Wikipedia:De Staminee/Archiv2004

Vu Wikipedia

September 2004[Quelltext änneren]

Wéi selektiv soll d'lb-Wikipedia ginn/sinn?[Quelltext änneren]

Well esou lues eng Struktur am Gaang ass z'entstoen, giff ech mengen, wier et un der Lo, ze froen, wat déi aner fier Vierstellungen hunn, wéi/bis wuer d'lb Wikipedia sech soll entwéckelen, oder besser gesot, wat dra soll kommen a wat nët. Et ass a méngen Aen illusoresch, ze mengen, se giff enges Daags esou wéi déi englesch oder däitsch de reellen Usproch kënnen erhiewen, eng "richteg" Enzyklopédie ze sinn: souvill Lëtzebuerger/Lëtzebuergesch-Schreiwer gët et guer nët, déi all di Artikkele misste schreiwen. Dofier d'Fro, ob et net besser wier, sech vu vier eran eng gewëssen (thematesch) Restriktioun op ze erleeen (déi natierlech gäer vu jidderengem duerchbrach ka ginn, deen trotrzdeem eppes zu engem 'exoteschen' Thema ze soen huet) an sech fier d'éischt emol op déi Sujetë ze beschränken, déi en direkte Bezuch op Lëtzebuerg hun, kuerz, iwwer déi een an dëser Wikipedia esou detailléeirt schreiwe kann, wéi een dat an enger anerer Encyclopédie nii giff fannen. Doranner léig a méngen Aen dee gréisste 'Mehrwert', sëcherlech méi, wéi an enger Iwwesetzung vun iergend engem 'Orchidéë'-fachgebitt. Wat mengt der?

Zinneke 18:21, 14 Sep 2004 (UTC)Zinneke

Ech wees net, ech wor usech ëmmer dofir datt jiddfereen kann a sengem Interessigebidd schreiwen, waat em an de Kapp kënnt, well wa mer bis ufänken Restriktiounen ze setzen, verléiere mer/schrecke mer eventuell Leit oof, denen z.B. wéineg un der Geschicht vun Esch läit, mee dofir awer begeeschterte Film-Fan sin an léiwer iwwert den Hitchcock schreiwe géifen.

Briséis 18:58, 14 Sep 2004 (UTC)

Um Ufank gesäit dat Ganzt sech allerhand diffus un. Déi Iddi fir sech "eng gewëssen (thematesch) Restriktioun op ze erleeen" huet natiirlech Villes fir sech. Vun Ufank un hunn ech mer geduecht, dat hei ass eng formidabel Manéier, fir dat "Lëtzebuergëscht" erauszesträichen. Et muss een sech emol fir d'éischt Gedanke maachen, wat bannent dem "Wikipedia System" iwwerhapt funktionéiere "kann". Et läit no, sech emol mat typesch lëtzebuerger Themen ze beschäftegen, déi nach ni e Sproochrouer haten an hunn. Mee mer däerfen net ze vergiessen wat d'Wikipedia eigentlech ass. Op déi eng Manéier ass et fantastesch Méiglechkeet, wéi den Zinneke dat schreift, fir esou detailléiert ze schreiwen, wéi ee wëllt. Mär hunn dee grousse Virdeel,dass nach näischt ausgetrëppelt ass. An der Tëschenzäit hun "d'Pionéier" emol u munnech Diren geklappt. Elo fänken d'Schoulen un, an et ass "Möiglech, dass sech no an no an deeër Richtung Munneches opbaut. De Thorben fret sech, wéi et mat der "Öffentlechkeetsarbecht" ass. Jo, mer musse waarden, bis dass mer e klenge Fong hunn. Virdrunn kann ee Kengem eng Iddi dovu ginn. An deene näxte Wochen musse mer äis iwwerleeën, wéi et mat de Medien hei steet. Mär sinn elo zu net vill. Mär liewen och auserneen; leider kënne mer äis net alleguerten gudd "live" gesinn. Sou, lo loossen ech och emol déi Aner drunn. --Cornischong 19:05, 14 Sep 2004 (UTC)
Nach eppes: Bis elo wësse mer och nach net vill iwwer den eenzelen User (wat e Wuert!) a wat hien intresséiert. Den Thorben wullt an der "méi haarder" Musek an an den Eischt Hëllef-Affairen, d'Briséis gräft wäit hannerzeg (Griichen), den Johnny Chicago (deen elo gläich aus der Vakanz optaucht) këmmert sech em nostalgesch Filmen an de Cornischong schléit sech mat exotesche Saachen erëm an den Zinneke huet eng besser Iwwersiicht op d'Ländchen, well hie vu méi wäit kuckt. Also e bësse Gedold, et spiirt een, dass den Zug rullt. --Cornischong 19:48, 14 Sep 2004 (UTC)

Ech sin géint Restrictiounen. Allerdengs géing ech et schéin an sennvoll fannen, wann lbwiki trotzdem och eng Encyclopedie iwwer Letzebuerg géing gin. Epppes wat et bis elo usech nach net an dem Stil gouf. En grousst Comoco Buch oder sou. Einfach eng Plaatz, déi eis Kultur e bessen schreftlech verankert. En Artikel deen dess Idee e bessen (naja, net optimal) remgett ass den Artikel zur Ambulanz. Do gett als eischt Defineiert, wat eng Ambulanz ass, dann, wat Ambulanzen zu Letzebuerg sin. Genee sou gesin ech dat hei Artikelen iwwert alt.letzebuerger, den Luxusbuerg, spider.lu, alex.lu dem Lëtzebuerger Wuert, dem Tageblatt, dem Jhangli, den BTB an den Faakelzuch net sollten fehlen. DWikipedia LB soll an mengen Aen interessant Artikelen vun egal wat bidden, mee awer och daitlech drob bestin, dat si Letzebuergesch ass, an dat weisen. En Schlessel zu eiser Kultur, wou sech Leit dierfen informéiren, awer och matdeelen. An och wann letzebuerg keng Kultur am Senn vun der daitscher huet, mat groussen Schreftsteller (mee iwwert den Dicks muss genee sou geschriwwen gin wei iwwert de Lenz) wei Goethe, sou ass Letzebuerg awer en heemlecht Land, an aaner Leit sollen dMeiglechkeet hun, trotz Sproochenbarriere, dat matzeerliewen.
--Thorben 12:49, 15 Sep 2004 (UTC)

Ma wann dat deng Meenung ass, da misste mer äis gudd eens ginn. Ech geséich net, no deem z'uurteele wat ech elo gelies hunn, wou do e Problem wier. --Cornischong 13:46, 15 Sep 2004 (UTC)
Ech ginn zou, mäi Begrëff 'selektiv' woar e bësse... provokativ gemengt, mee derhanner stung meng Besuegnis, dass dat potentiell ofzedeckend Feld esou enorm grouss, an déi, déi sech drëm këmmeren, zu esou wéineg sinn, dass dat Ganzt giff auserneefalen (wivill Entomologe ginn et zB, déi 1) lëtzebuergesch schreiwe kënnen, a 2) gewëllt sinn, hei matzeman, mam Eiergäiz, déi ganz Insektewelt ofzedecken? A wivill Leit, déi eppes iwwert Seechomesën aus dem Amazonas nosichen, kéimen op d'Iddi, hei nozekucken?). Dofier méng Remarque iwwer d'Of-weie vum Opwand/Notzen, a méng Conclusioun, di meeschte 'valeur ajoutée' léich an deem, wat et nach *net* gët, neemlech a Sujetën aus spezifesch ltz. Siicht. Mee ech gesinn, eis Vierstellungen kommen sech ganz no! Ganz kloer deelen ech d'Meenung vun deenen, déi geäntwert hunn, dass *absolut* Restriktioune vu vier eran nët sollte sinn (hat dat vläit net däitlech genuch erviergehuewen). Dem Thorbe séng Iddi vun engem extensive 'Comocos-Buch' [ just dass mer eis richteg verstinn: mengs de domat dat Schoulfach, dat Geschicht, Géo a 'Sozialkunde' verbënnt? ] ass dat, wat mär och op éischter Plaz vierschwieft. A wann ech iwwerleeë, kommen ech zum Schluss, dass, wa jiddereen iwwert séng Intressegebidder schreift, e gëwessen, wann och heiansdo klenge Bezuch op Ltz am wäiteste Sënn dach do ass (a sief et nëmmen, well nëmme Leit, déi zu Ltz. wunnen oder soss e Bezuch zu do hunn - soss kinnte se kaum d'Sprooch - hei mattmaan, an domat hier Siichtweis 'automatesch' eng ltz.'Tournure' kritt).
Dofier giff ech d'Diskussioun dorops hiféieren, a wéiwäit een neie Matt-enthusiasten explizit *Recommandatiounen* soll ginn, déi de Bezuch op dat spezifzsch Ltz. ënnerstëtzen (genee wéi den Thorben denken ech un d'Ambulanze-Beispill als eng gelonge Mëschung aus Allgemengem a spezifesch ltz.er Vü).
Zinneke 15:02, 15 Sep 2004 (UTC)
Moien alleguer. Ma déi "Provokatioun" mat dem "selektiv" war batternéideg, da kréie mer mol e bëssen Duurchzog. Wann ech alles sollt verstanen hunn, gesinn ech iwwerhaapt keng Reiwpunkten. Ma dat hu mer gär. D'Recommandatiounen fir Neier an Aler bleiwen mol déi Rotschléi zu der lëtzebuerger Schreifweis, déi villäicht den Een a besonnësch den Aneren mol kéint iwwerbliederen, dass mer äis weider "verstinn". --Cornischong 15:59, 15 Sep 2004 (UTC)

=== Ech erënneren mol onopfälleg drunn, dass mer en zimmlech kuerzen (!) Text agestallt hunn, deen äis "Eis Schreifweis" e bësse méi no bréngt. (All Owend zwou bis dräi Regele virum Schlofegoen) === --Cornischong 15:15, 18 Sep 2004 (UTC)

Ajo, et fällt mer zwar net onbedengt einfach, mee ech sin awer derbai mer daat zolitt op d'Long ze zéihen... ;-)

--maradong 15:29, 18 Sep 2004 (UTC)

Ëmfro iwwer Buch- a Filmtitelen[Quelltext änneren]

Moien alleguer. Mär hunn elo en Artikel iwwer "Den Numm vun der Rous" (Buch a Film beieneen). Do stellt sech d'Fro: Wéi nennt een den Artikel: D'Buch am Original ass op italiéinesch, beim Film ass et nach méi komplizéiert. Ech hätt am léifsten, alles kriit e lëtzebuerger Numm. Mee ech fäerten, do kommen "ganz originell" Saachen op äis zou. --Cornischong 09:29, 20 Sep 2004 (UTC)

Et ass vlait net stilgerecht, mee: Am Numm vun der Rous, ging goen well: D'Buch ob daitsch och sou heescht. Den Film Scream heescht awer och hei Scream, well en ob daitsch net Schrei heescht. Brining out the dead heescht net Brengt den Doudegen raus, mee sou, well en ob daitsch och sou heescht. Ech geing mech un der daitscher Orienteiren, an zum Orginal en redirect setzen
--Thorben 21:26, 20 Sep 2004 (UTC)
Hm, sollt een dann net weinstens hingoen an eng Weiderleedung vun den Orginaltitelen op dei lëzebuergesch machen? Soss gett et awer menger Meenung no schnell immens konfus.
--maradong 11:22, 26 Sep 2004 (UTC)
Ech hale mech do meeschtens un daat bekanntestent. Zum Beispill eben Scream, wei den Thorben seet, ass einfach Scream an net Jäitz :) Bei extrem bekannte Saachen froen ech mech eben och, wei de Cornischong, op et do net irgendwann ze exotesch gett wa mer probeieren dei ganz saach op letzebuergesch ze brengen. (entschellegt dfehler mee op mengem brudder sengem computer gin ech mat der tastatur net esou eenz, do ass alles bessi konfus :) --Briséis 11:28, 26 Sep 2004 (UTC)

Oktober 2004[Quelltext änneren]

Skizzen, Links an esou Geschichten[Quelltext änneren]

No bal zwou Woche Wiki-Abstinenz wéinst Mangel un Internetaccès an der Grande Nation mellen ech mech dann emol erem :) Et gin do esou zwou, dräi Saachen déi mir um Mo leien, an déi sech och wärend menger Abstinenz irgendwéi net verbessert hun :-)

  • Skizzen: Wann dir nëmmen 2-3 Zeile schreiwt, w.e.g. setzt de Message {{Skizz}} iwwert den Artikel an drot den Artikel bei Wikipedia:Skizzen an. Vergiesst och w.e.g. net de Message erem ewechzehuelen resp. den Artikel aus der Skizze-Lëscht erauszehuelen wann den Artikel bis en Artikel ass.
  • Interwiki-Links: Denkt drun wann dir en Artikel maacht, ze kucken op et deen schons bei anere Wikis gëtt. Ech perséinlech kucken ëmmer bei der englescher Wiki, daat ass déi komplettst. Wann deem esou ass, dann kopéiert d'Interwiki Links bei eis ënner den Artikel (daat sin all déi Geschichten mat [[de:blabla]], [[fr:blablableu]] etc.) Denkt drun och déi englesch nachemol manuell bäizesetzen bei eis (en:) an setzt eise Link och bei déi englesch (nëmmen déi) bäi (lb:Numm vum Artikel). Et ass net schwéier mee eng Sisiphos-Arbecht fir mech wann ech daat bei all Artikel nokucke muss, wierklech :-)
  • Nei Lëschten: Wann dir nei Lëschten zu Gott wees waat opsetzt, da setzt se w.e.g. bei déi passend Kategorie an de Wikipedia:Referenztabellen bäi, daat mecht t'erëmfanne vu Lëschten e gudde Krack méi liicht.

Sou, lo geet et mengem Mo besser :-) Näischt béis oder perséinlech huelen, sin einfach esou Gedanken halt :-)

--Briséis 01:54, 8 Oct 2004 (UTC)

Portal Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

Ech wees datt ech selwer mindestens dräi Leit scho gesoot hun "Mir machen déi Portal-Geschicht wéi bei de Preisen net", an ech well meng Meenung och nëmmen minimal änneren, an zwar am Sënn vu Lëtzebuerg. Mam Accord vun eise léiwe geschätzten lëtzebuerger Wikipedianer ging ech dann nämlech eng Struktur bastelen, schon e bëssen nom Bild vun den däitschen, mee eben nëmme fir Lëtzebuerg a lëtzebuerger Saachen.

Waat haalt dir dovunner ?

--Briséis 18:41, 20 Oct 2004 (UTC)

Et wier net vu Muttwëll, wann eis léiw geschätzte lëtzebuerger Wikipedianer sech elo giffe Gedanke maachen, wat dat bréngt. 1. wat bréngt et elo? 2. ass et méiglech, fir et spéider, wa mer dat wëllen, ouni vill Gedeesëms auszebauen? --Cornischong 20:16, 20 Oct 2004 (UTC)

<Meng Meenung>Ech sinn no der Lektür vun diversen Statistiken an Diskussiounen ebenfalls zu der Meenung komm dass et wuel wouer ass dass mer nach net genuch Artikelen hunn vier kennen Portaler opzemaan. Daat kennen mer wi schon vum Cornischong gesoot spéider nach nohuelen. Menger Meenung no mussen mer daat suguer fréier oder spéider maan well an den Kategorien bei den Spezialsäiten fannen mer eis enges Daaches net mi rëm wann daat sou weider geet, mee enges Daages ass nach wäit ewesch ;)</Meng Meenung> --Karlthegreat 23:52, 25 Oct 2004 (UTC)

Bemierkung zu der Lëscht vun de lëtzebuergesche Filmer[Quelltext änneren]

D'Lëscht vun de lëtzebuergesche Filmer ass eng gudd Sach. Leider ass dat do keng Lëscht.

An eng Lëscht gehéieren 1. de Num vum Film 2. d'Produktiounsjoer an dann 3. nach de Regisseur, soss näischt.

Fir aner Détailler ewéi Schauspiller a Story kann e jo en Artikel iwert de Film opmachen.

--Johnny Chicago 01:19 26 Oct 2004 (UTC)

November 2004[Quelltext änneren]

Ech erënneren mol nees eng Kéier onopfälleg drunn, dass mer en zimmlech kuerzen (!) Text agestallt hunn, deen äis "Eis Schreifweis" e bësse méi no bréngt. (All Owend zwou bis dräi Regele virum Schlofegoen)[Quelltext änneren]

--Cornischong 11:35, 9 Nov 2004 (UTC)

APPEL un s'alleguer, déi däitsch verstinn[Quelltext änneren]

Wie pakt eng Hand mat un, fir deen aussergewéinlech gudde "Portugal"-Artikel aus der däitscher Wiki z'iwwersetzen? Wann ee mengt, dat wir iwwerflësseg, da soll en sech och mellen. --Cornischong 11:35, 9 Nov 2004 (UTC)

Nix iwwerflësseg. So mer waat ech soll huelen dann kriss de et ;) Wanns de dech wëlls iwwerzeegen op ech gudd iwwersetzen, schlecht oder mëttelméisseg dann kanns de jo bei der Lufthansa (vierleefeg Versioun an do kënnt wuel haut nach den Rescht no) nokucken :) Op Orthographie muss ech dann mol speziell oppassen. Ass jo keng Diskussioun mee en Artikel--82.126.128.118 17:57, 9 Nov 2004 (UTC) Hallo, ween ass do? --Cornischong 18:54, 9 Nov 2004 (UTC)

Grr .. do loggt een sech eemol an der de. an an dann gëtt een hei gekickt, domm Cookien. Ech waar daat iwwregens .. --Karlthegreat 19:03, 9 Nov 2004 (UTC)

Wéi ech de "vier"leefeg gesouch (ent vun deene seelene Verben, déi eng einfach Vergaangenheetsform hunn), do war "fir" mech keen Zweifel méi méiglech :-)) Schéin, datt mer das Monster zu zwee gebändegt kréien. Ech ginn der nach herno Bescheed (bannent enger halwer Stonn) wéi mer dat upake kënnen. --Cornischong 19:12, 9 Nov 2004 (UTC)

Den Inten hier lëtzebuergesch Nimm?![Quelltext änneren]

Also éischt emol moien un alleguerten! ech wollt mol froën, wat dier dovunner gifft haalen, eisen Disney-Inten etc. am lëtzebuergeschen eegen Nimm ze gin (lo wou hei schon lues an lues ungefaangen gëtt, vill iwwert se geschriwwen ze gin). Lo villéicht nët radikal jiddwerengem sein (Dagobert bleiwt Dagobert, Donald bleiwt Donald), mee einfach nëmmen deenen, deenen hier Nimm aus däitschen Wieder bestinn... beispillsweis Intenbuerg (ungeleent un Duckburgh) amplaz vun Entenhausen... oder Intenleng LOL. --JimHawk

Daat ass mir éierlech gesoot dann awer en Tick ze exotesch well Fakt ass, datt bei de meeschte Leit déi däitsch Nimm déi sin, déi am geleefegste sin (dofir nenne mir jo och den Dagobert Dagobert a net Picsou oder Scrooge). Ech sin dofir beim däitsche Modell ze bleiwen, soss fënnt jo kee méi eppes erëm.

--Briséis 21:10, 12 Nov 2004 (UTC)

Wéi se an der däitscher Wiki dacks Geleegenheet hunn ze widerhuelen: Eng Enzyklopädie huet näischt ze "erfannen", mee dat wat "do" ass erëmzeginn. A well nëmmen dat ka gelies ginn, wat virdru geschriwwe gouf, hu mär eis jo druginn, "Alles" opzeschreiwe, wat et ginn huet a wat et gëtt. A l'attaque. --Cornischong 22:10, 12 Nov 2004 (UTC)

Ech sinn och derfier di Nimm ze haalen aus deene genannte Grënn, resp. well ech bis elo nach keng Iwwersetzung op lëtz. gesinn hunn. Zudeem misst ech mech no 20 Joer dann och nach un aaner Nimm gewinnen :)--Karlthegreat 23:37, 12 Nov 2004 (UTC)

Eng Enzyklopädie huet näischt ze "erfannen", mee dat wat "do" ass erëmzeginn. Méi kloer kann ee sech nët ausdrëcken. Also d'Fangeren ewech vun enger lëtzebuergescher Iwersetzung vun den Intennimm.Johnny Chicago 00:08, 13 Nov 2004 (UTC)

vertaling graag / translation request[Quelltext änneren]

nl: De Nederlandstalige Wikipedia is bezig om een mooier portaal te maken voor http://www.wikipedia.be . Een portaal zoals dat van http://www.wikipedia.ch De Luxemburgse Wikipedia zal een mooie plek daarop krijgen als inlandsetaal van België. Hiervoor zou ik graag een goede vertaling hebben van onderstaande tekst. Het hoeft niet een exacte vertaling te zijn, gewoon een geschikte welkomstekst voor een dergelijke pagina. Walter

en: The dutch Wikipedia is working to make a better protal page for http://www.wikipedia.be . It will look like http://www.wikipedia.ch . The Luxembourgish Wikipedia will have a good place on the page because it is a native language of Belgium. For this I need a translation of the text below. It does not to a exact translation. Only a good intro for this wiki on the portal. Walter

Willkommen!
Wikipedia ist eine mehrsprachige Enzyklopädie, deren Inhalte frei nutzbar sind und es für immer bleiben werden. 
Alle können hier ihr Wissen einbringen!
Wikipedia auf Deutsch 

Done. --Briséis 19:07, 17 Nov 2004 (UTC)

"Friem"sproocheges, Reaktiounen doropper a wéi dermatt ëmzegoen ass[Quelltext änneren]

Ech hu mer grad déi liefhaft Diskussioun (déi plazeweis scho bal keng mi war) ëm Texter, déi iergendeen anonym heihinner gesat hat, duerchgekuckt. Elo, wou d'Adrenalinspigelen hoffentlech ërem am gringe Beräich sinn, ass et -mengen ech- un der Zäit, déi déplacéiert Entrüstung vun eisem däitschsproochege Korrespondent (nenne mer en emol esou) an d'Reaktiounen doropper op d'Säit ze stellen, an eis dem eigentleche Problem unzehuelen:

Offenbar ginn et Leit, déi Informatiounen hunn, vun deenen se mengen, dass se heihinner giffe gehéieren, an déi se dann 'tel quel' heihinner posten. Dobäi hunn se bewosst oder onbewosst géint d'"Spillregel" verstouss, déi erwaart, dass een seng Artikelen wa méiglech "propper" formatéiert, editéiert, orthographéiert a verlinkt, bref, dass Wiki nët eppes ass wéi eng Zeitungsredaktioun, wou een en tabellaresche Liewenslaaf hischéckt an dodovunner ausgoe kann, dass iergend e Redakteur dat schonn a Form an an d'Rei brénge wäert.

Et kann een deemno eng 'radikal' Approche unhuelen, a soen: wat nët desem Format entsprécht, flitt eraus, oder awer kann een hannendru "botze" goen, an des redaktionelle Aarbecht maan, déi am Fong wäit iwwert d'Iddi vum Ganzen erausgeet.

Déi éischt Approche giff deene 'reegelméissege' Mattaarbechter d'Liewe sécher méi einfach maachen. Déi zweet awer kinnt deenen d'Dier eng Spléck opman, déi vläit nët esou gewinnt sinn, mamm Internet emzegoen, nach ni vun ICR a soss Getschätts héieren hunn (an sech vun deem heiansdo direkte Stil deen do Usus ass, bruskéiert fille kinntnen) bref, déi einfach emol nom Motto "Mol kucken wat da geschitt" eppes geschéckt hunn.

Fier net zevill matt Hannendrun-hir-Botze geplot ze sinn, kinnt een jo esou eng Zort "Standard-Textstéck" hunn, fier deem ze schécken oder fier op d'Diskussiounssäit vum 'Artikel' ze sëtzen, an deem ee kuerz erkläert, datt dat zwar eng fei Saach ass, dass deen eppes schéckt, mee dass e w.e.gl. probéiere sollt, sech un d'uewe genannte Spillregelen ze halen an, wann dat nët méiglech ass (een, deen zB Lëtzebuerg vertsteet, mee nët schwätze/schreiwe kann) op d'manst e Message ze hannerloosen an sech unzemellen.

Matt deem Geschéck kinnt d'Zuel vun de Mataarbechter vläit an d'Lut goen, wat jo och nët onbedingt vu Muttwëll wier...

Whaddya think?

Zinneke 17:04, 18 Nov 2004 (UTC)

Mir si jo effektiv mam Botze genuch geplot, schon an de normalen Artikelen. De Cornischong an ech hu wuel eng Risereserv un Torschongen :-) Et wir natiirlech an deem Sënn fir mech perséinlech vill méi agreabel wann ech emol zu "menge" Saache komme kéint, amplaz ëmmer missen ze botzen, an duerno ze midd sin, fir un engem Artikel weiderzeschreiwen. Waat mech am Meeschten un der Saach do stéiert ass vrun allem, datt déi Leit anonym sin. Well gingen se sech opmannst registréieren, da kéint een hinnen op hirer Diskussiounssäit kloer e Message hannerloossen, waat bei IP-Adressen net méiglech ass, well déi jo ëmmer änneren. Mat esouengem Message ass awer kee gréissere Problem, sou eng Template ass séier gemaach, da muss een nëmmen nach {{irgendeppes}} dohinner schreiwen, an domadden huet et sech. Fir de Fall datt déi Persoun elo kee Lux versteet misst een de Message dann erëm multisproocheg maachen. Allerdéngs sin d'Instruktiounssäite wéi Wikipedia:Stil etc op lëtzebuergesch, ergo ween et net versteet haat do alt erëm Pech. Wéi solle mer daat léisen ? Deenen dann einfach de Link op déi englesch/franséisch Versioun ze gin, wir usech, menger Meenung no eng gudd Léisung. Daat emol meng Gedanken dozou :-)

--Briséis 17:41, 18 Nov 2004 (UTC)

Iwwer "friem" Manéieren[Quelltext änneren]

Kuerz virun dëser Saach hate mer deen engleschen Artikel, deen iwwersat gouf, a ou et sech domat hat. An d¨sem Fall geet et ë eppes anescht. Et ass den Toun, deen hei d'Musek gemaach huet. Wann ee behaapt (!) e wir hei ënner d'Rassiste gefall, da geet et net méi drëm fir deem ze soe, mär wiere keng. Mär hunn all Interessi drunn, fir den intresséierte Leit entgéint ze kommen an et hinnen d'Wikipedia sou einfach an agreabel ze maache wéi méiglech. Ech hunn all Versteesdeméch fir een, deen nei ass a net eens gëtt. Méi well ech elo net doriwwer soen.

Mee, lo wou mer mol "alleguer" hei versammelt sinn, mol eppes "Positives": Den nächsten Mëttwoch kënnt den Télécran eraus. Dat ass u sech näischt Extraes, mee do ass en Artikel iwwer d'Lëtzebuerger Wikipedia dran! Eng hallef Säit (an "eventuell" eng ganz!! Ech kréie nach Bescheed.) Et war Zäit ginn, awer dat war ambivalent: Et kann ee net en Artikel erwaarden, wa mär näischt Opweises hunn. An, mär komme net un d'"Vollek" wa keen eppes vun deem "Dénge" wees. Mär erënneren äis un de SPIEGEL-Artikel am Abrëll, dee Wonner fäerdegbruecht hat fir di däitsch Wiki. --Cornischong 18:53, 18 Nov 2004 (UTC)

Also. Do gëtt e puer Saachen ze soen. Vier mam Zinneke ze schwätzen. Et waar allerhéchstens nach en dialogue des sourds. Zumindest waar hien ziiiimlesch ... äää ...sourd. Mat sou Leit mescht et generell dann och wéineg Senn deene welle mat Argumenter kommen well et kennt just nach brongt oder roud Gesabbels oder soss eng Britt.

Daat mat dem Standardtext ass net sou schlecht mee et wier sou eng Riisenarbescht datt et sech net géif lounen. Schliesslech sinn Biographien (em déi geet et jo hei) eppes immens komplexes. An op souvill Friemsprocheger heihinner kommen ... naja.

Daat mat dem anonymen IP'en ass eng Schaan. Wei ech schon op enger aanerer Platz geschriwwen hun : Et ass NET usus datt anonymer zougeloss ginn. An den Forumen wou anonymer sech ronderem dreiwen gesäit et wéi an engem Schwéngsstall aus oder et muss all Mount en aaneren Moderator kommen well deen aalen freckt ass vum Botzen. Hei kréien se déi Chance an machen sech net mol d'Méi déi Hand déi een en dohinnerhällt ze gräifen. Wa mer awer wellen d'IP'en ausschalten musse mer awer och domat rechnen datt vierun allem d'Interwiki-Boten net méi eens ginn, also fällt déi Méiglechkeet aus ausser déi kommen emmer op der selweschter IP an et géif een daat astellen.

Waat lo den Tounfall am Chat betrëfft : Do huet den Zinneke rescht. Den Toun ass rau, immens rau an et brauch een eng deck Haut (IRC by the way ;) ). Well ech selwer een sinn deen sech vill ronderem do dreiwt, waar fir mech nemmen daat eischt mat der Uschellegung datt ech e béisen Nationalist wier, well ech méng Sproch well schreiwen, schlemm. Daat mat dem Éditéieren waar dogéinter kaale Kaffi an huet mech vier souzesoen zimmlesch ameséiert *g*.

Torschongen: Ech hun nach Reserven doheem vläicht, soll ech iersch der e puer ausléinen ? :)

Ah jo .. eisen Frendchen mat der ip kennt wierklech aus Däitschland. Wéi ech mer soe geloss hun ass seng IP vu "Köln (50.933N, 6.950E)". Provider wier colt-telekom. Waat een net sou alles rausfennt. ;) Bei Köln muss een iwwregens, ouni datt ech lo well fresch ginn, e gewessen alk-spigel dobäirechnen :). --Karlthegreat 20:44, 18 Nov 2004 (UTC)

Vierwaat lb.wikipedia.org?[Quelltext änneren]

Ech stelle mer susst graad d'Fro (an dir hutt bestemmt schon doriwwer diskutéiert):
Wisou eng Wikipedia op letzebuergesch?

Well wéiee Letzebuerger versteet z.b. keen Däitsch, oder kee Franséisch, oder keen Englesch? Aus menger Siicht mecht et kee Senn Politik, wann se schon eemol an enger anerer Wikipedia erkläert ass, nacheemol op letzebuergesch ze erklären.
Waat ech giff verstoen wier wann een och winnstens giff letzebuergesch Termini erklären, wéi z.B.:

Kwisatz 20:13, 21 Nov 2004 (UTC)

vun dictionnairen an enzyclopedien[Quelltext änneren]

moien!

begrëffserklärunge si natierlech sënnvoll. allerdengs muss een sech verdäitleche, wat den ënnerscheed tëscht engem lexikon/enzyclopedie an engem dictionnaire/wierderbuch ass:

en dictionnaire/wierderbuch erkläert begrëffer: zb.: humpen, m.: 1° béierkrou, -glas, 2° transportgefäss fir schlaken; a seet wou d'wierder hierkommen (etymologie).

e lexikon/enzyklopedie erkläert, wat saache sinn, wéi se fonctionnéieren: beim humpen (2. bedeitung) wär do eng zb foto z'erwaarden, matt verweis op schlakentipp, héichuewen, etc.

deementspriechend giff "moss" nët heihinner gehéieren, mee an en dictionnaire (ëmgangssproochlech fir 'fra' oder 'meedchen', kënnt aus dem jéineschen), "kuddelfleck" awer schonn, well een do och déi sëlleche mee vun de ranner, hiirt idderzen, asw. (matt)erkläre kann.

vill spaass beim schreiwen!

Zinneke 09:09, 22 Nov 2004 (UTC)

Destitutioun vum Maradong[Quelltext änneren]

Wéi der villäicht alleguerte wësst, gin et am Moment dräi Administratoren fir eis kleng lëtzebuergesch Wikipedia. Daat sin de Maradong, de Cornischong an ech seet de Geck. Nodeems ech deem ganzen eng Zäitchen nogekuckt hun, sin ech zum Entschloss komm, de Maradong ofsetzen ze wëllen, natiirlech mat Ofstëmmung :-) Wisou ?

  • extrem mann Kontributiounen (cf Kontributiounen)
  • extrem mann präsent, als Administrator. Misst sech einfach méi ëm de Projet këmmeren.
  • des Weideren, och wann daat keen absolute Critère ass, an ech bestëmmt och net onfehlbar sin, fannen ech datt eng Weigerung besteet, sech eis Mini-Regelsäit fir Lëtzebuergesch ze schreiwen emol unzekucken, a grad als Admin fannen ech daat awer wichteg.

Ech gesin demno net an, wisou hien säin Admin-Status behale soll, natiirlech ass en ëmmer nach als normale Benotzer häerzlech wëllkomm. Ech verstinn och datt een net ëmmer Zäit an/oder Loscht huet, mir feelt et am Moment och ganz vill un der Zäit, mee et ass da wierklech net schwéier, engem vun den aneren Admins eng Email ze schreiwen, oder e Message ze hannerloossen, deen erkläert "ech hu grad Examen", "mäin Internet geet grad net" oder eppes an där Richtung.

Ech warden op Reaktiounen.

Pro[Quelltext änneren]

Contra[Quelltext änneren]

Numm fier Bot[Quelltext änneren]

Demnächst kënnt evtl. e Bot op d´Lëtzebuerger Wikipedia. Hei kënnt der him e Numm virschloën, sou dass mer e kënnen offiziell umellen. edit: De Numm sollt nët ze grouss sin an d´Wuert "bot" sollt waméigelech och dra fierkommen, soss wëssen eis auslännech Kolleege jo nët dass dat e Bot as.

Vierschléi:

letzBOT
"Den Här an d'Madamm Tullepant" - Esou heescht bestëmmt keen anere Bot wäit a breet; et soll natierlech eng Erënnerung sinn un dem Dicks säi Kaméidistéck mam selwéchte Numm vun 1879; iwwer dat et anscheinend nach keen Artikel an der LUXWiki gëtt!! Virwat?

--Cornischong 14:20, 10 Dec 2004 (UTC)

siehe edit: --Renderwander 15:38, 10 Dec 2004 (UTC)

siehe edit[Quelltext änneren]

Wat heescht "siehe" a wat heescht "edith"? --Johnny Chicago 16:04, 10 Dec 2004 (UTC)

lol. op Däitsch "siehe" fier "gesin" an "edit" op Englesch heescht esou vill wéi veränneren. Kuck puer Zeilen driwwer, ech wollt domat e Verweis machen. --Renderwander 17:19, 10 Dec 2004 (UTC)

Sichmaschinnen[Quelltext änneren]

Fier dass d´ lb.wikipedia de bëschtméigleche Ranking kritt as ët wichtech fier déi richtech "keywords" ze benotzen. Eng gudd Method fier se ze fannen as ët andeems een sëch freet wat e selwer géif bei google agi fier heihinner ze kommen.

Am Moment gisin déi Keywords vun der Säit selwer wéi folgt aus: Wikipedia,Template:ArtikelVunDerWoch,Template:HaaptsaitLinks,Template:HaaptsaitThemenindex,Enzyklopedie,Geschicht,Geographie,Wikipedia:Sandkaul,Hëllef:Éischt Schrëtt,Chimie

Beim umelle bei de Sichmaschinnen géif ech follgend Wieder proposéieren, komplétéiert se wann der eng Iddi hut.

enzyklopedie, wikipedia, lëtzebuerg, lëtzebuergesch, letzebuerg, letzebuergesch, artikel, informatioun, informéieren, léieren, geschicht, film, sport, chronologie, wëssenschaft, gnu, projet, open-source

An engem Webdirectory wéi z.B. http://www.luxweb.com/ , wat fier eng Katégorie wier do am beschte geegend? --Renderwander 15:27, 10 Dec 2004 (UTC)

Waat halt der vun der Beschreiwung vum Site: Wikipedia ass eng fräi Enzyklopedie, déi zesummen opgebaut gëtt a wou den Inhalt fräi benotzbar ass. Dir kënnt direkt mathëllefen! Dat as den Text vun der Haaptsäit. Fläit fellt jo engem nach eppes besseres an. --Renderwander 17:51, 10 Dec 2004 (UTC)

Sichmaschinnen[Quelltext änneren]

stéchwieder, déi secher och dra gehéieren:

encyclopedie [aner schreifweis], biographie, biografie, politik, wat ass lass, letzebuerger, lëtzebuerger [variant vu 'ltz.-esch']. 'projet' giff ech ewech loossen; ech gesi nët, wéi dat bei sichen hëllefe soll. Zinneke 11:32, 13 Dec 2004 (UTC)

Oh, do hate mer wuel verpasst eppes ze soen. Also de Cornischong an ech hunn eis e Samschden e "bessen" domat schon amséiert. Vu 4 firgeschloene Sichmaschinen hunn eis der 2 refuséiert. De Rescht ass done. Ech wees net op een d'Stechwierder nach kann änneren zumindest bei enger sinn ech mer do net ganz sëcher. Merci awer fir deng Méi, e puer vun deenen déis de viergeschloen hues sinn allerdéngs dranner. --Karlthegreat 11:47, 13 Dec 2004 (UTC)

Transskriptiounen[Quelltext änneren]

Iergend eng Kéier ass et esou wäit an ee mécht sech drun, eppes iwwert e russeschen Auteur, Moler, Komponist oder Politiker ze schreiwen. Spéitstens dann stellt sech d'Fro vun der Transkriptioun vun hirem Numm: "Sergueï", oder "Sergej"? "Tschaikowsky", "Czaikowskij" oder "Tchaïkovski" asw., kuerz: wat fir eng Sprooch/wat fir e Sproochbild huele mer als Virbild??

Dat trëfft och op aner Transkriptiounen, zB de Chineseschen oder dem Japaneschen zou...

Zinneke 19:32, 13 Dec 2004 (UTC)

Salut. Entschëlleg d'Verspéidung vu menger Äntwert. Alles an Allem hu mer am Beschten, mär halen eis un déi däitsch Wikipedia. Dat héiert sech e bësse bëlleg un, awer déi hu sech scho laang domat amuséiert. A wann een déif gruewt, dann deet sech en Afgrond op. --Cornischong 16:48, 23 Dec 2004 (UTC)

Hey, hey, Wiki, hey, Wiki, hey! [Quelltext änneren]

Dat ass den Titel vum Télécran-Artikel iwwer d'Wikipedia Lëtzebuerg. An der Nummer 52 vun haut huet den Télécran e Artikel vun enger (ganzer) Säit iwwer eis. (Säite 12)

Ah, super dass ët geklappt huet :) *den Telécran kafe geet* -Render.

Haaptsäit Error[Quelltext änneren]

Moiën

Jhust eng Remarque: Um Internet sollen/daerfen keng "Umlaute" an den Adressen (URL) gebraucht gin - also NET lb.wikipedia.org/wiki/Haaptsäit !

Bis dann

Gudde Moien,

Merci fir den Hiweis mee zënter e puer Méint sinn Emlauter erlaabt an den TLD (Top-Level-Domain), also www.müller.lu dierf well ginn. Fir d'Subfoldere vun enger Domaine ass menger Meenung no bis lo nach nie e Problem gewiescht. Wann de Browser d'Ëmlauter net erkennt, kommen do normalerweis Schrëftzeechen déi se ersetze sollen. Also gëtt aus engem lb.wikipedia.org/wiki/Haaptsäit z.B.: en http://lb.wikipedia.org/wiki/Haapts%C3%A4it. Zumindest mëcht den Internet Explorer dat. Aner Browseren erkennen Ëmlauter, cf Opera. (Zumindest ass dat bei mier sou)

Wann de Browser sollt Probleemer domat hunn, mol einfach en anere probéieren, mee en général dierft kee Probleem sinn. Soss hätten d'Spuenier, d'Inder, d'Wallounen, d'Iren asw. nach vill méi Problemer. :)

--Karlthegreat 19:11, 16 Dec 2004 (UTC)

Haaptsäit-Biller[Quelltext änneren]

Leschte Samschdeg haten sech e puer Leit gesinn, fir kënnen iwwer "Problemer", "Iddien" a "Virschléi" ze debattéieren. Dobäi ass och de Wonsch zur Sprooch komm, fir op der Haaptsäit wéinegstens 1 Bild hinzesetzen, well dat besser ausgesäit. Dozou huet ee gefrot fir d'Bild vun der Superjhemp-Figur ze huelen, dee gouf iwwerstëmmt. Sou sollt eng Foto vun der Stad dohinner kommen. Doraus ass bis elo nach näischt ginn. Dat ass awer net de Problem. An der Tëschenzäit ass eng Foto vum "Gronn" an en Artikel komm (eng aus der englescher Wikipedia!). Bis zu deem Moment, wou eng "Stad"-Foto sollt op d'Haaptsäit kommen, sollt en Ersatz dohinner gesat ginn. Lo sinn e puer Deeg an d'Land gaangen an et ass weder en Ersatz nach eng Foto iwwert d'Stad op der Haaptsäit. --Cornischong 09:46, 23 Dec 2004 (UTC)

Ech hunn dann emol de Gronn dragesaat, en attendant datt ech mäi Laptop hei un de Resau gehange kréien an daat anert Bild kann eriwwerhuelen.--Briséis 10:29, 23 Dec 2004 (UTC)

MediaWiki 1.4[Quelltext änneren]

Wéi der wuel scho matkritt hutt hu sech haut (23. Dezember) e puer Saache gäennert. Dat läit dorunner datt mer well net méi mat der MediaWiki 1.3. schaffe mee mat der MediaWiki 1.4Beta (Beweis). Wéi der richteg liest : et ass nach eng Beta-Versioun. Dat heescht et si wuel nach Fehler dranner, déi awer eréischt duerch de Massentest opgedeckt kënne ginn. Op der däitscher Wikipedia hu se dofier eng Spezialsäit agericht. Allerdengs hu mier keng Developers hei soss wier et méi einfach. Wann der also schlëmm Problemer entdeckt sot se w.e.g. hei, vläit kann een dann mol an der däitscher Bescheed soen oder direkt an der meta (wann een do nach wéisst wou). --Karlthegreat 15:48, 23 Dec 2004 (UTC)

Merci fir d'Matdeelung. Mam IE 6 SP1 op xp Pro rullt allem Uschäin no bei mär Alles. --Cornischong 16:38, 23 Dec 2004 (UTC)

Voilà Kënnercher : Wikipedia:MediaWiki 1.4 a fir är Problemer: Wikipedia talk:MediaWiki 1.4. Bei mir si schon de Mëtte louche Saache firkomm. --Briséis 17:01, 23 Dec 2004 (UTC)

"Bei mir si schon de Mëtte louche Saache firkomm". A wat solle äis dann dorënner virstellen, Mammi? --Cornischong 17:12, 23 Dec 2004 (UTC)

Méi lues wéi d'Schreiwen !![Quelltext änneren]

Bei mär dauert d'Späicheren elo méi laang wéi d'Schreiwen! An dat mat DSL!! Sinn ech deen Eenzegen? Dat geet engem jo nëmme nach op den Nerv!!!!!!!!! --Cornischong 22:55, 26 Dec 2004 (UTC)

Hei ass den Status vun der Wikipedia, deen ech elo just gelies hunn: "INTERMITTENT - sometimes up, sometimes slow, sometimes down". Majo dann ass jo Alles kloer. --Cornischong 23:02, 26 Dec 2004 (UTC)