Wikipedia:Typographie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse klenge Guide soll iech en Iwwerbléck iwwer déi gängeg Typographie-Konventioune ginn. Dëst vrun allem mam Zil, datt mer op Wikipedia en eenheetleche System hunn. Natierlech sidd dir net gezwongen, iech dodrunner ze halen, mee wonnert iech och net, wann een anere Wikipedianer är Prosa ëmännert.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Fettgedréckt schreiwen
- Wann den Artikelsujet fir d'éischt ernimmt gëtt, schreiwe mer e fett .
- Am weidere Verlaf vum Artikel gëtt ugeroden, net ze vill fett dran ze schreiwen. Wann een trotzdem am Artikel nach eppes ervirhiewe wëll, sou soll dat kursiv gemaach ginn.
[änneren] Italic
- Italic oder kursiv soll obligatoresch all Titel geschriwwe ginn, op dëst elo e Buch, e Film oder en Theaterstéck ass.
- Ausserdem gëtt Italic benotzt, fir Friemwierder ze schreiwen, déi an eist laténgescht Alphabet ëmgeschriwwe goufen.
- Italic benotze mer och, wa mer eng auslännesch Expressioun benotzen
- a priori
- säi Leitmotiv
[änneren] Ofkierzungen
Fir datt den Artikel méi lieserlech bleift, sollte just déi gängegst Alldaagsausdréck ofgekierzt ginn (Saache wéi z. B. amplaz vun zum Beispill).
Hei eng kleng Lëscht mat Ofkierzungen, bei deenen dacks Feeler gemaach ginn:
- asw. : Hannert asw. soll een ëmmer e Punkt maachen, a wa méiglech soll den asw. och hannert engem Komma stoen. (...Äppel, Biren, asw.)
[änneren] Bibliographie
An ärer Bibliographie, gitt w.e.g. d'Bicher oder d'Artikele folgendermoossen un (ouni d'Faarwen, déi et hei erlaben, déi entspriechend Deeler ze erkennen):
- Fir e Buch
- Numm, Virnumm, Joer. Titel. Verlag, Stad. Säitenzuel.
Z. B.: Massard, Jos & Gaby Geimer, 1993. Initiation à l’écologie. Principes généraux de l’écologie et notions sur le milieu naturel luxembourgeois ainsi que sur les problèmes de l’environnement au Grand-Duché de Luxembourg. Ministère de l’Education nationale, Luxembourg. 297 p.
- Fir en Artikel an enger Serie
- Numm, Virnumm, Joer. Titel vum Artikel. Titel vun der Serie, Band-Nr.: Säitenzuel(en). (evtl. Link falls Artikel online ass)
Z. B.: Massard, Jos & Gaby Geimer, 2009. Luxemburg und der Darwinismus, ein historischer Rückblick. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 110: 7-41. [1]
- Fir en Artikel an enger Monographie (Buch)
- Numm, Virnumm, Joer. "Titel vum Artikel". In: Numm, Virnumm, Joer. Titel vum Haaptwierk. Verlag, Stad. S. xyz.
Z. B.: Massard, J A. & G. Geimer, 2004.Chronologie : Regards sur l’histoire du Musée national d’histoire naturelle. Überblick über die Geschichte des Nationalmuseums für Naturgeschichte.In: S. Philippo (réd.): 150 Joer Musée national d’histoire naturelle du Luxembourg. Luxembourg: 6-89.