Widmanstätten-Struktur

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Widmanstätten-Struktur op der gebeezter Uewerfläch vun engem Meteorit aus dem Gibeon-Streefeld vu Namibia.

Als Widmanstätten-Struktur ginn déi nëmmen a meteoriteschem Material noweisbar, charakteristesch Strukture bezeechent, déi ee gesäit, wann d'Eisemeteoritte vum Typ Oktaedrit ugeschlaff, poléiert a mat methanolhalteger Salpéitersaier gebeezt ginn. D'Erklärung läit an der ënnerschiddlecher Bestännegkeet vun den Néckel-Eiseminerale Kamacit an Taenit. Während den néckelaarme Kamacit méi staark ugegraff an opgeléist gëtt, bleiwen déi néckelräich Taenitkristalle stoen.

D'Struktur entsteet am fir d'éischt homogenen Eisenéckelalliage aus Taenit bei ganz lueser Ofkillung (1 bis 100 Grad pro Millioune Joer) tëscht 700 an 450 °C am festen Zoustand duerch Kristallisatioun vum Kamacit laanscht bestëmmten an der Kristallstruktur vun de Flächen vum Taenit. Sou entsti Placke vum Kamacit, déi wéi d'Fläche vun engem Oktaeder festgeluecht sinn. Do tëscht bleiwen bandfërmeg Reschter vun Taenit zréck[1]. Déi laang Ofkillzäite maachen et verständlech, firwat déi Strukturen op der Äerd net nogemaach kënne ginn an dofir en Erkennungszeechen fir meteoritescht Eisen sinn. Nëmmen a ganz klengem Moossstaf, sou datt si nëmmen am Mikroskop gekuckt kënne ginn, entstinn ähnlech Objeten och am Kuelestoffstol beim Erhëtzen bis an d'Géigend vum Schmëlzpunkt.

D'Strukture goufe vum Schreibers nom éisträicheschen Naturwëssenschaftler Alois von Beckh-Widmanstätten genannt. De Widmanstätten hat d'Struktur 1808 zu Wien op enger gebeezter Fläch vum Eisemeteorit Hraschina entdeckt. Dat gouf awer eréischt 1820 vum Schreibers publizéiert [2]. Onofhängeg dovun hat den englesche Chemiker Guglielmo Thomson d'Struktur schonn am Joer 1804 beschriwwen. Hien hat e metallescht Stéck vum Pallasit Krasnojarsk mat Saier behandelt, fir de Rascht ewechzemaachen an hat dobäi d'Struktur entdeckt.[3][4]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Widmanstätten-Struktur – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. F. Heide, F. Wlotzka, Meteorites, Messengers from Space. Springer-Verlag 1995
  2. Carl von Schreibers: Beiträge zur Geschichte und Kenntnis meteorischer Stein- und Metallmassen. J.G.Heubner, Wien 1820.
  3. Guglielmo (William) Thomson (1804) Essai sur le fer malléable trouvé en Sibérie par le Prof. Pallas. Bibliothèque Britannique 27, 135.
  4. F.A. Paneth: The discovery and earliest reproduction of the Widmanstätten structure. Geochimica et Comochimica Acta 18 (1960) 176