Wikipedia:De Staminee/Archiv2005/Januar

Vu Wikipedia

Wikibooks & Co[Quelltext änneren]

hu grad déi kleng links op der haaptsäit entdeckt... wikibooks a co, wéi gesäit et dann mat deenen aus? gin et do konkret pläng? kann een hellefen? ^^ JimHawk 13:22, 27 Dec 2004 (UTC)

Ma bis elo gëtt et do nix konkretes. Verschidde Säite stinn zwar do (ech haat mech eemol kuerz ameséiert) mee allgemeng huet et nach keng Prioritéit well mer mol hei d'Enzyklopädie nach opbauen. Ech haat daat an enger "2. Phase" gesinn, oder waat mengs du ?

--Briséis 23:04, 7 Jan 2005 (UTC)

E Message vun eise franséische Kollegen[Quelltext änneren]

Bonjour tout le monde ! Les squids français sont maintenant installé. Nous avons commencé une phase de test. Merci d'avance à tous les volontaires qui veulent bien aider. Voilà la procédure à suivre pour utiliser les machines françaises plutôt que les machines américaines :

  • Sous linux (et sans doute tous les autres unix et donc mac OS X), il suffit de rajouter la ligne :
212.85.150.131  lb.wikipedia.org

(ou bien 212.85.150.132 ou encore 212.85.150.133 au choix) dans /etc/hosts

  • Sous windows, cela dépend des versions. Il faut aussi rajouter la ligne décrite pour linux, mais dans ce fichier :
    • Windows 95/98/Me c:\windows\hosts
    • Windows NT/2000/XP Pro c:\winnt\system32\drivers\etc\hosts
    • Windows XP Home c:\windows\system32\drivers\etc\hosts

Maintenant il suffit de vous ballader sur lb.wikipedia.org :) Dans un premier temps ce ne sera sans doute pas plus rapide le temps que le cache se constitue. Bon wiki à tous et n'hésitez pas à rapporter les problèmes. :) Med 7 jan 2005 à 19:12 (CET)

Iwwer dat Liewegt a seng Andeelungen; oder wéi deele mer d'Liewewiesen op?[Quelltext änneren]

Ech mengen mir missten eis vlaicht eens sinn wéi mir d'Andeelung machen: No de Wëssenschaften oder net.

Biologie ass jo d'Wëssenschaft vum Liewen am allgemengen, sowéi dann d'Zoologie déi vun den Déieren (d'Mënschen därfe mir och net vergiessen) an d'Botanik déi vun der Planzen. Fauna a Flora ass dann Déierewelt an d'Planzewelt.

Wa mir Biologie als Haaptartikel huelen giff ech drënner d'Zoologie an d'Botanik setzen. Wa mir awer Fauna a Flora als Ënnerdeelung huelen giff ech als Iwwertitel 'Liewenswiesen' huelen.

Oder waat mengt dir? :-) --Alexandra 12:23, 12 Jan 2005 (UTC)

An d'Pilzen, an d'Eenzeller, an d'Viren?[Quelltext änneren]

De Problem ass sécher net wouhi mer d'Kazen tässelen. Dat wat nach ëmmer net esou ganz einfach war: D'Pilzen (wa mer déi esou wëlle nennen: dat neit "Wörterbuch" nennt se Champignon; mee dat ass e bësse simpel) sinn eng speziell Zuucht. D'Viren sinn nach méi speziell. Vill modern Systematiker ënnerscheeden 5 Räicher: Déieren / Planzen / d'Prokaryoten (also d'Bakterien ouni Zellkär) / d'Protoctisten, fir d'Lëtzebuergescht dann Protoktisten (niddreg meeschtendeels eenzelleg Organismen wéi Algen (!) oder Amöben) / d'Pilzen. Villäicht wiirkt dat mat de 5 Räicher ongewinnt, mee et ass genz schlësseg. Wann ech mer dat bekanntst Léierbuch (en zimmlech décke Bomber) am engleschsproochege Raum (dem Neil A. Campbell säi "Biologie") ukucken, dann huet deen dat Ganzt (graff gesinn) agedeelt an:

  • D'Chemie vum Liewen
  • D'Zell
  • D'Genen
  • D'Mechnisme vun der Evolutioun
  • D'Stammesgeschicht vun der biologescher Diversitéit
  • D'Form an d'Funktioun vun de Planzen
  • D'Form an d'Funktioun vun den Déieren
  • Ökologie a Verhalen

Dëst emol als Virfudder fir eise "Gehierstuerm"

--Cornischong 12:48, 12 Jan 2005 (UTC)

Ech wir fir folgend Andeelung:

  • Biologie
    • Déierewelt/Fauna
    • Planzewelt/Flora
    • Prokaryoten
    • Protoktisten
    • Pilzen

Sou wéi de Cornischong daat proposéiert huet. Ausserdem proposéieren ech de Numm Déierewelt amplaz Fauna bäizebehalen, well dee schon op e puer Plaze steet, resp. och als Kategorie do ass, an et erëm nëmmen ëmständlecht Gedeessems gëtt, daat alles op Fauna ze setzen. Da ging ech de "Pendant" och Planzewelt nennen, a net Flora, quitt datt ee jo den Artikel selwer ufänke kann mat "D'Planzewelt, och nach Flora genannt......".

Mäi grain de poivre :-)

--Briséis 14:42, 12 Jan 2005 (UTC)

Jo, daat kann esou hikommen :-) Wa mir dann giffen dës Obdeelung ënnert der Kategorie Biologie huelen. Daat wier dann eng Andeelung vun de Wëssenschaften mat Ennerdeelung an Räicher. Déi 5 Organismen déis du opziels ginn jo eigentlech zu de Planzen gezielt. Do kann een se och andeelen ënnert Organismenräicher.????!!!

  • Botanik (Form a Funktion vun de Planzen
    • Flora (Planzewelt, geographesch Andeelung, Systematik..)
    • Prokaryoten, d'Bakterien ouni Zellkär
    • Protocisten (Algen)
    • Pilze (oder Champignon)
    • Hohl- a Nesseldéieren (Korallen, Quallen)
  • Zoologie (Form a Funktioun vun den Déieren)
    • Fauna (Déierewelt, geographesch Andeelung, Systematik...)
  • Evolutioun (gemengt ass déi lieweg Evolutioun, et gëtt och nach déi kosmesch Evolutioun)
  • Genetik
  • Cytologie (Zellen: wéi Stoffwiessel, Verierwung....)
  • Humanbiologie (Anatomie...)
  • Ökologie
  • d'Geschicht vun der Biologie

--Alexandra 14:42, 12 Jan 2005 (UTC)--Alexandra 14:56, 12 Jan 2005 (UTC)

D'Nesseldéieren passen ouni iergendee Problem an d'"Déierewelt". Déi brauche keen eegent "Räich" (oder wéi mär dat welle nennen); och d'Schwämm (Porifera) an d'Quallen passen direkt bei d'Déieren. Dat eenzegt, wat aus dem Schema fällt si natierlech d'Viren, mee déi lafe souwisou niewendrun. --Cornischong 15:22, 12 Jan 2005 (UTC)

Bass du sëcher dass déi an Déierewelt an net an d'Planzewelt gehéieren? D'Viren a Bakterien geheieren zur Mikrobiologie (och eng Ënnergrupp vun der Biologie) --Alexandra 15:30, 12 Jan 2005 (UTC)

@ Alexandra: - "Bass du sëcher dass déi an Déierewelt an net an d'Planzewelt gehéieren?": Wee mengst de mat "déi"?D'Nesseldéirern, d'Schwämm, d'Quellen oder d'Viren? --Cornischong 18:50, 12 Jan 2005 (UTC)

ODER

  • Botanik (Form a Funktion vun de Planzen)
    • Flora (Planzewelt, geographesch Andeelung, Systematik..)
  • Pilze (oder Champignon)
  • Zoologie (Form a Funktioun vun den Déieren)
    • Fauna (Déierewelt, geographesch Andeelung, Systematik...)
  • Evolutioun (gemengt ass déi lieweg Evolutioun, et gëtt och nach déi kosmesch Evolutioun)
  • Genetik
  • Cytologie/Zellbiologie (Zellen: wéi Stoffwiessel, Verierwung....)
  • Humanbiologie (Anatomie, Fortplanzung, ...)
  • Ökologie (Ëmwelt..)
  • Mikrobiologie (Bakterien, Virologie)
  • Mieresbiologie (Algen, Fësch, Mieressäuger)
  • d'Geschicht vun der Biologie
  • Biologen

--Alexandra 16:14, 12 Jan 2005 (UTC)

Dat däitscht Beispill[Quelltext änneren]

• Botanik, Zoologie: Organismen (Portal Lebewesen): o Viren, Viroide: Virologie o Prokaryoten/ Reich Bacteria: Mikrobiologie, Bakterien, Cyanobakterien (Blaualgen)  Archaeen (werden heute einer eigenen Domäne zugeordnet): Viele Extremophile gehören dazu, Alkaliphil, Barophil, Endolith, Acidophil, Halophil, Methanogen, Thermophil, Oligotroph, Psychrophil, Toxitolerant, Xerotolerant o Eukaryoten:  Protisten: Einzeller  Pflanzen/ Systematik:  Pilze/ Systematik:  Tiere/ Systematik: Atmung, Sekretion, Homöostase, Embryologie

Déi Saach mat de Protoktisten / Protisten ass en Detail, ëm deen sech e puer Schoulen zerbalegen. Dat hei war nëmme fir e praktescht Beispill ze hunn. Op d'"Archaeen" komme mer Möi spéit zréck. --Cornischong 19:14, 12 Jan 2005 (UTC)


Ok, mä wéi solle mir et dann elo maachen. Ech haat virdrun eigentlech d´Nesseldéieren gemengt. Mä do schénge erem vill Léit verschiddener Meenung ze sinn. Mengen mir lossen se dann bei den Deieren. Solle mir eis dann net emol ob e puer Haaptkat. eenegen an dann no an no kuken wou mir et hiklasséieren? --Alexandra 21:03, 12 Jan 2005 (UTC)

'Nowend alleguer, leider kommen ech elo eréischt derzou, e Wiertchen hei mattzeschwätzen - op frëndlech Invitatioun vum Cornichong - a mierken, dass ech dozou am Fong net vill ze soe weess, ausser, dass d'Propositioun hei uewendriwwer mer - mangels aschléiegem Fachwëssen - zimmlech plausibel schéngt. Zu wat elo Grenzfäll ze ziele sinn, iwwer déi d'Fachwelt sech d'Käpp aschléit, giff ech mer souwisou net erlaben, eng Meenung ze hunn. Mee 't freet mech, dass dese Wëssensberäich och elo lues a lues aus dem 'roude Mier' erausgezu gëtt. Mäi bescheidene Bäitrag wäert doranner bestoen, déi vum Henri Klees gesammelt Déierennimm (Luxemburger Tiernamen, Beiträge zur Luxemburger Sprach- und Volkskunde Nr. XIV, 1981) no an no abzetippen...

Zinneke 21:39, 12 Jan 2005 (UTC)

Merci fir dein Beidrag :-) Waatfireng Propositioun schéngt dir dann am plausibelsten, et stinn der jo esouvill hei?? :-) --Alexandra 22:06, 12 Jan 2005 (UTC)

Mär kommen der Saach méi no[Quelltext änneren]

Gudden (tja, dat ass elo net ganz sécher). Bei de "Cnidaria" (eisen Nesseldéieren oder Hueldéieren) ass et kloer, dat sinn Déieren!
Wann et där an der Kreemche passt (wann net, da mellst de dech) da géife mer no dem "5 Räicher System fueren. (Bei Geleegenheet, komme mer jo nach op d'Eenzelheeten zréck). Also fir d'éischt d'Räicher: (d'Ënnerräicher kommen no) 1. Prokaryotae 2. Protoctista (dat sinn dem Ernst Haeckel seng Protista) 3.Fungi (eis Champignonen) 4. Animalia (eis Déirewelt 5. Plantae (eis Planzewelt) an da bleiwen d'Viren an d'Viroiden. Bass de sou wäit mat d'accord? Wa jo, kannst de schon d'Artikele opmaachen an da kommen d'Gruppen an d'Phylumen dran. --Cornischong 23:13, 12 Jan 2005 (UTC)

Hei nach e puer Linken: http://www.perspective.com/nature/ http://www.usoe.k12.ut.us/curr/science/sciber00/7th/classify/sciber/5king1.htm http://mcgee.berlinschools.org/Library/five_kingdoms_of_life.htm http://www.cwrl.utexas.edu/~syverson/worldsfair/exhibits/hall2/lindsay/page3.htm

Ech sinn och fir di 5, nach ëmmer :-) Déi 5 selwer gi jo da souwisou bannendran nach ënnerdeelt, no de verschiddene familljen oder esou. net datt eist känguru niertw der zebraspann sëtze muss :-) Ech wees et ass ëmmer gudd e Kader vunn Ufank un ze hunn, mee villes maachen ech och "au fur et à mesure". An der Kat Franséisch Geschicht gouf et zb keng Souskat bis ech den Edikt vun Nantes ugepak hunn an decidéiert hunn, eng Souskat "Reliounskricher" ze maachen, waat e vast Thema vun der fr. Geschicht ass :-) Ech ging mengen mat 5 Haaptdeeler gi mer eis am Ufank gudd eenz, well da stinn déi grouss Sailen an di kleng Heisercher bannendran komme no :-)

--Briséis 00:03, 13 Jan 2005 (UTC)


Gudde Moien, Also waat d'Andeelung vun der Déierewelt ugeet, mengen ech ass keen esougrousse Problem. Do kommen all d'Beschreiwungen vun all eenzel Déier dran, an da ginn se no Famill klasséiert. D'Famill ginn no der Uerdnung, d'Uerdnung no der Klass.... asw agedeelt. Wier daat OK fir iech? Ech wär och dofir wéi d'Briséis seet souwäit et geet ob lëtzebuergesch an soss einfach ob Latein loossen. Waat d'Planzewelt ugeet, wär et dee selweschten Prinizip.

Also ech giff daa soen mir machen eng Kategorie Liewewiesen ënnert de Grupp Biologie an dorënner setzen mir dann déi 5 Räicher (1. Prokaryotae 2. Protoctista 3.Fungi 4. Animalia ( 5. Plantae. Ënnert Biologie giffen dann awer och nach déi verschidde Wëssenschafte kommen, wéi Botanik, Zoologie, Humanbiologie, Zellbiologie, Genetik... asw

--Alexandra 09:24, 13 Jan 2005 (UTC)

Gudde Moien, nodeems ech iwwer eng Stonn probéiert hunn (mat DSL!), fir iwwerhaapt op dës Säit ze kommen. Jo. --Cornischong 09:56, 13 Jan 2005 (UTC)

Wopen - Diskussioun[Quelltext änneren]

Salut. Mir missten engersäits emol bei de Gemengen nofroen, wéi si di Saach geséichen, an aanrersäits d'Fachleit vun der Commission Héraldique de l'État ëm Rot froen. Am Armorial Communal du Grand-Duché de Luxembourg sinn all d'Gemengewappen dran, mee ech hunn näischt fonnt a punkto 'copyright'. --Pear 15:35, 26 Jan 2005 (UTC)

Ech hat och schon mol proposéiert, wann een en Gemengenwopen bräicht, fir et selwer ze maan, giff mengen, datt et besser ausgeseit wéi sou munsch schlecht ragescannte Bild... du has och schon eng keier vun copyrighten geschwoart, mee wenn huet dann den copyright op den Wopen? ech selwer hun nach ni an enger gemengenbrochür en copyright-hinweis oder zeechen gesin... --JimHawk 22:54, 26 Jan 2005 (UTC)

Du sees di däitsch hun e gudde System...ech si suguer iwwerzeegt datt si e gudden hunn. Den Hoken ass, wanns de dee System wëlls, muss de 118 mol (!) op de Gemengesäiten eng nei Tabell abaue goen...an dann déi sëllech Uertschaftstabellen och änneren...daat erënnert mech u meng Sisyphosarbecht bei der Chrono an ech perséinlech hunn éierlech gesoot keng Loscht nees e ganze System mat deem jiddfereen am Ufank zefridde war, nees missen op d'Kopp ze geheien. Daat ass rëm Stonnen an Deeg verluer bis déi nächst brilliant Iddi kënnt a sou komme mer net weider. Ech wollt d'Wopen dofir einfach herno ëmmer nodréiglech an den Artikel abauen. De Grond wisou ech vun Ufank un di däitsch Tabell net iwwerholl hunn, war de Problem mat de Wopen. Wa bei enger Gemeng eng Foto feelt, déi kann een ëmmer séier maachen, mee un déi Wopen ze kommen ass kniwweleg an dofir hunn ech se aus der Tabell erausgelooss amplaz iwwerall missen hinzeschreiwen "Wope feelt nach". An d'Walfer Wopen: setzen et direkt dran. Lëscht vun de Lëtzebuerger Wopen -> Links op d'Biller déi mer bis elo hunn...also Walfer. Vive meng kooperativ Gemeng :-) --Briséis 23:27, 26 Jan 2005 (UTC)

@JimHawk: Salut.Fir se selwer ze maachen: Ech mengen, dass dat net onbedéngt néideg ass. Wann d'Gemengen eis d'Wope kënnen (a wëlle ) ginn, da geet dat am einfachsten. Wann der da sollten dobäi sinn, déi dat net kënne maachen, damusse eis villäicht selwer hëllefen.

@Briséis: Halli. Lues, lues, du brauchs haut nach net unzefänken mat dem Ëmbastelen:-). Mär setzen se an den Artikel eran, kee Problem. --Cornischong 23:51, 26 Jan 2005 (UTC)

Am Gesetz vum 16. September 1993, dat d'Gesetz vum 23. Juni 1972 iwwert di national Insignien geännert huet, heescht et am Artikel 7 datt all net genehmegte Gebrauch vu Wopen, Insignien a Symboler bestrooft gëtt, a wat en net genehmegte Gebrauch ass, nämlech a) zum Zweck vu Bedrug, b) zu geschäftlechen, industriellen, berufflechen oder Reklamm-Zwecken, ausser an deene Fäll déi d'Gesetzer an d'Reglementer virgesinn, oder an deenen déi vun der Regierung genehmegt sinn.

Mir missten einfach der Regierung (Staatsministère) eng Ufro schreiwe fir d'Gemengewopen an der Wikipedia am Internet däerfen ze verëffentlechen. De Staatsminister freet dann d'Heraldesch Kommissioun ëm hir Meenung.

Et schéngt mer laut Gesetz esou ze sinn, datt (och fir Gemengewopen) di eenzeg Plaz fir eng Genehmigung ze kréien, d'Regierung ass. De Staatsminister muss jo och all Wopen (oder Ännerung vu Wopen), deen ënner anerem eng Gemeng z.B. sech gëtt, genehmegen (Artikel 8). D'Genehmigungsprozedur beim Staatsministère fir de Gebrauch vu Wopen asw. geet och ganz kloer eraus aus den Äntwerte vum Staatsminister Santer respektiv Junker op 2 parlamentaresch Ufroen an där Saach, Nr. 149 (04.01.1993) vum Charles Goerens, an Nr. 508 (20.04.2000) vum Willy Bourg. --Pear 10:29, 27 Jan 2005 (UTC)

Ma dann halen ech emol nach d'Patte vum Wopen ewech, bis daat Ganzt endgülteg gekläert ass. Mer wëlle jo muer net den Affekot vrun der Dir stoen hunn. --Briséis 11:07, 27 Jan 2005 (UTC)

D'Fro ass just: fale mir ënner eng vun deene Kategorien? Ass di Lëscht am Artikel 7 (deen eigentlech just en Artikel 232bis an de Code pénal setzt) exhaustiv oder just indikativ? Ee groussen allgemenge Problem vun eise Gesetzer ass nämlech, datt di allermanst un di nei Technologien (Informatik, etc.) adaptéiert sinn. Wéi d'Gesetz 1972 an 1993 geschriwwe gouf, konnt nach kee sech virstellen, datt et eng Kéier eppes wéi den Internet géif ginn. Ech si jiddefalls der Meenung, datt mir weder e geschäftlechen oder industriellen oder berufflechen Zweck mat der Wikipedia verfollegen (sollt ech mech do iren, da sot mer w.e.g. Bescheed), a Reklamm ('fins publicitaires') maache mer jo an deem Sënn och keng. Ech bleiwe mol hannert där Saach do. --Pear 14:12, 27 Jan 2005 (UTC)

Salut. Mär fale sécher net an eng vun de viséierte Katagorien. Et ass jo och liicht ze verstoen, virwat deen Artikel 7 iwwerhaapt drageschriwwe gouf. Allerdéngs mengen ech och, datt dat Bescht wier, am Staatsministère unzeklappen. Wa mer dann eng "Erlabnes" kréien, sinn all Problemer (mat de Gemengen) aus dem Wee, da kënnen d'Gemengen (déi jo selwer veronséchert misste sinn) och kee Problem méi doranner gesinn. De Pear bleift jo mol hannert där Saach. --Cornischong 22:47, 27 Jan 2005 (UTC)