Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Textbausteng ginn an Artikel-, Biller- oder aner Säiten agesat, fir de Benotzer op eppes opmierksam ze maachen, z. B. de Stand vun där Säit matzedeelen.
Am Folgende ginn Textbausteng opgelëscht, déi den Ament op der Lëtzebuergescher Wikipedia existéieren.
- {{Skizz}}
- Wann Der een Artikel ufänke wëllt, mä op d'Hëllef vun aneren ugewise sidd, fir e schéi vollstänneg ze kréien.
 |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
- {{EnCours}}
- Wann Der un engem Artikel schreift an net wëllt gestéiert ginn.
 |
Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart w.e.g. mat ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer ({{{1}}}), dee grad dru schafft.
Ass méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel g'ännert ginn, ka jiddereen dës Schabloun nees eraushuelen, fir ze verhënneren, datt den Artikel onnëtz blockéiert ass. Et wier an deem Fall net schlecht wann der dem Benotzer deen d'Schabloun dragesat huet dat géift matdeelen. Vläicht war hien aus der enger oder Ursaach verhënnert fir weider um Artikel ze schaffen, oder et war em an de Vergiess geroden.
|
|
- Wann Der hannert "EnCours" "|" an da véier Mol den Tilde schreift ("~~~~") (deemno: {{EnCours|~~~~}}) da kënnt äre Benotzernumm amplaz vun der "1" stoen.
- {{Läschen}}
- Dësen Artikel huet Schreiffeeler, Tippfeeler, oder entsprécht vu senger Opmaachung net de Wikipedia-Critèren, et gëtt virgeschloen dësen Artikel ze läschen.
- {{Aktualitéit}}
- Bei Artikelen, deenen hiren Inhalt wéinst aktuellen Evenementer séier ännert.
 |
Am Artikel geet et ëm en aktuellt Thema. Den Inhalt ka sech deemno séier änneren. |
- {{AbcIndex}}
- En automateschen alphabeteschen Index. Beispill: Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften.
- {{Korrekten Titel}}
- Dës Schabloun gëtt benotzt fir op de korrekten Titel vum Artikel hinzeweisen, deen duerch technesch Aschränkungen net richteg kann ugewise ginn. Fir d'Benotze vun dëser Schabloun, kuckt w.e.g.: Schabloun:Korrekten Titel
 |
De korrekten Titel vun dësem Artikel ass „{{{1}}}“. Dës Schreifweis ass opgrond vun techneschen Aschränkungen am Moment net méiglech. |
- {{Neo}}
- Fir ervirzesträichen, datt dëse Begrëff erfonnt ass an e nom Wësse vum Auteur soss (nach?) néierens beluecht ass. Anescht kéint et deen Artikel net ginn:
 |
De lëtzebuergesche Begrëff fir dëst Lemma ass eng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur. En ass senges Wëssens bis ewell soss néierens nogewise ginn. Wier dat dach de Fall, soll dës Schabloun ewech gemaach an d'Quell ugi ginn. Falls a Fachkreesser en aneren Numm existéiere géif, sollt den Artikel natierlech deementspriechend geännert ginn.
Grondsätzlech ass et net un der Wikipedia, Konzepter z'erfannen. Allerdéngs wier hei d'Alternativ gewiescht, datt et soss guer keen Artikel iwwer dëse Sujet géif. |
- {{NPOV}}
- De Contenu vun dësem Artikel ass problematesch an ensprécht net dem Prinzip vun der Neutralitéit vun der Wikipedia.
 |
Opgepasst : De Contenu vun dësem Artikel ass problematesch an ensprécht net dem Prinzip vun der Neutralitéit vun der Wikipedia. Fir datt en opgrond vu Polemik net eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
- {{Iwwerschaffen}}
- Dësen Artikel huet Schreiffeeler, Tippfeeler, oder entsprécht vu senger Opmaachung net de Wikipedia-Critèren, a muss iwwerschafft ginn.
 |
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Critèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
- {{Schreifweis}}
- Dësen Artikel ass inhaltlech an der Rei, mä un der Schreifweis muss zolitt geschafft ginn.
 |
D'Schreifweis vun dësem Artikel entsprécht net de Wikipedia-Kritere fir en enzyklopedeschen Artikel a muss onbedéngt verbessert ginn. Den Auteur gëtt frëndlech gebieden, sech d'Säiten Eis Schreifweis unzekucken, an hei z'applizéieren. |
- {{Source?}}
- Dës Ausso muss duerch eng Quell oder en Zitat beluecht ginn.
- Beispill: Deen Text hei behaapt eppes, wat net beluecht ass.[Source ?]
- {{Homonymie}}
- Dëst betrëfft Säiten, déi d'selwecht géingen heeschen, als Beispill Europa: Dat ass e Kontinent mä ower och eng Figur aus der griichescher Mythologie.
 |
Dëst Lemma huet méi wéi eng Bedeitung. Heidrënner stinn déi Artikelen, déi et zu deene verschiddene Bedeitunge gëtt. Fir méi Informatioun, liest w.e.g. den Artikel iwwer Homonymie an der Wikipedia. |
|
- {{Homonymie Familljennumm}}
- Eng speziell Homonymies-Schabloun fir d'Dréier vun deem selwechte Familljennumm:
 |
Op dëser Säit stinn eng Partie Artikele vu Leit déi deselwechte Familljennumm hunn, an dofir ausernee gehal musse ginn. Fir méi Informatioun, liest w.e.g. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia. |
|
- {{Homonymie Persounen}}
- Eng weider Homonymies-Schabloun fir de Fall, wou Leit deeselwechte Vir- a Familljennumm hunn:
 |
Op dëser Säit stinn eng Partie Artikelen iwwer Leit, déi deselwechte Virnumm a Familljennumm , oder deselwechten Titel, hunn oder haten, an déi dofir ausernee gehal musse ginn. Fir méi Informatioun, liest w.e.g. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia. |
|
- {{Droit}}
- Fir Lieser drop opmierksam ze maachen, datt et sech ëm en Artikel aus dem Fachberäich Droit handelt.
 |
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mee ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkrete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
- {{Medezin}}
- Fir Lieser drop opmierksam ze maachen, datt et sech ëm en Artikel aus dem Fachberäich Medezin handelt.
 |
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezin-Artikelen. Dës Informatioune sinn zur allgemenger Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn! |
- {{vChr}}
- Da muss Der et net ëmmer explizit bei all Datum schreiwen. Dat ka scho ganz praktesch si bei engem laangen Artikel.
 |
All Datumen an dësem Artikel si sous-entendu viru Christus. |
- {{spoilers}}
- Fir Lieser ze warnen datt Der eventuell méi verrot wéi hinne léif ass.
 |
Opgepasst : De Schluss vun der Geschicht oder en Deel dovu gëtt hei verroden! |
- {{Japaneschen Numm}}
- Bei dësem Artikel gëtt de Familljennumm virun de Virnumm vun der Persoun gesat.
Umierkung: Bei dësem Artikel gëtt de Familljennumm virun de Virnumm vun der Persoun gesat. Dëst ass déi üblech Reihefolleg am Japaneschen. {{{1}}} ass also de Familljennumm, {{{2}}} ass de Virnumm.
- {{MéiInfo 1}}
- Dës Schabloun kann ee benotze fir op en aneren Artikel hinzeweisen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: [[{{{1}}}]] 
- {{MéiInfo 2}}
- Dës Schabloun kann ee benotze fir op zwéin aner Artikelen hinzeweisen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel [[{{{1}}}]] an am Artikel [[{{{2}}}]] 
- {{MéiInfo 3}}
- Dës Schabloun kann ee benotze fir op dräi aner Artikelen hinzeweisen
Méi Informatioun doriwwer an den Artikelen [[{{{1}}}]]; [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]
- {{Aner Bedeitungen}}
- D'Schabloun Aner Bedeitungen ass dofir do fir op aner Bedeitunge vum Lemma vun engem Artikel opmierksam ze maachen. Fir d'Benotze vun dëser Schabloun, kuckt w.e.g.: Schabloun:Aner Bedeitungen
- {{Aner Bedeitungen op Mooss}}
- D'Schabloun Aner Bedeitungen op Mooss ass dofir do fir op aner Bedeitunge vum Lemma vun engem Artikel opmierksam ze maachen, wann d'Standardschabloun Aner Bedeitungen net gebraucht ka ginn. Fir d'Benotze vun dëser Schabloun, kuckt w.e.g.: Schabloun:Aner Bedeitungen op Mooss
[änneren] Fiktiounsartikelen
- {{Star Trek}}
- Fir Lieser drop opmierksam ze maachen, datt et sech ëm en Artikel aus enger fiktiver Televisiounsserie handelt, an dësem Fall Star Trek.
 |
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Star Trek-Universum. All Personnagen, Plazen etc. si fiktiv Figuren aus dëser Fernsehserie oder aus de Star Trek-Filmer. |
- {{WarcraftTitel}}
- Fir Lieser drop opmierksam ze maachen, datt et sech ëm en Artikel aus enger fiktiver Welt handelt, an dësem Fall World of Warcraft.
|
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Warcraft-Universum. All Personnagen, Plazen etc. si fiktiv aus dëser Serie vu Computerspiller. |
[änneren] Benotzersäitebausteng
- {{Moien}}
- Fir en neie Mataarbechter ze begréissen.
Moien Textbausteng,
häerzlech wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch! |
|
| Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorunner, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: Sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen! |
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Critèren ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Regelen oder Konventioune ginn.
Wann Der ganz nei bei Wikipedia sidd, huelt Iech w.e.gl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Regel" ass: "Sief kéng!" |
 |
Éischt Schrëtt
An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.
|
 |
Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien. |
 |
Regelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat. |
 |
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer Wikipedia. |
 |
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaache Feeler oder Mëssverständnesser. |
 |
Dacks gestallte Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen. |
 |
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert. |
|
Dës Säit hei ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet esou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Der engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (esou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!
|
|
- {{Test}}
- Fir Benotzer op hiren Test opmierksam ze machen a si op d'Sandkaul fir weider Tester ze verweisen.

Merci datt Dir op der
Wikipedia experimentéiert hutt. Ären Test huet geklappt, an e gouf zréckgesat oder geläscht. W.e.g. benotzt d'
Sandkaul fir all weider Tester an Experimenter. Kuckt Iech och eis
Begréissungssäit un, wann Dir méi wëllt gewuer ginn, wéi een hei matschafft.
- {{Test2}}
- Fir Benotzer op Vandalismus opmierksam ze machen a si op d'Sandkaul fir weider Tester ze verweisen.

Haalt w.e.g. op, Topegkeeten op d'Wikipedia ze schreiwen. Dëst gëtt als
Vandalismus ugesinn. Wann Dir Saachen ausprobéiere wëllt, da maacht dat w.e.g. an der
Sandkaul.
- {{Test3}}
- Fir Benotzer ze warnen, datt si sech als Vandal bemierkbar machen a si dorop hinzeweisen, datt si bei weiderem Vandalismus gespaart ginn.
Stopp ! Wann Dir Iech weiderhin als Vandal op der Wikipedia bemierkbar maacht, riskéiert Dir, datt Äre Kont gespaart gëtt.
- {{Test4}}
- Lescht Warnung bei Vandalismus, ier de Benotzerkont gespaart gëtt.
Stopp ! Dëst ass Är
lescht Warnung. Déi nächste Kéier wou Dir duerch
Vandalismus opfaalt, gëtt Äre Kont
gespaart.
- {{Test5}}
- Fir e Benotzer dorop hinzeweisen datt säi Benotzerkont temporär gespaart gouf.
Äre Kont gouf temporär gespaart an Dir kënnt näischt op der Wikipedia änneren. Inhalt vu Säiten ouni Grond läschen, muttwëllege Kabes an d'Artikele schreiwen a falsch Informatiounen uginn, gëtt als
Vandalismus ugesinn an net toleréiert. Wann Dir intresséiert sidd, seriö hei matzeschaffen, da kënnt Dir dat nees probéieren nodeems Är Spär ofgelaf ass.
- {{Test6}}
- Fir e Benotzer dorop hinzeweisen datt säi Benotzerkont gespaart gouf.
Äre Kont gouf wéinst widderhueltem Vandalismus gespaart. Wann dës Spär sollt auslafen, haalt op, muttwëlleg Artikelen ze zerstéieren, oder Dir musst mat laange Spären an anere Schrëtter rechnen.
- {{Vandalespär}}
- Fir e Benotzer dorop hinzeweisen datt säi Benotzerkont ouni Aschränkung gespaart gouf.
Well Dir Äre Kont nëmme fir Vandalismus benotzt, gouf dësen ouni Aschränkung gespaart. Haalt w.e.g. op muttwëlleg Artikelen ze zerstéieren, oder Dir musst mat anere Schrëtter rechnen.
- {{Babel}}
- Fir dem Benotzer et ze erméiglechen op sénger Benotzersäit unzeginn, wat fir eng Sprooch hie kann oder versteet. Fir d'Benotze vun dësen Textbausteng, kuckt w.e.g.: Wikipedia:Babel.
- {{Lëtzebuergesch}}
- Fir Mataarbechter, déi en Text an enger anerer Sprooch op dës Wikipedia gesat hunn, z'informéieren, firwat hir Kontributioun ë.Ë. geläscht, resp. zeréckgesat gouf.
Moien, a merci fir Är Mataarbecht. Dës Wikipedia ass a Lëtzebuerger Sprooch. Dofir gouf deen Artikel deen Dir an enger anerer Sprooch ugeluecht oder geännert hutt, nees op déi viregt Versioun zeréckgesat, respektiv geläscht. Wann Der wëllt an Ärer Sprooch schreiwen, da maacht Der dat am beschten an der Wikipedia-Versioun vun där Sprooch. Merci fir Äert Versteesdemech.
- (en) Hello, and thank you for your contribution. This Wikipedia is in luxembourgish, which explains why the article you have created or modified in another language has been reverted to its previous version or deleted. If you wish to write in your language, we recommend to do this in the Wikipedia version of that language. Thank you for your understanding.
- (fr) Bonjour, et merci de votre collaboration. Cette wikipédia est en luxembourgeois. Voilà pourquoi l'article que vous avez créé ou modifié en une autre langue a-t-il été reconverti en sa version antérieure, resp. effacé. Si vous souhaitez écrire dans votre langue, nous vous invitons à le faire dans la version linguistique idoine de Wikipédia. Merci de votre compréhension.
- (de) Hallo, und danke für Ihre Mitarbeit. Diese Wikipedia ist in Luxemburgisch, was erklärt, warum der Artikel, den Sie in einer anderen Sprache geändert oder angelegt haben, auf die vorige Version zurückgesetzt, bzw. gelöscht wurde. Falls Sie in Ihrer Sprache schreiben wollen, empfehlen wir, dies in der Wikipedia in derselben Sprache zu tun. Danke für Ihr Verständnis.
- {{ëmgeréits}}
- Fir e Mataarbechter drop hinzeweisen, datt am Artikel, deen en nei ugeluecht huet, Kategorien, Interwikien asw. nach feelen.
 |
Villmools Merci fir d'Uleeë vum Artikel [[{{{1}}}]].
Fir datt e besser erëmfonnt ka ginn, missten nach d'Kategorien an d'Interwiki-Linken op aner Sproochen (am beschten een Interwiki-Link op eng Wiki wou een d'Sprooch gutt kann) derbäigesat ginn. Fir datt d'Botten déi aner Interwiki-Linken méiglechst séier derbäisetzen, sollt een och an där Wiki, op déi een an der lëtzebuergescher Wiki den Interwiki-Link dragesat huet, den Interwiki-Link op eis Wiki derbäisetzen.
Bei engem Artikel iwwer eng Persoun soll ausserdeem op den Datumssäiten zum Dag a Joer vun der Gebuert (an dem Doud) vun der Persoun e Verweis op den Artikel derbäigesat ginn. Kuckt anengems no, op et eng Lëscht zum Thema gëtt, a setzt do den Artikel dobäi, wann en net do steet.
Merci am viraus!
|
[änneren] Schabloune fir rekurrent Messagen op den Diskussiounssäiten
- {{Net diskutéieren, mä änneren}}
- Fir e Benotzer drop hinzeweisen, datt Ännerungen a Verbesserunge sollen am Text selwer gemaach ginn, amplaz op der Diskussiounssäit driwwer ze diskutéiern.
| Moien,
a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.
D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikelen duerch d'Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.
Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et w.e.g. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef.
Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!
|
|