Wikipedia:De Staminee/Archiv2009/Januar

Vu Wikipedia

Grouss oder kleng[Quelltext änneren]

De Grevisse
… Et geet mer sou lues op de Geescht, datt mer bei all Geleeënheet hei erzielt kréien, datt dat eou op der franséischsproocheger Wiki steet. Ass dat elo eng Referenz fir déi franséisch Sprooch? Lo gëtt och de Grevisse ernimmt. Firwat kréie mer dann net gesot, wou dat am "le bon usage" steet??? Datt mer äis op de Petit Robert 2 stäipen ass ganz originell, ech hunn deen net. Mee ech hunn den TLF, deen e bësse méi grouss ass: Wou steet et dan deem?? Wou? Da liesen ech, datt mer äis op "franséisch Zeitungen" verloossen. Ausser dem "Le Monde", net "Le monde" kréie mer awer keen Titel ernimmt. Also nach eng Kéier: wou steet dat am Grevisse a wou am TLF? Ech froen dat, well dat Méckegepéils eis bis elo scho laang genuch beschäftegt. Cornischong 24. Dez. 2008
Ier dee Kabes mat der nach vill méi richteger Schreifweis nees uleeft, wier et sou lues un der Zäit eis emol unzeginn, wou dat am Grevisse steet! Ech hunn dat däitlech gefrot a bis elo nach keng Äntwert kritt. Déi arrogant Verbesserwëssermentalitéit bréngt eis net weider. --Cornischong 16:29, 1. Jan. 2009 (UTC
Gudde Moien,
Ech hu perséinlech näischt géint déi korrekt franséisch Schreifweis, déi awer net der lëtzebuergescher Schreifweis entsprécht, déi an der lb:Wiki soll gebraucht ginn.
Vu datt mer hei net an der franséischer Wiki sinn, lichte mer do verschidde Saachen net sou richteg an, wéi z.B dat mer elo hei Nimm zwar an der korrekter franséischer Schreifweis stoen hunn, awer am Mémorial, wou den offiziellen Numm festgehale gouf net esou stinn.
An der Lëtzebuerger Schreifweis ginn Nimm grouss geschriwwen, och wa mer se bei d'Fransouse léine ginn.
Verstinn ech do eppes falsch. Les Meloures 12:02, 24. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]


Remoien,
Hei geet och vun enger Decisioun am Staminet riets.
Ech gesinn déi néierens, dat heescht datt ni gefrot gi war fir driwwer ofzestëmmen, datt deemno och net ofgestëmmt gouf (no de Reegele vun der Wiki), an datt och keng majoritär Decisioun festgehale gouf. Les Meloures 12:11, 24. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]


Dat hei driwwer hunn ech vun der Diskussiounssäit vu Les jeudis des sciences an och vu menger User-Diskussiounssäit heihinner gesat, wou et higehéiert, fir datt mir kënnen en connaissance de cause eng Decisioun huelen. Cayambe 22:59, 1. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]
Also:

Schreifweis vun den noms propres am Franséischen[Quelltext änneren]

1. Quellen 2. D’Reegel 3. Ausnahme vun der Reegel 4. Wann den Numm mat Le, La, Les ufänkt 5. De Gebrauch zu Lëtzebuerg 6. Propositioun fir wéi et hei soll weider goen.

  • 1. Quellen: D'Reegel an d’Beispiller baséieren op folgende Quellen:
  • Académie française: Dictionnaire en ligne
  • Grevisse (= M. Grevisse et A. Goosse) 2008: le bon usage (sic): S. 97
  • Joseph Hanse 1987 an 2005: Nouveau dictionnaire des difficultés du français moderne (Remarque: den Hanse gëtt am Grevisse systematesch als Referenz zitéiert)
  • Le Robert encyclopédique des noms propres 2009 (sic) (huet virdru Le Petit Robert 2 geheescht)
  • Le Petit Larousse illustré 2008
  • Bescherelle - L’orthographe pour tous. Hatier 2008.
  • Remarque: am Grevisse gëtt d’Zeitung Le Monde systematesch als Referenz zitéiert, besonnesch och wat dës Reegel ugeet (cf. S. 97-105). Mir leien also gutt wa mir eis am Zweifelsfall un deen Usage halen.
  • 2. D’Reegel (hei nëmmen dat wat fir eis wichteg ass)
  • De Bescherelle, § 297, kuerz a bündeg: On met une majuscule à la première lettre des noms de lieux, de monuments historiques ou d’institutions. Beispill: l’Assemblée nationale, asw.
  • De Grevisse 2008, S. 97: Les noms de sociétés, d’associations, etc. prennent les majuscules au premier mot important..
Beispill, ë.a.: Le président du Conseil international de la langue française.
  • D’Académie française (sic), cf éischt Säit vun hirer Websäit: le Conseil supérieur de la langue française. Aus hirem Dictionnaire en ligne: Institut catholique de Paris, Institut d'études politiques, Institut national de la santé et de la recherche médicale.
  • De Robert encyclopédique des noms propres 2009
Beispiller, kuckt w.e.g. ënner: École française d’Athènes; École nationale d’administration; Institut géographique national; Institut de recherche et de coordination acoustique; Institut national de la santé et de la recherche médicale; Institut national de la statistique et des études économiques; an och
Organisation internationale du travail; Organisation des pays exportateurs de pétrole; Organisation mondiale de la santé, asw asw
  • le nouveau Petit Robert de la langue française 2009 (sic):
Beispiller, ënner Ministère: ministère de l’Agriculture; ministère des Finances.
Remarque: hei schreift de Monde systematesch: ministère des finances, etc. Mee mier mussen dat jo net esou iwwerhuelen.
Institut géographique national; Institut national de la langue française; Institut national d'études démographiques; Institut national d'hygiène; Institut océanographique.
  • Franséisch Wiki: hei gëtt d’Reegel natierlech och applizéiert.
Kuckt w.e.g. z.B. ënner Institut (13 Beispiller) an École normale (5 Beispiller).
  • 3. Ausnahmen zu der Reegel sinn d’Nimm vu Firmen an Nimm déi fir eng kommerziell Promotioun geduecht sinn. Déi Nimm sinn ewéi eng Enseigne, e Logo unzegesinn, deen der Firma gehéiert. Beispiller: Le Monde, le nouvel Observateur, Le Point, le bon usage (fir de Grevisse), Côte d’Azur ….
Cf och zu Lëtzebuerg: éditions saint-paul (an och éditions SAINT PAUL), Le Jeudi, natur musée, ons stad.
  • 4. E cas particulier: Wann den Numm mat engem article défini (Le, La, Les) ufänkt ass den Usage flottant, mat enger däitlecher Tendenz zum groussen 'L' an dem Rescht duerno kleng.
De Grevisse 2008 S. 105 recommendéiert fir d’Titele vu Bicher, Filmer, asw:
Pour éviter l’arbitraire (…), l’usage le plus simple et le plus clair est de mettre la majuscule au premier mot seulement, quel qu’il soit.. Beispill (Titel vun enger Revue): Les nouvelles littéraires.
Heirënner fale secher och d’Titele vu Konferenzzyklen. Mir hunn also d’Wiel tëschent:
Les jeudis des sciences an Les Jeudis des sciences.
Kuckt duerzou och z.B. déi haite fr.Wiki-Artikelen, wou d'Recommendatioun vum Grevisse respektéiert gëtt:
Les amis du vieux Saint-Étienne Les amis du bus des femmes
  • 5. D’Reegel zu Lëtzebuerg
An der lëtzebuergescher Press gëtt d’Reegel systematesch korrekt applizéiert. Beispiller:
  • LW 30.12.2008, S. 20 a 25:
Fondation luxembourgeoise contre le cancer an Association de soutien aux travailleurs immigrés (ASTI)
Remarque: An dat obschonn déi zwou Organisatiounen déi ‘grouss’ Schreifweis op hire Websäite benotzen. Cf ASTI an FLCC.
  • Lëtzebuerger Land, systematesch Uwendung vun der Reegel. Beispill vum 2. Januar 2009:
Musée d’art moderne grand-duc Jean (an engem Artikel iwwer de Mudam).
  • L’essentiel 30.12.2008
S. 4: Association des cercles d’étudiants luxembourgeois (ACEL) an och de Veräin Réunion européenne des étudiants luxembourgeois.
  • Le Jeudi: systematesch Uwendung vun der Reegel. Ech kromen nach a mengem Pabeierkuerf fir déi lescht Ausgab mat Beispiller erëm ze fannen.
  • Lëtzebuergesch Websäiten
Eng Partie Organisatiounen halen sech un d’Reegel, vill anerer allerdengs net. Fir d'Anhalen, kuckt z.B. d’Websäite vum
Centre national de littérature; Musée national d’histoire et d’art; Musée national d’histoire naturelle; Société des naturalistes luxembourgeois
Och eise Groussherzog applizéiert d'Reegel: cf. d'Websäit vun der Cour grand-ducale de Luxembourg.
  • D’Ministèren zu Lëtzebuerg hale sech oft net un d’Reegel … an d’Uni Lëtzebuerg och net. Firwat weess ech net.:-)
Cf awer den Zousaz hei drënner (Gesetz iwwer d'Instituts culturels vun 2004).
  • 6. Wéi fuere mer weider?
  • Iwwer d’Reegel selwer kënne mer jo net ofstëmmen.
  • Duerfir schloen ech heimadder fir, datt mir formell driwwer ofstëmmen,
ob mir d’Reegel op der lb-Wiki, sou wéi dat och an der lëtzebuergescher Press gemaach gëtt,
applizéieren oder net.

An net ze vergiessen: Alles Guddes am Neie (neie?:-) Joer. --Cayambe 21:55, 1. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Ech hunn dat do lo alles gelies. Do steet ëmmer vun der franséischer Schreifweis. Wat mech géif intresséieren, gesinn datt mer hei op der Wikipedia a lëtzebuergescher Sprooch sinn: Wéi ass et mat der lëtzebuergescher Schreifweis vu franséischen Nimm.? Ech mengen do läit d'Kromm an der Heck, an net bei der franséischer Schreifweis.

Ofstëmmung[Quelltext änneren]

Fir d’Uwendung vun der Reegel

Dergéint

Et enthale sech --Otets 23:14, 15. Feb. 2009 (UTC), dee just drop hält datt de Lemma op Lëtzebuergesch ass.[äntweren]

Franséisch zu Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

..déi korrekt franséisch Schreifweis, déi awer net der lëtzebuergescher Schreifweis entsprécht...
datt mer elo hei Nimm zwar an der korrekter franséischer Schreifweis stoen hunn, awer am Mémorial, wou den offiziellen Numm festgehale gouf net esou stinn.

hei meng Äntwert op dem Les Meloures seng natierlech berechtegt Fro:
D'Gesetzestexter an deenen leschte Joren respektéieren déi franséisch Reegel. Kuckt z.B. d'Gesetz vun 2004 iwwer d'Instituts culturels am Memorial: do geet Riets vun den Archives nationales, der Bibliothèque nationale, dem Musée national d'histoire et d'art, dem Musée national d'histoire naturelle, dem Service des sites et monuments nationaux, dem Centre national de l'audiovisuel an dem Centre national de littérature, all mat där Schreifweis.
Datt de Service des sites et monuments nationaux sech op senger Websäit mat groussen Initale presentéiert, deet een dach nëmme... schmuunzen. --Cayambe 00:40, 2. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]


Menger Meenung no brauche mir eng eenheetlech Schreifweis... an dat kann nëmmen déi sinn, déi déi franséisch Reegel respektéiert. Déi lëztebuergesch Press mecht eis et jo vir... an si fënnt sech och ëmmer méi an de Gesetzestexter. --Cayambe 00:40, 2. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Wat mengen 'déi aner'?:-)


Moien
Ech sinn der Meenung dat mer déi Nimm déi am Mémorial erëmzefanne sinn, sou sollen iiwwerholl ginn wéi se am originale Gesetzestext do stinn. Dat wier op jiddferfall mol eng legal Basis. An zwar wier dat z.B. bei Schoulen den Numm, wéi an am Gesetzt steet an deem d'Schoul gegrënnt gëtt. Wa mer ons un de Memorial halen gi mer villen Diskussionen aus de Féiss. Les Meloures 00:54, 2. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]
Gudde Moien an e schéint neit Joer!
Zum Thema: Ech selwer hu net dee néidegen "Hannergrond" (meng Ausbildung a franséischer Sprooch huet op enger 6ième opgehal an eng Ausbildung a lëtzebuergescher Sprooch hat ech ni) fir an dëser Fro mat ze diskutéieren an dofir wëll ech mech och net amëschen. An dobäi sinn ech net deen eenzegen deen an deem Fall ass. Ech proposéieren dofir dass déi, déi eppes dervu kennen, sech op eng Schreifweis sollen eenegen an dass all déi, déi näischt dervu kennen, dës Decisioun sollen acceptéieren. --Pecalux 07:32, 2. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Betawiki update[Quelltext änneren]


Läschpropositiounen=[Quelltext änneren]

Moien

Fir de Mopment sti Läschpropositiounen a verschiddene User-categorien. Ech hunn net kontrolleéiert ob et déi schonns an der lëtzebuergescher Iwwersetzung gëtt, an ob all d'Linke gesat sinn. De Robby huez sech ëm dat Ganzt gekëmmert. Mer sollen och dofir him déi Läschaktioun iwwerloossen, fir datt hie selwer virum Läsche ka kontrolléieren, ob alles an der Rei ass. Dat kann awer e bësselchen daueren, hien ass eng Woch berufflech am Ausland ënnerwwe, an huet net déi beschten Zäit fir duerno ze kucken.

Les Meloures 07:21, 12. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]


Donnerwieder! wort.lu huet op senger Haaptsäit e Link op de Wikipedia-Artikel Thierry van Werveke.--Fliedermaus 17:05, 12. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

An hei gesäit een, wéi dat sech auswierkt: [[1]] --Zinneke 13:42, 7. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Backup vun der Lb-Wikipedia[Quelltext änneren]

Wéi beim leschten Wiki-Iessen beschwat hunn ech mat der Madame Octavie Modert iwwert de Problem vum Backup vun der lëtzebuergescher Wiki geschwat.

De Problem ass jo, dass d'Donnéen just an den USA op Serveren lageren, a wann de falsche Knäppchen gedréckt gëtt oder einfach den Internet kollabéiert ass dee lëtzebuerger Patrimoine och fort.

Dobäi waren déi Verantwortlech vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (www.lod.lu) an d'Madame Modert huet mat hinnen ofgemaach si géifen op de Serveren vun Restena am Wocherythmus de gesamten Inhalt vun der Lb-Wiki späicheren.

--PlayMistyForMe 20:18, 14. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut,
Dat ass jo mol eng agreabel Noricht. A Merci fir d'Interventioun. Les Meloures 20:31, 14. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]
Wow, dat do ass mat déi wichtegst Noriicht zënter de Projet hei leeft!! Villmools merci fir Däin Asaz, an indirekt (falls se dat hei liese sollten), un d'Madame Modert an d'Retsena-Leit!
Do kënnt mer de Gedanken: Et wier intressant, gewuer ze ginn, op d'LOD-Leit wëlles hunn (oder schonns am Gaang sinn) d'lb:Wiki an hiren Thesaurus mat anzebauen.
--Zinneke 14:02, 15. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]
E Bravo un de PlayMistyForMe fir säi Beméien. --Cayambe 15:47, 15. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]
E grousse Merci un de Playmisty och vu menger Säit, an natierlech och u LOD, Mme Modert a Restena! --Otets 23:12, 15. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Tanks, Tanksen, Tank, Tanken[Quelltext änneren]

Dës Diskussioun gouf op Diskussioun:Tanks geréckelt. --Cornischong 09:53, 16. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Un all Referenzefetischisten[Quelltext änneren]

Un all déi, déi op eemol d'Referenezen entdeckt hunn, a mengen, domat wier Androck ze maachen: Hei ass e gutt Beispill, zu wat fir engem abstruse Kasperlekstheater dat féiere kann: [2]. Alles iwwerzeegt? Dann ass et gutt. --Cornischong 22:23, 15. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Iwwerzeegt, dass dee Commentaire hei net hätt misse sinn: Jo. --Zinneke 01:00, 16. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]
De Fall Steenem huet mech dovun iwwerzeegt, datt dach. --Cornischong 09:56, 16. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

DialektWiki[Quelltext änneren]

Hallo Freunde des Dialekts,

ich würde mich freuen, wenn Ihr hier mal vorbeischauen würdet:

http://meta.wikimedia.org/wiki/DialectWiki/De

Zur weiteren Erklärung:

Es soll ein Dialektwörterbuch entstehen, das aber auch idomatische Redewendungen oder ganze Sätze enthalten kann. Ich habe mit Paul Hemetsberger Kontakt aufgenommen, der ein Wörterbuch Englisch-Deutsch erstellt hat, welches auch ein Audiomodul zur Aufnahme enthält: http://www.dict.cc/

Grundsätzlich kőnnten alle Dialekte, Regionalsprachen usw. darin enthalten sein. Es hängt eigentlich nur von der Mitwirkung ab. Ich habe dahingehend ca. 20 europäische und 4 amerikanische Sprachinstitute angeschrieben.

Um zu starten waere der deutsche Sprachraum am Geeignetesten, da es hier schon mehrere DialektWikipedien gibt: Alemannisch, Bairisch, Sorbisch, Friesisch, Ripuarisch, Plattdeutsch, Limburgisch, Letzeburgisch usw.

Meine Hauptidee ist es, eine Karte , wie z.B. http://meta.wikimedia.org/wiki/WikiMiniAtlas/de einzubinden. Diese Karte könnte man mit Dialektkarten unterlegen (wie bei GoogleMaps), sodaß jeder, der beiträgt, seinen Heimat-/Herkunftsort eingibt und der Eintrag an die Geodaten gekoppelt in die Datenbank weggeschrieben wird.

Diese Dialektkarte kőnnte schon eingeteilt sein in bestimmte Areale, damit die Einträge auch zusammenfaßbar sind. Im Rheinland z. B. Köln und Umland als ein Feld, daneben Düsseldorf, Aachen, Bonn, Krefeld, Ruhrgebiet, Siegkreis, usw.

Es läge dann bei den lokalen Mithelfern, also Euch, oder den Sprachinstituten, um eine Einteilung vorzuschlagen oder eine Karte zu entwickeln.

Der Direktor des schottischen Sprachinstitutes hat mich z.B. darauf hingewiesen, dass das Schottische fünf Hauptdialekte aufweist.

Ich bin neu in der Wikipedia und versuche, mir so viel wie möglich anzueignen, um einen Prototyp zu Wege zu bringen, komme da aber ohne Unterstützung nicht weiter.

Falls Ihr Ideen habt oder noch besser mitmacht, würde ich mich freuen.

Tipps zum Einbinden einer Karte, eines Audiomoduls und vor allem der Koppelung an die Datenbank wären natürlich das Sahnehäubchen.

--Bovelett 13:55, 16. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Hallo Bovelett, für Luxemburg gibt es den Luxemburger Sprachatlas aus dem Jahre 1963, online als Digitaler Luxemburgischer Sparchatlas unter: http://www.luxsa.info/. In ihm sind die Wenker-Sätze für praktisch jedes Dorf belegt, und demetsprechend die verschiedenen dialektalen Phänomene bis ins kleinste Detail analysierbar. Viel Erfolg! --Zinneke 10:00, 27. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Lëtzebuergesch ass kee preiseschen Dialekt! Wa se awer déi sëlleche lëtzebuergesch Dialekter och an hirem Projet wëllen derbäihu fir ze weise wéi d'Situatioun an anere Sproochen ass, da wier dat schonn intressant an z'ënnerstëtzen. --Otets 23:10, 15. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

D'Schreifweis vum Lëtzebuergeschen[Quelltext änneren]

Hei gi Säite voll getut mat der Schreifweis vu franséischen noms propres. Läit de Problem net vläicht bei der Schreifweis vum Lëtzebuergeschen? Schreif egal wat, iergendeen Trëllert wäert et scho verbesseren schéngt de System ze heeschen. Wann et ëm d'Verbessere geet, gesinn ech der net vill vun deene Puristen. An et geet hei net ëm Tippfeeler! --Cornischong 01:35, 18. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

  • Wann een net vill schreift, da kann een net vill Feeler maachen a Referenzéiere muss een dann och net beherrschen, Franséisch ass engem warscheinlech dann och egal. Dann huet ee genuch Zäit fir Aneren hir Feeler ze verbesseren. Wann dat an där Konstellatioun da kee Spaass mécht, da soll een sech vläicht en aneren Hobby sichen?
Duerch seng Art a Weis fir permanent ze meckeren a Leit ze beleidegen huet de Benotzer Cornischong vill Leit dozou bruecht, bei der Wiki opzehalen, ënnert anerem Leit déi ganz vill hei geschafft hunn wéi d'Briséis (d'Begrënnerin vun der Lb-Wiki), den Johnny Chicago asw. Ech hunn iwwregens virun e puer Méint och dowéinst opgehalen. Elo péngegt hie permanent de Cayambe, deen net nëmmen inhaltlech wäertvoll an interessant Artikelen schreift, mais sech doriwwer eraus grouss Méi gëtt, Kloerheet a bestëmmte Gebitter ze bréngen.
Léif Adminen: ech ka nëmmen widderhuelen: späert den Benotzer Cornischong, et ass déi eenzeg Léisung. Dann ass de Cornischong Geschicht a wann hie sech nach wëllt abréngen, da muss en dat ënnert engem neien Numm maachen a sech behuelen.
No e puer Méint ass de Cornischong Geschicht a mir hunn op de Wiki-Treffen eppes fir ze schmunzelen. Mais d'Schaffen un der Wiki kann dann erëm Spaass maachen, da kann een iwwert Inhalter a Themen Diskussioune féieren, sech géigesäiteg stäipen a weiderhëllefen. Gleeft mer, mir wäerten da gehéiereg Zoulaf kréien.
--PlayMistyForMe 08:17, 18. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Fro un de Cornischong:

Firwat nenns du déi Leit déi verbesseren, Trëllerten?Pierrenilles 09:58, 18. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]



Propositoun, d'Schabloun:Welcome duerch d'Schabloun:Moien ze ersetzen[Quelltext änneren]

Moien,

ech hat dës lescht op der nl:Wiki eng Schbloun fonnt, déi een do als Begréissung op seng Diskussiounssäit gesat kritt. Ech hu se iwwersat an adaptéiert, an se hei als Schabloun:Moien ofgespäichert.

Nach ass se a mengen Aen net 100%eg, wat zB d'Auswiel vun den Hëllef-Säiten, mee och Layout, Biller oder Text betrëfft. Zéckt dofir net, Ännerungen ze proposéieren (dh anzebauen, bei groussen Ännerunge vläit fir d'éischt an enger Kopie op Ärer Diskussiounssäit, fir besser vergläichen ze kënnen.

--Zinneke 13:40, 24. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Ganz gutt Initiativ! Et misst een awer nach decidéiren, op ee weider op "Enzyklopedie" verlinkt soulaang do eng Këscht steet deen Artikel wier schlecht. --Otets 23:23, 15. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Lizenzekonscht[Quelltext änneren]

Dës Illustratioun weist e rezent Konscht- oder Architektur-Wierk. Och wann d'Bild selwer ënnert enger méi oder manner fräier Lizenz steet oder net duerch Droits d'Auteur geschützt ass, sou kann de Gebrauch vum Bild ënner Ëmstänn duerch Rechter vum Kënschtler oder Architekt u sengem Wierk zousätzlech limitéiert sinn.
Copyrighted

Fair use

  • Den Auteur vun dësem Bild erlaabt jiddferengem dëst Bild ze reproduzéieren, ze representéieren an/oder ze modifizéieren, wa follgend Konditioune respektéiert ginn:
    • Den Numm vum Auteur vum Bild (ëmmer) an den Numm vum Auteur vum Konscht- oder Architektur-Wierk (wann net onméiglech oder net schrëftlech als Recht cedéiert an/oder renoncéiert) mussen ugi ginn.
    • Eng Modificatioun vum Bild däerf just aus enger Verännerung vun dem Kontrast, der Hellegkeet, der Resolutioun, dem Ausschnëtt oder Artefakte vum Bild bestoen.
    • D'Bild däerf net fir kommerziell Zwecker benotzt ginn.
    • All Gebrauch vum Bild, och ënnert enger modifizéierter Form, däerf nëmmen ënnert dëser vum Auteur gefuerderter Lizenz geschéien, déi dem Public kloer matgedeelt muss ginn.
  • Den Auteur vum Konscht- oder Architektur-Wierk dat hei duergestallt ass huet méiglecherweis Droits d'auteur dorobber.
    • Wann d'Bild mam Zil iwwer en Aktualitéitsevenement z'informéieren, e Comptes rendus Artikel illustréiert, dann ass d'Reproduktioun a Kommunikatioun un d'Ëffentlechkeet als gesetzlech Ausnam méiglech.
    • Wann d'Konscht- oder Architektur-Wierk op enger ëffentlech zougänglecher Plaz situéiert ass an net den Haaptsujet vum Bild ass, dann ass d'Reproduktioun a Kommunikatioun ënnert der Panoramafräiheet méiglech.
    • Wann d'Bild an niddreger Opléisung en Artikel illustréiert deen zum Bild gehéiert, da ka sech op Fair use beruff ginn, well d'Servere vun der Wikimedia Foundation an den USA stinn.
    • De Kënschtler oder Architekt huet awer bei all geschützenem Wierk normalerweis d'Recht sech z'opposéiere géint d'Deformatioun, Mutilatioun oder soss eng Verännerung vu sengem Wierk, an en huet ëmmer d'Recht huet sech z'opposéiere géint all Atteinte u säi Wierk déi senger Éier oder Reputatioun schueden.

"D'Bild däerf net fir kommerziell Zwecker benotzt ginn.": Wann et dem Auteur vun esou "Eppes" net opgefall ass, datt déi Lizenz nach ëmmer géint d'Wikimedia, an domat Wikipedia-Politik verstéisst, da gëtt et Zäit datt nees doriwwer nogeduecht gëtt. De Rescht vun där Brach ass och interessant.--Cornischong 15:07, 25. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien,

Ech ginn deemnächst zu dem net kommerziell deen op der lb: Wiki och nach anere Lizenze virkënnt, a vun deen ech eng Parti gehollef hu matverbriechen e Kommentar af. Eng vun deenen Lizenzen an där déi meeschte Biller stinn, ass déi mat der Schabloun:CC-by-nc-sa/3.0./lu an där ganz vill Biller vu mär selwer dra stinn. Ech raumen emol fir unzefänke meng Biller emol do eraus. Duerno gesi mer wat bleift.

Ech weess dat domatter de Problem net geleist ass. Mee dat ass eng aner Gei.

Ech maachen dann e Listing (sou gutt wéi ech kann) vun änleche Lizenzen déi en net kommerzielle Gebrauch renséignéieren déi et an anere Wikie gëtt, fir datt mer emol erausfannen op d'lb:Wiki eleng dee Problem huet.

Dofir brauch ech awer e bësselchen Zäit. Ech hoffen der vertsitt dann och dat ech déi Zäit net vill aneres op der Wiki maache kann.

Et ass a mengen Ae wichteg all Informatioun déi et iwwer de Gebrauch vun net kommerzielle Bille och op anere Wikie wichteg ass fir datt eng méi oder wéineger neutral Approch zum Sujet gemaach ka ginn.

Bis dohinner spuert Iech w.e.g. all Kommentar, well esou laang wéi net genuch pertinent Informatiounen dozou do sinn, bréngt dat näischt.

Merci am Viraus fir Ärt Versteesmech.

Les Meloures 23:07, 25. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

"Ech ginn" . "Ech maachen dann" - "Dofir brauch ech awer e bësselchen Zäit" - "a mengen A" ; Mär hunn hei 7 (siwen) Adminen!! Ech verstinn net, datt een eenzegen Admin déi ëmständlech Geschicht mat de Lizenze soll eleng arrangéieren. Primär ass et eng Geschicht mat Wikimedia! Déi Saach mat de Lizenzen huet bis elo fir vill schlecht Stëmmung gesuergt. A well dat, wéi et schéngt, nach net komplizéiert genuch ass, leeft, wéi hei ënnendrënner ze kucken, lo gläich nach déi "Saach" mat der GNU-Ëmwandlung (!!!) un. Deen, deem mer déi originell "Bild-Konscht-Architektur"-Lizenz ze verdanken hunn, ass "n.D.v." (nach Diktat verreist). Aner Leit, déi an der Zäit Fotoen eropgelueden hunn, hunn eng perfekt Method fonnt, kee Probleem méi mat deene leedege Lizenzen ze hunn: se lueden einfach keng méi erop. Verstéi kee mech falsch: Et gëtt héich Zäit, eng kloer a logesch Manéier ze fannen, déi "Kapp a Fouss" huet, Biller eropzelueden a se ze lizenzéieren. An déi net scho bei der Daf muedebëtzeg ass. --Cornischong 11:53, 26. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien, Et gëtt nach "eng perfekt Method, kee Probleem mat de leedege Lizenzen ze hunn": 1) Einfach seng Biller ënnert enger gängeger, allgemeng akzeptéierter "fräier" Lizenz (CC-BY-SA ass esou eng) eroplueden; 2) vermeiden, Biller eropzelueden, op déi een d'Rechter net huet (dofir hunn ech zB meng Fotoe vun Entropa net eropgesat); 3) déi, déi ee fréier ënner enger anerer Lizenz eropgelueden huet, déi net fräi war, esouwäit méiglech, ëmlizenzéieren (wéi de Les Meloures dat am Moment mat senge mécht); a 4) Fotoen, vun deenen een net wëll, dass iergend en anere se kinnt "notzen", einfach net op den Internet (Wiki oder soss enzwousch) setzen.
Ech giff nach e 5) derbäisetzen: D'Fotoen op Commons lueden, dann hunn a) och anerer Wikipediaen eppes dervunner, a b) wann se do Bestand hunn, brauche mär eis hei keng Gedanken ze maachen.(--Z.)
Wa jidderee viru senger Hausdier kiere géif, an net just ëmmer op déi Aner lauert, wat déi dann elo erëm maachen oder net, hätte mer eis scho munnech Megabiten un Diskussioune gespuert. --Zinneke 13:50, 26. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Deen nächsten Akt[Quelltext änneren]

E Bléck an den fr-Stamminet ënner dem Titel "Changement de licence des projets Wikimedia" ( http://fr.wikipedia.org/wiki/Wikipédia:Le_Bistro ) lount sech. Wien dat verstanen huet, kann deenen Aneren et erklären. Merci am Viraus. --Cornischong 10:10, 26. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Biller ouni Kategorie[Quelltext änneren]

Op dëser Säit Biller ouni Kategorie stinn iwwer 2600 Biller déi keng Lizenz hunn oder bei deenen d'Lizenzschabloun net agesat ass.

Ech hoffen datt dofir d'Adminnen net och nach responsabel gemaach ginn. Bis elo hunn 2 Addminnen der devunner eng ronn 1.000 verbessert. E Benotzer awer just een eenzegen an zwar de Reniarf huet sech em seng Biller bekëmmert, fir d'Lizenzschabloun bäizeflécken.

Sinn d'Adminnen da wierklech nëmme just do fir Gesouers nozelauschteren, schwaarz Péiteren ausgedeelt ze kréien, a Botzfra ze spillen.

Les Meloures 15:15, 26. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]


Ps:
Ech hat hei uwendriwer héiflech gefrot fir datt sech mol all Kommentar géif gespuert ginn, bis datt emol genuch Informatioun do wier fir datt eng neutral Approch zum Sujet kéint gemaach ginn.
Dat war natierlech ërem net méiglech. Et muss gebraddelt ginn sooss schlofe mer schlecht.
Abbee wann esou en héifleche Wonsch emol net ka 24 Stonne respektéiert ginn, dann ass de Rescht mer och egal, da maachen ech mer op jiddwer Fall keng Aarbecht méi an där Saach.

Les Meloures 15:27, 26. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Dat heite Bild Fichier:Kuppelfreskemolerei an der Wieskirche.jpg huet bei ons keng Lizenz.

An der däitscher Wiki wou et hierkënnt steet als Lizenz deen Text deen der hei ënnendrënner liese kënnt.

Aus deem Text geet kloer ervir datt sech op Vermutungen an op Wahrscheinlichkeiten baséisert gëtt.

Da steet nach dran: Damit diese Datei in der Wikipedia bleiben kann, muss nachgewiesen sein, dass das Bild vor mehr als 100 Jahren hergestellt wurde.

Beim Bild selwer fannen ech awer keen esou en Nachweis, an och keng Informatioun datt den Datum vum Doud vum Mann net konnt festgestallt ginn.

Dat sinn dann déi Leit déi den amerikanesche Fair use refuséieren an ons wëlle soe water Lizenze mer däerfe gebrauchen. Soll ech laachen oder kräischen? Les Meloures 16:22, 26. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]


Die Schutzdauer für das von dieser Datei gezeigte Werk ist vermutlich nach den Maßstäben des deutschen Urheberrechts abgelaufen. Es ist daher vermutlich gemeinfrei.

Achtung: Diese Annahme entspricht nicht exakt der gesetzlichen, sondern einer pragmatischen Reegelung. Die Wahrscheinlichkeit für eine Verfolgung durch einen Rechtsinhaber ist jedoch so gering, dass die deutschsprachige Wikipedia trotz eines möglichen Schutzes die Datei duldet. Die Verantwortung trägt derjenige, der die Datei einstellt.

Liegt eine triviale Wiedergabe vor, so erreicht diese weder die für einen urheberrechtlichen Schutz als Lichtbildwerk nötige Schöpfungshöhe, noch weist sie ein „Mindestmaß an persönlicher Leistung“ (Vgl. Eugen Ulmer, Urheber- und Verlagsrecht, 3. neubearb. Auflage, Berlin 1980) auf, um Leistungsschutz als Lichtbild genießen zu können.

Damit diese Datei in der Wikipedia bleiben kann, muss nachgewiesen sein, dass

  • das Bild vor mehr als 100 Jahren hergestellt wurde und
  • das Todesdatum des Urhebers auch nach gründlicher Recherche in Suchmaschinen, Datenbanken und biografischen Nachschlagewerken nicht herausgefunden werden kann.
Ganz gutt gesinn, Les Meloures! --Otets 23:31, 15. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Net kommerziell Lizenzen a Schablounen op Wikimedia Commons gekuckt de 27. Januar 2009[Quelltext änneren]

Datt déi Lizenz nach ëmmer géint d'Wikimedia, an domat Wikipedia-Politik verstéisst, steet hei uewen driwwer.

Wann ech déi heite Lizenzen a Schablounen da kucken, schéngt dat op Wikimedia-Commons net esou ze sinn.

Les Meloures 11:20, 27. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Ech stellen deemno fest:

1) datt viru 6 Méint schonns eng Kéier vun engem anere Benotzer dat selwecht behaapt gouf nämlech datt esou Lizenzen a Schablounen net kompatibel wieren, wat deemols fir vill Gedäisch gesuergt huet, mat de bekannte Konsequenzen. De selwechte Benotzer huet awer no senge Behaaptungen déi Konschtschabloun gebastelt déi hei uewendriwwer steet, wat fir méch eng onkonsequent Approche ass.

2) datt esou laang wéi et op Wikimedia Commons NC Schabloune fir Lizenze gëtt, d'lb:Wiki och kee Problem dierft mat esou Lizenzen hunn.

3) datt ech en etlech Biller op d'Läschsäit gesat hat, well se eng NC Lizenz haten, an datt ech och där Biller geläscht hat.

4) datt dat net esou richteg war, an ech deemno déi Biller erëm restauréieren.

5) datt aner Biller déi net vu mär wéinst enger NC Lizenz geläscht goufen, och solle restaureéiert ginn, ausser den Auteur vun de Biller wënscht datt dat net soll gemaach ginn.

Les Meloures 11:49, 27. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Creative Commons, certains droits réservés[Quelltext änneren]

Konferenz vum Patrick Peiffer a Pierre-Yves Lanneau Saint Leger

E Mëttwoch den 28. Januar 2009 um 18.00 Auer

Uni Lëtzebuerg / Campus Walfer / Haaptgebäi / Sall Vygotsky

http://wwwfr.uni.lu/actualites/evenements/creative_commons_certains_droits_reserves http://www.cr.rockhal.lu/fr/agenda/2009/01/Creative_Commons_-_certains_droits_r__serv__s/index.php --Fliedermaus 16:38, 27. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]