Wikipedia:Artikel/Linken
Op dëser Säit weise mir Iech, wéi Dir Artikelen ënnertenee verlinke (verbanne) kënnt. Fir méi Informatioune kuckt och d'Säit → Hëllef:Linken.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Linke bannent enger Wiki
Wéi Dir bestëmmt scho gesinn hutt, sinn d'Artikele vu Wikipedia ënnerteneen verlinkt. D'blo Faarf heescht datt et déi Säit scho gëtt, e roude Link weist op eng Säit, déi nach ze maachen ass (vun Iech?).
E Link mécht ee mat der Wiki-Syntax [[Numm vum Artikel]] . Egal op ët dësen Artikel scho gëtt oder net.
Heiansdo ass den Titel vum Artikel awer ongënschteg am Saz deen Dir grad schreift. Do hëlleft Iech folgend Syntax: [[Numm vum Artikel|Text dee soll gewise ginn]] . De vertikale Stréch ( | ) kritt een, andeems een den "Alt"-Knäppchen dréckt a gläichzäiteg "124" mat den numeresche Knäppercher antippt.
E puer Remarquen iwwert d'Linken :
- Passt op d'Grouss- a Kléngschreiwung op.
[[Artikel Gëtt Et Net]]ass net dat selwecht wéi[[Artikel gëtt et net]]; - Passt och op d'Homonymiefäll op a vergewëssert Iech, datt Dir op déi richteg Säit linkt.
[änneren] Linken op Wikien an anere Sproochen
Zu villen Artikele ginn et der schonn op der Wikipedia an anere Sproochen, an deene meescht Fäll och op englesch. Wann dat de Fall ass, da sëtzt ee Link dohinner, andeem der um Schluss vum Artikel: [[en:Artikelnumm_op-englesch]] schreift. Wann Der dann nach eng Kéier op Kucken ouni ofzespäicheren klickt, gesitt der lénks eng Këscht, wou "english" dra steet. Ee Klick drop, an der sidd an der engleschsproocheger Wiki beim Artikel iwwer deeselwechte Sujet. Hei geet et elo dorëm, e Link op Ären neien Artikel ze sëtzen: Klickt op "Edit page" a sëtzt ënnen, bei de Linken op aner Sproochen, deen op Ären neien Artikel derbäi. Heifir schreift Dir einfach [[lb:Numm_vun_Ärem_Artikel]] esou, dass "lb:" alphabetesch op der richteger Plaz steet. Kopéiert mat "Ctrl C" d'Linken op all aner Sproochen a späichert of ("Save"). Elo musst der an Ärem Browser hannescht bis op déi Säit goen, wou Der Ären Artikel an der leschter Versioun am "Preview" hat. Elo nach just d'Linken op déi aner Sproochen, déi der am Tëschespäicher hutt, mat "Ctrl V" drasetzen a späicheren ("Säit späicheren").
Felicitatioun, Dir hutt Ären éischten Artikel geschriwwen!
P.S.: Wann dat mat deem Gelinks an aner Sproochen ze vill komplizéiert kléngt, kënnt Der dat bei Ären éischten Artikele gär ewech loossen. En anere Wikipedianer kuckt da bei Geleeënheet no. Wann Dir bis d'Gewunnecht hutt, mierkt Dir awer geschwënn, dass dat keng Hexerei ass.


