Wikipedia:Nummkonventiounen/Koreanesch

Vu Wikipedia

Ët gëtt och eng
Wikipedia-Logo Wikipedia op koreanesch


Wikipedia-Logo 한국어 위키백과도 있습니다

Op dëser Säit gëtt festgeluecht, wéi ee Lemma fir koreanesch Artikele benotzt gëtt, wéi koreanesch Nimm geschriwwe ginn, a wéi eng Romaniséierung benotzt soll ginn. Fir är Meenung ass Plaz op der Diskussiounssäit.

Romaniséierung[Quelltext änneren]

Romaniséierungen sinn dofir do, Wierder an enger Sprooch wéi Koreanesch, déi üblecherweis net mam laténgeschen Alphabet geschriwwe ginn, an dat laténgescht Alphabet z'iwwerdroen. Fir d'Romaniséierung vum Koreanesche gëtt ët dräi etabléiert Systemer; amtleche Status huet an Nordkorea eng liicht geännert Versioun vun der McCune-Reischauer-Romaniséierung, a Südkorea zanter 2000 déi revidéiert Romaniséierung.

Südkoreanesch an allgemeng koreanesch Begrëffer[Quelltext änneren]

Fir Themen, déi net speziell op Nordkorea (no der Deelung) bezu sinn, mee sech entweder op ganz Korea oder op den Norde virun 1948 bezéien, soll d'Revidéiert Romaniséierung, déi a Südkorea üblech ass, souwuel am Lemma wéi och am Text benotzt ginn. Wann ët bei eis schonn en aneren etabléierte Begrëff gëtt, wéi zum Beispill Taekwondo, sou soll déi etabléiert Schreifweis benotzt ginn, an e Redirect vum revidéierte romaniséierte Lemma (an dësem Fall Taegwondo) ugeluecht ginn. Am Zweifel soll een sech awer fir déi revidéiert Romaniséierung entscheeden. Hangeul- oder Hanja-Redirecte sinn net sënnvoll.

Nordkoreanesch Begrëffer[Quelltext änneren]

Bei Themen, déi speziell op Nordkorea bezu sinn, solle koreanesch Wierder souwuel am Lemma wéi och am Text nom McCune-Reischauer romaniséiert ginn, well déi amtlech Ëmschrëft op dësem System opgebaut ass. Wann et am Begrëff Sonnerzeeche gëtt, sou sollen dës mat benotzt ginn, allerdéngs soll dann och e Redirect vun der Versioun ouni Sonnerzeeche gemaach ginn (Beispill: KangwonKangwŏn). Am Zweifel soll ee sech fir d'McCune-Reischauer-Romaniséierung entscheeden.

Hangeul- oder Hanja-Redirecte sinn net sënnvoll.

Persounennimm[Quelltext änneren]

Koreanesch Nimm besti bal ëmmer aus engem Virnumm an zwee Deeler an engem Familljennumm. Wéi an den aneren ostasiatesche Länner gëtt de Familljennumm virun de Virnumm gesat. D'Revidéiert Romaniséierung (RR) gesäit d'Schreifweis vum Virnumm an engem Wuert fir, léisst awer och Bindestrécher zou. Beispiller:

민용하 Min Yongha (Min Yong-ha)
송나리 Song Nari (Song Na-ri)

Wéi bei all Reegel gëtt et hei och Ausnamen:

  • An Ëmschrëften no McCune-Reischauer gëtt kee Bindestréch geschriwwen, ausserdem ginn – am Géigesaz zu den RR-Ëmschrëften – och a Persounennimm all Konsonantenassimilatioune geschriwwen.
  • Ët gëtt zweesilbeg Familljennimm wéi Namgung (남궁; 南宮), op déi normalerweis en eesilbege Virnumm kënnt. Donierwt gëtt et Kombinatioune wéi Virnumm an engem Deel mat Familljennumm, deen eigentlech en zweedeelege Virnumm erwaarde léisst (z. B. Kim Min 김 민) oder oder chrëschtlech Virnimm (z. B. Park Maria 박 마리아).

D'Koreaner kënne selwer entscheeden, wéieng Schreifweis fir hiren Numm a laténgescher Schrëft offiziell ass. Meeschtens gëtt ad hoc entscheed, a sech wéineg un Ëmschrëfte gehalen. Wann dës Ëmschrëft allgeméng etabléiert ass, sou soll si och an der Wikipedia benotzt ginn, dat gëllt och fir Firmennumm wéi "Samsung" (amplaz "Samseong") oder "Hyundai" (amplaz "Hyeondae").

Kuckt och: Koreaneschen Numm