Wien

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Disambig.svg An dësem Artikel geet et ëm d'Stad Wien. Fir aner Bedeitunge vum Numm Wien, kuckt w.e.g. Wien (Homonymie).


Wien
Wopen Lokalisatiounskaart
Land: Flag of Austria.svg Éisträich
Koordinaten: 48° 12' 00" N
16° 22' 00" E
Fläch: 414,90 km²
Awunner: 1.731.236 (1. Januar 2012)
Bevëlkerungsdicht: 4.173 Aw./km²
Héicht: 170 m
Buergermeeschter: Michael Häupl (SPÖ)

Wien ass d'Haaptstad vun der Republik Éisträich a gläichzäiteg e Bundesland. Si huet 1.631.082 Awunner (2005), am Groussraum Wien liewen eng 2 Millioune Mënschen.

D'Symboler vu Wien sinn d'Riserad an de Stephansdoum.

Wien ass de Sëtz vu verschiddenen internationalen Organisatiounen, wéi der OPEC (Organisatioun vun deene Länner, déi Pëtrol exportéieren), der OSZE, der IAEA (International Atomenergie Agence) souwéi drëtt UNO-Stad (UNOV), nieft New York, Genf an Nairobi. D'Bannestad vu Wien gouf am Dezember 2001 op Optrag vun der Republik Éisträich op d'Lëscht vun der Weltkulturierfschaft opgeholl, an zielt zu den allgemenge Weltstied.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Stadtteile von Wien entlang der Donau (gesehen von Nordwesten).jpg

Lag[änneren | Quelltext änneren]

D'Entwécklung zu enger vun de bedeitendste Stied a Mëtteleuropa verdankt Wien ënner anerem senger gënschteger geographescher Lag. D'Stad läit tëscht den nordëstlechen Ausleefer vun den Alpen, an dem nordwestlechen Deel vum Wiener Becken. D'historesch Stad ass haaptsächlech südlech vun der Donau entstanen, haut geet d'Stad iwwer béid Ufer. Wien läit un enger Kräizung vun ale Verkéiersstroossen a West-Ost an an Nord-Süd-Richtung (Bernsteenstrooss). Et war liicht fir do iwwer d'Donau ze kommen, well de Stroum sech am Wiener Becken op eng grouss Fläch verdeele konnt.

Nom Fall vum Eisene Rideau sinn d'Verkéiers- a Wirtschaftsbezéiungen zu den ëstlechen Nopere vun Éisträich nees gewuess. Wien läit zum Beispill nëmme 60 Kilometer vun der slowakescher Haaptstad Bratislava ewech.

Landschaft[änneren | Quelltext änneren]

Vum Wiener Stadgebitt ass nëmmen e klengen Deel bebaut. Ongeféiert d'Hallschent vu Wien ass Gréngfläch, grouss Deeler gi landwirtschaftlech benotzt.

Wien läit op enger Héicht iwwer dem Mier vun 151 m an der Lobau bis zu 542 m, um Hermannskogel. Am Nordwesten, souwéi am Westen a Südweste vu Wien reecht de Wienerwald mat sengen Héichten (Leopoldsberg, Kahlenberg) a Bëscher bis an d'Stadgebitt eran. Aus dem Wienerwald fléissen ausserdeem eng Partie kleng Flëss an d'Stad, de bekanntsten ass d'Wien.

Ënnerdeelung[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Wiener Gemengebezierker Nuvola apps xmag.png

Wien districts with numbers.png

Wien besteet aus 23 politesche Gemengebezierker, déi allgemeng mat engem Numero bezeechent ginn (z. B.: "17. Bezierk")

1. Innere Stadt   2. Leopoldstadt
3. Landstraße   4. Wieden
5. Magareten   6. Mariahilf
7. Neubau   8. Josefstadt
9. Alsergrund   10. Favoriten
11. Simmering   12. Meidling
13. Hietzing   14. Penzing
15. Fünfhaus   16. Ottakring
17. Hernals   18. Währing
19. Döbling   20. Brigittenau
21. Floridsdorf   22. Donaustadt
23. Liesing

D'historesch Alstad, den "1. Bezierk", war bis 1850 identesch mam Stadgebitt.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

D'Wiener Klima ass en Iwwerganksklima mat ozeaneschen Aflëss aus dem Westen a kontinentalen Aflëss aus dem Osten. Dat mierkt een am Joresvergläich duerch Miessresultater déi staark variéieren. Wien huet nëmme wéineg Reen, ronn 600 mm Nidderschlag am Joer. D'Wänter sinn am Vergläich mam Rescht vun Éisträich relativ mëll. D'Lofttemperatur am Stadzentrum läit an der Moyenne bei 11,5 °C, ronderëm d'Stad bei 9,5 °C.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vu Wien Nuvola apps xmag.png

Éischt Besiidlunge loosse sech bis an d'Jongsteenzäit zréckverfollegen. D'Kelten hunn d'Stad Vedunia genannt, d'Réimer schwätze vu Vindobona. En éischten Opschwonk koum mam Haus vun de Babenberger, mä wierklech u Bedeitung gewonnen huet d'Stad ënner den Habsburger, déi Wien 1278 als Haaptsëtz vun de Keesere vum Hellege Réimesche Räich ernannt hunn.

1529 gouf Wien fir d'éischt Kéier vun den Tierken erfolleglos belagert. D'Stad, déi duerch d'mëttelalterlech Mauere geschützt war, konnt den Ugrëffer nëmme mat Méi duerhalen, bis schliisslech Seuchen an d'Angscht vun engem fréie Wanter d'Tierken zum Réckzuch gezwongen hunn. 1683 koum et zu der Zweeter Tierkebelagerung, bei där sech d'tierkesch Arméi zréckgezunn huet, wéi de Kinnek vu Polen Jan Sobieski mat sengen Truppen op Wien koum.

Nodeem d'Tierken definitif fort waren, goufe grouss Bauprojeten an d'Liewe geruff. Ganz Wien gouf am Stil vum Barock nei opgebaut. Dat ass virun allem mat den Nimm vun den Architekte Johann Bernhard Fischer von Erlach a Johann Lukas von Hildebrandt verbonnen. Virum allem an de Virstied gouf vill gebaut, den Adel huet ugefaangen, dat ganzt Ëmland mat Gaardepalaisen z'iwwerzéien. Am bekanntste sinn de Liechtenstein, Schönborn a Schwarzenberg, a virun allem d'Schlass Belvedere, de Gaardepalais vum Prënz Eugène. 1704 kruten d'Virstied hiert eegent Befestegungssystem, de Linnewall.

Ënner dem Keeser Joseph II. gouf d'Stadverwaltung 1783 moderniséiert: et goufen eege Beamte fir d'Stad agefouert, d'Magistraten. Zu derselwechter Zäit goufen och d'Kierfechter an der Stad eliminéiert.

An de Koalitiounskricher gouf Wien direkt zweemol vum Napoléon sengen Truppen ageholl. Nodeem den Napoleon an de Befreiungskricher definitif geschloe war, war zu Wien vum 18. September 1814 bis zum 9. Juni 1815 de Wiener Kongress, deen d'politesch Kaart vun Europa nei gezeechent huet.

An der éischter Hallschent vum 19. Joerhonnert Joerhonnert koum et zu enger intensiver Industrialiséierung, 1837 koum den Uschloss un d'Eisebunnsnetz.

D'Franséisch Februarrevolutioun 1848 huet sech och op Wien ausgewierkt. Den 13. Mäerz ass fir d'éischt d'Mäerzrevolutioun ausgebrach, déi de Metternich schliisslech zum Réckzuch gezwongen huet, de 6. Oktober koum et dann zu der Wiener Oktoberrevolutioun.

No der grousser Iwwerschwemmung vun 1830 gouf et ëmmer nees Iddie fir eng Donaureguléierung, déi dunn an den 1860er gemaach gouf.

Den Éischte Weltkrich huet zwar net zu enger onmëttelbarer Gefor fir Wien gefouert, mä duerch d'wirtschaftlech Blockad vun der Entente koum et zu enger Versuergungskris, Liewensmëttel a Kleeder ware besonnesch rar.

Nom Zweete Weltkrich gouf Wien, genee wéi Berlin, a véier Secteuren agedeelt, a vun den Alliéierte verwalt.

Nom Krich koum et, wéi iwwerall a Westeuropa zu engem Wirtschaftsopschwonk, net zulescht duerch d'Hëllef vum Marshall-Plang.

Wichteg fir Wien gouf d'U-Bahn, déi éischt Deelstreck ass 1978 opgaangen. An den 1970er gouf den drëtten Amtssëtz vun der UNO mat der UNO-City installéiert. Mam Enn vum 20. Joerhonnert gouf zu Wien eng Skyline mat de Wollekekrazert Andromeda Tower a Millennium Tower am 21. an 20. Bezierk, geschaf.

Bei de Wale fir de Gemengerot vun 2001 kruten d'Sozialdemokraten d'absolut Majoritéit, déi si 2005 verdeedege konnten. Nodeem d'Liberaalt Forum aus der Gemeng eraus war, sinn nëmme nach véier Parteien am Gemengerot vertrueden.

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Virum allen d'Musek huet Wien weltwäit bekannt gemaach. Et gëtt net vill aner Stied, wou souvill bekannte Komponiste gewierkt hunn. De Wiener Walzer, d'Wiener Sängerknaben, musikalesch grouss Organisatiounen, wéi d'Neujahrskonzert oder de Wiener Opernball si weltwäit bekannt. Berühmt ass Wien och wéinst senger Kichen a senger Kaffeehauskultur.

Theater & Oper[änneren | Quelltext änneren]

Wiener Staatsoper

Konscht a Kultur kënnen zu Wien an de Beräicher Theater, Oper oder och Bildend Konscht op eng laang Traditioun zréckkucken.

Nieft dem Burgtheater, deen zesumme mat senger Zweetbühn, dem Akademietheater, als eent vun de wichtegste Schauspillhaiser vun der Welt gëllt, bidden och nach de Vollekstheater Konschtgenoss. Donieft gëtt et nach eng grouss Partie vu klenge Bühnen, déi sech dacks dem Kabarett an der Klengkonscht verschriwwen hunn.

Och Frënn vun der Oper kommen zu Wien op hir Käschten: d'Staatsoper an d'Volleksoper bidden eppes fir all Gout, d'Volleksoper leet den Accent besonnesch op déi typesch Wiener Operette, mä och op de klassesche Musical.

Concerte mat klassescher Musek gi virun allem am Wiener Museksveräin, mat dem bekannte gëllene Sall, an am Wiener Konzerthaus gespillt.

Den Theater un der Wien huet an de leschte Jore mat Musical-Première vu sech schwätze gedo. Am erfollegräichste war de Musical Elisabeth, deen duerno op der ganzer Welt a verschiddene Sproochen opgefouert gouf. Mam Haus der Musik huet Wien zanter 2000 och e Klangmusee fir Kanner an Erwuessener.
De Marionettentheater Schlass Schönbrunn flegt d'Spill mat wäertvolle Marionetten, an Operen an Theaterstécker fir Erwuessener a Kanner.

Konschthistoresche Musee um Maria-Theresien-Platz

Muséeën[änneren | Quelltext änneren]

An der Hofburg sinn de Sissi-Musee, d'Appartementer vun de Keeseren, d'Haffsëlwer- an Tafelkammer ze besichtegen, direkt vis-à-vis vun der Haffbuerg fënnt een de Konschthistoreschen an den Naturhistoresche Musée.

An der direkter Noperschaft steet de Museumsquartier, e Muséeskomplex deen an den 1990er Jore gebaut gouf. Do fënnt een de Musée fir modern Konscht - Stiftung Ludwig, de Leopold-Musee, deen haaptsächlech Wierker vum Wiener Secessiounsismus, der Wiener Moderne an dem éisträicheschen Expressionismus weist. De Palais Liechtenstein weist déi weltwäit gréisst privat Konschtsammlungen.

Net vergiessen däerf een d'Bezierksmuséeen, déi en Abléck an d'Geschicht vum jeeweilege Bezierk ginn.

Architektur[änneren | Quelltext änneren]

Zu Wien fënnt ee Bauwierker aus alle Stilepoche vun der Architektur, vun der romanescher Ruprechtskierch iwwer de gotesche Stephansdoum, déi barock Karelskierch, d'héichbarock Jesuitekierch a Baute vum Klassizismus bis zur Moderne. De Jugendstil huet och seng Spuren zu Wien hannerlooss: D'Secession, an d'Kierch um Steenhaff vum Otto Wagner zielen zu de bekanntste Baute vun dëser Epoch.

Eng vun de beléiftesten Touristenattraktiounen ass d'Hundertwasserhaus vum Friedensreich Hundertwasser, wat als Géigemodell zu der moderner Architektur geduecht ass.

Eng Partie vu Staddeeler goufe säit den 90er Joren nei erchloss. Ëmfangräich Bauteprojeten ronderëm d'Donau City (nërdlech vun der Donau) an um Wienerberg (am Süde vu Wien) goufen ëmgesat. Den 202 m héije Millennium Tower um Handelskai ass zanter 1999 dat héchst Gebai zu Wien.

Iesskultur[änneren | Quelltext änneren]

D'traditionell Wiener Kichen ass vu fréien Aflëss vun de verschiddene Kulture vun der Monarchie geprägt. Sou kënnt de Gulasch mat senge Wiener Varianten aus Ungarn. Aus Béime komme virun allem d'Mielspeisen, verschidde Strudel, Golatschen a Palatschinken (Paangecher). Beléift ass och de Wiener Schnitzel, deen eigentlech aus Mailand kënnt. Zu de Feinheeten op er Kaart zielt den Tafelspitz (gekacht Rëndfleesch) mat Kren (Mierriedech).

Zum Stadbild vu Wien gehéieren och déi sougenannt Würstelbuden wou een nieft Wiener och Burenwurst, Käsekrainer a Leberkäse ze schmaache kritt.

Gewürz- a Geméisstand um Naschmaart

De gréisste Maart mat feste Stänn ass de Naschmaart, wou een Uebst, Geméis, Gewierzer, Fësch, Fleesch a villes méi aus aller Welt kafe kann.

Wien ass weltwäit déi eenzeg Metropol mat eegenem Wäinubaugebitt. Dëse Wäin gëtt a klenge Lokaler (Heuriger) erausgeschott. De Wäin gëtt dacks als Gespritzter gedronk.

Eng weider Spezialitéit vun der Wiener Kultur ass d'Wiener Kaffeehaus.

Verschiddenes a Veranstaltungen[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht der Michaeler- an der Jousefsplaz läit d'Spuenesch Haffreidschoul.

Tourismus[änneren | Quelltext änneren]

Duerch eng sëlleche Prunkbauten aus der réimesch-däitscher an der éisträichesch-ungarescher Keeserzäit, ville kulturellen Offeren an net zulescht och wéinst dem Ruff als Musekhaaptstad, dee Wien duerch d'Schafe vu berühmte klassesche Museker wéi Beethoven oder Mozart krut, ass d'Stad weltwäit bekannt an e beléift Touristenziel. Mam Fiaker kann een duerch den 1. Bezierk, deen zu der Weltkulturierfschaft zielt, fueren, am Zentrum dovu steet de Stephansdoum. Net wäit dovun ewech fënnt een d'Staatsoper, d'Kärntnerstrooss, an déi prunkvoll Ringstrooss.

Vill Touriste kommen am Dezember, wann zu Wien de Chrëschtmaart opgeet.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Jumelage[änneren | Quelltext änneren]

Wien ass mat folgende Stied jumeléiert:

Ausserdeem besti Partnerschaften tëscht eenzelne Wiener Bezierker a folgende japanesche Stied/Bezierker:

D'Jousefsstad (Wien 8) bild zesumme mat de Bezierker Józsefváros zu Budapest an Timişoara de Bond vun de Jousefsstied.

Ausserdeem besti folgend Partnerschaften tëscht Bezierker vu Wien a chinesesche Bundeslänner (Provënzen), Stied a Bezierker.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Wolfgang Börner, Sigrid Strohschneider–Laue, Archäologie macht Schule – Schule macht Archäologie, Römerzeit. Materialien zur Geschichtsdidaktik. Konferenz für Geschichtsdidaktik Österreich 2/98, 18 –37.
  • Fundort Wien. Berichte zur Archäologie Bd. 1/98 ff. ISBN 3-9500492-2-3
  • Alexander Glück, Marcello La Speranza, Peter Ryborz: Unter Wien - Auf den Spuren des Dritten Mannes durch Kanäle, Grüfte und Kasematten, Christoph Links Verlag, Berlin 2001, ISBN 3-86153-238-7
  • Sigrid Strohschneider–Laue, Steinzeitliches Wien. Lorbeer 2/1996, 2–3
  • Sigrid Strohschneider–Laue, Urgeschichte. Historisches Lexikon der Stadt Wien (Hg. Felix Czeike), Bd. 5, Wien 1997, 518–519.
  • Sigrid Strohschneider–Laue, Steinzeit. Historisches Lexikon der Stadt Wien (Hg. Felix Czeike), Bd. 5, Wien 1997, 331.
  • Sigrid Strohschneider–Laue, Eisenzeit. Historisches Lexikon der Stadt Wien (Hg. Felix Czeike), Bd. 5, Wien 1997, 740–741.
  • Otto H. Urban, Der Leopoldsberg - Archäologische Forschungen auf dem Wiener Hausberg (mit mehreren Beiträgen), Wiener Archäologische Studien 2, Wien 1999.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wien – Biller, Videoen oder Audiodateien