Wikipedia:De Staminee/Archiv2005/Mee

Vu Wikipedia

Wat maache mer mat dem "Artikel vum Mount"?[Quelltext änneren]

--Cornischong 10:00, 3 Mee 2005 (UTC)

Mer schaffen emol endlech drunn. Ass dat keng gutt Iddi? --Otets 10:48, 3 Mee 2005 (UTC)

Dat ass d'Iddi vum Mount. --Cornischong 11:01, 3 Mee 2005 (UTC)

Ass jo scho gutt, du Spottvull. Elo hunn ech emol de Klëppelkrich dohigesat, am Hoffes, datt ech net deen eenzege bleiwe wäert, dee je dru geschafft huet. --Otets 20:22, 3 Mee 2005 (UTC)

Tjo, fréier, wéi mer nach Historiker hei schaffen haten, huet dat nach funktionnéiert. --Cornischong 22:33, 3 Mee 2005 (UTC)

D'Historikerin mellt sech dann emol zu Wuert, tëscht dem ganze Stress a seet datt et bei deem do Artikel zum Knëppelkrich kee Wuert kann dozou bäidroen, well et absolut keng Ahnung huet an sech am Moment éischter mat Jansenisten wéi dem Saint-Cyran beschäftegt :-) --Briséisβρισεισ 09:00, 17 Mee 2005 (UTC)

Positioun vun der lb-wiki[Quelltext änneren]

Mär sinn elo der Artikelzuel no déi 35. Wikipedia weltwäit vun insgesamt 199. Wéi laang mer nach virun de Griichen an de Litauer leie wäerten, dat hängt elo vu jidderengem eenzelne vun eis of. --[[User:Otets|Otets ] 20:22, 3 Mee 2005 (UTC)

Mee an der Diskussiounen-Zuel misste mer dach enk hannerun den Transmoselaner sinn? Oder hu mer se schonns iwwerholl? Mee am Eescht: Merci fir d'Informatioun. --Cornischong 22:29, 3 Mee 2005 (UTC)

Da musse mir eis jo gudd drunn ginn :-) --Alexandra 10:14, 4 Mee 2005 (UTC)

Effektiv, well elo si mer déi drëtt Wiki... enfin, just op der neier Lëscht vun de "Somewhat active" Wikien. Brénge mer et fäerdeg, virun de Malaysier (just 270 Artikel vrun eis, a si schaffe méi lues wéi mär) déi magesch Zuel vu 5000 Artikelen ze erreechen? --Otets 20:05, 7 Mee 2005 (UTC)

4.000!!! A Wierder: Eng Véier mat dräi Nullen. --Cornischong 13:06, 8 Mee 2005 (UTC)

Gléckwonsch un eis selwer. Just nach 1000 Artikelen fir deen nächste Meilesteen ze erreechen. De Chronobot wäert hënt och nach e bësse mathëllefen. Mee d'Haaptlaascht an domat spéider den Haaptmérite läit natierlech bäi eis selwer. Datt mer am August och wierklech eppes ze feiren hunn! --Otets 13:43, 8 Mee 2005 (UTC)

WikiFest de 4-8 August am LGL[Quelltext änneren]

Oder Wikimania de 4. bis den 8. August zu Frankfurt am Main, Däitschland. Plangt ee vun eis op Frankfurt ze goen, oder solle mer wéinst ze mann Transportmëttel a Vakanz gläichzäitegt e lokaalt WikiFest zu Lëtzebuerg maachen? --Otets 13:31, 4 Mee 2005 (UTC)

Et schéngt ës jo net ze sinn, wéi wann der do vun eis op Frankfurt wéilte goen. Dofir relancéieren ech d'Alternativ: Ufanks August e lokaalt WikiFest zu Lëtzebuerg maachen, entweder als "journée portes ouvertes" fir nei Intresséierter oder als klengen Owend just ënnert Wikipedianer. Oder ass dann all Mënsch an der Vakanz? --Otets 20:05, 7 Mee 2005 (UTC)

Ech misst Ufanks August an der Vakanz ... zu Lëtzebuerg sinn, misst also fir däin Alternativvirschlag kënnen dobäi sinn. Hues de do scho méi konkret Virstellunge matt esou enger Porte ouverte? En Owend ënner Wikipedianer ass alerdéngs warscheinlech méi einfach op d'Been ze setzen.
E schéinen Owend, --Zinneke 21:36, 7 Mee 2005 (UTC)

En Owend ënner Wikipedianer schéngt mer déi sympateschst Léisung. August, kee Problem. --Cornischong 22:34, 7 Mee 2005 (UTC)

Kontakter fir eng Lokalitéit a fir déi néideg Publizitéit fir eng Porte Ouverte hunn ech selwer leider keng. Dowéinst, wann all Mënsch sech fir en Owend ënner Wikipedianer ausschwätzt, da geet dat och an d'Rei. Ech selwer si géint Enn Juli fort a misst also fir de Weekend vum 6-7. August erëm sinn. --Otets 22:55, 7 Mee 2005 (UTC)

Den Johnny Chicago, deen aus technesche Grënn haut net äntwere kann, ass och der Meenung, en Owend bei eppes z'iessen wier et. --Cornischong 23:37, 7 Mee 2005 (UTC)

Ech giff dat och eng gudd Idee fannen, an hätt och Zäit fir ze kommen --Alexandra 07:42, 8 Mee 2005 (UTC)

Ech sinn och fir en Owend ënnert eis, sinn am August och normalerweis doheem, hu bis lo do nach keng Vakanz geplangt, well Roum war deier genuch :-) --Briséisβρισεισ 09:02, 17 Mee 2005 (UTC)

Lëtzebuergesche Spellchecker fir OpenOffice[Quelltext änneren]

--> Paperjam

Haaptsäit[Quelltext änneren]

Ech wollt eng Propos machen wat eis Haaptsäit ugeet.

1. Giff ech virschloen emol en Kategorie opzemachen wou all d'Haaptkategorien klasséiert sinn wou een dann eng allgemeng Iwwersicht huet an dann mat den Haaptënnerkategorien ... asw

2. Dass een wann een op der Haaptsäit op en Wuert klickt, z.B. Biologie, net op den Artikel kënnt mä op d'Ennerkategorienlëscht mat Indikatioun natierlech op den Haaptartikel Biologie

3. Hei ass meng Propositioun fir aner Andeelung:

Naturwëssenschaften: Astronomie - Biologie - Chimie - Geowëssenschaften - Medezin - Physik

Sozialwëssenschaften an Economie: Anthropologie - Droit - Economie - Ethnologie - Kriminologie - Militärwiesen - Politik - Psychologie

Strukturwëssenschaften: Informatik - Mathematik - Statistik

Kultur - an Humanwëssenschaften: Educatioun - Film - Geschicht - Kommunikatioun - Konscht - Musek(wëssenschaften) - Sprooch(wëssenschaften) - Theater(wëssenschaften) - Urbanismus

Technik : Architektur - Elektrotechnik - Maschinnebau - Telekommunikatioun - Transport(wiesen)

Relioun, Mythologie a Philosophie: esou loossen + Philosophie

Sport an Hobby: Iessen an Drënken - Sport(wëssenschaften) - Tourismus

D'Reihefolleg ass natierlech gehopst wéi gesprongen. Heinsdo hunn ech eppes a Klammer dobäi gesaat, dat ass unsech och 'Affaire de Goût...'

Déi Themen déi elo ewech faalen, sinn fir mech éischter Ënnerkategorien: Famill a Veräiner -> Soziologie, Ëmwelt -> Biologie, Archeologie -> Geschicht, Medien -> Kommunikatioun. Kino giff ech och Film draus machen, well Film méi beinhaltet wéi Kino.

Sou ech wär frou iwwert är Feedbackën --Alexandra 13:35, 11 Mee 2005 (UTC)

Fir e Begrëff ze kréien[Quelltext änneren]

Ech hunn emol dem Alexandra seng Virstellungen provisoresch dohinnergesat. Dat as emol guer net sou iwwel :-) --Cornischong 14:11, 11 Mee 2005 (UTC)

Fusionnéier Strukturwëssenschaften an Technik, dat évitéiert dann och den Doublon "Informatik". --Otets 15:27, 11 Mee 2005 (UTC)

Jo, keng schlecht Idee. Wéi ass et dann mat Architektur - Elektrotechnik - Maschinnebau fir ënnert Technik? --Alexandra 15:45, 11 Mee 2005 (UTC)

An den Agnostizismus vläicht eraus? Dee wier dann ënnert der Kat Philosophie --Alexandra 16:23, 11 Mee 2005 (UTC)


Wat haalt dir dann vun menger Propos 1 an 2 ? --Alexandra 08:17, 12 Mee 2005 (UTC)

Et kléngt e bësse bëlleg, mee d'Virschléi 1 an 2 fannen ech ganz gutt, well et da vill méi iwwersiichtlech gëtt. Um Ufank war dat esou gemaach ginn, mee do wousst nach keen, wéi dat géif weidergoen. Wa kee eppes dogéint huet, da kann dat esou rullen; mengt de --Cornischong 09:32, 12 Mee 2005 (UTC)

Ech kann och gären esou eng Lëscht opstellen wann dat hëlleft? Zum Beispill esou:

  • Haaptsäitkategorie (Naturwëssenschaften)
    • Haaptkategorie (Biologie)
      • Ënnerkategorie (Plantea)

Dann hätt een eng komplett Säit wou een kann nokuken. D'Linken op der Haaptsäit op d'Kategorien misst awer en Admin machen ?

Wann keen eppes dogéint huet? --Alexandra 09:41, 12 Mee 2005 (UTC)

Zu 1: Déi Lëscht vun Haaptkategorie gouf et u sech automatesch hei (eng Haaptkategorie ass jo näicht anescht wéi eng net-kategoriséiert Kategorie), mee leider ass zënter ronn enger Woch do de Wuerm dran.

Eng Lëscht mat alle Kategorien op ee Bléck fannen ech super! Mee du musst der bewosst sinn, datt dat immens vill Aarbecht gëtt, am Ufank an och herno, fir dat ëmmer à jour ze setzen.

Zu 2: Et kéint ee vläicht op d'Haaptsäit e Link op deng Kategorielëscht setzen. Mee d'Themenartikelen duerch Kategorien ze ersetze fannen ech net gutt. Wéi op eiser Hëllef-Säit erkläert gëtt, bréngen déi generell Themenartikelen (op der de-wiki nenne se dat "Portaler" jo eppes méi wéi just eng Kategorie, an en plus kann een déi entspriechend Haaptkategorie ëmmer nach ënnen op der Artikelsäit fannen an dann uklicken.
--Uditex 09:57, 12 Mee 2005 (UTC)

Ech hunn e Problem mam Fotosprinzip[Quelltext änneren]

Den 12. Mee um 00.54 setzen ech an den „Jean-Antoine Zinnen“ Artikel eng Foto mam Graf vum Zinnen um Niklokierfecht.
Méinges, de 16. Mee lued den Otets seng Foto „Image:Zinnen (Graf)“ erop, a freet am „Image talk:Zinnen Graf.jpg“: Ech hu mäi Bild "Zinnen_(Graf).jpg" elo eropgelueden. Kann däint elo geläscht ginn? --Otets ♣ 16:38, 16 Mee 2005
Ech war nawell verwonnert, an ech ka mech net erënneren, datt an der däitscher Wikipedia, wou an engem Joer allerhand lass war, jeemols een engem Anere seng Foto erausgehäit huet, just fir seng dranzesetzen (mat deemselwechte Sujet).
Ech fannen dat e „staarkt Stéck“, an ech si mat deene Methoden net d’accord, an ech hätt gären e Kommentar zu deeër Manéier.
Fir datt dëst Thema net auserneegeschriwwe gëtt, hunn ech et och op d’Diskussiounssäit vum Stamminet gesat; kënnt der weg do äntweren. Merci.--Cornischong 22:59, 16 Mee 2005 (UTC)

Dat war eng einfach onschëlleg Fro, keng Attack oder Wertung vun enger Foto. Ok, ech hu mech schlecht ausgedréckt, dat gesinn ech elo an, mee u sech wollt ech just wëssen, wéi eng Foto, meng oder deng, s du besser fënns, sou datt mer déi beschten draloossen. Dat war och de Grond, firwat ech der alles a klengem Format geschéckt hunn, fir datt s de do schonn am viraus mer soe kéinst, watfir Fotoen ech eropluede soll a watfer net, well se schonn an enger anerer, besserer Form drop sinn. Do hues du gemengt, du kéins op deene klengen Timberen näicht erkennen. Dofir hunn ech elo mol eng éischt Serie vu Fotoen an Naturgréisst eropgelueden, datt s de dat besser jugéiere kanns. Meng direkt an den Artikel ze setzen war vläicht e bësse vill virun de Won gesprongen a sécher net diplomatesch. Sorry. Wann s de mer elo soe kéins, watfir eng vun deenen zwou Fotoen s du besser fënns, dann hunn ech och guer kee Problem domat, wann s de mengs deng wier déi besser a meng sollt erausgepucht ginn. Ech wollt der just de Choix ginn, déi Kéier an Natur- an net an Timbersgréisst, och wann ech dat verbal voll vermasselt hunn. --Otets 23:34, 16 Mee 2005 (UTC)

Generell soen ech dozou datt egal wéi keng Foto mol einfach erausgehäït gëtt. Wann den Artikel schéi grouss ass, iwwerliewt en och 2-3 Illustratiounen ouni den Artikel selwer ze erdrécken. Ech ging Fotoe just eraushuelen am Fall wou eng provisoresch do steet en attendant datt eng besser kënnt, an dann duerch déi ersat gëtt, soss net. --Briséisβρισεισ 09:04, 17 Mee 2005 (UTC)

Bemierkungen zu dem Problem Fotoen[Quelltext änneren]

Fotoen sin do fir en Artikel ze illustréieren oder ze verschéineren, si sollen op kee Fall derzou féieren datt 2 Läit aus der Wiki sech an d'Hoer kréien, wiem seng Foto déi schéinst wir.

Ech fannen eng Foto kann eraus geholl gin, wann een aus der Lëtzbeuerger Wiki eng besser Foto huet ewéi eng Foto déi aus enger auslännescher Wiki erof geluede gin aas.

Eng Foto vu Matarbechter vun der Lëtzebuerger Wiki soll nemmen an d'Wiki gesaat gin wann hir Qualitéit gudd ass. An da besteet duerno kee "Besoin" méi fir se ze ersetzen.

A wann een emol mengt en hätt eng besser oder en hätt d'Foto an engem besser Blëckwenkel geholl, en Artikel an der Wiki kann och 2 oder 3 Fotoen verdroen. Johnny Chicago 09:40, 17 Mee 2005 (UTC)

"2 Läit aus der Wiki sech an d'Hoer kréien, wiem seng Foto déi schéinst wir" Ech konnt aus deem Ganzen net erausliesen, datt et géif dorem goen, wiem seng Foto déi schéinst wier.(Wie soll dat beuertelen?!) Wa mer dat gären hätten, da musse mer Eppes maache wéi "Kandidaten für exzellente Bilder", awer dat ass en anert Thema. (Heimat hunn ech NET gesot, ech wéilt dat). --Cornischong 10:02, 17 Mee 2005 (UTC)

Den Johnny Chicago huet guer net esou Onrecht. Ech zitéiere mech selwer: "Ok, ech hu mech schlecht ausgedréckt, dat gesinn ech elo an, mee u sech wollt ech just wëssen, wéi eng Foto, meng oder deng, s du besser fënns, sou datt mer déi beschten draloossen." A weider: "Ech wollt där just de Choix ginn, déi Kéier an Natur- an net an Timbersgréisst, och wann ech dat verbal voll vermasselt hunn."
Fir de Rescht sinn ech honnertprozenteg mat dem Briséis sengem Kommentar averstanen. Dat bäim Zinnen-Bild aus dem Artikel huelen (awer net läschen) ass deemno just aus falschverstanener Analogie mam Bild vum Voigt-Graf geschitt (wou s du geschriwwen has "Bis datt mer eng besser hunn"). Och dofir sorry.
Déi zwee Mëssverständnisser do ginn eleng op meng Kap. Ech hoffen awer, elo och mäin Deel dozou bäidroen ze kënnen, fir déi Mëssverständnisser erëm aus dem Wee ze raumen. Deng Fotoen hënnere mech absolut guer net an ech hunn och kee Problem dermat, wann s du meng Zinnen-Foto net gutt fënns (ebe fir grad esou eng Beurteelung vu menge Fotoe vun där ze kréien hat ech am Virfeld der se och all a kompriméierter Form per Mail geschéckt). --Otets 12:04, 17 Mee 2005 (UTC)

Eng ganz aner Fro[Quelltext änneren]

Wisou der Däiwel ass déi heiten Diskussioun op der Diskussiounssäit vum Stamminet ofgelaf ? De Stamminet selwer ass dach dofir geduecht ? :-)

--Briséisβρισεισ 00:59, 18 Mee 2005 (UTC)

Datt déi hei Diskussioun op der Diskussiounssäit vum Stamminet ofleeft, ass dorop zröckzeféieren, datt een déi heihinnergesat huet, dee gemengt hat "Diskussiounen", déi jiddferee vum Stamminet kéinten interesséieren, op der Diskussiounssäit vum Stamminet duerchgeholl solle ginn, an dat war ech. Wann d'Diskussiounen sollen op der Stamminetssäit gehale ginn, da wier ech, an alleguer, déi mat heihinne potere komm sinn (ouni un eppes Schlechtes ze denken) frou fir erklärt ze kréien, wat op dëser Säit virgesinn ass. Merci am Viraus. --Cornischong 14:12, 18 Mee 2005 (UTC)

Wiel vu weidere Stewards[Quelltext änneren]

Nei Stewards gi fir d'Wikipedia gewielt op m:Stewards/elections 2005. Jiddfereen, deen e Kont op der Meta huet an opmannst eng Benotzersäit bei engem vun de Wikiprojeten ka matwielen, wann en zanter méi wéi dräi Méint aktiv derbäi ass. Stewards verginn d'Sysoprechter bei de Projeten déi kee lokale Bürokrat hunn. W.e.g. wielt mat ! Yann 21:40, 18 Mee 2005 (UTC)

PS: Please translate this. Thanks. Yann 21:40, 18 Mee 2005 (UTC) Done :-) --Briséisβρισεισ 23:50, 18 Mee 2005 (UTC)

Kennt een ee vun deene Steward-Kandidaten? --Otets 23:53, 18 Mee 2005 (UTC)

Jo. Deen zweete vu riets. --Cornischong 00:15, 19 Mee 2005 (UTC)

New candidates !??[Quelltext änneren]

"New candidates: candidates may shortly state their interlingual interest. Please candidate only if you have read stewards related page and if you intend to help all projects." fannen ech op der de. Huet de Yann eis net alles erzielt?! Oder ass eppes an der Iwwersetzung verluergaang? --Cornischong 01:11, 19 Mee 2005 (UTC)

Dat hat de Yann eis net verzielt. Vläicht well mär nach eng kleng wiki sinn, déi genuch mat sech selwer ze dinn hunn an net och nach hir Zäit hiergi kënnen fir all deenen anere Wikien ze hëllefen. Mee egal, lo wësse mer et jo, datt och mär fir Steward kandidéiere kënnen. --Otets 10:06, 19 Mee 2005 (UTC)

Eng Fro iwwert d'Linktitelen an eisen Artikelen. De Standard war jo u sech ëmmer:
== Links ==
=== Intern ===
=== Extern ===

Dee fannen ech och immens nëtzlech. Just, wa mer nëmmen intern oder nëmmen extern Links hunn, da géif ech virschloen, den Titelindex net onnéideg opzebauschen a falschen Hoffes op risegrouss Linksammlungen opkommen ze loossen déi et guer net gëtt an och net gi wäert. An esou engem Fall géif ech da just schreiwen:
== Kuckt och == fir intern Links
== Weblinks == fir extern Links

Déi kéint een elo och "Intern Links" oder "Extern Links" nennen, oder d'Weblinks just "Links" (resp. "Link", soulaang just een do steet). D'Haaptsaach ass, d'Visiteure wëssen intuitiv, wat woufir steet. Wat mengt d'Kommunautéit? --Otets 10:25, 19 Mee 2005 (UTC)

Gelinks[Quelltext änneren]

Wat seet eis Schreifweis? Ma déi zielt eis, datt d'Méizuel vu Link (dat Wuert steet dran!) Linken ass. A wat zielt eis de Langenscheidt zum "linken": "lin|ken <sw.V.; hat> [zu link] (ugs.): täuschen, hereinlegen: jmdn. l." Dat mag e bësse mat den Hoer erbäigekromt sinn, awer et huet e "komesche" Bäigeschmaach. "Kuckt och" fir intern Linken fannen ech ganz an der Rei. Déi "extern" si méi quokeleg. "Weblinks" ass net gutt wéinst dem -s als Méizuel. "Websäiten", "Weblinken", "Kuckt och am Web", "Wou steet nach Eppes", mee zefridde sinn ech domat net. Alt dee Nächsten. --Cornischong 10:58, 19 Mee 2005 (UTC)

  • Moien, ech hu grad séier hei laangschtgeluusst:

Ech hätt manner Problemer mat "Linken" ("-en" ass nun eemol dat "natierlecht" Pluriel-Morphem am Lëtzebuergeschen), verstinn awer dem Cornischong seng Bedenken.

Wéi wier et deemno mat "Op dem Spaweck"? De Romain Hilgert am Land gebraucht deen Ausdrock och, Lex-Rothen wäerte kaum eppes drun auszesetzen hun, an et as nun emol d'Grondbedeitung vum englesche Wuert "Web", déi fir de metaphoreschen Internets-gebrauch Pätter war.

Zevill oséiert??

freet emol de --Zinneke 13:07, 19 Mee 2005 (UTC)

Der Reegel no misst et "Linken" sinn. Dat ass och richteg. Mee hei gëtt et eng Ausnam déi grad esou richteg ass, an dat ass "Links" mat "s". Iergendwou am 144 Säite-Wierk vu Schanen/Lulling iwwert d'Annexe vum Reglement steet déi Méiglechkeet ausdrécklech dran.

"Op dem Spaweck" kléngt originell - an ongewinnt. Enfin, d'Wikipedianer selwer kéinte sech jo dru winnen, mee bäi neie Visiteuren/Lieser sinn ech net grad esou iwwerzeecht. Oder dach awer? --Otets 13:35, 19 Mee 2005 (UTC)

Op der Säit 100 maache Schanen/Lulling de 17molege Rittberger fir ze soen, datt et "Linken" wier, mee datt een e verschiddene Fäll ... (a wa se net gestuerwe sinn ..). De Romain Hilgert, deen e gescheiten a courajéierte Kärel ass, hat do manner Skrupelen. An en huet Recht, an domat den Zinneke och. --Cornischong 13:55, 19 Mee 2005 (UTC)

Ech kennen mech zwar net esou aus, mä eng witzeg Idee wier et emol --Alexandra 13:59, 19 Mee 2005 (UTC)

Ech fanne "Spaweck" extrem originell, fäerten awer datt et net unbedingt vu Greenhorns verstane gëtt. Ech hunn awer prinzipiell och guer näischt géint "Links" bzw "Linken", well dat Wuert, ewéi souvill am Computerberäich einfach aus dem engleschen iwwerholl goufen a Standart sinn. Mer fänke jo hoffentlech net u wéi d'Fransousen déi e Courriel verschécken, en Disque dur am Ordinateur stiechen hunn a Logiciels périphériques benotzen oder ? :-) --Briséisβρισεισ 15:37, 19 Mee 2005 (UTC)

Eenheetlech Propositioun[Quelltext änneren]

No deer ganzer Diskussioun hunn ech versicht, e pragmatesche Kompromëss ze fannen:

Fir Artikelen, wou et souwuel intern Linke wéi och extern Linke gëtt:
== Links ==
=== Intern ===
=== Extern ===

Fir Artikelen, wou et just intern Linke gëtt:
== Kuckt och ==

Fir Artikelen, wou et just extern Linke gëtt:
== Spawecklinks ==

Ka sech jidderee mat deer Propositioun d'accord erklären an dat dann och esou benotzen, oder ginn et wichteg Grënn, déi dergéint schwätzen? --Otets 13:15, 21 Mee 2005 (UTC)

Avant-goût?[Quelltext änneren]

Moien!

E klenge Virgeschmaach op zukünfteg Wahle bei eis?

Spiegel online

Op jiddfer Fall eng gutt Reklamm!

Schéinen Dag,

Zinneke


Moien. Gaaanz interessant. Da musse mer eis e bësse méi em de Referendumen-Artikel këmmeren. Wéi wier et mat enger Ëmfro?! E puer "richteg" (oder "falsch") Sätz, a mer kommen op d'Foto :-) mengt de --Cornischong 08:13, 20 Mee 2005 (UTC)

Déi "richteg" oder "falsch" Sätz misste scho vun enger IP aus der Chamber kommen, well ouni esou en Element wieren d'Transmuselaner och net am Spiegel gelant. --Otets 09:11, 20 Mee 2005 (UTC)