Wikipedia:Lizenzschabloune fir Biller

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Lizenzschabloune fir Biller ginn ugeroden, fir d'Kennzeechnung fir de rechtleche Status bei der Benotzung vu Biller an der lëtzebuergescher Wikipedia. Et kann een och d'Biller direkt op Commons eroplueden. Informatiounen dozou fannt Der op Wikimedia Commons.

Op Hëllef:Schablounen ass erkläert, wéi d'Textbausteng technesch funktionéieren, a wéi si an den Artikel agebaut kënne ginn.

Op Wikipedia:Lizenzéierung fir Ufänger fannt Der Schrëtt fir Schrëtt erkläert, wéi ee mat Lizenzen ëmgeet, an eng Äntwert op typesch Ufängerfroen zu de Lizenzen.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Informatiounen zu de Biller

D'Virlage fir d'Lizenz vun engem Bild kënnt Der direkt beim Eropluede vum Bild selwer an d'Textfeld aginn. Verschidde gängeg Lizenze kënnen och direkt iwwert de Menu ausgewielt ginn. Domadder erschénge se automatesch op der Bildbeschreiwungssäit. Natierlech kann d'Beschreiwung vun engem Bild och nach nodréiglech verännert ginn (wann een zum Beispill - wat jo alt emol virkënnt - vergiess huet eng Lizenz unzeginn).

Folgend Bausteng solle bei der Beschreiwung vun de Biller benotzt ginn, fir datt alles eenheetlech gehalen ass.

Zousätzlech zu der Lizenz kënnen - a sollen - och weider Informatiounen do stoen, sou zum Beispill wou d'Bild hierkënnt.

Am Idealfall steet also ënnert engem Bild folgenden Text:

* Sujet: Wat ass um Bild ze gesinn
* Source: Wou kënnt d'Bild hier ? (vun enger anerer Wikipedia, selwer gemaach etc.)
* Autorisatioun: Wann d'Bild ënnert engem Copyright steet, kann een uginn, wisou een et benotzen däerf.

[änneren] Lizenzschablounen

Natierlech ass et och méiglech, e Bild ënnert méi wéi enger Lizenz ze verëffentlechen. Déi meescht vun dëse Lizenze si scho ganz speziell an Der wäert se och net esou dacks op der Wikipedia begéinen.

[änneren] CC-Lizenzen

Bausteen an Erklärung Beispill
{{Bild-CC-by-sa/3.0/lu}}

Creative Commons - Attribution-ShareAlike 3.0 Lëtzebuerg

CC SomeRightsReserved.png

Flag of Luxembourg.svg
Dëst Bild gouf ënnert de Bedingunge vun der Creative Commons Nummnennung-Weidergab ënnert de selwechte Bedingungen 3.0 Lëtzebuerg verëffentlecht.

Dës seet, am Resumé: d'Bild ka vu jidderengem gebraucht a reproduzéiert ginn, och a verännerter Form, ënnert der Konditioun (1) datt den Auteur vum Originalwierk ëmmer mat vollem Numm respektiv Pseudonym genannt gëtt (hie behält den Droit moral), an (2) datt d'Lizenz déiselwecht bleiwe muss an och mat "CC-by-sa/3.0/lu" ugi gëtt.


{{Bild-CC-by-sa/3.0}}

Creative Commons - Attribution-ShareAlike 3.0

CC SomeRightsReserved.png Dëst Bild gouf ënnert de Bedingunge vun der Creative Commons Attribution-ShareAlike License an der Versioun 3.0 (Ofkierzung „cc-by-sa“) verëffentlecht.


{{Bild-CC-by-sa/2.5}}

Creative Commons - Attribution-ShareAlike 2.5

CC SomeRightsReserved.png Dëst Bild gouf ënnert de Bedingunge vun der Creative Commons Attribution-ShareAlike License an der Versioun 2.5 (Ofkierzung „cc-by-sa“) verëffentlecht.


{{Bild-CC/2.5 Generic}}

Creative Commons - Attribution-2.5 Generic

CC SomeRightsReserved.png Dëst Bild gouf ënnert de Bedingunge vun der Creative Commons Attribution 2.5 Generic Lizenz verëffentlecht.


{{Bild-CC-by-sa/2.0}}

Creative Commons - Attribution-ShareAlike 2.0

CC SomeRightsReserved.png Dëst Bild gouf ënnert de Bedingunge vun der Creative Commons Attribution-ShareAlike License an der Versioun 2.0 (Ofkierzung „cc-by-sa“) verëffentlecht.


{{Bild-CC-by-sa/2.0/de}}

Creative Commons - Attribution-ShareAlike 2.0 Germany

CC SomeRightsReserved.png Dëst Bild gouf ënnert de Bedingunge vun der Creative Commons Nummnennung-Weidergab ënnert de selwechte Bedingungen 2.0 Däitschland verëffentlecht.


{{Bild-CC-by-sa/2.0/at}}

Creative Commons - Attribution-ShareAlike 2.0 Austria

CC SomeRightsReserved.png Dëst Bild gouf ënnert de Bedingunge vun der Creative Commons Nummnennung-Weidergab ënnert de selwechte Bedingungen 2.0 Éisträich (Ofkierzung „cc-by-sa/2.0/at“) verëffentlecht.


{{Bild-CC-by-sa-Naturspektrum}}

Creative Commons - Attribution-ShareAlike 2.0 - Bild vun naturspektrum

CC SomeRightsReserved.png
Lycaena virgaureae.jpg
Dëst Bild kënnt aus der Billersammlung op http://www.naturspektrum.de a gouf ënnert de Bedingunge vun der Creative Commons Attribution-ShareAlike License an der Versioun 2.0 (Ofkierzung „cc-by-sa“) zur Verëffentlechung fräiginn. Fotograf ass den Holger Gröschl.


{{Bild-CC-by/3.0}}

Creative Commons - Attribution 3.0

CC SomeRightsReserved.png Dëst Bild gouf ënnert de Bedingunge vun der Creative Commons Attribution License an der Versioun 3.0 (Ofkierzung "cc-by") verëffentlecht.


{{Bild-CC-by/2.0}}

Creative Commons - Attribution 2.0

CC SomeRightsReserved.png Dëst Bild gouf ënnert de Bedingunge vun der Creative Commons Attribution License an der Versioun 2.0 (Ofkierzung "cc-by") verëffentlecht.


{{Bild-CC-by/2.0/de}}

Creative Commons - Attribution 2.0 Germany

CC SomeRightsReserved.png Dëst Bild gouf ënnert de Bedingunge vun der Creative Commons Nummnennung 2.0 Däitschland („CC-BY“) verëffentlecht.


{{Bild-CC-by/2.5}}

Creative Commons - Attribution 2.5

CC SomeRightsReserved.png Dëst Bild gouf ënnert de Bedingunge vun der Creative Commons Attribution License an der Versioun 2.5 (Ofkierzung "cc-by") verëffentlecht.


{{Bild-CC-sa/1.0}}

Creative Commons - ShareAlike 1.0

CC SomeRightsReserved.png Dëst Bild gouf ënnert de Bedingunge vun der Creative Commons ShareAlike License an der Versioun 1.0 (Ofkierzung "sa") verëffentlecht.


[änneren] Domaine-Public-Lizenzen

Bausteen an Erklärung Beispill
{{Bild-PD}}

Domaine public

PD-icon.svg Notiz: Dës Lizenzschabloun ass net méi aktuell - ersetzt se w.e.gl. mat enger méi spezifescher:

Dëst Bild gehéiert zum Domaine public, well:

  • seng Schutzdauer ofgelaf ass; oder
  • et net déi néideg Schëpfungshéicht erreecht fir geschützt ze sinn; oder
  • et vu sengem Auteur zu onageschränkter Benotzung fräigi gouf an deem Ëmfang wéi et am jeeweilegen nationale Recht erlaabt ass; oder
  • et duerch seng speziell Natur oder Origine per se net geschützt ass.


{{Bild-PD-al}}

Domaine public - Schutzdauer ass ofgelaf

PD-icon.svg Dëst Bild ass an den Domaine public gefall, well de Copyright ausgelaf ass.
No EU-Recht muss een nom Doud vum Auteur nach 70 Joer waarde bis datt d'Wierk net méi protegéiert ass.


{{Bild-PD-Schëpfungshéicht}}

Domaine public - Schëpfungshéicht feelt.

PD-icon.svg Dëst Bild erreecht net déi néideg Schëpfungshéicht fir en urheberrechtleche Schutz an ass domadder am Domaine public.


{{Bild-PD-fräi}}

Domaine public-Bild (+Gemengfräiheet)
Ass zu Lëtzebuerg net rechtswierksam

PD-icon.svg

Copyrighted

Dëst Wierk gouf vu sengem Auteur an den Domaine public gesat. Dëst gëllt weltwäit.

oder, am Fall wou datt net rechtswierksam méiglech ass,
Den Auteur garantéiert en onbeschränkt Benotzerrecht ouni Bedingungen, an deem Ëmfang, dee gesetzlech méiglech ass.


{{Bild-PD-Auteur}}

Eegent Domaine public-Bild (+Gemengfräiheet)
Ass zu Lëtzebuerg net rechtswierksam

PD-icon.svg

Copyrighted

Ech, den Auteur vun dësem Bild, setze mäi Wierk an den Domaine public. Dëst gëllt weltwäit.

oder, am Fall wou dat net rechtswierksam méiglech ass,
Ech, den Auteur vun dësem Wierk, garantéieren en onbeschränkt Benotzerrecht ouni Bedingungen, an deem Ëmfang, dee gesetzlech méiglech ass.


{{Bild-PD-US}}

Domaine public - Bild gouf vun enger Organisatioun, déi der US-Regierung ënnersteet, verëffentlecht.

Public domain Dëst Wierk ass an de Vereenegte Staate vun Amerika am Domaine public ("public domain"), well et vun engem Staatsbeamten vun der US-amerikanescher Regierung ("federal government") gemaach gouf, an domadder e Wierk vun der Regierung vun de Vereenegte Staate vun Amerika ass.

Note: Dem United States Code (Titel 17 U.S.C. § 105) no, falen nëmmen déi Wierker automatesch ënnert den Domaine public, déi um Niveau vun der Federatioun (federal government) gemaach goufen.

Great Seal of the US.png


{{Bild-PD-US-Army}}

Domaine public - Bild gouf vun engem Zaldot oder Matarbechter vun der US Army wärend der Ausübung vu sengen dingschtleche Pflichten erstallt.

US Department of the Army seal.png Dëst Bild ass an den USA am Domaine public, well et vun engem Zaldot oder Mataarbechter vun der US Army während sengem Déngscht gemaach gouf, an domadder e Wierk vun der Regierung vun de Vereenegte Staate vun Amerika ass.


{{Bild-PD-US-Navy}}

Domaine public - Bild gouf vun engem Zaldot oder Matarbechter vun der US Navy wärend der Ausübung vu sengen dingschtleche Pflichten erstallt.

NavySeal.png Dëst Bild ass an den USA gemengfräi („public domain“), well et vun engem Zaldot oder Mataarbechter vun der US Navy während sengem Déngscht gemaach gouf, an domadder e Wierk vun der Regierung vun de Vereenegte Staate vun Amerika ass.


{{Bild-PD-US-Air Force}}

Domaine public - Bild gouf vun engem Zaldot oder Matarbechter vun der US Air Force wärend der Ausübung vu sengen dingschtleche Pflichten erstallt.

Seal of the US Air Force.svg Dëst Bild ass an den USA gemengfräi („public domain“), well et vun engem Zaldot oder Mataarbechter vun der US Air Force während sengem Déngscht gemaach gouf, an domadder e Wierk vun der Regierung vun de Vereenegte Staate vun Amerika ass.


{{Bild-PD-US-Marines}}

Domaine public - Bild gouf vun engem Zaldot oder Matarbechter vun dem United States Marine Corps wärend der Ausübung vu sengen dingschtleche Pflichten erstallt.

USMC logo.svg Dëst Bild ass an den USA gemengfräi („public domain“), well et vun engem Zaldot oder Mataarbechter vun de US Marines während sengem Déngscht gemaach gouf, an domadder e Wierk vun der Regierung vun de Vereenegte Staate vun Amerika ass.


{{Bild-PD-USGov-Interior-USGS}}

Domaine public - Bild staamt vum United States Geological Survey.

Seal of the US Air Force.svg Dëst Bild ass gemengfräi („public domain“), well et vum USGS kënnt, enger Administratioun vum United States Department of the Interior.


{{Bild-PD-NASA}}

Domaine public - Bild gouf vun der NASA verëffentlecht.

Shuttle.svg Dëst Bild gouf vun der NASA erstallt a verëffentlecht oder benotzt Material vun der NASA. All Informatioune vun der NASA sinn am Domaine public mat der Ausnam vum Logo.


{{Bild-PD-WorldWind}}

Domaine public - Bild aus der fräier Software Nasa World Wind.


Public domain
Dëst Bild ass gemengfräi ("public domain"), well et sech ëm eng Satellitefoto aus der fräier Software NASA World Wind handelt.
Globe-worldwind.jpg
{{Bild-PD-UTexas}}

Domaine public - Bild vun der University of Texas Libraries

Dëst Bild kënnt vun der Universitéitsbibliothéik vun der Universitéit vun Texas an ass dohir gemengfräi („public domain“).
{{Bild-PD-Konscht}}

Domaine public - Schutzdauer fir den Tableau ass no däitschem Copyright ofgelaf

PD-icon.svg D'Schutzdauer vun dëser zweedimensionaler Virlag ass no de Mossstief vum däitsche Copyright ofgelaf. Si steet domadder am Domaine public. Geneesou steet och dës Foto am Domaine public, well si keng eege Schëpfungshéicht opweises huet.
{{Bild-PD-Meyers}}

Domaine public - Bild aus der 4. Oplag vum Meyers Konversationslexikon.

Meyerskonvlexikon.jpg Dëst Bild kënnt aus der 4. Oplag vum Meyers Konversationslexikon. D'Schutzfrist fir dëst Wierk ass ofgelaf, an domadder steet d'Bild am Domaine public.


{{Bild-PD-Britannica1911}}

Domaine public - Bild aus der Encyclopædia Britannica vun 1911.

Ad Encyclopaedia-Britannica 05-1913.jpg Dëst Bild kënnt aus der Encyclopædia Britannica vun 1911. D'Schutzfrist fir dëst Wierk ass ofgelaf, an domadder steet d'Bild am Domaine public („public domain“).


{{Bild-PD-Grays}}

Domaine public - Bild aus der 20. Oplag vun Gray’s Anatomy of the Human Body vun 1918.

Dëst Bild kënnt aus der 20. Oplag vu Gray’s Anatomy of the Human Body vun 1918. D'Schutzfrist fir dëst Wierk ass ofgelaf, an domadder steet d'Bild am Domaine public („public domain“).


{{Bild-PD-BW}}

Domaine public - Biller aus enger oppener Dingschtvirschrëft vun der Bundeswehr (ZDv).

Bundeswehr Kreuz.svg Dëst Bild kënnt vun enger oppener zentraler Déngschtvirschrëft vun der Bundeswehr (ZDv). Well dës Déngschtvirschrëften zu den amtleche Wierker zielen, steet et am Domaine public („public domain“). Et kann awer op Grond vun anere gesetzleche Bestëmmungen a senger Notzung beschränkt sinn.


{{Wopen-PD-LUX}}

Domaine public - Wopen a.ä. vun enger lëtzebuergescher Kierperschaft vum ëffentleche Recht (z.B. Stied oder Gemengen). D'Benotzung ënnerläit awer ënner Ëmstänn zousätzleche gesetzleche Beschränkungen.

Coat of Arms of Luxembourg.svg Dëst Bild stellt e Wopen no lëtzebuergeschem Recht duer. Dem Lëtzebuerger Mémorial vum 16. September 1993 no dierfen dës Wope fräi benotzt ginn, mat folgenden Aschränkungen:
  • bei der Intentioun vu Bedrug
  • bei der Intentioun, si zu kommerziellen, industriellen, berufflechen oder Reklammzwecken ze benotzen, ausser bei Fäll déi vum Gesetz virgesi sinn.


{{Wopen-PD-DE}}

Domaine public - Wopen a.ä. vun enger däitscher Kierperschaft vum ëffentleche Recht (z.B. Stied oder Gemengen). D'Benotzung ënnerläit awer ënner Ëmstänn zousätzleche gesetzleche Beschränkungen.

Coat of Arms of Germany.svg Dëst Bild stellt e Wope vun enger däitscher Kierperschaft vum ëffentleche Recht duer.
No § 5 Abs. 1 UrhG (Däitschland) sinn amtlech Wierker wéi Wope gemengfräi („public domain“).

Wope sinn allerdéngs an hirer Notzung gesetzlech beschränkt. Hir Benotzung ënnerläit dem Nummrecht an den ëffentleche Kierperschaften dénge si doriwwereraus als Hoheitszeechen. Weider Informatiounen dozou gëtt et ënnert Wikipedia:Wopen, Amtlech Wopen a Wopesatzung.

{{Wopen-PD-LV}}

Domaine public - Wopen a.ä. vun enger lettescher Kierperschaft vum ëffentleche Recht (z.B. Stied oder Gemengen). D'Benotzung ënnerläit awer ënner Ëmstänn zousätzleche gesetzleche Beschränkungen.

Lv wappenklein.png Dëst Bild stellt e Wope vun enger lettescher Kierperschaft vum ëffentleche Recht duer. No § 6 Abs. 2 vum lettesche Gesetz iwwer d'Droits d'auteur sinn amtlech Wierker wéi Wopen gemengfräi („public domain“).

Wope sinn allerdéngs an hirer Notzung gesetzlech beschränkt. Hir Benotzung ënnerläit dem Nummrecht an den ëffentleche Kierperschaften dénge si doriwwereraus als Hoheitszeechen. Weider Informatiounen dozou gëtt et ënnert Wikipedia:Wopen, Amtlech Wopen a Wopesatzung.

{{Wopen-PD-PL}}

Domaine public - Wopen a.ä. vun enger polnescher Kierperschaft vum ëffentleche Recht (z.B. Stied oder Gemengen). D'Benotzung ënnerläit awer ënner Ëmstänn zousätzleche gesetzleche Beschränkungen.

Herb Polski.svg Nom polneschen Urheberrechtsgesetz vum 4. Februar 1994 (Kapitel 1, Artikel 4, Punkt 4) ënnerleien amtlech Symboler, Dokumenter an Zeechen, déi vu polnesche staatlechen Institutioune verëffentlecht goufe, kengen Droits d'auteur. Si sinn domadder am Domaine public'. Trotzdem ass et méiglech, datt esou Biller am Eenzelfall, ofhängeg vum Kontext, duerch aner Rechter geschützt sinn!
{{Bild-Wopen Italien}}

Domaine public - Wopen a.ä. vun enger italienescher Kierperschaft vum ëffentleche Recht (z.B. Stied oder Gemengen). D'Benotzung ënnerläit awer ënner Ëmstänn zousätzleche gesetzleche Beschränkungen.

Italy-Emblem.svg Dëse Fichier weist en italienesche Wopen. Och wann esou e Wopen ë.Ë. ënnert enger fräier Lizenz steet oder net duerch d'Droits d'auteur geschützt ass, sou kann de Gebrauch dovunner trotzdem duerch aner rechtlech Bestëmmunge (ouns d'Droits d'auteur) limitéiert sinn.
{{Timber-Däitschland}}

Domaine public - Bild vun engem westdäitschen Timber (1949-1990) duerno och fir d'gesamt Bundesrepublik Däitschland gëlteg. Soulaang den Timber vun der Deutschen Post AG erausbruecht ginn ass, an eng Entwäertung opweises huet.

Public domain
Dësen Timber gouf vun der Däitscher Bundespost bzw. Däitscher Bundespost Berlin oder hirem Nofolger der Deutsche Post World Net AG erausginn, an ass no § 5 Abs. 1 UrhG en amtlecht Wierk.

No dem däitschen Urhebergesetz ass et domadder gemengfräi („public domain“).

Weider Informatiounen
Flag of Germany.svg
{{Timber-DDR}}

Domaine public - Bild vun engem Timber aus der DDR (1949-1990).

Public domain
Dësen Timber gouf vun der Däitscher Post vun der DDR oder der sowjetescher Besatzungsmuecht tëscht 1945 an 1990 erausginn.

Den 3. Oktober 1990 gouf d'Däitsch Bundespost Rechtsnofolger. D'Urheberrechter sinn domadder och no § 5 Abs. 1 UrhG en amtlecht Wierk. Nom däitschen Urhebergesetz fält dat domadder an den Domaine public („public domain“).

Weider Informatiounen
Flag of East Germany.svg
{{Timber-DBZ}}

Domaine public - Bild vun engem Timber, dee vun mindestens enger vun de véier Besatzungsmuechte verëffentlecht ginn ass (1945 - 1949).

Public domain
Dësen Timber gouf vun opmannst enger vun de véier Besatzungsmuechten nom Zweete Weltkrich tëscht 1945 an 1949 an Däitschland erausginn.

Mat der Grënnung vun der Bundesrepublik Deutschland an der DDR goufen déi zwéi Staaten d'Rechtsnofolger. D'Urheberrechter sinn domadder och laut § 5 Abs. 1 UrhG en amtlecht Wierk. Nom däitschen Urhebergesetz ass d'Bild domadder gemengfräi („public domain“).

Weider Informatiounen
Deutschland Besatzungszonen 1945 1946.png
{{Timber-Reichspost}}

Domaine public - Timber vun der Deutschen Reichspost bis 1945.

Public domain
Dësen Timber gouf vun der Däitscher Räichspost erausginn.

No 1945/1949 goufen d'Däitsch Post vun der DDR an d'Däitsch Bundespost zesummen d'Rechtsnofolger. Zënter dem 3. Oktober 1990 ass nëmmen nach d'Däitsch Bundespost bzw. d'Deutsche Post World Net AG Rechtsnofolger. D'Timbere sinn dohir och no § 5 Abs. 1 UrhG en amtlecht Wierk. No dem däitschen Urhebergesetz ass d'Bild domadder gemengfräi („public domain“).

Weider Informatiounen
Flag of the German Empire.svg
{{Timber-Färöer}}

Domaine public

Faröer Dëst Bild stellt e färöeschen Timber duer, an ass gemengfräi („public domain“), well et vun der Postverk Føroya fräigi gouf.
{{Bild-PD-Markerecht}}

Domaine public - markerechtlech geschützte Logo, deen awer opgrond vu feelender Schëpfungshéicht als gemengfräi anzestufen ass.

PD-icon.svgOrange trademark.svg Dëst Bild huet net déi néideg Schëpfungshéicht, fir Urheberschutz ze genéissen, an ass dohir gemengfräi („public domain“). De Logo ass awer warscheinlech duerch d'däitscht Markegesetz oder vergläichbar Gesetzer rechtlech geschützt.
{{Bild-PD-Sodipodi}}

Domaine public - Sodipodi Clipart

PD-icon.svg Dëst Bild kënnt aus der Clipart-Sammlung vum fräie Grafikprogramm Sodipodi an ass gemengfräi („public domain“), kuckt [1].

[änneren] GFDL-Lizenzen

Bausteen an Erklärung Beispill
{{Bild-GFDL}}

GNU Free Documentation License

Nuvola apps emacs.png Dëst Bild gouf ënnert der GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun verëffentlecht.

Et ass erlaabt, d'Bild ze kopéieren, ze verbreeden an/oder ze änneren, ënnert de Bedingunge vun der GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun, Versioun 1.2 oder enger méi spéider Versioun, verëffentlecht vun der Free Software Foundation.


{{Bild-GFDL-OpenGeoDB}}

GFDL - Kaarten aus der OpenGeoDB

Nuvola apps emacs.png Dëst Bild gouf ënnert der GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun verëffentlecht.

Et ass erlaabt, d'Bild ze kopéieren, ze verbreeden an/oder ze änneren, ënnert de Bedingunge vun der GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun, Versioun 1.2 oder enger méi spéider Versioun, verëffentlecht vun der Free Software Foundation.

Dëst Bild gouf automatesch duerch opengeodb.de erstallt.


{{Bild-GFDL-GMT}}

GFDL - Kaarten aus der GMT

Nuvola apps emacs.png

GMT globe.png
Dës Landkaart gouf ënnert der GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun verëffentlecht.

Kopéieren, verbreeden an/oder änneren ass erlaabt ënnert de Bedingunge vun der GNU Free Documentation License, Versioun 1.2 oder enger méi spéider Versioun, verëffentlecht vun der Free Software Foundation.

Bei der Erstellung vun der Landkaart goufen dës Generic Mapping Tools benotzt: http://gmt.soest.hawaii.edu/

Fir de Relief - wann een do ass - goufen een oder méi vun dësen Domaine public-Datesätz benotzt:


{{Bild-GFDL-Picswiss}}

Bild vu Picswiss ënnert der GFDL.

Picswiss.png Dëst Bild kënnt vun der Säit www.picswiss.ch a gouf ënnert der GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun fräginn a verëffentlecht. Fotograf: Roland Zumbühl. Kuckt och Voyager/Picswiss.


[änneren] Weider Lizenzen

Bausteen an Erklärung Beispill
{{Bild-GPL}}

GNU General Public License - zwar sollte Biller besser ënnert d'CC-by-sa oder d'GFDL gestallt ginn, et gëtt awer och Biller déi ënnert der GPL eropgeluede goufen.

Nuvola apps emacs.png Dëst Bild gouf ënnert der GNU General Public License verëffentlecht.

Kopéieren, verbreeden an/oder änneren ass erlaabt ënnert de Bedingunge vun der GNU General Public License, Versioun 2 oder enger spéiderer Versioun, verëffentlecht vun der Free Software Foundation.


{{Bild-LGPL}}

GNU Lesser General Public License - zwar sollte Biller besser ënnert d'CC-by-sa oder d'GFDL gestallt ginn, et gëtt awer och Biller déi ënnert der LGPL eropgeluede goufen.

Nuvola apps emacs.png Dëst Bild gouf ënnert der GNU Lesser General Public License verëffentlecht.

Kopéieren, verbreeden an/oder änneren ass erlaabt ënnert de Bedingunge vun der GNU Lesser General Public License, Versioun 2 oder enger spéiderer Versioun, verëffentlecht vun der Free Software Foundation.


{{Bild-Innweb-Lizenz}}

Kaarte vun Innweb (stinn ënnert der LGPL)

Nuvola apps emacs.png Dëst Bild gouf vun Innweb.at verëffentlecht a steet ënnert der GNU Lesser General Public License.

Kopéieren, verbreeden an/oder änneren ass erlaabt ënnert de Bedingunge vun der GNU Lesser General Public License, Versioun 2 oder enger spéiderer Versioun, verëffentlecht vun der Free Software Foundation.


{{Bild-FWL}}

Biller , déi ënnert der Fräier Wiki Lizenz stinn.

FreieWikiLizenz.png Dëst Bild gouf ënnert de Bedingunge vun der Fräier Wiki-Lizenz verëffentlecht.


{{Bild-BSD}}

Biller, déi ënnert der BSD-Lizenz stinn

Dëst Bild gouf ënnert der BSD-Lizenz verëffentlecht.

Weiderverbreedungen a kompiléierter oder netkompiléierter Form, mat oder ouni Verännerung, sinn ënner folgende Bedingungen zoulässeg: Exemplairen, déi weiderverbreed an net kompiléiert goufen, mussen den ieweschte Copyright, d'Lëscht vun de Bedingungen a folgende Verzicht am Quelltext enthalen. Exemplairen, déi weiderverbreed a kompiléiert goufen, mussen den ieweschte Copyright, d'Lëscht vun de Bedingungen a folgende Verzicht an der Dokumentatioun an/oder anere Materialen, déi mam Exemplaire verbreed ginn, enthalen. Weder den Numm vun der Universitéit nach den Numm vun denen, déi e Bäitrag geleescht hunn, däerfe benotzt ginn, fir Produkter ze kennzeechnen, oder Reklamm ze maachen, ouni eng speziell schrëftlech Genehmegung ugefrot ze hunn.

{{Bild-by}}
Copyrighted Dëst Bild ass duerch den Droit d'auteur geschützt. Den Auteur erlaabt jidderengem, och baussent an onofhängeg vu Wikipedia, all Benotzung, sou wäit wéi dat am gesetzleche Kader méiglech ass. Dat gëllt weltwäit an ass zäitlech onbegrenzt. Den Numm vum Auteur muss genannt ginn.


{{Bild-MdEP (EP)}}

Biller, déi vum Europäesche Parlament verëffentlecht goufen

EU-Parlament Dëst Bild gouf vum Europäesche Parlament verëffentlecht. Et ass erlaabt, dëst Bild ze benotzten, ënnert der Konditioun datt d'Source genannt gëtt.


{{Bild-GOUVLUX}}

Biller, déi um Site vun der Lëtzebuerger Regierung verëffentlecht goufen

Coat of Arms of Luxembourg.svg Wann net anescht uginn, dann ass d'Reproduktioun vun den Informatiounen déi op dësem Site enthale sinn autoriséiert fir net-kommerziell Zwecker, ënnert der Konditioun datt d'Quell ausdrécklech ernimmt gëtt.

Dës Websäit gëtt erausgi vun der lëtzebuergescher Regierung, iwwer hiren Informatiouns- a Presseservice (S.I.P.). [2]


[änneren] Ausnamen

Bausteen an Erklärung Beispill
{{Bild-WikimediaCopyright}}

Vu Wikimedia urheberrechtlech geschützte Logoen.

Wikimedia-logo.svg
NotCommons-emblem-copyrighted.svg
Dëst Bild oder Bestanddeeler dovunner, gehéieren zum offizielle Logo vun der Wikimedia Foundation oder zu engem vun hire Projeten a si marken- oder urheberrechtlech geschützt an ënnerleien net der GNU-FDL.
{{Bild-Euromënz}}

De Layout vun den Euromënzen ass Eegentum vun der EZB.

Dëst Bild stellt eng Mënz vun der Europäescher Gemeinschaftswährung Euro duer. Op den Design vun dëse Mënzen huet d'Europäesch Zentralbank d'Urheberrecht.

De Status vun dëse Biller an der Lëtzebuerger Wikipedia ass ongewëss.

{{Bild-CC-by-nc-sa/3.0/lu}}

Eng lëzebuergesch Creative Commons Lizenz fir net-kommerzielle Gebrauch ënnert deeselwechte Conditiounen.

CC some rights reserved.svg

Flag of Luxembourg.svg
Dëst Bild gouf ënner de Bedingunge vun de Creative Commons "cc-by-nc-sa/3.0/lu" verëffentlecht.
  • Déi Lizenz seet, datt der dëst Wierk reproduzéieren, representéieren oder modifizéiere kënnt, wann der folgend Konditioune respektéiert:
    • Der musst den Numm vum Auteur vum Wierk uginn.
    • D'Wierk däerf net fir kommerziell Zwecker benotzt ginn.
    • All Gebrauch vum Wierk, och ënnert enger modifizéierter Form, däerf nëmmen ënnert dëser vum Auteur gefuerderter Lizenz geschéien, déi dem Public kloer matgedeelt muss ginn.


{{Bild-Logo}}

E gezeechente Logo, deen net nëmmen duerch d'Droits d'Auteur mee och duerch d'Markerecht geschützt ka sinn.

Copyright

Dëst ass e Logo oder en Objet mat bal deselwechte Charakteristiken. Säi Gebrauch an niddreger Opléisung op der Wikipedia déngt exklusiv engem enzyklopedeschen Zil: de Logo soll Artikelen illustréiere mat engem Thema dat enk an Zesummenhank mam Logo selwer steet. Et kéint sech deemno op Fair use beruff ginn (d'Servere vun der Wikimedia Foundation stinn an den USA). Mä och am Fall wou dëse Logo ënnert enger fräier Lizenz steet oder net duerch Droits d'auteur geschützt ass, ka säi Gebrauch nach duerch aner rechtlech Bestëmmunge limitéiert sinn, wéi z.B. dem Markerecht. De Gebrauch vum Logo an engem aneren, wéi engem ofgesécherte Kontext, ass deemno net ze recommandéieren.

{{Bild-FU-3D}}

Biller vun 3D Konscht- oder Architektur-Wierker

Copyright

Dëst ass eng zweedimensional Representatioun vun enger Skulptur, Statu oder engem aneren dräidimensionale Konschtwierk, wat duerch d'Droits d'Auteurs geschützt ass. Als sollech ass dës Representatioun en derivéiert Wierk an nom US Copyright Act vun 1976, § 106(2) ka just déi Persoun déi d'Droits d'auteur um Original-Konschtwierk huet esou derivéiert Wierker autoriséieren. Dowéinst a wéinst der restriktiver Interpretatioun vun der Panoramafräiheet zu Lëtzebuerg ass et net méiglech, en adäquat fräit Bild vum gewisenen dräidimensionale Konschtwierk ze maachen.

D'Benotze vu Biller an niddreger Opléisung fir den Artikel z'illustréieren, deen zum Bild gehéiert, fält awer am US-amerikanesche Recht ënnert Fair use. Op dës Lizenz ka sech hei beruff ginn, well d'Servere vun der Wikimedia Foundation an den USA stinn.

All aner Benotzunge vun dësem Bild kënnen eng Verletzung vun den Droits d'Auteurs sinn. Kommerzielle Gebrauch vun dësem Bild ass och net ouni weideres méiglech.


Kuckt Wikipedia:EDP.

{{Bild-FU}}

Urheberrechtlech geschützte Biller, déi d'Justificatiounskritere fir de Gebrauch ënnert der Fair Use Lizenz erfëllen.

Copyright

Dëst Bild ass duerch Droits d'Auteurs geschützt. D'Benotze vu Biller an niddreger Opléisung fir den Artikel z'illustréieren, deen zum Bild gehéiert, fält am amerikanesche Recht ënnert Fair use. Op dës Lizenz ka sech beruff ginn, well d'Servere vun der Wikimedia Foundation an den USA stinn.

All aner Benotzunge vun dësem Bild kënnen eng Verletzung vun den Droits d'Auteurs sinn. Kommerzielle Gebrauch vun dësem Bild ass och net ouni weideres méiglech.


Kuckt Wikipedia:EDP.

[änneren] Wa Lizenze feelen

Bausteen an Erklärung Beispil
{{Bild-Lizenz-onbekannt}}

Et gouf keng Lizenz uginn, oder wou d'Bild hirkënnt

Question copyright.svg Zu dësem Fichier (Bild / Toundatei) feelen déi néideg korrekt Informatiounen iwwert d'Source, den Auteur an/oder d'Lizenz, ënnert där de Fichier verëffentlecht gouf. Wann déi Informatiounen net  vollstänneg an novollzéibar nogereecht ginn, da muss dëse Fichier leider geläscht ginn. Dofir biede mer deen, deen d'Bild eropgelueden huet, dat esou séier wéi méiglech ze maachen.
Soulaang déi noutwenneg Informatioune feelen, däerf d'Bild net an Artikele benotzt ginn.


[änneren] Umierkungen

  • Biller, déi a keng vun de genannte Kategorië falen, sollen aus der Wikipedia geläscht ginn. Wa méiglech soll ee sech awer virdrun no engem "erlaabten" Ersatz ëmkucken.
  • D'Hiweiser bezéien sech op déi neitste Versioune vun de Lizenzen (3.0 bei CC-Lizenzen) bzw. déi neist oder spéider Lizenzen (1.2 oder spéider bei GFDL).
  • Vill vun dëse Lizenze sinn extrem präzis a wäerten net esou heefeg op der Wikipedia opdauchen. De Bausteen besteet awer natierlech, fir de Fall datt een esoue Bild vun enger anerer Wikipedia eriwwerhëlt, an domadder déi selwecht Lizenz kann uginn.
Perséinlech Tools

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen