Wiener Kongress

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Wiener Kongress (18. September 1814 bis 9. Juni 1815) war eng Konferenz vun alle politesche Muechte vun Europa, déi sech no der Néierlag vum napoleonesche Frankräich zesummefonnt hunn, fir d'politesch Landkaart vum Kontinent nei ze zeechnen. De Kongress gouf vum Fürst vu Metternich geleet.

D'Verhandlunge sinn och virugaangen, wéi den Exkeeser Napoleon I. aus sengem Exil op Elba a Frankräich hannescht goung, fir do am Mäerz 1815 seng Muecht erëm hirzestellen. De Schlussakt vum Kongress gouf néng Deeg virum Napoleon senger definitiver Néierlag bei Waterloo ënnerschriwwen.

De Wiener Kongress

Ënner de Participanten vum Kongress waren de Fürst vu Metternich fir Éisträich, de preisesche Fürst vun Hardenberg an den Zar Alexander I. vu Russland, déi sech zu der sougenannten Helleger Allianz zesummegedon haten, an och de Viscount Castlereagh fir England an de Talleyrand fir Frankräich.

Haaptkonsequenze vum Kongress[änneren | Quelltext änneren]

An deene meeschten anere Punkten huet de Kongress versicht, zu de Grenze vun 1792 zréckzekommen an déi konservativ Monarchien an Europa nees anzesetzen – och a Frankräich wou d'Bourbonendynastie nees un d'Muecht kënnt, mam Louis XVIII. als Kinnek.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Congress of Vienna – Biller, Videoen oder Audiodateien