Wieder (Biergbau)

Vu Wikipedia
Bewiederung mat Wiederschächt

Mam Begrëff Wieder ginn am Biergbau all déi verschidden Zorte Gasgemëscher bezeechent déi an enger Grouf ze fanne sinn.

Zesummesetzung vum Wieder[änneren | Quelltext änneren]

Wann d'Wieder an der Grouf bal der Loft vu baussen der Grouf gläicht da gëtt vu frëschem oder guddem Wieder geschwat. Wann am Wieder ze vill Gase sinn déi net oder nëmme schlecht gëeegent si fir reegelméisseg ootmen ze kënnen (CO2, N) da gëtt et matt oder stéckegt Wieder genannt, a wann ze vill gëfteg Gasen dra sinn (CO, H2S, NOx) da gëtt et gëfteg oder béist Wieder genannt. A Kuelegrouwe koum dann nach de Risiko vun explosive Schlagwiederen (CH4) derbäi.

Bewiederung[änneren | Quelltext änneren]

Wat de Biergmann méi wäit an de Bierg erafiert, wat et ëmmer méi wichteg gëtt fir frësch Loft ze suergen. Dofir gëtt d'Grouf da bewiedert. D'Grouwebewiederung hat dräi Haaptzwecker:

  1. fir de Leit an den Déieren déi an der Grouf schaffen, déi neideg Loft fir z'ootmen a fir Geliits erbäizebréngen;
  2. fir déi matt, gëfteg (Faulprozesser an Ofgase vu Spréngschëss) an d'Schlagwiedere bis zur Onschiedlechkeet ze verdënnen a fortzespullen;
  3. fir a waarmen (déiwe) Grouwen, Temperatur erofzesetzen a besonnesch déi schiedlech Wierkunge vu fiicht waarme Loftzich ze bekämpfen.

Zu Lëtzebuerg goung meeschtens den natierleche Loftzuch duer, deen duerch Héicht- an Temperaturënnerscheeder entsteet. Am Summer ass d'Loft an der Galerie méi kal an domat méi schwéier, si fält erof a geet duerch den ënneschten Agank eraus, an zitt automatesch vun uewe Loft no. Am Wanter ass et ëmgedréint, d'Loft an der Galerie ass méi waarm an domat méi liicht, si sicht e Wee no uewe fort an zitt Loft duerch den ënneschten Agank no. Sou Héichtenënnerscheeder bestinn duerch Agänk fir verschidde Lager, Duerchbréch an d'Nopeschkonzessioun, agefalenen an domat loftfërderenden Daach am ale Mann, oder et ass extra e Loftschacht gegruewe ginn.

Wann dat alles onméiglech war oder net duergong well d'Strecke kilometerlaang waren, da koume Ventilateren zum Asaz, déi entweeder Loft erageblosen oder erausgezunn huet.

Loftverbrauch[änneren | Quelltext änneren]

Et gouf Sauerstoff gebraucht fir z'ootmen, fir d'Geliits, awer och d'Oxydatioun vu Kuel oder Eisen an d'Faulprozesser am Holz hunn hiren Deel gefuerdert, a gläichzäiteg goung de Kuelendioxidgehalt an d'Luucht. En Aarbechter dee schwéier schafft brauch ongeféier 20 l frësch Otemloft an der Minutt. Dat kann alt bis op 40 eropgoen[1]. Sou eng Quantitéit frësch Loft géif duergoen, wann d'Méiglechkeet géif bestoen, fir se ëmmer als frësch Loft bis op d'Aarbechtsplaz ze kréien. Well een awer z. B. déi ausgeotemt Loft net vun där déi een erëm soll anootmen, trenne kann, mä déi zwou sech vermëschen a sou de Sauerstoffgehalt am Ganzen erofgeet, muss de Quantum vun der Loft déi erneiert soll ginn, vill méi grouss sinn. D'Erfahrungswäerter a Grouwe wou keng speziell Wiederverschlechterunge sinn, hunn erginn, datt ee pro Schwéieraarbechter ¾ frësch Loft d'Minutt brauch, a fir e Päerd véier- bis fënnefmol sou vill[2]. Normal sinn 20,95 Vol.-% Sauerstoff a 0,035 Vol.-% Kuelendioxid, scho Loft mat 19-20 Vol.-% Sauerstoff gouf als matt bezeechent, bei Wäerter vun 11-13 Vol.-% Sauerstoff an 1-3 Vol.-% Kuelendioxid fänkt et u kriddeleg ze ginn, bei 6-11 Vol.-% Sauerstoff an 8 Vol.-% Kuelendioxid fält ee schwaach oder kritt Vergëftungen[3]. Mat Rücksicht op d'Gesondheet vun den Aarbechter, an awer och op Leeschtung, ginn 1–2 m3 als optimal ugesinn[4].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. C.Hellmut Fritzsche, Lehrbuch der Bergbaukunde, S. 508
  2. Louis Lenz, Der Luxemburger Bergmann in seiner Arbeitswelt, De Minettsdapp Kultur am Süden Asbl 1997, S. 95
  3. Bundesanstalt für Arbeitsschutz und Arbeitsmedizin - Grenzwäerter Gearchiveerd op 2014-01-10. Gekuckt de(n) 2014-02-28.
  4. Heinrich Otto Buja, Ingenieurhandbuch Bergbautechnik: Lagerstätten und Gewinnungstechnik, Beuth 2013, S. 360