Wikipedia:Lizenzéierung fir Ufänger
Ier een e Mediefichier op d'Wikipedia eropluet muss ee sech Gedanke maachen, wéi eng Lizenz dee Fichier kréie muss. Weem eisen Einfache Billerguide net weiderhëllefe konnt, dee ka sech dës Informatiounssäit Lizenzéierung fir Ufänger duerchliesen. Hei gëtt versicht an enger och fir Net-Juriste verständlecher Sprooch e bësse méi an d'Déift vum Sujet ze goen an och e puer Spezialfäll ze behandelen, ouni awer elo juristesch Mécken ze péilen.
Ween trotzdem mat esou enger juristescher Méck confrontéiert gouf, dee ka komplementär zu dëser Säit och nach eis Biller-FAQ duerchgoen oder aner Wikipedianer ëm Rot froen.
Am Standardfall hutt Dir dat Bild dat Dir eropluede wëllt selwer gemaach an et weist weder eng Persoun, nach e Konschtwierk, Gebai, Logo, Wopen oder Timber. Déi Spezialfäll ginn an engem zweete Paragraph behandelt. Duerno gëtt gekuckt wéi eng Lizenz Biller kréie sollen déi Dir net selwer gemaach hutt an zum Schluss gëtt nach drop agaange wat Dir maache sollt wann Dir esou friem Biller zousätzlech nach verännert oder mat anerem Material kombinéiert hutt.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] De Standardfall
Wann Dir e Bild gemaach hutt wat näischt weist op dat en anere Rechter kéint hunn, an Äert Bild huet déi néideg Schëpfungshéicht, da leien d'Droits d'auteur dervunner exklusiv bei Iech an Dir kënnt eleng decidéieren, ënnert wéi enge Conditiounen Dir et bei Wikipedia verëffentleche wëllt. Déi Conditioune ginn an enger Lizenz zesummegefaasst.
Well d'Benotzungsbedingunge vun der Wikipedia am Prinzip just Lizenzen erlaben, déi de generelle But vu "fräiem" Gebrauch a Weidergi vu Mediefichieren ënnerstëtzen, ass Äre Choix u Lizenze limitéiert.
Fir d'Iwwersiicht net ze verléiere bitt d'Eropluedsäit vun der Wikipedia déi dräi geleefegst vun de sëlleche Standardlizenzen un, déi et ginn. Staark recommandéiert ass déi combinéiert GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun ("GFDL") mat der Creative Commons Lizenz by-sa/3.0/Lëtzebuerg ("CC-by-sa"). Och déi Fräi Bild-by Lizenz ass méiglech.
[änneren] GFDL
D'Free Software Foundation war eng vun den éischten déi eng fräi Standardlizenz erausginn huet. D'GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun (GFDL) war an éischter Linn geduecht fir Handbicher, déi am Kader vum GNU-Projet fir e fräit Betribssystem geschriwwe goufen, ënnert bal déiselwecht fräi Lizenz ze stelle wéi d'Software selwer an esou de Geescht vun der Bewegung fir Fräi Software ze garantéieren. D'Lizenz gouf séier populär a gouf dunn och fir aner Dokumenter an esouguer Biller gebraucht.
Wann den Detenteur vun den Droits d'auteur e Wierk ënnert déi Lizenz stellt, da gesteet e jidderengem d'Recht zou, dëst Wierk ze kopéieren an ze redistribuéieren, am Original oder a verännerter Form, fir kommerziell grad ewéi netkommerziell Zwecker, ënnert der Bedingung datt den Numm vum Auteur genannt gëtt an datt verännert Wierker ënnert déiselwecht Lizenz stoe komme musse wéi d'Original. Deen deen d'Lizenz gëtt ass net responsabel fir Verännerungen déi duerch anerer gemaach goufen.
Dëse leschte Punkt huet fir Kritik gesuergt, well ënnert lëtzebuergeschem Recht d'Ausschléisse vu Responsabilitéit bei expressege Feeler a graver Noléissegkeet onwierksam ass an am Fall wou dëst Recht sech applizéiert deen deen d'Lizenz uwenne wëll an d'Ier gefouert gëtt. En anere Kritikpunkt ass de Fait datt déi eenzeg offiziell Versioun vun der GFDL just op Englesch ass.
An der Lescht sinn d'Standardlizenze vu Creative Commons méi populär gi wéi d'GFDL, well si manner komplizéiert sinn, vun Ufank u fir all Zorte Wierker geduecht sinn an a ville Sproochen disponibel sinn.
[änneren] Creative Commons
[änneren] Aner Fräi Lizenzen
[änneren] Spezialfäll mat eegene Biller
[änneren] Biller vu Persounen
[änneren] Biller vu Konschtwierker oder Gebaier
[änneren] Biller vu Logoen, Wopen oder Timberen
Et ka virkommen, datt der eng Foto vun engem Logo, Wopen oder Timber gemaach hutt. Well sech an esou engem Fall gemenkerhand beméit gëtt, e méiglechst geneet Ofbild dovun ze kréien, tendéiert déi eege Kreativitéit (net ze verwiessele mam technesche Savoir faire) normalerweis géint Null an där hutt keng eegen Droits d'auteur drop.
Dat heescht awer net datt net aner Persounen verschidde Rechter op esou e Logo, Wopen oder Timber kënnen hunn. Eng Iwwersiicht iwwert esou Rechter a wéi een dermat soll ëmgoe gëtt et am Paragraph hei drënner iwwer friem Biller.
[änneren] Friem Biller
[änneren] Al Biller
[änneren] Biller ouni Schëpfungshéicht
[änneren] Biller vun offiziellen Organisatiounen
[änneren] Biller vu Commons oder anere Wikipediaen
Biller vu Commons kënnen ëmmer op dëser Wikipedia gebraucht ginn, well déi op Commons erlaabte Lizenzen ouni Aschränkung och hei gebraucht kënne ginn. Där musst esou Biller vu Commons net emol hei eroplueden, well dës Wikipedia automatesch Zougrëff dodrop huet, wéi wann déi Biller hei lokal géife leien. Deemno musst der och net extra op der Bildbeschreiwungssäit eng Lizenz uginn, d'Beschreiwungssäit vu Commons gëtt automatesch hei ugewisen. Dat eenzegt wat der kënnt maachen ass eng Beschreiwung vum Sujet vum Bild op Lëtzebuergesch derbäisetzen.
D'Eropluede vu Biller vun anere Wikipediaen kann heiansdo méi quokeleg sinn.
[änneren] Biller vu Logoen
[änneren] Biller vu Wopen oder Timberen
[änneren] Soss friem Biller
Ob der elo friem Biller vum Internet kopéiert oder vu Pabeierspublikatiounen offotograféiert ...
Lizenz respektéieren (z.b. Flickr) / Autorisatioun froen
Op der lb-wiki erlaabte Lizenzen
Fair use
[änneren] Biller veränneren oder matenee kombinéieren
Eege Biller déi dem Standardfall entsprieche kënnt der natierlech ëmmer veränneren oder matenee kombinéiere wéi der wëllt. Bei eege Biller vu Spezialfäll musst der eventuell eng nei Autorisatioun vun deene Persoune froen, deenen hir Rechter nach mat am Spill sinn, wann déi ursprénglech Autorisatioun déi geplangte Verännerungen oder Kombinatiounen net mat abegräift.
Friem Biller brauchen ëmmer als éischt eng Autorisatioun, Verännerunge vun esou Biller sinn do keng Ausnam (vum Erofskaléire fir eng Fair use Lizenz kënnen ze gebrauchen emol ofgesinn). Juristesch interessant gëtt et virun allem, wann esou eng Autorisatioun a Form vun enger Lizenz effektiv virläit.
Wann déi Lizenz Verännerungen oder Kombinatiounen net erlaabt, wéi z.B. d'Creative Commons No Derivative Works (ND) Lizenz, dann ass ee séier um Enn well dann däerf een dat einfach net.
Wann d'Lizenz Verännerungen oder Kombinatiounen awer erlaabt, da stellt sech d'Fro, ënnert wéi enger Lizenz dat neit verännert oder kombinéiert Wierk stoe muss.
Verännerungen: fräie Gebrauch gëtt fräie Lizenz-Choix, SA gëtt déiselwecht Lizenz.
Kombinatiounen: dat ass richteg quokeleg.