Where Have All the Flowers Gone?

Vu Wikipedia

Where Have All the Flowers Gone ass en Antikrichslidd vum Pete Seeger.

Nieft dem Bob Dylan sengem Masters of War ass dem US-amerikanesche Folksänger Pete Seeger säi Lidd dat bekanntst Lidd géint de Krich iwwerhaapt.

De Seeger huet ëmmer erëm erzielt, hien hätt d'Grondiddi aus dem Michail Scholochow sengem Roman De rouegen Don (Тихий Дон) an d'Melodie vum Lidd Drill Ye Tarriers Drill.

De Scholochow:

  • Wou sinn all déi Blummen?
  • D'Meedercher hu se gepléckt.
  • Wou sinn d'Meedercher alleguer?
  • Si hu sech Männer geholl.
  • Wou sinn d'Männer alleguer?
  • Si sinn an der Arméi.

Deen Text erënnert un dat däitsch Vollekslidd Zogen einst fünf wilde Schwäne, an deem d'Associatioun "Blumm - Brautkranz - Mann am Krich" och ze fannen ass.

Dem Seeger säi Lidd gouf op ville Sprooche nogesongen. Am Däitsche waren et ënner Aneren: d' Marlene Dietrich, d' Nana Mouskouri, d' Joan Baez, de Friedrich Schütter an den Hannes Wader.

Déi éischt Strof[änneren | Quelltext änneren]

 Where have all the flowers gone?
 Long time passing
 Where have all the flowers gone?
 Long time ago
 Where have all the flowers gone?
 The girls have picked them everyone
 Oh, when will you ever learn?
 Oh, when will you ever learn?

 Sag mir wo die Blumen sind.
 Wo sind sie geblieben?
 Sag mir wo die Blumen sind.
 Was ist geschehn?
 Sag mir wo die Blumen sind.
 Mädchen pflückten sie geschwind.
 Wann wird man je verstehn?
 Wann wird man je verstehn?

Den däitschen Text staamt vum Max Colpet (* 19. Juli 1905 zu Königsberg; † 2. Januar 1998 zu München).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]