Wikipedia:Video
|
Dësen Artikel gëtt Iech Informatiounen a Regele fir Video-Dateien op der lWikipedia duer. Allgemeng Diskussiounen zu Multimedia kënnt Dir op Meta noliesen. |
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Ofspille vu Video-Dateien
D'Ofspille vun Ogg-Theora-Fichieren ass bei deene meeschten Linux-Distributiounen souzesoen nativ implementéiert, nom Klick op säi Link leeft e Film direkt un. Bei de Betribssystemenr Microsoft Windows XP a Apple Mac OS X muss e Programm oder e Plugin installéiert gin. Hei ass eng relativ einfach Uleedung wéi dat geet: playogg (op Englesch).
[änneren] Universell Playeren
Fir déi meeschte Betribssystemer eegnen sech folgend Playeren, déi et einfach erlaaben, Ogg-Theora-Fichieren ze spillen:
[änneren] Weider Programmer oder Plugins
Niewt den universelle Playeren gëtt et nach weider Programmer a Plugins, déi och Ogg-Theora-Fichieren kënne spillen:
- Linux
- Xine, RealPlayer.
- Windows
- Ogg Codecs for windows Plugin fir verschiedde Player wéi den Windows Media Player.
[änneren] Eroplueden an abannen vu Video-Dateien
- Film ëmwandelen (am Linux z.B. mat OggConvert)
- Film eroplueden (wéi bei de Fotoen, mais mat der Extensioun .ogg, nët .ogv!)
- Film als Link abannen: z.B.
[[Media:Bos_taurus_01.ogg|Ranner am Ourdall]] (27" / 5,3 MB)
(sënnvollerweis mat der Dauer a Sekunden an der Gréisst a MB). Dëst Beispill kann een op der Säit Rëndvéi gesin. - Film als Bild abannen: z.B.
[[Image:Bos_taurus_01.ogg|thumb|left|150px|Ranner am Ourdall (27" / 5,3 MB)]]
(sënnvollerweis mat der Dauer a Sekunden an der Gréisst a MB). - Filmer als Galerie abannen:
<gallery> Image:Bos_taurus_01.ogg|Ranner am Ourdall (27" / 5,3 MB) Image:Wandmillen Koxhausen.ogg|Wandrad am ländleche Raum (Koxhausen, Äifel, Däitschland) 8", 268 kB </gallery>
[änneren] Zoulässeg Video-Formater
Dat üblecht Dateiformat fir Video-Dateien op der Wikipedia ass Ogg Theora. Ogg ass e fräit an oppent Multimedia-Format, wat dohir am beschten dem Geescht vun der Wikipedia entsprécht. Aner Dateitype sinn net erlaabt, well si meeschents eng Lizenz erfuerderen.
| Commons: Méi Informatioun zu de Formater op Commons (en) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Programmer fir Filmer ze konvertéieren
Fir eng Rei vu Betribssystemer steet de Kommandozeile-Programm ffmpeg2theora zur Verfügung. Aner Software ass nëmme fir bestëmmte Plattformen ze kréien:
- Linux
- OggConvert (konvertéiert aus deene meeschte Formater an Ogg Theora)
- Cinelerra, LiVES
- Windows
- ffmpeg2theora ass e Kommandozeile-Programm, wat verschidde Video-Formater an Ogg-Theora ëmwandele kann.
- Graphesch Uewerfläch fir d'Encodéieren no Ogg-Theora inkl. ffmpeg2theora (1,4Mb)