Wikipedia:De Staminee/Archiv2006/Abrëll

Vu Wikipedia

Tennisfederatioun / Artikel iwert d'FLT[Quelltext änneren]

Moien,

Eng kleng Froe. Ween ass hei fir de Sport zustänneg? Op desem site steet leider naischt iwert Tennis (ausser iwert den Gilles Muller). Falls der info oder hellef braucht (Foto'en etc.)iwert déi zweet gréisst Federatioun, da soot mer et w.e.g. Meng mail ass ykemp@flt.lu

Alles gudds, Yves KEMP

Änwert ass eraus. --Cornischong 01:55, 3 Abrëll 2006 (UTC)
Sali Yves.

Majo hei bekëmmert sech jiddfereen iergendwéi e bëssen ëm alles, souvill si mer leider net. Et wir natierlech immens flott wanns du am Tennisrayon méi bewandert bass, an dat dech intresséiert, wanns du wéils matmaachen :-) All Hëllef ass ëmmer wëllkomm ;-) --Briséisβρισεισ 21:05, 2 Abrëll 2006 (UTC)

Ech weess elo net op dat heihi gehéiert oder ënnert "Ech hunn eng Fro", mee wéini ass en Skizz keng Skizz méi? Ech hunn iwwert d'Zoufallsäit verschidde Säite gesinn déi mer relativ komplett schéngen, ouni lo den "Inhalt" genau nozepréifen. Gëtt et do eng Reegel? Myriam 22:59, 2 Abrëll 2006 (UTC)

Et steet jo hei driwwer: "De Stamminet ass eng Plaz fir ... Froe kënnen ze stellen". Bis ewell hu mer keng "offiziell" Skizze-Reegel iergendwou higeschriwwen (ausser: "Wann der en Artikel ufänke wëllt, mee op d'Hëllef vun aneren ugewise sidd, fir e schéi vollstänneg ze kréien."). Wann en Artikel nach Iwwerschrëften huet ënnert deenen näischt steet oder wann e just aus 1-2 Sätz besteet, da schéngt e mer eendéiteg eng Skizz ze sinn. Fir de Rescht hängt et vum Thema a vum Perfektiounswëlle vum Auteur of. Et gëtt Theme wou net immens vill driwwer ze soen ass, sou datt och e relativ klengen Artikel schonn iwwer Skizzenniveau eraus ass. Theme wou méi driwwer ze soen ass riskéiren éischter nach als Skizz bezeechent ze ginn, ausser et huet een net d'Ambitioun d'Artiklelängt vun der de-wiki nozemaachen an et gëtt ee sech scho mat engem gelongene Résumé vun den Haaptpunkten zefridden. --Otets 23:57, 2 Abrëll 2006 (UTC)

De Secret vun de Wikipedia-Hamsteren zum Deel geléist[Quelltext änneren]

Déi däitsch Wikipedia huet neierdéngs an Exklusivitéit en Artikel iwwer d'Wikipedia-Server-Hamsteren! Deen ass hei [[1] ze fannen. --Cornischong 23:18, 3 Abrëll 2006 (UTC)

Wéi bastelen ech en Template fir a meng Babel-Këscht?[Quelltext änneren]

Ech war net esou kéng fir mech dodranner z'aventuréieren, me wéi geet dat? Ech wollt op menger Säit Italieenesch op Niveau 1 dobäi flécken. --Melusina 23:15, 6 Abrëll 2006 (UTC)

Moien. Luuss emol op der Wikipedia:Babel-Säit. --Cornischong 22:30, 6 Abrëll 2006 (UTC)


De Prinzip funktionéiert esou: {{Babel-ZUELVUNDESPROOCHEN|Sproochecode1-Niveau|Sproochecode2-Niveau}} asw. Du hues am Moment 4 Sproochen op denger Säit well du hues {{Babel-4| ... }} do stoen. Du wëlls elo nach eng derbäisetzen, nämlech italieenesch. Dee Moment wëlls du da 5 Sproochen an der Këschtchen hunn => {{Babel-5|...}} De Sproochecode vun italieenesch ass it. D'Niveaue gi vun 1 (net déck) bis 4 (Mammesprooch oder quasi wéi Mammesprooch)

Ech hoffen dat hëlleft der weider :) --Briséisβρισεισ 23:19, 6 Abrëll 2006 (UTC)

an hei sinn ech nach eng Kéier... ech hu probéiert: ët ka spuenësch, russesch, esou guer japanësch, just bei italieenesch geet et net, ech wees net u waat et läit. Merci awer fir d'Hëllef...--Melusina 01:31, 7 Abrëll 2006 (UTC)

Kierchentabell[Quelltext änneren]

Wat fir eng Kierchetabell ass dan elo déi richteg? Déi al Tabell oder déi nei Kierchentabelltest. Wann et déi Nei ass, déi ganz flott ass , da miisst awer vläicht dat Wuert Test aus dem Titel geholl ginn, wëll dat Ganzt soss net kloer ass..Johnny Chicago 10:35, 9 Abrëll 2006 (UTC)

Sali. Majo déi nei an elo dann "richteg" ass d'Ex-Kierchentabelltest, déi awer elo Kierchentabell ganz normal heescht. Well ech mam Cornischong aus éischt getest hat, um Artikel vun der Mamer Kierch, hunn ech mer jo missen en Numm afale loossen, ouni d'Original unzepaken :-) Den Hoken ass elo deen: Well déi nei Tabell ganz liicht anescht opegbaut ass (mat Bild etc.) muss ee leider manuell an all Artikel dat verbessere goen. Do kann ech awer hëllefen.

Fir dass d'Tabell funktionéiert, mussen d'Saachen a follgender Reiefolleg agedro ginn, no GENAU dësem Schema:

{{Kierchentabell|Titel(zb Kierch vu Mamer, Iechternacher Baslika etc.)|[[Fichier:FotovunderKierch|Gréisstpx|WatopderFotoass(zB Kierch vu baussen, Fënster vun der Kierch...)]]|[[Uertschaft]]|Par|Numm (also d'Dedicace), zum Hlg. Willibrord, Hlg. Jousef etc.|Konsekratiounsjoer|Parverband|Architekten(wann et der vill sinn, sou wéi bei de Filmtabellen déi eenzel mat <br> trennen, da stinn se schéin ënnerdeneen}}

Sollt eemol kee Bild do sinn (wat jo net oft virkënnt), dann do wou d'Bild ging hikommen einfach schreiwen Nach kee Bild do.

Wann nach Froe sinn, du wees wou's de mech fënns :-) --Briséisβρισεισ 11:06, 9 Abrëll 2006 (UTC)

Problem !?[Quelltext änneren]

Wann ech an der lénker Spléck an der "Navigatioun" op "Rezent Ännerungen" klicken kréien ech "Dës Spezialsäit gëtt et net. Dir wëllt eng Spezialsäit kucken, déi vu wiki net erkannt gëtt.". Sinn ech deen Eenzegen?? --Cornischong 11:59, 10 Abrëll 2006 (UTC)

Ech hat de Message och. Myriam 12:15, 10 Abrëll 2006 (UTC)

Do schéngt e Problem mat engem Link ze sinn wat hien do falsch mecht. Gëschter ass et nach gaangen...ech kucken herno emol. --Briséisβρισεισ 12:13, 10 Abrëll 2006 (UTC)

Et kann een awer iwwer den däitschen (mam franséischen klappt et och) Wikipedia fueren, op "Letzte Änderungen" goen an dann op "Lëtzebuergesch" klicken. Da krit een d'Säit ganz normal Fliedermaus 12:25, 10 Abrëll 2006 (UTC)

Et geet elo erëm. Do hat eng Joffer Alexandra et zevill gudd gemengt mam Lëtzebuergeschen, mee d'Adress vun de Spezialsäite muss englesch bleiwen, soss ginn se net :-) --Briséisβρισεισ 13:01, 10 Abrëll 2006 (UTC)

Ech hat gemengt mir hätte schonn en Artikel iwwert Delphi gehat (vum Ernmuhl) oder spannen ech elo komplett? Myriam 20:33, 10 Abrëll 2006 (UTC)

Maär hunn en Artikel, deen "Orakel vun Delphi" heescht, bei deem den Ernmuhl näischt gemaach huet, an deen d'Briséis ugefaangen hat an dee gréissten Deel geschriwwen huet. --Cornischong 21:54, 10 Abrëll 2006 (UTC)

Dann hunn ech dat wuel mat enger anerer Wiki verwiesselt. Myriam 22:00, 10 Abrëll 2006 (UTC)

Orakel vun Delphi = mäi Cours vu Griichescher Geschicht vun leschte Joer iwwer "Orakelen a Relioun am aale Griicheland" :-) --Briséisβρισεισ 00:37, 11 Abrëll 2006 (UTC)

Wie schreift Jèrriais??[Quelltext änneren]

Eng ganz nei Wikipedia op Jèrriais ass [[2]] hei ze fannen. Si hu bis elo 272 Artikelen. Iwwregens gëtt et nach neier: Eng déi fir Lëtzebuerger ganz intrigant misst sinn: [[3]], op Pennsylvania-Däitsch. --Cornischong 22:57, 12 Abrëll 2006 (UTC)

Den Ausdrock "Uffguckbichli" fir "Lexikon" ass u sech schons derwäert, do eran ze luussen ;-)--Zinneke 17:20, 18 Abrëll 2006 (UTC)

Erop oder erof??[Quelltext änneren]

Léif Leit. Bei de Filmlëschte fannen ech beim Gilles Grangier deen eelste Film uewen, an da geet et erof bei deen Neisten. Beim Jack Nicholson steet dee leschten uewen. Et wier besser, mer géifen eis eens. Geheier mer den Euro? --Cornischong 22:37, 14 Abrëll 2006 (UTC)

Salut. Soll/duerf en hei elo ofstëmmen? Ech wier dann fir déi klassesch Oplëschtung wéi en se an de Bicher fënnt, d Wieker der Reih no wéi se entsannen sinn, deen elsten fir d'éischt an um Wupp vun der Lëscht den neisten. Bei IMDb ass et anescht, do sti ganz uewen op der Lescht déi neisten Filmer, me daat as jo en "outil de recherche" fir Filmer, waat d'Wiki net ass an mengen ech och net soll sinn--Melusina 15:50, 18 Abrëll 2006 (UTC)

Salut Melusina. Et soll op alle Fall jidderee seng Meenung soen. Ech hunn nogekuckt; mär hunn der an all (méiglech) Richtung. Da loosse mer et mol dobäi sinn :-) --Cornischong 16:36, 18 Abrëll 2006 (UTC)

Well ech vill op der IMDb ënnerwee sinn, hunn ech mech eigentlech schon un de System "daat neitsten aus éischt" gewinnt. Dat ass wéi an engem CV, do fänkt een och net mat der Primärschoul un :-) Egal wéi sollte mer dann ofstëmmen, wéi mer et halen, fir dass dat awer ëmmer d'selwecht rullt. Schreift ären Numm ënnert de respektiven Titel fir deen dir stëmmt, an da maache mer et sou wéi d'Majoritéit et am beschte/logeschste fënnt :-) MfG --Briséisβρισεισ 21:23, 19 Abrëll 2006 (UTC)

Filmographie vun nei op al ?[Quelltext änneren]


  • Konnt mech net entscheeden sou huet eng walisesch 1£ Mënz fir mech entscheed.--Cacahuete 05:44, 24 Abrëll 2006 (UTC)

Filmographie vun al op nei ?[Quelltext änneren]

Wéi laang get ofgestëmmt?. D'Ofstëmmung schingt net vill Leit ze interresséieren , wann een d'Resultat de Moment kuckt. Esouguer waarde mer nach op d'Meenung vun deem deen d'Diskussioun lancéiert huet. Ech wéisst gären ewéi ech mech der nächster Filmographie muss verhalen. Bis eng Décisoun geholl ass, sinn ech mat Filmartikele blockéiert.Johnny Chicago 00:04, 24 Abrëll 2006 (UTC)
Et gëtt Traditioun: Wéi laang d'Ofstëmmung dauert, gëtt herno diskutéiert.
"Dat ass wéi an engem CV, do fänkt een och net mat der Primärschoul un" : An ech hätt geschwuer, datt dach!
Ech hunn emol gekuckt, wéi eis Kollegen d'Filmografien upaken: Déi al fir d'éischt huelen ë.a. sv, en, de, nl, eo, hu, fi, pt an d'fr. Déi neiste Filme vir huelen d'Bulgaren an d'Spuenier. (Getest mam Jean Gabin an Humphrey Bogart).
Dës Ofstëmmung intresséiert mech wuel (wéi alles wat hei leeft oder steet), mee zënter der Zombie-Ofstëmmung, mat den hallef Doudegen den Net-Existéiernden an de Schwoeren, zécken ech e bëssen. Anscheinend waarden d'Melusina, d'Myriam an de Pecalux op d'Resultat ier se weiderschreiwen.
Well ech iwwerzeegt sinn, datt de Verstand d'Majoritéit kritt, waarden ech mat op e Resultat. --Cornischong 00:57, 24 Abrëll 2006 (UTC)
Maja 4 géint 2 sinn dofir, mat den neie Filmer unzefänken, da maache mir dat ab elo esou. --Briséisβρισεισ 08:20, 24 Abrëll 2006 (UTC)

De Gallerie-Problem[Quelltext änneren]

Nodeems d'Anthere mer net weiderhëllefe konnt, hunn ech emol bei eisen englesche Kollegen nogefrot. Bis den Owend koum nach keng Entwert, mee ech halen dat emol am Aa [4]. Datt do mol een sech drëms këmmert. Op Frënd oder net Frënd dervunner, Commons fiert dermat, an alleng dowéinster soll dat endlech nees klappen. --Briséisβρισεισ 21:19, 19 Abrëll 2006 (UTC)

Villäicht hunn ech elo rëm eppes verpasst, mee wisou ass de Menu lénks elo erëm op englesch? Myriam 00:25, 20 Abrëll 2006 (UTC)

Ach dat kënnt heiandso fir, dann ass meeschtens e Knuet irgendwou an der Leitung :D --Briséisβρισεισ 08:47, 24 Abrëll 2006 (UTC)

D'Präisdréier vum véierten de-Wikipedia-Schreifconcours si bekannt[Quelltext änneren]

Den Artikel "Braunbär" gouf den Haaptgewënner. Liest dat emol hei [5] duerch. --Cornischong 10:20, 23 Abrëll 2006 (UTC)