West Side Story

Vu Wikipedia
West Side Story
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 1961
  Technicolor
Format 70 mm
Panavision
Originalsprooch Englesch/Spuenesch
Ekipp
Regie Robert Wise
Jerome Robbins
Dréibuch Ernest Lehman
nom Theaterstéck vum
William Shakespeare
Fotografie Daniel L. Fapp
Musek Leonard Bernstein
fir de Film och vum
Saul Chaplin
Produzent Robert Wise
Mirish Pictures
United Artists
Schauspiller
Natalie Wood als Maria
Richard Beymer als Tony
Russ Tamblyn als Riff
Rita Moreno als Anita
George Chakiris als Bernardo
Ned Glass als Doc
Simon Oakland als Lt. Schrank
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

De Musical[änneren | Quelltext änneren]

De Musical West Side Story gouf vum Arthur Laurents (Geschicht) a Stephen Sondheim (Dialogen) nom Theaterstéck Romeo a Julia vum William Shakespeare, geschriwwen. D'Musek huet de Leonard Bernstein komponéiert an d'Choreographie ass vum Jerome Robbins.

De Musical ass fir d'éischt am Winter Garden Theater um Broadway zu New York de 26. September 1957 opgefouert ginn. De Succès vum Stéck war grouss, an et huet et op 732 Opféierunge bruecht.

De Film[änneren | Quelltext änneren]

Duerch de grousse Succès um Broadway gouf de Musical vum Robert Wise a Jerome Robbins verfilmt.

D'Geschicht vu Romeo a Julia spillt am Musical an den 1950er Joren zu New York. D'Rivale sinn am Musical keng Adleg, mä zwou Gruppe vu Jugendlechen. Déi eng Säit déi amerikanesch Jets an déi aner Säit déi puerto-ricanesch Sharks. Déi zwou Clique leie stänneg am Sträit, bis den Amerikaner Tony (Richard Beymer) sech an d'Puerto-Ricanerin Maria (Natalie Wood) verléift……

Iwwer de Film[änneren | Quelltext änneren]

D'Titele vum Film, déi als Strécher um Ecran ufänken an zum Schluss de Quartier an deem de Film sech ofspillt, aus der Luucht weisen, si vum Saul Bass gemaach ginn.

De Film ass op enger duebeler DVD an op Bluray erauskomm.

De Film an de Medien[änneren | Quelltext änneren]

So the dancing is remarkable, and several of the songs have proven themselves by becoming standards, and there are moments of startling power and truth. "West Side Story" remains a landmark of musical history (Roger Ebert, amerikanesche Filmkritiker)

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

I Feel Pretty...
  • De Film krut am Joer 1962: 10 Oscaren, ënner anerem:
    • Beschte Filmregie: Robert Wise a Jerome Robbins
    • Beschte weiblech Nieweroll: Rita Moreno
    • Beschte männlech Nieweroll: George Chakiris
  • Dräi Golden Globen (1962):
    • fir de Robert Wise, de George Chakiris an d'Rita Moreno
  • New York Film Critics Circle Awards: Beschte Film vun 1961

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: West Side Story – Biller, Videoen oder Audiodateien