Widdem

Vu Wikipedia
Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

Widdem (vum Latäin vidualitium) ass en ale juristesche Begrëff, mat deem dat bezeechent gëtt, wat ee viru benotze kann, nodeem engem säi Conjoint (Mann oder Fra) gestuerwen ass.

Am alen däitsche Recht war de Begrëff ufanks eng Zort Dott, mat deem e Mann senger neier Fra hire Papp "entschiedegt" huet, well e si vun him ewechgeholl huet; duerno huet den Ausdrock sech op mobil Gidder bezunn, déi eng Fra nom Doud vun hirem Mann viru benotze kéint, fir dann am Laf vun der Zäit op Immobilien iwwerdroen ze ginn, deenen hiert Notzrecht der Fra iwwerdroe gouf.

De Begrëff gouf och fir Lännereien oder Haiser gebraucht, déi engem Paschtouer oder engem Klouschter zur Verfügung gestallt goufen; dofir fënnt een en och alt a Flouernimm erëm.

D'Konzept vum Widdem huet sech bis haut erhalen a fënnt sech virun allem am Ierfschaftsrecht erëm. De franséische Begrëff an deem Zesummenhang ass Douaire.