Wiener Karelskierch

Vu Wikipedia
Karelskierch zu Wien

D'Karelskierch läit op der Südsäit vun der Karelsplaz zu Wien, um Bord vun der Bannestad an 200 m baussent der Rankstrooss. Et ass eng vun de bedeitendste barocke Kierche nërdlech vun den Alpen. Eng vun hire spektakulären an architektonesche Besonnerheeten ass d'Kuppel, déi d'Form vun engem verlängerten Ellipsoid huet. D'Kierch ass dem Carlo Borromeo (op Däitsch Karl Borromäus) geweit.

Zanter datt d'Karelsplaz Enn den 1980er erëm als Ensembel arrangéiert gouf, wierkt d'Karelskierch net nëmmen duerch déi zwou Reliefsailen an hirer Kuppel dertëscht, mä och als architektonescht Géigegewiicht zu de Gebaier vum Wiener Musekveräin an der Technescher Universitéit.

Entworf a Bau[änneren | Quelltext änneren]

1713, am Joer no der grousser Peschtepidemie, huet de Keeser Karl VI. versprach, eng Kierch zu Éiere vum Peschthellege Carlo Borromeo ze bauen. Et gouf en Architekteconcours ausgeschriwwen, bei deem sech de Johann Bernhard Fischer vun Erlach géint aner Gréisste wéi den Ferdinando Galli-Bibiena an de Johann Lukas vun Hildebrandt duerchsetze konnt. 1715 sinn déi éischt Opträg un d'Steemetzmeeschteren Hans Georg Haresleben an Elias Hügel aus dem Keesersteebroch an un den Andre Steinböck vun Eggenburg gaangen. 1716 gouf de Grondstee geluecht. Duerch den Doud vum Haresleben am selwechte Joer, huet den Hügel d'Leedung vun de Steemetzaarbechten iwwerholl a gouf Mataarbechter vum Fischer vun Erlach. De Schwéierpunkt vun den Aarbechten louch um Haaptportal, de Sockelplacken, d'Cornichen an déi monumental Postamenter fir déi zwou Reliefsailen. D'Mensa vum Héichaltor huet den Elias Hügel selwer entworf. Den Tabernakel aus Laaser-Marber staamt vum Philipp Köchel an d'Altortrap aus schwaarzem Nassauer-Marber si vum Johann Georg Röhrig vu Linz.

Nom Doud vum Fischer 1723 gouf de Bau vu sengem Bouf, dem Joseph Emanuel bis 1737 fäerdeggestallt. D'Pläng goufen tëschenduerch awer e puermol ëmgeännert. D'Kierch sollt uganks direkt vis-à-vis vun der Hofburg stoe kommen a war bis 1918 keeserlech Patronatsparkierch.

Als Auteur vun enger Historescher Architektur huet de Fischer déi ënnerschiddlechsten Elementer vereenegt. D'Fassad an der Mëtt, déi bei d'Virhal féiert, entsprécht engem griichechen Tempelportikus. Déi zwou Sailen donieft, déi vum italiensche Sculpteur Lorenzo Mattielli stamen, hunn d'Trajanssail aus Roum zum Virbild. Niewensru gesäit een déi zwéin Tuermpavillonen, déi vun de réimesche Barockkënschtler Bernini a Borromini inspiréiert sinn. Iwwer der Entrée erhieft sech eng Kuppel mat 25m Duerchmiesser an engem laangen Tambour, dee vum jéngere Fischer verkierzt an och deelweis verännert gouf.

Detail aus dem Kuppelfresko: den hellege Borromeo

Ikonographie[änneren | Quelltext änneren]

Den ikonographesche Programm staamt vum Carl Gustav Heraeus, engem héije Beamte vum Haff. D'Molerei verbënnt den hellege Borromeo mat sengem keeserleche Stëfter. D'Relief um Giewel iwwer der Entrée, dat d'Kardinolstugenden an d'Figur vum Patréiner op der Giewelspëtz weisen op de Stëftungsgrond hin. Dëst setzt sech op der Attika fort. D'Attika ass och eent vun deenen Elementer, déi vum jéngere Fischer agesat goufen. D'Saile weisen an engem Spiralrelief Zeenen aus dem Borromeo sengem Liewen. Se sollen awer och un d'Saile vum Herakles erënneren a stellen sou d'keeserlech Muecht duer. Flankéiert gëtt den Agang vun Engelen aus dem Alen an Neien Testament.

Detail aus der Reliefsail

Dëse Programm setzt sech och banne fort, virun allem am Kuppelfresko vum Johann Michael Rottmayr vu Salzburg an dem Gaetano Fanti (Schäinarchitekturen). De Fresko stellt d'Fürbitte vum Carlo Borromeo duer, déi vum Maria ënnerstëtzt ginn. Flankéiert gëtt déi Zeen vun de Kardinolsdugenden. D'Fresken an de Säitekapelle ginn dem Daniel Gran zougeschriwwen.

D'Bild vum Héichaltor dat d'Himmelfahrt duerstellt, ass vum eelere Fischer konzipéiert a vum Ferdinand Maximilian Brokoff ausgefouert ginn. D'Altorbiller an de Säitekapelle si vu verschiddene Kënschtler, ënner anerem vum Daniel Gran, Sebastiano Ricci, Martino Altomonte an dem Jacob van Schuppen.

Vun der Liichtregie an der architektonescher Glidderung, grad duerch déi héich Arkadefënster an der Haaptachs, geet eng staark Wierkung aus. D'Goldverzierung ass bewosst spuersam agesat ginn. Dat grousst ronnt Glasfënster iwwer dem Haaptaltor symboliséiert d'Allmuecht vum Gott, de waarme Gieltoun vum Liicht stellt gläichzäiteg d'Léift vum Gott duer. Hei gesäit een och den hebräeschen JHWH-Tetragramm.

Den Haaptaltor

D'Karelskierch gëllt als Haaptwierk vum Fischer, nieft de Gebailechkeeten a Schönbrunn, déi nëmmen nach fragmentaresch erhale sinn. D'Kierch ass och den Ausdrock vun der éisträichescher Liewensfreed no den iwwerstanenen Tierkekricher. Se gouf tëscht 1989 a 2000 vun der Personalprälatur Opus Dei betreit, zanterhier nees vum Rëtterleche Kräizhärenuerden mam Roude Stär. Säit enger gudder Zäit ass se och nees eng Parkierch a Sëtz vun der kathoulescher Hochschulgemeinde vun der TU Wien.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • de Panoramalift: Am Ament (bis zirka 2010) sinn d'Fresken an der Kuppel vun der Karelskierch mat engem "Panoramalift" z'erreechen. D'Visiteuren hunn sou d'Méiglechkeet, bis op eng Héicht vun 32 Meter iwwer dem Buedemniveau, d'Fresken am Detail ze gesinn. Vun dëser Plattform aus féiert en zweeten Tuerm duerch d'Kuppel bis an d'Lanter.
  • de Musée: Iwwer der Virhal ass e klenge Musée ënnerbruecht, wou Gebrauchsgéigestänn vum hellege Borromeo ausgestallt sinn, sou zum Beispill eng wäiss Soutane a säi roude Kardinolshutt. Donieft ass och eng Reliquie-Sammlung ze gesinn, déi zum Inventaire vun der Kierch gehéiert.
Gebrauchsgéigestänn vum hellege Borromeo

Weider Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wiener Karelskierch – Biller, Videoen oder Audiodateien