Weweler

Vu Wikipedia
Weweler
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Däitsch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Burg-Reuland
Koordinaten 50° 11’ 36.50’’ N
      06° 08’ 57.74’’ O
Telefonszon 080
Postcode 4790

Weweler ass eng kleng Uertschaft an der Gemeng Burg-Reuland an der däitschsproochescher Belsch, am Südoste vun der Provënz Léck.

D'Uertschaft läit am Dall vun der Our deen am Weste vum Ourberg (480 m) an am Oste vum Alertzberg (508 m) begrenzt ass. D'Uertschaft selwer läit um Niveau vun der Our op enger Héicht vun 350 m.

Duerch d'Uertschaft leeft d'Nationalstross N693 an et gëtt nach zwou Secondairestroossen, wouvun déi eng op Ouren an déi aner op Bracht geet.

Kuerz viru Weweler leeft d'Ulf, déi vu Buerg-Räiland kënnt, an d'Our.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Weweler zu der fréierer Gemeng Reuland gehéiert.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Weweler – Biller, Videoen oder Audiodateien