wäitem méi heefeg vun den zwou Gorillaaarten. Déi meescht dovu si Westlech Flaachlandgorillaen; vum Cross-River-Gorilla ginn et just nach e puer honnert Déieren. E gëtt dann och vun der IUCN als critically endangered aklasséiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Westleche Gorilla – Biller, Videoen oder Audiodateien