Whirlpool-Galaxis
D'Whirlpool-Galaxis (och Messier 51 oder NGC 5194/5195 bezeechent) ass eng bekannt Spiralgalaxis vum Hubble-Typ Sc, dat heescht mat däitlech opfälleger Spiralstruktur, am Stärebild Canes Venatici. Den M 51 huet eng visuell Magnitude vun +8,40 mag an eng Wénkelausdeenung vun 10.8' x 6.6'. Hir Distanz läit bäi ronn 31 Millioune Liichtjoer, awer et gëtt och ofwäichend Miessungen an engem Beräich vu nëmmen 15 bis hin zu 37 Millioune Liichtjoer. Et ass eng sougenannt Face-On-Galaxis.
| Koordinaten (Equinoxe J2000.0) | |
| Rektaszensioun: | 13h29m54.00s |
| Deklinatioun: | +47°12'00.0" |
Den M51 huet ee wiesselwierkende Begleeder. Am NGC-Katalog huet hien d'Nummer NGC 5195 (M51 selwer huet d'Nummer NGC 5194). D'Begleetgalaxis ass en irregulären Typ an huet eng Wénkelausdeenung vun 5.9' x 4.6' an eng Hellegkeet vun +9,6 mag.
Am M51 fënnt am Moment eng aussergewéinlech aktiv Stäregebuert statt, déi méiglecherweis duerch d'Gezäitenwiesselwierkung mat dem NGC 5195 erbäigefouert gëtt. Dofir huet d'Galaxis en héijen Undeel vu jonken a masseräichen Stäre, déi awer mat e puer Millioune Joer nëmmen vergläichwäis kuerzlieweg wäerte sinn. Am M51 gouf während 11 Joer zwou Supernovae observéiert, den SN 1994I am Abrëll 1994 an den SN 2005cs am Juni 2005. Déi zwou Supernovae hunn d'Enn vu masseräichen Stäre als Explosiounen vum Typ Ic a vum Typ II markéiert.
Den M 51 ass och dofir interessant, well et eng vun den notsten Galaxien mat aktivem galaktesche Kär ass, eng Seyfertgalaxis vum Typ II. An hirem Zentrum verstoppt sech ee supermassivt schwaarzt Lach.
[änneren]
D'Galaxis gouf opgrond vun hirer Hellegkeet an der Villzuel vun interessanten Phenomener mat verschiddensten Methoden genee ënnersicht. Am Röntgenberäich kann een däitlech d'Begleetgalaxis gesinn, wougéint vum M51 selwer nëmmen de Kär genee sou hell ass. Dofir sinn verschidden Mechanismen verantwortlech. De Kär vum M51 ass hell, well an him als aktive galaktesche Kär vill Kollisiounen tëschent Gasen stattfannen, also Stärewand, expandéierend Supernovaiwwerreschter, an d'Akkretioun vun der Matière an dat zentralt schwaarzt Lach. D'Röntgenstrahlung vum Begleeder dogéint staamt wuel vun den Koronae vun de sëlleche Stäre vum Spektraltyp vun der Sonn a spéideren Spektraltypen of. Den ultravioletten Spektralberäich gëtt dogéint vun de Spiraläerm vum M51 dominéiert. Dat läit dorun, datt do aktiv Stäregebuertsgebidder leien an domat vill jonk Stäre vu fréien Typen, also besonnesch waarm Stäre, existéieren, déi am Ultraviolett staark strahlen. D'Stäregebuertsgebitt am Spiralaarm tëschent M51 an dem Begleeder ass besonnesch däitlech ze gesinn. D'Stäre vun der Begleetgalaxis sinn an dësem Spektralberäich dogéint esou gutt wéi onsiichtbar.
Am siichtbare Liicht sinn d'Undeeler vun de verschiddenen Stäre ausgeglach. Et erkennt een awer och hei un der rodelzeger Faarf vum Begleeder, datt do kaum fréi Spektraltypen existéieren. D'Gasniwwel, normalerweis H-II-Gebitt, déi vum rosa Liicht vun de Waasserstofflinnen Hα bis Hδ dominéiert ginn, sinn am Kontrast däitlech verstäerkt, se wiere fir d'A net esou opfälleg. Dës Niwwelen stëmmen ganz gutt mat den helleren Ultraviolettgebidden iwwereneen, wat doru läit, datt d'Waasserstofflinnen vun der Balmer-Serie liichten, well d'Niwwelen duerch d'ultraviolett Liicht vun de jonke Stäre zum Liichten ugereegt ginn. Am noen Infrarout ass dogéint d'Verdeeéung vun de Stäre spéiderer Spektraltypen ze gesinn, déi nëmmen wéineg 1000 Kelvin waarm sinn. Si sinn eenzel zwar net esou hell wéi d'Stäre vu fréier Typen, awer vill méi zueleräich. Am mëttleren Infrarout ass d'Verdeelung vum interstellare Stëbs an der galaktescher Scheif bei verschiddenen Temperaturen vu wéinegen honnert Kelvin ze gesinn. Sou erschéngt zum Beispill d'Stëbsband um Spiralaarm lénks ënnen, dat d'siichtbart Liicht absorbéiert, donkel virun dem Spiralaarm, während et am mëttleren Infrarout selwer liicht. Dat klengt Stäregebuertgebitt, wat do läit ass däitlech siichtbar am Ultaviolett an am Visuellen am Niwwel. Et zeechent sech och am Stëbs als méi waarm wéi d'Ëmgéigend of.
Am Radioberäich, wat hei net opgezeechent ass, bestëmmen dann erëm Gaswolleken d'Bild, allerdéngs esouer mat neutralem Gas a Molekülen, woubäi d'Strahlung ënnerschiddlecher Emissiounslinnen och staark ënnerschiddlech verdeelt ass, an doduerch Réckslëss op Temperatur an Dicht vum Gas erlaabt. Ausserdeem trëtt do den aktive Kär däitlech ervir. De Begleeder ass an Radioband nees däitlech méi donkelr wéi den M 51 selwer, well Radiostrahlung kaum vun deenen do virkommenden Stäre spéideren Typs, ofgesinn vum Wand eenzelner AGB-Stäre, oder dem Stëbs emittéiert gëtt.
[änneren] Den aktive Kär
Déi hell Regioun ëmfaasst den aktive Kär vun der Galaxis. Op dem Bild vun der ganzer Galaxis uewen ass dës Regioun nëmmen e puer Pixel grouss am Zentrum vun der Spiral. Bei enger Distanz vun 30 Millioune Liichtjoer huet dës Regioun een Duerchmiesser vu ronn 120 Liichtjoer. Dat donkelt Band op dem Bild ass en Torus aus Stëbs, dee mer bal genee op d'Kant gesinn. Op ëmmer besseren Biller gouf en helle Kär niewent dem donklen Band siichtbar.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Whirlpool-Galaxie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
M 1 - M 2 - M 3 - M 4 - M 5 - M 6 - M 7 - M 8 - M 9 - M 10 - M 11 - M 12 - M 13 - M 14 - M 15 - M 16 - M 17 - M 18 - M 19 - M 20 - M 21 - M 22 - M 23 - M 24 - M 25 - M 26 - M 27 - M 28 - M 29 - M 30 - M 31 - M 32 -M 33 - M 34 - M 35 - M 36 - M 37 - M 37 - M 38 - M 39 - M 40 - M 41 - M 42 - M 43 - M 44 - M 45 - M 46 - M 47 - M 48 - M 49 - M 50 - M 51 - M 52 - M 53 - M 54 - M 55 - M 56 - M 57 - M 58 - M 59 - M 60 - M 61 - M 62 - M 63 - M 64 - M 65 - M 66 - M 67 - M 69 - M 70 - M 71 - M 72 - M 73 - M 74 - M 75 - M 76 - M 77 - M 78 - M 79 - M 80 - M 81 - M 82 - M 83 - M 84 - M 85 - M 86 - M 87 - M 88 - M 89 - M 90 - M 91 - M 92 - M 93 - M 94 - M 95 - M 96 - M 97 - M 98 - M 99 - M 100 - M 101 - M 102 - M 103 - M 104 - M 105 - M 106 - M 107 - M 108 - M 109 - M 110
NGC 5170 | NGC 5171 | NGC 5172 | NGC 5173 | NGC 5174 | NGC 5175 | NGC 5176 | NGC 5177 | NGC 5178 | NGC 5179 | NGC 5180 | NGC 5181 | NGC 5182 | NGC 5183 | NGC 5184 | NGC 5185 | NGC 5186 | NGC 5187 | NGC 5188 | NGC 5189 | NGC 5190 | NGC 5191 | NGC 5192 | NGC 5193 | NGC 5194 | NGC 5195 | NGC 5196 | NGC 5197 | NGC 5198 | NGC 5199 | NGC 5200 | NGC 5201 | NGC 5202 | NGC 5203 | NGC 5204 | NGC 5205 | NGC 5206 | NGC 5207 | NGC 5208 | NGC 5209 | NGC 5210 | NGC 5211 | NGC 5212 | NGC 5213 | NGC 5214 | NGC 5215 | NGC 5216 | NGC 5217 | NGC 5218 | NGC 5219