Wikipedia:Neutralitéitsproblemer

Vu Wikipedia

D'Artikelen op dëser Säit stin ënner dem Verdacht, net neutral ze sinn. Fir méi Informatioun zur Neutralitéit op Wikipedia, liest dësen Artikel: Wikipedia:Neutralitéit.

Wann dir en Artikel op dëser Säit bäisetzt, denkt wgl. och drun den Message {{Neutral}} um concernéierten Artikel ze hannerloossen.


Lady Rosa of Luxembourg[Quelltext änneren]

Menger Meenong no ass de Beitrag vum User:Ladyrosa vum 23.03.2006 um 01:01 Auer staark tendenziös an also net neutral. Den Text spigelt dem Auteur seng eege Meenung erëm, déi ech zwar acceptéieren, awer op der Wiki näischt verluer huet. --Pecalux 09:07, 23 Mäerz 2006 (UTC)

Du hues absolut Recht an ech fannen et gutt, datt s de dat heihi schreifs. (Et war just um 2.01 well et User gëtt, déi hir "Auer" net gestallt hu bei de "Preferenzen.) Ech hale mech awer fir "befaangen". Kann en aneren Admin dat wgl. iwwerhuelen. Merci. --Cornischong 09:19, 23 Mäerz 2006 (UTC)
Ass scho geschitt. Merci Zinneke. --Cornischong 09:22, 23 Mäerz 2006 (UTC)

Comicportal[Quelltext änneren]

Ech hunn do elo e wéineg Superlativer erausgestrach, jidderee soll kucke goen op dat elo duer geet fir datt NPOV nees garantéiert ass oder wat do nach gemat misst ginn. --Otets 00:17, 25 Mäerz 2006 (UTC)

Providers[Quelltext änneren]

Dësen Artikel fannen ech staark opgebauscht. Ech kenne net genuch dervun fir e selwer ze verbesseren. -- Pecalux 14:46, 25 Mee 2006 (UTC)

Maja wanns de naischt dervun kenns dann haal dech einfach eraus... Eng objektiv Opzielung vun Fakten mat Publiziteit ze verglaichen as schon e bessen heich hiergegraff. An mer wellen jo elo net weider op den Artikel 11 an der Charta vun de Grondrechter innerhalb der Union européenne agoen, falls de iwerhaapt wees waat daat as :) (vum: DWDrums)

Et freed mech ze gesinn dass d'lb:Wiki esou e frëndlechen an dichtegen User bäikritt huet. A well ech tatsächlech neischt vu "Providers" kennen, loossen ech emol déi aner User zu dësem Thema zu Wuert kommen. An ech setzen och mäi Numm ënnert mäi Commentaire. --Pecalux 19:11, 25 Mee 2006 (UTC)

Merci fir deng schnell an eierlech Äntwert. (vum: DWDrums)

Ech mengen, datt een dës Diskussioun kéint faalenloosen, gesinn keen problem méi an ausserdeem stammt daat heiten nach aus dem Mee. Sven 08:57, 21 August 2006 (UTC)

Kuckt wgl. H e i