Wiki

Vu Wikipedia

E Wiki ass eng dynamesch Websäit wou all Visiteur d'Säite verännere ka wéi et him gefält. Dëst erméiglecht e séieren Informatiounsaustausch an eng séier Informatiounsverbreedung.

Dëst ass e rezent Konzept, och wann et déi technesch Méiglechkeeten dofir schonn zanter e puer Jore gëtt. Seng einfach Handhabung huet et an den 2000er Joren méiglech gemaach, datt eng ganz Partie där Site gegrënnt goufen.

Den Numm Wiki kënnt aus dem hawaianeschen a bedeit souvill wéi séier. De Ward Cunningham, de kreative Kapp hanner dem Wikisystem huet dësen Numm benotzt, fir den éischte Site vun dëser Kategorie ze benennen, de WikiWikiWeb.

De Prinzip ass einfach: et handelt sech ëm e kooperative Modell fir Dokumenter ze schreiwen. Konkreet bedeit dat, datt all Visiteur deen d'Säit liest, se och verännere kann. Dës Ännerunge gi gespäichert an den Historique ass fir all Mënsch zougänglech.

Wann de Wikisystem e Konzept ass, sou gëtt et eng Rei Programmer, déi en effektiv ëmsetzen.

Wou gëtt de Wiki-Prinzip agesat ?[änneren | Quelltext änneren]

Ressource vum Wiki-Typ[änneren | Quelltext änneren]

Dictionnairen[änneren | Quelltext änneren]

Enzyklopedien[änneren | Quelltext änneren]

Systemer vum Typ Wiki[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wiki – Biller, Videoen oder Audiodateien