Wikipedia:De Staminee
|
De Staminee ass eng Plaz fir sech ze entspanen, Froe kënnen ze stellen a sech iwwert de Projet ze renseignéieren. Regelen
Fir datt de Staminee propper bleift, muss jidderee mathëllefen. Dofir biede mir iech:
[änneren] Kuckt och
|
[änneren] Historiographie-Cours op der Uni Lëtzebuerg
Wei d'lescht Joer froen ech och dëst d'Joër, dat d'Studenten a mengem Cours 'Historiographie' hier Hausarbeit (eng Biographie vun engem Historiker) op Wikipedia setzen (hei ee Bilan vum leschten Joer: http://majerus.hypotheses.org/50). Ech encouragéieren se dat op der lëtzebuergescher Wikipedia ze maachen. Sidd leif mat hinnen an hudd Gedold :)
--Benoît
- Merci Benoît fir d'Informatioun (an natierlech fir d'Initiativ)! Mir si léif mat hinnen :-) Wichteg: Ech hunn eng Projetssäit ageriicht, wou s Du (oder d'Auteure selwer) d'Artikele kënnen uginn, déi se schreiwen, wou hinne punktuell Informatioune kënnen hannerlooss ginn (z.B. d'Deadline, soss Virgaben, déi s De hinne gemaach hues, asw.) , a wou déi aner Mataarbechter gesinn, wéi dee Projet evoluéiert.
- Se ass ze fannen ënner Wikipedia:Historiographen. Gëff hinne w.e.gl. déi Adress un:
- http://lb.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Historiographen
- Bescht Gréiss
- --Zinneke 21:09, 22. Feb. 2012 (UTC)
[änneren] "Luxendange" (oder esou)
Moien,
Dëst Joer animéieren d'Sonja Kmec an d'Conny Reichling e Seminaire op der Uni.lu iwwer Historie Locale. Si hunn de Studenten als Aufgab opginn Recherchen iwwer eng Localitéit zu Lëtzebuerg ze maachen an hir Resultater ënnert der Form vun Artikelen op den Internet ze setzen. D'Studente sollen dat eemol op Wikipedia maachen an op enger Homepage vun der Uni. Bei der Wikisäit geet et och drëms, hinnen e bëssen ze weisen, wéi een mat Wikipedia schafft, sou wéi de Benoît Majerus et och a verschiddene vu sengen Coursen mecht.
Den nächsten Donneschden, 15. Mäerz, vun 10-11:30 kréie si gewisen, wéi si mat Wikipedia schaffe kënnen (a sollen). Dofir gëtt eng Säit vun enger fiktiver Uertschaft ( z.B. Luxendange oder esou) fir d'Dauer vun deem Aféierungscours ugeluecht, fir ze weisen, wéi een editéiert, schreift, asw.
Un d'Adminnen: Gitt dofir w.e.gl. net gläich deen Artikel läschen, wann en donneschdes opdaucht, well en natierlech inhaltlech net wikikonform ass. Ech këmmere mech dann ëm d'Läschen, wann e bis net méi gebraucht gëtt.
Ech hu fir dee Cours och eng kleng Projetssäit ugeluecht: Wikipedia:Lokalgeschicht fir e besseren Iwwerbléck ze behalen. --Zinneke (Diskussioun) 09:43, 12. Mäe. 2012 (UTC)
- Zousaz:D'Testsäit heescht "Luxemdange" an ass ënner Wikipedia:Lokalgeschicht/Luxemdange ze fannen.--Zinneke (Diskussioun) 10:51, 26. Mäe. 2012 (UTC)
[änneren] Wiki Loves Monuments 2012
Nom grousse Succès zejoert gëtt de Projet dës Kéier nach e Krack méi ambiziéis an deckt potentiell net manner wéi d'ganz Welt of! Ech gouf vum Romaine gefrot, ob ech wéilt och dës Kéier nees derbäi sinn. Ech hunn zougesot, ma reechen d'Fro natierlech un d'lb-Wiki-Communautéit weider, well ech do net alles eleng maache kann/wëll. Hei ass d'Ausgangssäit op Commons, wou Der Iech androe kënnt.
De Gros vun der Aarbecht gouf jo schonns d'lescht Joer gemaach: Iwwer Honnert Säite mat Lëschten uleeën, grad esouvill Commons-Kategorien opstellen an afëllen, asw. Hei ass en Iwwerbléck ze fannen. Eng 90 Monumenter goufen dank dem Concours "bebillert" (an eng ganz Rëtsch méi ware schonn an de Summerméint virum Stéchdatum vum Concours illlustréiert ginn).
Och de Site wikilovesmonuments.be steet a misst just à jour gesat ginn.
Deemno meng Fro: Huet een eppes dergéint, no der selwechter Formule wéi zejoert nees matzemmachen? D.h. andeems Lëtzebuerg a puncto eegene WLM-Site, d'Opsetze vun enger Jury, d'Auswiel vu Fotoen, asw. mat der Belsch zesummen ofgedeckt gëtt?
Fir mech ass d'Ausgangssituatioun - ze wéineg Leit fir eng eegen Organisatioun vu vir bis hannen, keen "Chapter" als dat een optriede kéinnt, asw. - déi selwescht wéi viun engem Joer. Dobäi kënnt datt déi Formule gutt geklappt huet, sou datt fir mech näischt dergéint schwätzt, se dëst Joer virunzeféieren.
Dësweidere stellt sech d'Fro, wourops dëst Joer de Schwéierpunkt geluecht sollt ginn.
Mäi Virschlag wier, den "Challenge" opzestellen, dass den 30. September all Monumenter e Bild sollen hunn; deemno de Schwéierpunkt op déi geluecht soll ginn, wou d'Këschten nach eidel sinn. Well de Kader steet, a mer elo wëssen, wéi et leeft, kann een éischter ufänken, z'iwwerleeën, Kontakter mat Medien an aneren offizielle Plazen ze knäppen, fir d'Aktioun bekannt ze maachen. Méi Geneeës wier dann nach erauszeschaffen.
Wat mengt Der?
--Zinneke (Diskussioun) 10:51, 26. Mäe. 2012 (UTC)
[änneren] Copyright vu letzebuergeschen Timberen
Moien, de Benotzer:MMFE huet mär dës Fro gestallt, déi ech heimat emol wëll un d'Allgemengheet weiderginn:
-
- Moien,
-
- [...] Ech hun [...] eng Fro. An zwar wollt ech fir den Artikel vum Ger Maas eng Foto eroplueden vun den Timberen vun 1968, déi hatt entworf huet. Dobäi hun ech awer entdeckt, dass et nët sou kloer ass, op dat iwerhaapt legal ass, well fir all Land aner Bestëmmunge gëllen bei Timberen. Fir Däitschland wier dat z.B. guer kee Problem, soulaang et gestempelt Timbere sin. Fir Lëtzebuerg hun ech allerdengs néierens Informatioune fonnt, op et erlaabt ass oder nët. Dofir wollt ech mol fir d'éischt bei dir nofroen, villäicht wor jo schon esou e Fall do.
-
- Beschte Gréiss, --MMFE (Diskussioun) 12:24, 31. Mäe. 2012 (UTC)
Ech weess do neemlech keng Äntwert drop: Zielt zu Lëtzebuerg déi däitsch Approche, datt dat 'staatlech Dokumenter' sinn, op deene kee Copyright ass; se dierfe just net nogemaach/gefälscht ginn (dofir mussen Ofbildungen "entwäert" sinn)? Oder ass et esou, datt de Grafiker/Artist, deen hei an s do ënnen ernimmt ass (awer net ëmmer) weiderhin Deteneur vum Copyright bleift, deemno misst deen (an net d'Post) ëm Erlaabnes gefrot ginn? An da kënnt jo nach derbäi, datt iergend eng Kéier aus der Administration des Postes, Télégraphes et Téléphones d' Entreprise des Postes et Télécommunications gouf, se deemno keng staatlech Administratioun ass...
Et sief, Ee wéisst d'Äntwert, huet et mengen ech net vill Sënn ze spekuléieren, fir Kloerheet ze kréien misst "een" bei der Post nofroen (et gi jo Ofbildungen, z.B. an Timberskatalogen, Zeitungen, Mariekalenner, asw. sou datt unzehuelen ass, datt do schonn eng Kéier ee sech Gedanken dozou gemaach huet). Fräiwëlleger? Oder weess et?
--Zinneke (Diskussioun) 13:06, 31. Mäe. 2012 (UTC)
- Moien,
- Zum Thema Copyright vun Timberen hun ech elo grad festgestallt, dat mer schon e Bild vun engem Timber hei hun, an zwar as ët Schung5aa.jpg am Artikel iwer de Centre Culturel Schungfabrik. Wann déi Method do ok ass kéint ech mäi Bild jo och esou eroplueden. Wann nët kann ech och emol bei der Post nofroen wat si dozou soen.
--MMFE (Diskussioun) 21:07, 10. Abr. 2012 (UTC)
Moien, effektiv hu verschidde Leit eenzel Timberbiller eropgelueden, an se stinn och nach do, well nach keen eis kunnt soen, op se do stoen dierfen oder net - an och nach kee reklaméiert huet... Mee dat ass natierlech eng onbefriddegend Situatioun. Wann s De dofir d'Méiglechkeet (d.h. d'Zäit) häss, bei der Post nozefroen, wier eis all hei mat enger "offizieller" Äntwert gehollef. Wann s De dat méichs, differenzéier vläit d'Fro no der aktueller Situatioun, der Post als "Staatsverwaltung", Timberen, déi viru 70 oder 100 Joer erauskoumen, Timbere vu Biller vu Moler, déi iwwer 70 Joer dout sinn (de J. Jacoby z.B), Timberen, déi 'entwäert' sinn (där a Frang z.B.)... ech kinnt mer virstellen, dat et do verschidde Fäll ginn... Vill Succès, an natierlech villmools Merci am viraus! ----Zinneke (Diskussioun) 21:52, 10. Abr. 2012 (UTC)
[änneren] Weiderféierung vun der "Diskussioun:Mertzig Carrières Gilson 1930.Ar.P.Gilson.jpg"
Moien, de François Mersch huet jo herrlech Bicher erausginn, antiquaresch net ze bezuelen, an déi, sowäit ech wees, d'Ierwen net Wëlles hunn eng Neiausgab erauszeginn, mä ech mengen och net datt dat bei menger Fro eng Roll spillt.
De François Mersch war bekanntlech net iwwerdriwwe matdeelungsräich wat d'Originne vun de Fotoen ugeet. Siele fënnt een den Numm vum Fotograf beim eenzelne Bild, am beschte Fall gëtt um Enn, wéi an der "Forteresse et Belle Époque", op Mehlbreuer, Kuhn, Bandebourg a Bernhoeft higewisen an de Collectieunere, déi d'Fotoen à disposition ginn hunn, Merci gesot. Just beim Batty Weber a bei senger eegener Kollektioun schreift en, datt déi der Photothéik vun der Stad Lëtzebuerg geheiren. Mä wéi uewe scho gesot steet ganz siele bei der Foto vu weem se dann lo ass an och net den Numm vum Collectioneur.
Méng Fro(en):
Kann ech ee Bernhoeft aus dem Mersch sengem Buch, natiirlech mat Ugab vun der Source, op Commons setzen?
Wéi ass mat offensichtlechen Amateursfotoen an deene Bicher: auteur inconnu + source an fir de Rescht dovunner ausgoen datt den onbekannten Auteur den Éischte Weltkrich net iwwerlieft huet?
Ech soe Merci fir d'Iwwerleeën a wënschen eng friddlech Hënt. --Jwh (Diskussioun) 17:56, 12. Abr. 2012 (UTC)
- Moien, de Bernhoeft ass iwwer 70 Joer dout. Do dierft kee Problem sinn Einfach den Doudesdatum 1933 an d'Info derbäisetzen. -- Les Meloures (Diskussioun) 18:27, 12. Abr. 2012 (UTC)
-
- Moien, ech kennen d'Buch net, mee vläit kinnt et als 'oeuvre dirigée' duerchgoen? D.h. en Editeur bezillt verschidde Leit, fir hir Saachen ze publizéieren. D'Nationalbibliothéik (mat Bezuch op d'Dageszeitungen op eluxemburgneisa.lu) setzt de Stéchdatum dofir, vu wéini u se 'domaine public' sinn, op virun 1944... --Zinneke (Diskussioun) 19:58, 12. Abr. 2012 (UTC)
- Remoien, jo beim Bernhoeft gesinn ech och kee Problem, just datt de Miersche Fränz jo meeschtens den Auteur "geheim" hält. Ech fäerten d'Fachwelt géing staunen, wat ech dann alles dem Bernhoeft géing ënnerjubelen, mä 't ass eng Iddi...
- Mat der 'oeuvre dirigée' komme mir an deem Fall net weider, dem François Mersch seng Bicher si jo an den 1970/80er Joren erauskomm. Par contre kann ee bei engem ganze Koup Fotoen (ouni Auteur) sech eventuel op d'Ausnahm ...les œuvres qui ne sont pas originales beruffen, also dat wat ech scho mol "Schongkëschtefotoe" genannt hunn.
- Déi Fro déi mech beschäftegt, ass eigentlech déi: Do geet haut een hinn a besuergt sech mat vill Méih an Aarbecht Fotoe wou den Auteur schonn 100 Joer an enger besserer Welt ass, investéiert richteg Geld an déi Affär a publizéiert se dann an engem Buch - deen aneren Dag soen ech Merci, domaine public. Dat ass dach bosseg.
- Ech wollt eigentlech keng copyrights-Diskussioun ufänken, mee lo ass et geschitt - se muss awer vu mir aus net weidergoen... --Jwh (Diskussioun) 02:58, 13. Abr. 2012 (UTC)
- Moien, ech kennen d'Buch net, mee vläit kinnt et als 'oeuvre dirigée' duerchgoen? D.h. en Editeur bezillt verschidde Leit, fir hir Saachen ze publizéieren. D'Nationalbibliothéik (mat Bezuch op d'Dageszeitungen op eluxemburgneisa.lu) setzt de Stéchdatum dofir, vu wéini u se 'domaine public' sinn, op virun 1944... --Zinneke (Diskussioun) 19:58, 12. Abr. 2012 (UTC)
[änneren] De Stärchen
Moien,
An enger Lëscht, z.B. "Kuckt och" oder "Um Spaweck" huet de Punkt deen duerch de * kreéiert gëtt, déi domm Tendenz aus dem Text fortzelafen a sech an e Bild, wat op der lénker Säit steet, ze setzen. Wier et do méiglech eng Schabloun ze maachen fir dat dee Punkt um Text peche bleift? --Jwh (Diskussioun) 07:17, 25. Abr. 2012 (UTC)
-
- Ech hu keng Ahnug ob et méiglech ass esou eng Schabloun ze maachen. Ech setzen an esou Fäll Bild einfach riets. --Les Meloures (Diskussioun) 08:11, 25. Abr. 2012 (UTC)
- Yeaph, hunn et och scho mol esou gemaacht. De Problem ass wuel datt mir oft méi Linken a Biller hu wéi Text... --Jwh (Diskussioun) 08:26, 25. Abr. 2012 (UTC)
- Ech hu keng Ahnug ob et méiglech ass esou eng Schabloun ze maachen. Ech setzen an esou Fäll Bild einfach riets. --Les Meloures (Diskussioun) 08:11, 25. Abr. 2012 (UTC)
- Salut,
- Et ass méiglech. Anzwar, brauch e just puer Asterisken hannerteneen ze schreiwen. Wat méi Asterisken, wat den Text méi no riets réckelt.
- *
- **
- ***
- ****
- ***
- **
- *
- asw.
- :-) -- 213.31.217.82 12:10, 4. Mee 2012 (UTC)
- Merci, ech wäert dat mol probéieren. Mä hängt den Effet da net vum Écran of? Ech ka mir virstellen, datt op engem 15er Écran de Problem guer net opkënnt, well do eventuel scho mat e bëssen Text genug Zeilen stinn fir d'Bild nach lanscht deen Text ze kréien. Op engem groussen Écran musse vläit esouvill **** kommen datt et op engem klengen Écran wéi ee riets Bild schéngt?
- Ooops, dësen Effet hat ech mir lo net erwaart:
[änneren] TEST
text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text
[änneren] Kuckt och
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
- dest
- an
- dat
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
- Fäerten dat ass d'Léisung net... --Jwh (Diskussioun) 19:42, 4. Mee 2012 (UTC)
-
- Dat notzt alles näischt, besonnesch wann d'Biller mat engem automateschen ---thumb--- do stinn dann hängt deenen hir Gréisst vun den individuelle Benotzerastellungen of.
- Dofir am beschten, wann net vill Text do ass d'Biller no riets, oder ganz ënnendrënner setzen, eventuell als automatesch --gallery-- oder an eng Wikikëscht. --Les Meloures (Diskussioun) 19:53, 4. Mee 2012 (UTC)
- Schléisse mech deem unn, hat och an der Tëschenzäit mat Allméiglechem getest, näischt ëppes bruecht. 'Gallery' ass secher eng gutt Léisung. --Jwh (Diskussioun) 20:11, 4. Mee 2012 (UTC)
[änneren] Proposal for help
Hello!
I am a big fan of Eurovision Song Contest, and when I saw this page, I was a bit upset, because there is almost nothing written about Luxembourgish Euro-entrants. I suggest to remedy this unfortunate situation, and I'd like to know the translations of phrases, which might be useful to me in pages' creation. I think there is nothing wrong and I won't take much time. OK, this phrases:
- X is a French male/female singer. =
- X is a French pop-band. =
- He/she started his/her career in YYYY. =
- Band was formed in YYYY. =
- It formed especially for Eurovision. =
- He/she/band represented Luxembourg in the Eurovision YYYY with song "XXXX". =
- He/she/they came at X place with Y points. =
- along with =
- Discography/albums/singles/EP/DVD/External links/References =
- "X" is a song by Y. It was Luxembourg's entry in the Eurovision Song Contest YYYY, performed in French/Luxembourgish. =
- It came at... =
Thank you so much! (I'm sure these articles aren't exactly be superfluous.) Best regards,--Midnight Green (Diskussioun) 11:42, 4. Mee 2012 (UTC)
-
- Hello Midnight Green,
-
- Thanks for your help. The luxembourgish Wikipedia community is quite small, therefore many articles still need more content. Here are the translations of your phrases, so you can go on with your work. I will have a look at it when you have finished to eliminate eventual mistakes.
- X is a French male/female singer. = X ass e franséische Sänger/eng franséisch Sängerin.
- X is a French pop-band. = X ass eng franséisch Pop-Grupp.
- He/she started his/her career in YYYY. = Hien/Hat huet seng/hier Carrière YYYY ugefaang.
- Band was formed in YYYY. = D'Grupp ass YYY gegrënnt gin.
- It formed especially for Eurovision. = Se ass speziell fir de Grand Prix gegrënnt ginn.
- He/she/band represented Luxembourg in the Eurovision YYYY with song "XXXX". = Hien/Si/D'Grupp huet Lëtzebuerg bei der Eurovisioun YYYY mam Lidd "XXXX" vertrueden.
- He/she/they came at X place with Y points. = Hie/Si/Si koum/koumen op di X. Plaz mat Y Punkten.
- along with = zesumme mat
- Discography/albums/singles/EP/DVD/External links/References = Diskografie/Albumen/Singlen/EP/DVD/Um Spaweck/Referenzen
- "X" is a song by Y. It was Luxembourg's entry in the Eurovision Song Contest YYYY, performed in French/Luxembourgish. = "X" ass e Lidd vum Y. Et war déi lëtzebuergesch Bedeelegung am Grand Prix Eurovision YYYY, gesong op franséisch/lëtzebuergesch.
- It came at... = Et koum op ...
--MMFE (Diskussioun) 12:45, 4. Mee 2012 (UTC)
-
-
- OK, thank you very much! I'll try to create maximally complete pages, as far as I am able to. Greetings from Russia.--Midnight Green (Diskussioun) 15:18, 4. Mee 2012 (UTC)
-
Moien!
Thanks indeed for your proposal to help, and thanks to MMFE for the translations. Best greetings, --Zinneke (Diskussioun) 21:02, 4. Mee 2012 (UTC)
[änneren] Disable local uploads on smaller wikis
Auf meta wird gerade eine Diskussion geführt, ob der lokale Bildupload für kleinere Wikis abgestellt und alle lokalen Bilder anschließend gelöscht werden sollen. --Holder (Diskussioun) 08:45, 22. Mee 2012 (UTC)
[änneren] Update on IPv6
(Apologies if this message isn't in your language. Please consider translating it, as well as the full version of this announcement on Meta)
The Wikimedia Foundation is planning to do limited testing of IPv6 on June 2-3. If there are not too many problems, we may fully enable IPv6 on World IPv6 day (June 6), and keep it enabled.
What this means for your project:
- At least on June 2-3, 2012, you may see a small number of edits from IPv6 addresses, which are in the form "
2001:0db8:85a3:0000:0000:8a2e:0370:7334". See e.g. w:en:IPv6 address. These addresses should behave like any other IP address: You can leave messages on their talk pages; you can track their contributions; you can block them. (See the full version of this announcement for notes on range blocks.)
- In the mid term, some user scripts and tools will need to be adapted for IPv6.
- We suspect that IPv6 usage is going to be very low initially, meaning that abuse should be manageable, and we will assist in the monitoring of the situation.
Read the full version of this announcement on how to test the behavior of IPv6 with various tools and how to leave bug reports, and to find a fuller analysis of the implications of the IPv6 migration.
--Erik Möller, VP of Engineering and Product Development, Wikimedia Foundation 01:10, 2. Jun. 2012 (UTC)
Distributed via Global message delivery. (Wrong page? Fix here.)