Wikipedia:MediaWiki 1.4

Vu Wikipedia

An der Nuecht vum 23.12.2004 gouf e gréisseren Update vun der MediaWiki Software op Versioun 1.4 virgeholl. D'siichtbar Ännerungen sinn net sou offensichtlech wéi beim Wiessel op Wikipedia:MediaWiki 1.3. Haaptsächlech geet et em Vitessverbesserunge vun der Software, fir déi knapp Rechenzäit vun eise Servere besser ze notzen. Verschidden Ännerunge betreffen awer och eis Matschreiwer.

Wien emol op Special:Versioun kucke geet, wäert feststellen, datt et sech em d'Versioun 1.4Beta6 dréint. Daat heescht datt dës Versioun nach net ganz ausgeräift ass, an duerchaus Feeler kënnen dra sinn. Mir kënnen eise User dëse Beta-Test leider net erspueren, well nëmmen duerch den Alldagsgebrauch vun der Wikipedia kënnt och de leschte klenge Feeler un d'Liicht.

Logbuch-Säiten[Quelltext änneren]

D'Logbuch-Säiten ginn duerch eng Datebank-baséiert Léisung ersat. Daat huet de Virdeel, datt d'Log-Säiten net méi sou iwwerdriwwe grouss ginn, opwänneg archivéiert musse ginn a méi oder manner gréisser Problemen verursaachen. All Logs kënnen op Special:Log gekuckt ginn.

Astellbar Uewerflächesprooch[Quelltext änneren]

Bei den Astellungen vun de perséinleche "Preferenzen" kann ee sech selwer seng Sprooch astellen. Sou kéint een zum Beispill déi schweedesch Wikipedia mat lëtzebuergeschem Menü benotzen...

Thumbnails an de Kategorien[Quelltext änneren]

Biller déi an enger Kategorie stinn, ginn op dëser Kategoriesäit automatesch als Thumbnail ugewisen.

Special:Upload[Quelltext änneren]

Special:Upload huet zwee nei Felder wou een de Lizenzstatus an d'Source vum Bild kann aginn (awer net muss).

Zanter der Versioun 1.4 vu WikiMedia ass ee verlinken vu PubMed ID elo méiglich. Beispill: PMID 10452438 am Artikel de:Vorhofflimmern (Diagnostik) op der däitscher Wikipedia.