Westerbork

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Virun den Antennen d'Erënnerungsmonument un déi Deportéiert

Westerbork ass en Duerf an der hollänescher Gemeng Midden-Drenthe, an der Provënz Drenthe.

Ongeféier 7 Kilometer nërdlech vun der Gemeng stoung am Zweete Weltkrich d'Duerchgangslager Westerbork, ee KZ-Sammellager, vun deem aus iwwer 100.000 Judden, Sinti a Roma an d'Konzentratiounslager deportéiert goufen. Ënner hinne war och d'Anne Frank. D'Lager war schonns an der Zäit virun der däitscher Invasioun ageriicht – ufanks geduecht als Opfanglager fir jiddesch Flüchtlingen aus dem nationalsozialisteschen Däitschland, fir hinne mat engem provisoreschen Heem, Waasser a Liewensmëttel ze hëllefen. Den Däitsche koum dëst zupaass, se hunn d'Lager mat sengen Awunner praktesch iwwerholl a sengem neien Zweck zougefouert.

Radioteleskop [änneren]

Westerbork Synthese-Radioteleskop
Westerbork Synthese-Radioteleskop

Net wäit vu Westerbork steet de Westerbork Synthes-Radiosobservatoire (WSRT), mat senge véierzéng 25 Meter grousse Parabolantennen, déi verréckelbar sinn. Vun dëse Radioteleskope sinn 10 Antenne festmontéiert, während zwou um ëstlechen Enn vun der Rei op Schinne beweegt kënne ginn. 1,4 Kilometer ëstlech dovun, steet eng zweet Koppel beweeglech Schosselen.

Literatur [änneren]

  • D'astronomesch Anlage souwéi d'Lager spillen am Harry Mulisch sengem Erfollegsroman Die Entdeckung des Himmels eng wichtig Roll.
  • Pflock, Andreas; Auf vergessenen Spuren. Ein Wegweiser zu Gedenkstätten in den Niederlanden, Belgien und Luxemburg, erausgi vun der Bundeszentrale für politische Bildung, Bonn 2006

Um Spaweck [änneren]

Commons: Westerbork – Biller, Videoen oder Audiodateien