Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Déi Wiener Gemengebezierker
D'éisträichesch Haaptstad Wien ass politesch an 23 Gemengebezierker ënnerdeelt. Vun de Wiener ginn dës Bezierker an der Regel net mam Numm mä mat der Nummer genannt ("17. Bezierk" oder och "Der Siebzehnte"). Dës Nummere stinn op all Stroosseschëld virum Numm vun der Strooss (z. B. „17., Pezzlgasse”) a bilden och déi 2. an déi 3. Ziffer vum Postcode („1010” fir den 1. Bezierk bis „1220” fir den 22. Bezierk, am 23. Bezierk gëllen Ausnahmen).
Déi ursprénglech Stad Wien huet nëmmen aus der "Inneren Stadt" bestanen. Zanter dem 15. Joerhonnert sinn awer och ëmmer méi Leit baussent der Stadmauer geplënnert. D'Gemengen tëschent der Stadmauer an dem Linnewall deen 1707 gebaut gouf, goufe "Vorstädte" gegannt. Fir d'Verwaltung ze vereinfachen, gouf 1849 decidéiert, dës Uertschaften an d'Gemeng Wien opzehuelen, wat dann 1850 geschitt ass. Si goufen an d'Bezierker 1.-8. ënnerdeelt. Duerch spéider Deelunge sinn dorausser 10 Bezierker entstanen.
Baussent dem Linnewall gouf et déi sougenannte "Vororte". Well de Linnewall och eng Steiergrenz war, war d'Liewen do vill méi bëlleg. Doduerch hu sech d'Verhandlungen, fir dës zu der Gemeng Wien ze setzen, och ca. 20 Joer higezunn. 1892 goufen dann d'Viruerter als Bezierker 11. - 19. zu der Gemeng Wien derbäigesat. 1900 gouf den 20. Bezierk vum 2. ofgespléckt. 1904 gouf d'Groussgemeng Floridsdorf, um lénksen Uwänner vun der Donausäit, den 21. Bezierk vu Wien.
Kaart vu
Grouss-Wien (al Grenzen däischterorange, nei Grenzen hellorange, haiteg Grenzen mëttelorange)
Nom Anschluss am Joer 1938 goufe 97 nidderéisträichesch Uertschaften no enger Veruerdnung vum deemolege Buergermeeschter vu Wien Hermann Neubacher vum 1. Oktober 1938 an d'Wiener Gemeng opgeholl, wouduerch Wien bis zu der Befreiung 1945 als „flächegréisst däitsch Stad” gegollt huet, an nach bis 1954 als Grouss-Wien bezeechent gouf, well während dëser Zäit 26 Bezierker zu der Stad gehéiert hunn.
- 14. Bezierk: Penzing
- 22. Bezierk: Gross-Enzersdorf,
- 23. Bezierk: Schwechat,
- 24. Bezierk: Mödling,
- 25. Bezierk: Liesing,
- 26. Bezierk: Klosterneuburg.
D'Uertschafte Breitenfurt, Laab im Walde, Perchtoldsdorf, Vösendorf an Hennersdorf sinn net am Bezierk Mödling bliwwen, mä goufen dem Bezierk Liesing zougedeelt. Dës nei Bezierker goufen als Landbezierker mat de Randgemenge bezeechent.
Nom Enn vum Zweete Weltkrich gouf beschloss, dat réckgängeg ze maachen, mä et ass um Widderstand vun de sowjetesche Behörden an demKontrollrot gescheitert. Doäai ass d'Situatioun entstane, datt d'Bierger vun deene Bezierker hir Mandater fir den nidderéisträichesche Landtag gewielt hunn. Déi Mandater haten awer do kee Stëmmrecht. Ëmgekéiert goufen d'Randgemenge vun der Wiener Gemeng administréiert, mä haten awer keng Vertrieder am Wiener Gemengerot.
Eréischt 1954 hunn och d'sojwetesch Behörden zougestëmmt, datt d'Randgemengen nees erausgeholl ginn. Zu där Zäit hate sech d'Bierger awer schonn un d'Zougehéieregkeet zu Wien gewinnt. D'Gemeng Wien selwer huet och probéiert si am Stadverband ze behalen. Et goufe souguer inoffiziell Volleksofstëmmungen, wéi zum Beispill zu Mödling a Klosterneuburg. Déi haten awer keng Relevanz fir d'Entscheedung déi schonn 1945 getraff gouf. Nëmmen Deeler vum 22. (haut Donaustadt a 25. Bezierk (als 23. Bezierk) a verschidde Gemengen um Bord vun der Stad si bei Wien bliwwen. 46 Gemenge goungen nees un Nidderéisträich. Wien huet doduerch zwéin Drëttel vu senger Fläch verluer.
Bezierker & Bezierksdeeler [änneren]
En Iwwerbléck iwwer d'Bezierker:
| Bezierk |
Wopen |
Véirel |
Gehéiert zu Wien
zënter |
Fläch
an ha |
Awunner
2001 |
Beschäftegt
2001 |
| 1. Innere Stadt |
 |
|
|
|
|
|
| 2. Leopoldstadt |
 |
|
|
|
|
|
| 3. Landstrasse |
 |
|
|
|
|
|
| 4. Wieden |
 |
|
|
|
|
|
| 5. Margareten |
 |
| Hundsturm |
| Laurenzergrund |
| Margareten |
| Matzleinsdorf |
| Nikolsdorf |
| Reinprechtsdorf |
|
|
|
|
|
| 6. Mariahilf |
 |
| Gumpendorf |
| Laimgrube |
| Magdalenengrund |
| Mariahilf |
| Windmühle |
|
|
|
|
|
| 7. Neubau |
 |
| Altlerchenfeld |
| Neubau |
| Sankt Ulrich |
| Schottenfeld |
| Spittelberg |
|
|
|
|
|
| 8. Josefstadt |
 |
| Alsergrund |
| Altlerchenfeld |
| Breitenfeld |
| Josefstadt |
| Strozzigrund |
|
|
|
|
|
| 9. Alsergrund |
 |
| Alservorstadt |
| Althangrund |
| Himmelpfortgrund |
| Lichtental |
| Michelbeuern |
| Roßau |
| Thurygrund |
|
|
|
|
|
| 10. Favoriten |
 |
| Favoriten |
| Inzersdorf-Stadt |
| Oberlaa |
| Rothneusiedl |
| Unterlaa |
|
|
|
|
|
| 11. Simmering |
 |
| Albern |
| Kaiserebersdorf |
| Neu-Albern |
| Simmering |
|
|
|
|
|
| 12. Meidling |
 |
| Altmannsdorf |
| Gaudenzdorf |
| Hetzendorf |
| Obermeidling |
| Untermeidling |
|
|
|
|
|
| 13. Hietzing |
 |
| Hietzing |
| Hacking |
| Lainz |
| Ober Sankt Veit |
| Unter Sankt Veit |
| Speising |
|
|
|
|
|
| 14. Penzing |
 |
| Baumgarten |
| Breitensee |
| Hadersdorf-Weidlingau |
| Hütteldorf |
| Penzing |
|
|
|
|
|
| 15. Rudolfsheim-Fünfhaus |
 |
| Rudolfsheim |
| Fünfhaus |
| Sechshaus |
|
|
|
|
|
| 16. Ottakring |
 |
|
|
|
|
|
| 17. Hernals |
 |
| Hernals |
| Dornbach |
| Neuwaldegg |
|
|
|
|
|
| 18. Währing |
 |
| Gersthof |
| Pötzleinsdorf |
| Währing |
| Weinhaus |
|
|
|
|
|
| 19. Döbling |
 |
| Grinzing |
| Heiligenstadt |
| Kahlenbergerdorf |
| Josefsdorf |
| Neustift am Walde |
| Nußdorf |
| Oberdöbling |
| Salmannsdorf |
| Sievering |
| Unterdöbling |
|
|
|
|
|
| 20. Brigittenau |
 |
| Brigittenau |
| Zwischenbrücken |
|
|
|
|
|
| 21. Floridsdorf |
 |
|
|
|
|
|
| 22. Donaustadt |
 |
| Aspern |
| Breitenlee |
| Eßling |
| Hirschstetten |
| Kagran |
| Kaisermühlen |
| Lobau |
| Neueßling |
| Stadlau |
| Süßenbrunn |
|
|
|
|
|
| 23. Liesing |
 |
| Atzgersdorf |
| Erlaa |
| Inzersdorf |
| Kalksburg |
| Liesing |
| Mauer |
| Rodaun |
| Siebenhirten |
|
|
|
|
|
Un der Spëtzt vun all Bezierk steet de sougenannte Bezirksvorsteher. Hie gëtt ëmmer vun der politescher Partei gestallt, déi am meeschte Stëmme bei de Bezierkswale krut, an ee vu sengen zwee Stellvertrieder och. Den zweete Stellvertrieder gehéiert normalerweis zu der zweetstäerkster Partei. Déi Gréng stellen de Bezirksvorsteher am 7. an 8. Bezierk, d'ÖVP an de biergerleche Bannebezierker 1 a 4, an an de Villevéirelen 13, 18 an 19. An allen anere Bezierker gehéiert de Bezirksvorsteher zu der SPÖ gestellt (Stand vun de Walen 2005).
2002 gouf d'Walrecht bei de Bezierkswalen och fir Net-EU-Bierger, déi opmannst fënnef Joer zu Wien wunnen, gesetzlech festgehalen. Dëst Gesetz gouf allerdéngs 2004 vum Verfassungsgeriichtshaff op Grond vun enger Plainte vun der FPÖ an der ÖVP nees opgehuewen.