Interaktiv Galaxien

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Wiesselwierkend Galaxien)
Zwou Galaxien am Prozess vun der Verschmëlzung: D'Maus-Galaxien am Stärebild Coma Berenices, déi op enger Distanz vun 300 Millioune Liichtjoer leien.

Interaktiv Galaxië si Galaxien, déi sech géigesäiteg beaflossen. Zu Interaktioune kënnt et wann zwou oder méi Galaxië sech begéinen. Doraus ergëtt sech entweeder eng Galaxiëverschmëlzung oder besonnesch Formatiounen an nei Konstellatioune vun de bedeelegte Stäreninselen.

Verschmëlzunge vu Galaxien, besonnesch vu Protogalaxien, geschéie mat Preferenz an dichte Regioune vum Universum bei niddrege Relativvitessen. Bei grousse Kollisiounsvitessen duerchdréngen an duerchkräize sech d'Eenheeten. A munneche Fäll dreiwen d'Galaxien an engem klengen Ofstand laanschteneen. Elliptesch Galaxië si meeschtens d'Verschmëlzungsprodukter vu Scheiwegalaxien, besonnesch vu Spiralgalaxien.

Hautdesdaags sinn nëmmen nach eng bis zwou vun honnert Galaxien am direkte Prozess vun enger Verschmëlzung. Et deit Villes dorophin, datt an der Zäit, ongeféier eng Milliard Joer nom Urknall, déi deemools heefeg Zwerggalaxien dacks matenee verschmolt sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Joseph Silk: Die Geschichte des Kosmos. Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg 1999. ISBN 3-8274-0482-7
  • Roy A. Gallant: Unser Universum. Weltbildverlag, Augsburg 1998. ISBN 3-8289-3391-2
  • Simon Goodwin: Mission Hubble. Bechtermünz Verlag / Weltbildverlag, Augsburg 1996. ISBN 3-86047-146-5

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Interaktiv Galaxien – Biller, Videoen oder Audiodateien