Whitney Houston
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Whitney Elizabeth Houston, gebuer den 9. August 1963 zu Newark, New Jersey, a gestuerwen den 11. Februar 2012 zu Beverly Hills, Kalifornien, war eng US-amerikanesche R&B-, Soul- a Popmusek-Sängerin, Schauspillerin a Filmproduzentin.
Mat iwwer 170 Milliounen verkaafte Placken an CDen an iwwer 200 Gold-, Platin-, Sëlwer-, an Diamantschallplacken a sechs Grammy Awards huet d'Whitney Houston zu de Sängerinne mat deem meeschte Succès an den 1980er an 1990er Jore gezielt.[1][2] Si hat eng Stëmm iwwer 3 Oktaven. Zu hire gréisste Succèsen hu Lidder ewéi Saving All My Life for You, I Wanna Dance with Somebody oder I Will Always Love You aus dem Soundtrack vum Film The Bodyguard (an deem se och matgespillt huet) gehéiert.
Inhaltsverzeechnes |
Discographie (Auswiel) [änneren]
Albumen
- Whitney Houston (1985)
- Whitney (1987)
- I’m Your Baby Tonight (1990)
- The Bodyguard (Soundtrack, 1992)
- The Preacher’s Wife (Soundtrack, 1996)
- My Love Is Your Love (1998)
- The Greatest Hits (2000)
- Love, Whitney (2001)
- Just Whitney... (2002)
- I Look to You (2009)
Filmographie [änneren]
- 1992: The Bodyguard
- 1995: Waiting To Exhale
- 1996: The Preacher's Wife
- 1997: Rodgers & Hammerstein's Cinderella
- 2012: Getting To Happy
- 2012: Sparkle
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Whitney Houston – Biller, Videoen oder Audiodateien |