Wikipedia:WikiProjet Haaptsäit

Vu Wikipedia

Dës Projetssäit huet als Zil, alles ronderëm en neit Ausgesinn vun der Haaptsäit ze beschwätzen an ze plangen.

2014 kritt d'lb:Wiki 10 Joer, an et wier ubruecht, d'Haaptsäit, där hire Look zënter Joren onverännert ass, opzefrëschen an deem vun deenen anere Sproochversiounen unzepassen.

Wéi dat genee kéint ausgesinn, schloen ech vir, an enger zweeter Phas ze beschwätzen. Fir d'éischt emol solle mer eis eens ginn, ob eng zousätzlech Këscht zu engem Artikel vun der Woch machbar an erwënscht wier.

Artikel vun der Woch[Quelltext änneren]

Et geet ëm d'Aféiere vun engem zousätzleche Bléckfank (nieft dem Bild vun der Woch an der Wosst-Dir-schonn-Rubrik, nämlech vun eppes, dat déi meescht Wikien hunn: en "Artikel vun der Woch" (fir en "Artikel vum Dag" si mer nach net ganz prett ;-). An den éischte Jore vun dëse Wiki gouf et déi Iddi schonn eng Kéier mä do gouf et net genuch Artikelen dofir. Haut misst et méiglech sinn, ouni ze vill Méi der 52 zesummenzekréien.

An engem éischte Schratt sollen hei drënner emol eng Lëscht vun deenen Artikelen, déi a Fro kéimen, vu jidderengem opgefëllt ginn. Dono missten dann zu all Artikel, deen zeréckgehale gouf, e klengen Aféierungssabschnitt geschriwwe ginn. Et wier och spéiderhin net vu Muttwëll, ze probéieren, rout Linken an deene jeeweilegen Artikele sou wäit wéi méiglech ze 'verdillegen'.

Mee sou wäit si mer nach net. Dofir hei emol en vrac eng Lëscht fir opzefëllen

Kandidaten[Quelltext änneren]

Critèrë fir d'Auswiel kéinte sinn:

  • "gehaltvoll" (d. h. net just eng Skizz; dat wichtegst zum Sujet soll schonn dra stoen);
  • ofwiesslungsräich: all enzyklopedesch Theme solle vertruede sinn, dobäi sollt all zweeten (?) e Bezuch op e "lëtzebuergesche" Sujet hunn;
  • gutt illustréiert sinn;
  • wa méiglech keen Doublon vun engem Verwäis an der Rublrik "Wosst Dir schonn?"

Artikelen:

  • Biographien
  1. Antoine Meyer; nogekuckt vum Bdx
  2. Jean Schortgen; nogekuckt vum Bdx nogekuckt vum Les Meloures
  3. Lucien Wercollier; nogekuckt vum Bdx (+ geännert: virdrun an duerno)
  4. Raymond Petit (Resistenzler)
  5. Mylène Farmer; nogekuckt vum Bdx
  6. Geoffrey Chaucer; nogekuckt vum Bdx
  7. Johann Sebastian Bach
  8. Kurt Schumacher
  9. Caspar Mathias Spoo
  10. Jean-Paul Lehners
  11. Karl Theodor André
  12. Albert Gloden
  13. Mikis Theodorakis
  14. Wolfgang Amadeus Mozart
  15. Louis XV. vu Frankräich
  16. Marie-Antoinette vun Éisträich
  17. Alfred Grosser
  18. Jean-Paul II. (Poopst)
  19. Gustav Simon*
  20. John Grün*
  21. Edouard Luja*
  • Gebaier
  1. Rochuskapell vu Biissen
  2. Mouerenapdikt an der Stad Lëtzebuerg
  3. Centre Émile-Hamilius
  4. Kierch Saint-Alphonse vu Lëtzebuerg
  5. Däichhal
  • Natur, Bësch
  1. Arbre du Ténéré nogekuckt vum: Soued031; nogekuckt (liicht geännert a Referenzen dobäi) vum Bdx
  2. Bësch zu Lëtzebuerg
  3. Wëll Lann vu Kënzeg
  4. Gréngewald
  5. Kleng Lëtzebuerger Schwäiz
  6. Mediterrane Gaart Schwéidsbengen
  7. Mamerleeën
  • Déieren
  1. Pectinatella magnifica
  2. Äisbier
  3. Europäesche Bronge Bier
  • Geselllschaft
  1. Engelcher vu Schëndels; nogekuckt vum Bdx
  2. Stille dage i Clichy; nogekuckt vum Bdx
  3. Atomzentral vu Remerschen (Projet); nogekuckt vum Bdx
  4. Lady Rosa of Luxembourg
  5. Engel Albert
  6. Juddentum zu Lëtzebuerg
  7. Homosexualitéit an d'kathoulesch Kierch
  8. Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond
  9. Péiter Onrou*
  10. Buergfrid-Affär*
  • Sprooch, Literatur
  1. Luxemburger Wörterbuch
  2. Russesch Grammaire
  3. Hämelmaous-Léid
  4. Melusina
  5. Winnie-the-Pooh
  • Industrie
  1. Weilerbacher Schmelz
  2. Walfer Gipsgrouwen; nogekuckt vum Bdx
  3. Koffergrouf vu Stolzebuerg
  4. FN Herstal
  5. Minettstram
  6. Stengeforter Schmelz *
  7. Siderurgie zu Lëtzebuerg*
  • Physik, Astronomie
  1. Paranal-Observatoire
  2. Mars Science Laboratory
  3. Sonn
  4. Physik
  5. Cygnus (Stärebild) (oder soss eent)
  6. Venus (Planéit)*
  • Stadlandfloss
  1. Karlsruhe
  2. Donau
  3. Paräis
  4. Lëtzebuerg (Stad)
  5. Lellgen
  6. Preisen
  7. Portugal
  • Geschicht
  1. Troja
  2. Perserkricher
  3. Rumm-Befestegungen; nogekuckt vum Bdx
  4. Éisträicheschen Ierffollegkrich
  5. Franséisch Revolutioun
  6. Krich an der Vendée
  7. KZ-Niewelager Thil
  8. Mesopotamien
  9. Mykenesch Kultur
  10. Hellenismus
  11. Sparta
  12. Spéitantiquitéit
  13. Terreur
  14. Zäitalter vun de Lumières
  15. Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich
  16. Bunker Hondsbësch
  17. Ardennenoffensiv
  18. Geschicht vu Wien
  19. Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg
  • Sport
  1. Jeunesse Esch
  2. Foussball-Weltmeeschterschaft
  3. FC Blo-Wäiss Izeg
  4. Waasserball*
  • Soss
  1. Thermalbad Munneref
  2. Uelegschifer
  3. Eurovision Song Contest
  4. Fluchhafen Esch-Uelzecht
  5. Kanal Charleroi-Bréissel

*: gëtt et schonn als Verweis vu WDS. NB: D'Numerotatioun ass arbiträr, s'ass keng Ranguerdnung oder esou. Doru si mer nach net.

= Teaser ass preparéiert.

Commentairen:

Dat fannen ech eng super Iddi. [...] --Bdx (Diskussioun) 10:31, 3. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]

Bäi de Critèren sinn ech net der Meenung dat do keng Doublonen vu 'Wosst Dir schonns?' sollten derbäi sinn. No menger Meenung huet dat soss zur Folleg dat mir eis selwer ganz staark limitéieren. Natierlech sollt den Artikel vun der Woch op kee Fall zum selwechten Zäitpunkt (Woch) am 'Wosst der schonns?' dra stoen. Eventuell kann een de Wosst der schonns? och esou ausbauen datt mir do all Dag eng aner Zeil kréien. Dat dierft och net esou schwiereg sinn well bis elo hu mir scho knapp 200 Rubriken 52 Wochen woubäi all Woch mindestens 3 déi meescht 4 esou Zeilen hunn. Robby (Diskussioun) 12:24, 3. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien, effektiv misst ee mat enger "Duebelreferenz" laanscht enee kommen, wann do en halleft Joer dertëscht läit. Ech wollt fir d'éischt emol kiucken, wéivill a wat fir Artikelen iwwerhaapt a Fro kéimen. De "WDS" géif ech allerdings just eemol d'Woch änneren an net all Dag; kaum ee kuckt all Dag op d'Haaptsäit, an esou juet een 3-4 Mol méi Grond, an en Artikel eranzeluussen. --Zinneke (Diskussioun) 14:50, 3. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]

Et kéint een déi 52 déi et schlussendlech an d'Lëscht packen, oder op d'mannst déi allerbescht dorënner, och als "liesenswäert Artikel" astufen, sou datt se op anere Wikien an der Interwikilëscht e Stär kréien. Dat mécht eis nach méi Reklamm. --Otets 16:51, 8. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]

Ech proposéiere mol virsiichtshalber datt all Artikel deen an där Auswiel ass, vun op d'mannst dräi Benotzer nach eng Kéier soll nogelies ginn, fir datt wéinstens an deenen Artikelen sou mann Feeler wéi méiglech stinn. Déijéineg déi sou en Artikele nogekuckt hunn, bréichten dann nëmmen einfach hir Ënnerschrëft hei hanner den Artikel op dëser Säit ze setzen. --Les Meloures (Diskussioun) 17:15, 8. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Dat ass eng gutt Iddi, ech hunn da mol schonn en Artikel verbessert. Ech weess awer leider net wéini een en Artikel "liesenswäert" soll astufen :S. --Soued031 (Diskussioun) 19:13, 8. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Wann et da bis esouwäit ass, kéinnten dann idealerweis och nach e puer (all wär ze perfekt) Linke gebléizt ginn. An d'Artikelen inhaltlech eng Kéier aus der Distanz iwwerpréift. Wat ech allerdéngs net wëll, datt dat ganz an eng frenetesch Course ausaart, wou am Ufank der Vill gudde Wëllen hunn, hinnen d'Saach dann awer iergend eng Kéier iwwer de Kapp wiisst, sou dass Een nom Aneren d'Bengele bei Tromm geheit. Dofir zécken ech mat der Geschicht vun den exzellenten Artikelen: Do misst da jiddereen ophalen, Artikelen aus fräie Stécker ze schreiwen, a sech drop konzentréieren, anerer "mussen" ze iwwerschaffen etc. Dofir si mer nach net zu genuch an d'Loft gëtt ze séier dënn. Och gesäit ee gutt un der Auswiel bis elo, datt vill Themen awer nach esougutt wéi iwwerhaapt net hei virkommen. Ech schloe fir, loosse mer d'Wochen-Artikelsgeschicht emol weider rullen. Déi "zevill" si jo net verluer. Et kann ee se jo no engem Joer ersetzen an dann e Roulement vun 2 Joer kréien. An an zwee Joer sinn alt nees e puer Dausend Artikele méi do, wou een der dann nees derbei setze kann.
Ech prbéieren d'nächst Woch emol, zu deem engen oder aneren Artikel en Teaser ze maachen, fir datt mer gesinn, wat dat gëtt.
--Zinneke (Diskussioun) 21:58, 8. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Zinneke ech si méi der Meenung den Design vun der Säit ass d'Prioritéit, well mir hu Saache wéi Wosst Dir Schonn, E Bléck op, asw. awer déi stiechen net ervir oder stinn op der falscher Plaz. Den "E Bléck op" fält engem neie Benotzer mat engem 24 Zoll Bildschirm (Full HD) net op well dee ganz ënne steet. Maach engem e schéint Bild vun engem Polarbier an da bass du sécher datt d'Leit den Artikel besichen, séif et just fir nach aner Biller ze fannen. Dofir kéint een déi iewescht Texterklärung vun der Wikipedia kierzen, souwisou soubal ze vill do steet kanns du der soen, liest souwisou keen. Du hues och Saachen "à double usage" du hues an der Texterklärung "Nosichen an Noliesen" okee déi geet anescht wéi déi iewescht Sich awer si gëtt kloer manner benotzt. D'Wikipediahaaptsäit kënnt fir en neie Benotzer sou eriwwer als géif scho laang net méi dru geschafft ginn, just wéint deenen neien "Designen" déi lo soe mer mol "in" sinn. Et ass just meng Meenung :p. Wann s du awer d'Artikele wëlls fir d'éischt maachen, kann ech gutt verstoen, du bass jo deen deen iwwerhaapt op d'Iddi komm ass fir Ännerungen ze proposéieren a s'och applizéiert. --Soued031 (Diskussioun) 22:36, 8. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Moie Soued, selbstverständlech ass den Design grad esou, wann net méi wichteg. Dat war jo am Fong den Auléiser vum Ganzen. An deng Kritik ass ganz berechtegt. Mee wéi gesot, eng wichteg Neiheet wier eng Case iwwer een Artikel, dee Loscht op liese soll maachen. Nodeems mer der méi wéi genuch hei hunn (Finetuning dann, wa se bis agesat hkënne ginn), kënne mer eis op déi 2. Phas konzentréieren, an zwar, wéi se ausgesi sollt (Selbstverständlech kënnen der awer nach lafend uewe bäi gesat ginn).
Demnächt méi dozou, anerer kënnen awe gär hier Kritik (wat se gär anescht geséichen a wéi) scho mol hei drënner hischreiwen.

En Ufank[Quelltext änneren]

Hei mol e Grappvoll, fir eng Virstellung, wéi dat ausgesäit:

Haaptsäit/Artikel vun der Woch

--Zinneke (Diskussioun) 18:14, 15. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]

2. De Look[Quelltext änneren]

Bemierkungen zum aktuelle Look[Quelltext änneren]

  • Ech giff de Paragraph sträiche vun "All Artikelen dem Alphabet no" bis "Traut Iech!", an héchstens dat vun de Billerillustratiounen an e fir de Rescht gekierztene Saz iwwer "kollaborativ" uewen derbäisetzen.
  • "Wousst Dir schonn datt…" steet op mengem Ecran vill méi lénks wéi d'Begrenzung vun der Këscht ">> Artikelen iwwer Lëtzebuerg <<". Dat läit wuel dodrun datt dat eent näischt mat deem aneren ze dinn huet, awer op den éischte Bléck ass dat net esou kloer, dat kéint ee re-designen.
  • Wéi de Soued scho gesot huet, fannen och ech datt een d'Themegebidder vu "Konscht a Kultur" bis "Technologie" no ënne réckele kéint an de Bléckfank "E Bléck op..." an déi Plaz eropréckele sollt.

Fir de Rescht muss ech Forfait erklären, ech hunn deemnächst leider guer keng Zäit fir vill Artikelen nozekucken. --Otets ♣ 12:58, 10. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]

Modeller[Quelltext änneren]

Ech hu mech e bëssen an deen anere Sproochen ëmgekuckt; dat einfachst wier, e Modell ze knäipen. Wa mer eis eens si, wéi een, kann een dann diskutéieren, wat dra kënnt/wat bäibehale gëtt ("Aktualitéit" ass bei eis z.B. nach keen Thema).

A meng perséinlech enk Auswiel kéimen:

  1. déi Polnesch;
  2. déi Portugisesch;
  3. déi Onresch;
  4. déi Islännesch.

Aner Meenungen?

--Zinneke (Diskussioun) 14:41, 21. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]

Ech fannen den islännesche Modell net schlecht, déi hunn och net esouvill Artikelen an ongeféier dat selwecht wat mir op der Haaptsäit hunn/wëllen (Artikel vum Mount/Wousst Dir schonn/Wat op deem Dag geschitt ass (z.B. 22. Januar)/Bild vun der Woch/Wikipedia-Communautéit). Och hiren Deel ënnen op der Säit met enger Këscht mat Linken op aner Wikipediaversiounen, zortéiert no der Gréisst, ass flott. --Bdx (Diskussioun) 10:10, 22. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Och déi "boarische Hoamseitn" ass flott opgebaut. --Bdx (Diskussioun) 12:49, 27. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]

3-faarweg Këschten[Quelltext änneren]

Hei dem Soued31 säin Entworf (en décke Merci!) wou ech nach eng Rubrik fir d'Ephemeride bäigesat hunn, fir komplett ze sinn:

Merci ;). Merci un dir och Zinneke fir deng Iddi d'Haaptsäit ëmzeänneren ;). Et wier net schlecht wa mir den Design fir de Méindeg hätte wéinst den 30 Joer "Lëtzebuergesch als Nationalsprooch".

Artikel vun der Woch

De Krich an der Vendée war, an de Joren no der Franséischer Revolutioun, méi genee ënner der Éischter Republik, e Biergerkrich tëscht den Unhänger an de Géigner vun der Revolutioun, dee vum Joer I bis zum Joer VI gedauert huet.

Wéi iwwerall a Frankräich koum et tëscht 1789 a 1792 zu Opstänn vun der Landbevëlkerung. Duerch d'Levée en masse am Joer 1793 koum et zu enger richteger Revolt, déi och Opstand an der Vendée (Insurrection vendéenne) genannt gouf. Vun enger klassescher ländlecher Jacquerie huet sech dësen Opstand zu engem Géigerevolutionäre Mouvement entwéckelt.

De Krich, deen dräi Joer gedauert huet, hat verschidde Phasen, mat engem kuerze Fridden am Fréijoer 1795. Op en Enn gaangen ass den Opstand eréischt um Ufank vum Joer 1796 no ville Kämpf, Doudegen an Zerstéierungen... > méi

Wousst Dir schonn datt...

  • ... beim Waasserball d'Feldspiller de Ball mat all Kierperdeel spille kënnen, just net mat den zwou Hänn gläichzäiteg?
  • … deen éischte lëtzebuergesche Goldmedailegewënner op enger Olympiad de Michel Théato war, an zwar 1900 zu Paräis am Marathon-Laf?

E Bléck op...

… eng Flossséischmuewel (Sterna hirundo),
Vull vum Joer 2024.
Archiv

Kierzlech Verstuerwener

Richard Serra
Richard Serra
Éischter am Joer - änneren

Den 28. Mäerz an der Geschicht


Klickt op de Kalenner!

Communautéit

Aner Wikimediaprojeten

Déi blo Editioun[Quelltext änneren]

Eng alternativ Versioun huet dee selwechten Opbau, allerdéngs just eng Faarf, hellblo:


Artikel vun der Woch

De Krich an der Vendée war, an de Joren no der Franséischer Revolutioun, méi genee ënner der Éischter Republik, e Biergerkrich tëscht den Unhänger an de Géigner vun der Revolutioun, dee vum Joer I bis zum Joer VI gedauert huet.

Wéi iwwerall a Frankräich koum et tëscht 1789 a 1792 zu Opstänn vun der Landbevëlkerung. Duerch d'Levée en masse am Joer 1793 koum et zu enger richteger Revolt, déi och Opstand an der Vendée (Insurrection vendéenne) genannt gouf. Vun enger klassescher ländlecher Jacquerie huet sech dësen Opstand zu engem Géigerevolutionäre Mouvement entwéckelt.

De Krich, deen dräi Joer gedauert huet, hat verschidde Phasen, mat engem kuerze Fridden am Fréijoer 1795. Op en Enn gaangen ass den Opstand eréischt um Ufank vum Joer 1796 no ville Kämpf, Doudegen an Zerstéierungen... > méi

Wousst Dir schonn datt...

  • ... beim Waasserball d'Feldspiller de Ball mat all Kierperdeel spille kënnen, just net mat den zwou Hänn gläichzäiteg?
  • … deen éischte lëtzebuergesche Goldmedailegewënner op enger Olympiad de Michel Théato war, an zwar 1900 zu Paräis am Marathon-Laf?

E Bléck op...

… eng Flossséischmuewel (Sterna hirundo),
Vull vum Joer 2024.
Archiv

Kierzlech Verstuerwener

Richard Serra
Richard Serra
Éischter am Joer - änneren

Op engem 28. Mäerz

Méi iwwer den 28. Mäerzen aneren Dag

Och Dir kënnt hei matmaachen!

Aner Wikimediaprojeten

Commentairen[Quelltext änneren]

Gesäit super aus (déi 2 Versiounen)! Solle mir elo wielen, wéi eng Versioun geholl gëtt? Wa jo, da stëmmen ech fir déi orange :) --Bdx (Diskussioun) 09:53, 23. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Déi "orange" wéi s Du seess, ass mär eng Grëtz ze faarweg. Gro oder wäiss amplaz orange géif mer schonn éischter goen. Mee déi eenheetlech blo wierkt fir méch méi roueg, méi 'serieux'. Dofir mäi liichte Virzuch fir déi.
Note: Ech hunn nach kleng Layout-Ännerunge gemaach, allerdéngs just an där 'bloer'. --Zinneke (Diskussioun) 12:00, 23. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Tendéieren och fir déi blo --Les Meloures (Diskussioun) 12:22, 23. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Mir gefält déi blo och léiwer, déi aner ass ze knalleg --Soued031 (Diskussioun) 12:59, 23. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Eng Fro firwat sinn d'Portaler sou komesch ugereit? --Soued031 (Diskussioun) 13:01, 23. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Wann déi Linken op déi grouss Themen iergendwéis bis blo sinn, dann ass fir méch d'Säit prett, live ze goen! --Zinneke (Diskussioun) 14:07, 23. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Leit de Portal elo besser? --Soued031 (Diskussioun) 14:21, 23. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Déi blo ass natierlech grad sou gutt. --Bdx (Diskussioun) 14:33, 23. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Am Fall wou den Inhaltsverzeechnes ugewise gëtt net den "NOTOC" vergiessen. --Soued031 (Diskussioun) 14:51, 23. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
D'Haaptsäit kann am Fong elo agebaut ginn, wa kee méi eppes ze meckeren huet ;) --Soued031 (Diskussioun) 15:47, 23. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
TADDAAAH! ass geschitt! Ech hunn och d'Spär reduzéiert, datt all registréierte Benotzer drun ännere goe kann, fir wann nach Een deen een oder anere klenge Bobo fënnt. No enger Woch oder esou kann een dann nees en zousätzlecht Schlass dropsetzen (nëmmen Adminne kënnen änneren) fir all Risiko vu Wandalismus auszeschléissen (NB: d'Texter an de Schabloune kënne weiderhi vu jidderengem editéiert ginn, gespaart ass just d'Struktur).
Flott! --Jwh (Diskussioun) 22:21, 23. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Ech hätt déi dräifoarweg Variant optesch méi schéi fonnt, mee et ass kloer datt et u sech kee Grond gëtt fir tëscht gringer a bloer Kolonn z'ënnerscheeden. Par conter kéint déi ënnescht Këscht eng aner Foarf kréien, well déi huet eng aner Zort Contenu. Vun de Foarwe-Fro awer emol ofgesinn ass et e grousse Worf, Chapeau Jongen! --Otets ♣ 11:02, 24. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Wat elo nach ze maache bleift:

  • 362 Schablounen zwaffen fir d'"Op engem [Datum]" Rubrik; ADDENDUM: ass gemaach! -- Zineke
  • d'Portaler/den enzyklopedeschen "Einstieg" ausbauen a verdéiwen;
  • am A halen, méiglechst keng rout Linken op der Haaptsäit ze hunn, wat bedeit datt:
    • Artikele musse geschriwwe ginn iwwer Linken an den "Artikele vun der Woch" (an d'Artikele vun der Woch nogelies ginn ier se live ginn);
    • Artikele musse geschriwwe ginn zu vereenzelte Sujete vum "Bléck"-Bild;
    • Artikele musse geschriwwe ginn zu vereenzelte Leit/Evenementer an der "Op engem..."-Rubrik ...

Mee dat muss jo net alles haut geschéien ;-) Merci un all déi um neie Lokk matgeschafft hunn, besonnesch de Soued, deen de Layout gemaach huet. --Zinneke (Diskussioun) 16:16, 23. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

En décke Merci och un dir Zinneke fir d'Iddi an d'Aarbecht fir den AVDW an den "Op engem ...". Merci och un all déi déi verbesseren, an déi déi nei Artikele maachen ;). --Soued031 (Diskussioun) 16:36, 24. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]