Wikipedia:De Staminee/Archiv2010/Juni-Juli-August

Vu Wikipedia

Vu Priesteren, Priistern, Abbéen a Paschtéier.[Quelltext änneren]

Mer hunn op der lb:Wiki 33 Priesteren, 9 Priisteren, 102 Abbéen, an 297 Paschtéier am Text stoen.

Et wier vläicht un der Zäit déi verschidde Bezeechnungen emol ënner d'Lupp ze huelen.

Vu datt ee jo net alles wësse kann, hunn ech hei op der Wiki fir d'éischt den Ausdrock Priester a Priister gelies, ausser an däitschen Texter.

Wann ech an Iwwersetzungsbicher kucken da fannen ech als de:fr Iwwersetzung Priester = prêtre an duerno fr:lb prêtre = Paschtouer.

Ech froe mech ob mer wierklech net laanscht de verkappten transmuselaneschen Ausdrock kommen.

Sou wäit ech mech erënnere kann, hate mer mol festgehalen dat mer géife soen, en ass zum Geeschtleche geweit ginn, fir do derlaanscht ze kommen.

Les Meloures 14:03, 8. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Sou wäit wi ech mech entsënne ka war et den Tomatheus, deen en Ënnerscheed tëscht Priester/Priister a Paschtouer gesinn huet. Wéi een dat soll gewiescht sinn hunn ech awer schonn deemools net verstane gehat. --Otets♣ 01:30, 17. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

An dobäi ass et esou einfach:
  • E Priester oder Priister ass e Geeschtlechen, deen zum Priester geweit gouf an doduerch d'Recht huet eng Mass ze halen an d'Sakramenter ze spenden.
  • E Paschtouer ass e Priester deen eng Par verwalt.
  • E Kaploun ass e Priester deen dem Paschtouer hëlleft eng Par ze verwalten.
  • Abbé ass eng franséisch Uried fir e Priester.
Also: all Paschtouer ass och e Priester, mee net all Priester ass och e Paschtouer. --Pecalux 06:12, 18. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,

Wéi hale mer et mat der Schreifweis? Priester oder Priister? sätz se Quäschtgen. Les Meloures 07:29, 18. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Vu datt mer am Lëtzebuergesche kee preisesche laangen "i" kennen, dierft just Priister iwwregbleiwen. --Otets♣ 03:21, 28. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Fair use awer op der en-wiki erlaabt?[Quelltext änneren]

Ech sinn op de Fichier Street KingsMP08.jpg op der englescher Wiki gestouss, deen ënnert der Lizenz fair use eropgeluede gouf, a fannen de Begleettext gutt geschriwwen. D'Bild ass op der Säit http://en.wikipedia.org/wiki/Street_Kings ze gesinn. Wees ee vun Iech, wéi een erausfanne kann, ob dat nëmmen en Iwwerrescht vun "onerlaabtem" Contenu ass oder ob dëst eng toleréiert Virgangsweis duerstellt? --Christian Ries 04:37, 2. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien,

Nëmmen d'Commons a souwäit ech weess déi däitsch Wiki toleréiere keng FU-Biller. Bei ons stinn der ronn 1.200.

Soll awer nëmmen am Noutfall gebraucht ginn, wa vun all deenen anere Lizenze keng passt.

Hei ass d'Schabloun: {{Bild-FU}} an esou gesäit se aus


Copyright Dëst Bild ass duerch Auteursrechter geschützt. D'Benotze vu Biller an niddreger Opléisung fir den Artikel z'illustréieren, deen zum Bild gehéiert, fält am amerikanesche Recht ënner Fair use. Op dës Lizenz ka sech beruff ginn, well d'Servere vun der Wikimedia Foundation an den USA stinn.

All aner Benotzunge vun dësem Bild kënnen eng Verletzung vun den Auteursrechter sinn. Kommerzielle Gebrauch vun dësem Bild ass och net ouni Weideres méiglech.


Kuckt Wikipedia:EDP.


Ok merci. --Christian Ries 07:42, 3. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien,

Et sinn n&ch anerer wéi just de: a Commons, déi dem Fair use aus de Féiss ginn, well dat en US-Droits-Konzept ass. Fir all onnéideg ausschwäifenden Diskussiounen, wéi mer der genuch an der Vergaangenheet haten, a méiglechem juristeschem Gedeesemes aus de Féiss ze goen; fir eis d'Liewen net onnéideg schwéier ze maachen an eis op dat ze konzentréieren, wat d'Wiki viru bréngt, neemlech Artikelen opzefëllen, war ech nach ëmmer der Meenung, wann ëmmer méiglech, nëmme fräi Contenu eropzesetzen, wat "Fair use" an der Reegel ausschléisst. Wann een en dach gebrauche wëll/muss, wier et gutt, dass d'Conditioune vum Benotzen d'nämlecht si wéi déi op der en:Wiki, d.h. et muss een ausdrécklech justifiéieren, firwat een d'Fair-use Lizenz gebraucht (keng Méiglechkeet, de Sujet op eng "fräi" Aart a Weis ze illustréieren, kleng Opléisung, Bezuch zum Sujet vum Artikel etc.) an déi Bedingunge mussen och all erfëllt sinn (soss flitt en och do eraus). Vläit wier et net vu Muttwëll, deen Text ze iwwersetzen an an "eis" Schabloun anzebauen. --Zinneke 12:55, 3. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]

Übersetzung ins Luxemburgische[Quelltext änneren]

Mein Stammplatz in der Wiki-Welt ist die Bairische Ausgabe der Wikipedia. Ich hätte eine Bitte an euch: wir bräuchten eine Übersetzung der Beschreibung unseres Projektes auf Luxemburgisch... Die Seite findet ihr hier bar:Wikipedia:Beschreibung. Wenn jemand dies übersetzen könnte, währe ich euch sehr dankbar. Liebe Grüße aus der BAR-Wiki --Mucalexx 09:23, 11. Jun. 2010 (UTC)

Ass gemaach. Les Meloures 09:59, 11. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]
An recht an scheena Daunk fir de rosche Iwersetzung:-) Scheene Griass --Mucalexx 10:33, 11. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]

Eege(n)schaften[Quelltext änneren]

Moien, dat Wuert gëtt et net am DFL (do steet Propriétéiten) an och net am Jérôme Lulling sengen Dictionnairen. Den LOD schreift Eegenschaften (wéi Wëssenschaften). Meeschtens steet bei eis Eegeschaften. Solle mer dat net verbesseren? --Cayambe 16:26, 6. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, dat hei ass alt erëm esou e Fall, wou et keng eendeiteg Norm gëtt. Mengem Sproochgefill no z.B. ass "Eeegeschaft" "méi richteg" wéi "Eegenschaft". Ech géif déi 3 Varianten zouloossen; um Auteur vum Artikel, déi ze gebrauchen, déi him am "nootste" steet. --Zinneke 16:53, 6. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
Moien, am Henri Rinnen sengem Dictionnaire français-luxembourgeois vun 1988 ass "propriétés physiques" mat "physesch Egenschaften" a "qualité" ë. a. mat "Egenschaft" iwwersat. Datt d'Wuert do vir mat "E" an net mat "Ee" geschriwwe gëtt, schéngt op déi al Schreifweis zréckzeféiere sinn a wier dofir net relevant fir dës Diskussioun. Intressant ass awer datt och do viru "schaft(en)" en "n" steet. Ech hunn u sech och éischter d'Tendenz fir deen "n" op der Säit ze loosen. Et kéint awer sinn datt dat op den intuitive Gebrauch vun der Eifeler Reegel zréckzeféieren ass, déi awer hei net däerft spillen.--Fliedermaus 17:52, 6. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
Moien
Dat Wuert gëtt et als Eegeschaft am DFL op Säit 472 bei der Iwwersetung vu Qualité.
De Lulling léisst bei sengen zesummegesate Wierder mat S am zweete Wuert den N ewech. Bsp: Eegesécherheet an Eegestännegkeet.
Wëssen ass souwäit wéi ech bis elo erausfonnt hunn eent vun de Wierder bei deenen d'Eifeler Reegel net passt. Et gëtt der awer nach, ech kommen elo just net direkt drop.
Les Meloures 18:28, 6. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Rezent Läschaktiounen[Quelltext änneren]

Moien,

Ech erlabe mer an deem Kader un déi heiten Diskussioun z'erënneren.

Merci am Viraus fir d'Versteestemech.

Les Meloures 12:19, 14. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Mea culpa... --Zinneke 13:30, 14. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Wiktionnaire luxembourgeois[Quelltext änneren]

Bonjour chers luxembourgeois,

Veuillez m'excuser de ne pas vous parler en luxembourgeois. Ayant encore trop de difficultés avec cette langue, je pense que vous me comprendrez bien mieux en français.

Administrateur sur le Wiktionnaire français depuis quelques temps, j'ai appris l'existence du projet luxembourgeois il y a quelques heures. J'ai l'intention de le faire un peu évoluer, car je trouve que 80 articles est vraiment faible pour cette belle langue !

C'est pourquoi j'aurai besoin de l'aide de contributeurs qui maitrisent la langue luxembourgeoise, pour m'aider dans ce démarrage, et reprendre les rennes par la suite.

Merci de votre aide ! -- Quentinv57 20:08, 19. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Eigentlech eng gutt Iddi. Just zwou Froen: Wee soll do matman, wann d'Wikipedia net soll Nout leiden? A wier et net am beschten, ier ee sech direkt un di gigantesch Aufgab vun engem komplette Wiktionnaire mécht, op deer Plattform emol als éischt déi stacklëtzebuergesch Wierder ze behandelen, déi grad an de Vergiess ze komme schéngen? --Otets♣ 01:23, 21. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
Fir elo do am grousse Stil unzerappe wier vläicht net dat Ideaalt, wie géif et och maachen. Ech hat virun ongeféier véier Joer, emol drop higewisen, dat mer am lb:Wiktionary einfach mol all déi Wierder sollen opgräifen déi ëmmer erëm falsch geschriwwe ginn, amplaz sech op der dëser Wiki driwwer opzeregen. Et kéint ee jo mat einfache Saachen ufänken, wéi Zifferen, Zuelen a d'Verben. Wa jiddereen alt nëmmen e Wuert den Dag géif maachen, wier et jo alt dat. Dat géif och vläicht deem engen oder aneren éischter an de Krom passen, wéi hei grouss Artikelen ze schmäissen.
Les Meloures 07:04, 21. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
Alles ass fräiwëlleg hei, jiddeee mécht, wat em Spaass mécht. Ech perséinlech gesi méi Sënn drann, un enger Enzyklopedie ze schaffen, wou ee Saache gewuer gëtt, déi soss schwéier (op d'manst am Internet) ze fanne wieren, wéi un engem Dictionnaire, vun deenen et ee groussen an der Maach gëtt (den LOD), dräi "historescher" (engelmann.lu), wou et vu "Stacklëtzebeurgeschem" nëmmen esou wibbelt, ann eng sëlleche Coursen, Grammairen, asw. am Internet an am Handel. Vü wéivill Leit begeeschtert kënne ginn, eppes fräiwëlleg an onbezuelt ze maachen, wier meng Reaktioun, sech an éischter Linn op dat ze konzentréieren, wat méi "effektiv" ass. Mee bon: alles ass fräiwëlleg hei, jidderee mécht ... --Zinneke 11:27, 21. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
"Alles ass fräiwëlleg hei, jiddeee mécht, wat em Spaass mécht". Dat ass och meng Meenung. --Pecalux 13:28, 21. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
... an nach eppes fir ze bedenken: Fir en Artikel ze schreiwen, brauch een als "Bagage" nëmmen, e gudde Schreifstil, eng Ahnung (léiwer e bësse méi) iwwer d'Thema a Kenntnësser, wéi ee mat Quellen, resp. Sekundärliteratur schafft. Fir en Dictionnaire op d'Been ze stellen, brauch ee fir unzefänken en Textkorpus, d.h. eng Datebank mat méiglechst vill verschiddenen Textzorten (literaresch, wëssenschaftlech, Fachsproochen, geschwate Sprooch, Jugendsprooch, lokal Varianten, asw....) aus deer ee Besipiller eraussiche kann, a wéi engem Kontext Wierder gebraucht ginn, fir hir Bedeitung(e) genee ze definéieren. Ech weess net, ween esou eppes doheem op senger Festplack huet. Z.

Moien

Fir d'éischt eng Virbemirkung: et ass fir d'éischt dass ech eppes hei posten, ech hoffen, dass et op deer richteger Plaaz steet.

Ech wollt just eng kleng Remarque maachen waat daat Wuert "Spaweck" als Synonym fir "Internet" ugeet. Ech fannen et ganz gutt, dass et mëttlerweil sou vill Wikipedia-Artikelen op Lëtzebuergesch gett, mee wann ech daat gesinn, da rëselen ech awer de Kapp. Ech wees net wien daat erfonnt huet, mee et schingt mir es, wi wann daat sou eng Wortschöpfung wir, déi just vun engem klenge Krees vun Ageweiten benotzt giff ginn. E Spaweck ass a bleiwt fir mech ee "Spinnennetz". An den Internet ass den Internet, daat ass jo mëttlerweil quasi ee nom propre. Wann een daat dote giff empiresch iwwerpréiwen, giff erauskommen, dass wirklech nëmmen e Grapp voll Leit deen Ausdrock an deem Kontext benotzen. An anere Wieder: kee Mënsch seet daat am richtege Sproochgebrauch. Gitt mol an eng Klass oder soss anzwousch lauschteren. An den Artikelen vun anere Sproochen heescht et jo och "weblinks" oder "liens externes". Ech giff et ganz schéi fannen, wann deen Ausdrock giff verschwannen, a richtegt Lëtzebuergesch, sou wi et och geschwaat gëtt, giff amplaatz benotzt ginn.

(vun der IP 158.64.77.89)

Moien, hei ass schonns déi richteg Plaz fir déi Zort Themen.
Sécherlech ass den Term "Um Spaweck" e bëssen aussergewéinlech. E gouf ganz am Ufank vun dëser Wiki, viru bal 6 Joer, vun deem Grappvoll, déi deemools hei aktiv waren, erausgewielt, fir den Ausdrock "Extern Linken" ze erzsetzen. Gebraucht gouf "Spaweck" deemools ë. a. och schonns vum Romain Hilgert um Site luxeburgensia.lu, engem Ënnerdeel vum Site vum Lëtzebuerger Land (dee leider net méi virugefouert gouf).
Bis ewell huet nach esou gutt wéi keen sech dru gestéiert. Du schreifs, du giffs et "schéi fannen, wann deen Ausdrock géif veschwannen, a richtegt Lëtzeburgesch, sou wi et och geschwat gëtt, géif amplaz benotzt ginn." Wann ech am Prinzip mat deem vum "richtege Lëtzebuergesch" ganz d'accord sinn, sou erlab mer dach zwee "Mee"en: Geschriwwent Lëtzebuergesch ass nach ëmmer eppes, wat net selbstvertändlech ass. Schreif emol deen een oder aneren Artikel, an du wäerts gesinn, datt een do heiansdo zéckt, well et kee richtegt Wuert gëtt, oder de Choix/d'Auswiel tëschtent zwou Schrëftsproochen net ëmmer evident/offensichtlech ass, oder ganz einfach, well den Domän "Wëssenschaftssprooch" am Lëtzebuereschen (et gett keng Sproochakademie oder esou) quasi inexistent ass. Et gëtt hei esouguer eng extra "Schabloun" fir Lemmata, déi praktesch hu missen erfonnt ginn, well nach keen bis dohinner "dat Déngen" op Lëtzebuergesch be/vernannt hat (d'Schbloun Neo ).
Beim "Um Spaweck" ass et esou, datt deen, wann ee Google gleewe kann, 7.490 Mol op dëser Wikipedia gebraucht gëtt. Ganz dervun ofgesinn, datt dat sech ewell etabléiert huet, géif et bedeiten, datt een op 7.500 eenzelne Säiten dat "op der Hand" Säit fir Säit ännere misst. Giffs Du dat maachen? Ech net.
Merci fir Däin Intressi, a wéi gesot: Artikelschreiwerten si weider gär gesinn! --Zinneke 14:32, 21. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Geographiesschablounen[Quelltext änneren]

Ech hat schonn eng kleng Diskussioun mam Les Meloures a mam Zinneken ugefaangen, fir Uerdnung an Innovatiounen an eis Geographiesschablounen ze bréngen.

Momentan schénge relativ vill Zorte Këschten an de Geographiesartikelen erëmzegeeschteren, et ass schwéier eng Linn ze fannen wéi eng Zort mat wéi enger Foarf firwat gebraucht gëtt. Wann een och net all d'Allaaschten mat engem Coup vum Zauberstaf an d'Rei brénge kann, da solle mer awer wéinstens fir d'Zukunft do Uerdnung drabréngen.

Mat Innovatioune mengen ech automatesch Koarten an eis Geo-Schablounen erabréngen. Et gëtt ee just nach Koordinaten an d'Schabloun an (déi ee jo elo och scho muss do androen) an automatesch gëtt eng Koart erstallt. Eventuell kéint een och extern Datebanken unzapen, déi automatesch d'Bevëlkerungszuelen a jour halen.

Dem Les Meloures an dem Zinneken ass et virun allem en Uleies, datt d'Schablounen net zevill Infoen enthale sollen, déi kee méi all androen a scho guer net reegelméisseg a jour setze kann. Ze komplizéiert solle se och net ginn, fir datt herno net just nach den Auteur se versteet.

Ech mengen, mat #ifexist kann een d'Schablounen esou ausbaue wéi ee wëllt, wat een net androe wëllt dat dréit een einfach net an an et ass awer gutt. Mat deenen Automatisme vun deenen ech geschwat hu ginn d'Schablounen och méi einfach an net méi komplizéiert.

Momentan froen ech mech , wéi eng Foarf Groussstied kréien. Haaptstied si wi Moskau, kleng Stied schénge wi Le Locle ze sinn an Uertschafte wi Béibreg. Si Grousstied wi Granada?

De Les Meloures mengt do och, mer sollen eis "un d'Regel vun der Begrëffsbestëmmung vun der Internationaler Statistikkonferenz halen, déi seet datt all Stad déi méi wéi 100.000 Awunner huet, zu de Groussstied gerechent gëtt."

A wéi eng Kategorië gi benotzt mat wéi engem Bam, do schéngt alles drënner an driwwer ze leien. Russesch Groussstied oder Groussstied a Russland? Geet de Bam dann iwwer Groussstied an Europa zu Geographie vun Europa oder geet en dann iwwer Stied an Däitschland zu Stied an Europa an dann eréischt zu Geographie vun Europa?

--Otets♣ 11:04, 27. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Äntwert ad Kategoriebam:
Gei einfach an d'Kategorie Stied. An där Kategorie stinn Ënnerkategorien. Nieft deenen Ënnerkategorien steet dat heiten Zeechen [+]. Einfach doropper klicken an da kënns an déi nächst Ënnerkategorie. Do kriss de ërem déi nächst ugewisen an och déi déi parallel derzou sinn.
Wann natierlech an den Artikelen d'Kategorien, wou déi Saach hipasst net opgezielt ginn, brauch een net laang am Bam sichen ze goen. Dat ass am Fong geholl deem seng Aarbecht deen den Artikel uleet. Dat schéngt awer villen Auteuren net wichteg genuch ze sinn.
als Beispill: Wat déngt eng Kategorie:Olympesch Stied, wann all déi Olympesch Stied déi mer op der lb:Wiki hunn d'Kategorie net kréien.
Les Meloures 13:10, 27. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
Wéi ee se fënnt wosst ech schonns. Mee du hues de Kuddelmuddel gesinn. Merci fir d'Raumen. Ech kucke mech do lo ëm. Bei Palermo maachen ech grad en techneschen Test, eventuell gëtt dat nach eppes (mee net erschrecken, et ass wierklech just e Schantjen). --Otets♣ 13:22, 27. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
Eng aner Fro, déi derbäikënnt: wéi gi mer eis Héichten un? D'Preise schénge vun hirem "Normalnull" nees zréck ze sinn, deen anscheinend souwisou just fir Däitschland a soss kee Land gegollt huet, an elo op "Héicht iwwert dem Mieresspigel" ze schwieren. Wat soe mär dozou? --Otets♣ 14:31, 27. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
Déi Normalnull gouf och schonns op d'annst dräimol duerchgeknat, an op der Lëtzebuergescher Wiki gouf an der Lescht einfach Héicht gesot. Datt se bei geographeschen Artikelen d'Héicht iwwer dem Mieresspigel ass, ass selbsverständlech. Bal all Land huet aner Referenzpunkten. Lëtzebuerg, Däitschland an Holland hunn deeselwechten nämlech de Pegel vun Amsterdam. Les Meloures 14:40, 27. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
Sorry, wann ech dat net matkritt hat. Dann ersetzen ech den Normalnull, wéi gewënscht. --Otets♣ 15:01, 27. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
Wéi uewe proposéiert hunn ech elo eng Uertschaftsschabloun gemaach, se ass bis ewell am Asaz an Italien zu Palermo an a Russland zu Sankt Péitersbuerg (wou awer nach Problemer mat der Koart sinn). Dräi Froe bleiwen nach:
1. Soll den Hannergrond vun deene Këschten esou donkel gi wi dee bei Le Locle?
2. Sollen d'Kategorië "Groussstied an Italien", "Stied an Italien" respektiv "Uertschaften an Italien" duerch d'Schabloun automatesch mat agebonne ginn (déi rechent dat souwisou automatesch no (1 - 10.000 - 100.000 +) oder soll dat nach ëmmer manuell geschéien? Wann d'Critèren eng Kéier änneren, dann ass d'Schabloun Gold wäert. Mee mierkt all Mënsch, datt en déi Zort Kategorie an Zukunft ewechloosse soll?
3. Déi italieenesch Schabloun gräift d'Awunnerzuele vun enger Metadatefiche of, d.h. et brauch kee méi Awunnerzuelen anzeginn, just nach periodesch di op der de-wiki aktualiséiert Metadatefichen an eis Metadatefichen eriwwerzekopéieren. Dat si fir Italien eng 20 Fichen, also eng gewëssen Oarbecht, awer dat geet ëmmer nach méi séier wéi Dausenden Awunnerzuelen eenzel z'aktualiséieren. A wann een et e Joer vergësst, dann ass och net méi geschitt wéi wann een déi Dausenden eenzel vergësst. Den Hoken ass just, et muss no Joer an Dag nach ee sech drun erënneren, wou een di Metadatefichë fënnt, respektiv et muss een dat an d'Hëllef nosiche goen (wou ech et hischreiwe kann). Deen hallwen Automatismus gëtt et en plus nach fir eng Partie aner Länner dorënner och Lëtzebuerg. Soll ech deen elo flächendeckend aféieren?
--Otets♣ 03:17, 28. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
Merci,
Kanns de mer verroden ween dat da reegelméisseg maache soll? Wie soll et maachen, wann den Otets net do ass? Hu mer een Ersatz an deem Fall?
Ech liesen dat do, an dann hunn ech ee Gefill, wéi wann de Garagist mer seet: Deng Culaase ass nëmme futti.Do hannen am Eck leie Schlësselen, du kanns se do flécken. Hei schéngt vergiess ze ginn datt de Gros vun de Leit déi hei matschaffen sech net mat Informatik ofginn. Dat sinn der déi an anere Beräicher aktiv sinn, a keng Loscht hunn, sech mat Maintenance vum System ofzeginn.
Ech ginn der just ee Beispill an dat bei enger wichteger Saach: Déi ganz Communautéit gouf gefrot fir an der Translate matzehëllefen. Dat ass eng ganz wichteg Saach, well an Zukunft wäert de ganzen Interface doriwwer lafen. En plus erlaabt dee System et sech souguer an der japanescher Wiki d'Säiten op Lëtzebuergesch uweisen ze loossen. Wéivill mengs de, datt der gehollef hunn iwwersetzen?
P.S. Ech well awer domatter kengem e Virworf maachen well jiddwereen ass fräi ze maache wat e wëllt.
Les Meloures 08:09, 28. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Just zur Info: Esou gesäit Palermo bei mär aus.


Remoien,

Fir de Moment erlaabt d'Informatiounskëscht kee Gebrauch vun anere Schablounen.

Dat fannen ech guer net gutt.

Les Meloures 08:46, 28. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Dozou och meng Meenung: Wann ech och keng Kéip vun Artikelen hei schreiwen, wéi dat vun eenzelne gewënscht gëtt, sou sinn ech dach all Dag (oder bal) op Wikipedia a passen e bëssen op dass net zevill Dommheeten do hire Nidderschlag fannen. Ech si keen Informatik-Spezialist a scho guer keen Schabloune-Freak. Mat enger einfacher Schabloun hunn ech keng Problemer, awer d'Schabloun:Uertschaft Italien, sou wéi den Otets se elo ausgebaut huet, ass mer e puer Nummeren ze héich. An déier Schabloun si net manner wéi 17 aner Schablounen dra verschachtelt. Menger Meenung no fënt do nëmmen den Auteur sech nach dran erëm - ech jiddefalls net. Ech bewonneren trotzdem dem Otets seng Kenntnesser, bleiwen awer der Meenung dass hien deen eenzegen ass deen, am Fall wou et néideg ass, un dëser Schabloun eppes ännere kann. Esou gesinn schéngt et also kee Viirdeel fir d'Communitéit ze sinn. Ech zweifelen och un der Prezisioun vun deenen Datebanken déi eis Uertschaftskëschten herno sollen automatesch updéiten.
Mir sollen eis awer net dergéint stäipen fir Verbesserungen am grousse Stil, wa se sënnvoll sinn, unzegoen mam Argument: "Mir si nëmmen zu e puer Männercher, a wee soll dat dann alles maachen". Wann d'Grënner vun der lb:Wiki deemols dat selwecht geduecht hätten, da géif Wikipedia a Lëtzebuerger Sprooch haut nach net bestoen. Deemols war de potentiellen Aarbechtsëmfang schliisslech vill méi grouss ewéi haut an d'Zuel vun de Mataarbechter war ongeféier déi selwecht. --Pecalux 14:18, 28. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Nach eng Info: Déi fréier Këscht - Les Meloures

Meng (In)disponibilitéit ass mer bewosst, eben dofir grad froen ech. Net well ech no Ersaz sichen, mee well ech e System wëll schafen, deen och ouni mech funktionéiert.

D'Transmuselaner hunn hir Awunnerzuelen net a Metadatefichiere gestach, fir hirer Abberzuel u Matoarbechter eng Beschäftegung ze ginn, mee au contraire fir sech d'Oarbecht méi einfach ze maachen. Well och bei hinne fënnt sech keen, deen déi honnerte wann net Dausenden Uertschaftsartikelen all eenzel aktualiséiert, dofir geet et bei hinnen duer fir just 21 Fichieren all (puer) Joer z'ersetzen.

Et stelle meng Fro dofir nach eng Kéier anescht: ween update déi Awunnerzuelen da momentan bei eis, a wéi engem Rhythmus an op wéi eng Aart a Weis? Wa keen et mécht, dann ass et jo u sech egal op wéi eng Aart a Weis et net gemaach gëtt, d'Resultat ass dat selwecht. Wann awer zäitweis ee laanscht kënnt, da musse mer eis déi eescht Fro stellen, wat mer léiwer wëllen, zäitweis just eenzel Awunnerzuelen aktualiséieren an all di aner ni, oder all puer Joer se alleguerten? Ech wëll an deem Kontext och an d'Fichieren nach einfach Instruktioune setzen, wéi ee se ouni Méi aktualiséiere kann, dat geet just einfach mat copy/paste aus der de-wiki.

D'Datebanken déi vun den Transmuselaner ugezaapt gi sinn déi heiten: klick. De Septembermorgen këmmert sech bei hinnen do drëm. Mee mär mussen déi Datebanke jo net direkt unzapen, et geet duer datt si dat fir eis man a mär klauen... pardon, kopéieren dat dann éierlech bei eis eriwwer.

Wéi eng aner Schabloune wëlls de an d'Informatiounskëscht setzen? Dat kéint ech jo nach maache wann dat gewollt ass. Wëlls de di Wopen aus der aler Schabloun (ech wosst emol guer net datt et do eng géif ginn, bei Hëllef:Infoboxen war déi doten net agedroen)? Oder di gring Foarf fir Groussstied?

Mat deer Uertschaftsschabloun ass et tatsächlech wi bei engem modernen Auto. Ech verrode kee Geheechnes, wann ech soen datt och ech do net de leschten Detail vun der Funktiounsweis kennen. E groussen Deel berout op der wäertvoller Viroarbecht vum Alexandra (fir Schablounen allgemeng), vum Kaffi avum Volvox (fir alles wat d'Koordinaten ugeet), an dann net ze vergiessen den Herzi Pinki deen zu gudder lescht alles perfekt higebéit huet. Dat wieren der deemno scho véier déi nieft mär sech mat Schablounen auskennen, op d'mannst een dovun dierft jo zäitweis disponibel sinn, am Fall wou et wierklech néideg wier. Mee am Prinzip sinn déi Schablounen en Auto deen ni an d'Revisioun muss, Maintenance dierft do u sech ni gefuerdert sinn (vum Update vun den Awunnerzuelen emol ofgesinn, mee dat ass jo net aus technesche Grënn néideg an ass och net komplizéiert). Am mam neien Auto fueren (also d'Ausfëllen) ass méi einfach wéi mam alen, ë. a. wéinst dem Parkassisten (also d'Ewechfale vum ausfëlle vun der Awunnezuel, der Bevëlkerungsdicht an net zu lescht der Koart).

Wann natierlech ee wi den Amba an d'Ënnerschabloune wulle geet, da kéint et zu Problemer kommen, mee u sech soll esou e Wullert dann och mat deene Problemer déi e schaaft ëmgoe kënnen. A priori schéngt dem Amba seng Ëmstellung keng negativ Konsequenze gehat ze hunn, oder wat mengt där? Solle mer dat esou loossen oder solle mer et zrécksetzen? A solle mer Latitude a Longitude iwwersetzen a Breedegrad a Längegrad?

Dee Screenshot weist e Problem mat denge Stylesheets. Dem Kaffi seng Virlag gëtt d'Koordinaten dräimol eraus, fir se just eemol ze gesi muss de mer soe wéi eng CSS s de gebrauchs an da kann ech kucken dodran den Ausdrock vun deenen zwou anere Formen z'ënnerbannen. De Robby kann eis och vläit soe wéi eng CSS ennieft der normaler, déi ech schonn ëmgestallt hunn, soss nach hei aktiv sinn, da kéint ech se all mateneen ëmstellen.

--Otets♣ 12:37, 30. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,

Komm mer net mat sou techneschen Ausdréck wéi Screensheets a.s.w. Déi Këscht huet esou ugewisen éier de Bamba gehollef hat Kaartepositioun ze verbesseren.

Op der Säit vu Palermo steet d'Regioun am Text blo, an an der Këscht rout. U wat läit dat? Les Meloures 14:35, 30. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Ass no dem Amba senger Interventioun däi Problem dann elo verschwonnen?
U sech misst Sizilien am Text och rout sinn, well et geet ëm d'Autonom Regioun Sizilien an net ëm d'Insel Sizilien. --Otets♣ 14:41, 30. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Jo no dem Amba senger Inteventioun war alles an der Rei. Les Meloures 16:41, 30. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
Remoien,
Ech ka mer net virstellen datt et mat der Autonomer Regioun ze dinn huet, oder d'Këscht huet e Geheimnis dat ech nach net entdeckt hunn. Wann ech nämlech Sardinien oder Venetien drantippen da gëtt se blo. Wat ass um Lemma Sardinien dann anescht wéi un deem vu Sizilien?
Dat ass effektiv d'Geheechnes vun deer Këscht, si erkennt (dat elo ganz ouni Witz) wann ee "Sizilien" drantippt a behandelt dat Wuert dann anescht. Di russesch Këscht erkennt esou d'Federatiounskreeser. --Otets♣ 20:45, 30. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Et gëtt elo eng Schabloun "Kleng Uertschaft Italien" fir eng Fraktioun vun enger italieenescher Gemeng. Formelsméisseg wier et einfach ze komplizéiert gi fir déi normal Schabloun och fir Fraktioune gebrauchen ze kënnen. --Otets♣ 01:42, 11. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

D'Sammlung vun den italieenesche Metadateschablounen ass elo komplett. Et kann een also elo d'Schabloun "Uertschaft Italien" fir all Stad a Gemeng an d'Schabloun "Kleng Uertschaft Italien" fir all Fraktioun an Italien gebrauchen. Nei Artikele steet also näischt méi am Wee.
Ech kucken och nach fir Schabloune fir d'Regiounen an d'Provënzen ze man, déi op déislewecht Metadaten zréckgräifen. --Otets♣ 16:03, 15. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Lëtzebuergesch op den Haaptsäiten vun de Wikien[Quelltext änneren]

Pour Info: ech hunn hei eng Demande gemaach, fir eis Wiki op der Main Page vun der Englescher Wiki ze verlinken. --Christian Ries 11:13, 11. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Eng gutt Initiativ! Vu datt de MiszaBot I de Thread schonn archivéiert huet, hei eng Kopie vun der Äntwert vum David Levy. Leider musse mer eis nach gedëllegen: "The list currently comprises Wikipedias exceeding 40,000 articles (excluding those determined to consist primarily of stubs and placeholders). —David Levy 18:14, 11 August 2010 (UTC)"
--Otets♣ 15:50, 15. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Dat ass dach eng Klengegkeet, reng statistesch gesinn, si mer da mat 30 Artikelen den Dag an engem Joer met derbäi.:-) Pierrenilles 16:46, 15. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]
Tipp topp Otets, et ass am Fong net esou wichteg. Et wier halt och en "Incentive" gewiecht fir eng kleng Wiki, déi mat ganz wéineg Leit funktionnéiert. --Christian Ries 22:44, 15. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]