Wikipedia:WikiProjet National Monumenter
Dës Säit ass d'Ausgangsbasis fir de Wiki-Projet "National Monumenter" zu Lëtzebuerg, der lëtzebuergescher Versioun/Ofleeër vu Wiki Loves Monuments. D'Zil dovunner ass et, méiglechst vill klasséiert Monumenter an Objeten doruechter opzelëschten, ze beschreiwen a mat fräie Biller ze illustréieren.
D'Initiativ gouf 2010 an Holland gestart; nom grousse Succès gouf se 2011 op 17 europäesch Länner ausgebreet (dorënner och d'Belsch a Lëtzebuerg; kuckt ënnendrënner) an am September 2012 war d'ganz Welt invitéiert, matzemaachen. Och 2013 gëtt et nees e weltwäite Concours no deene selwechte Prinzipien.
Heidrënner stinn Informatiounen iwwer den Oflaf an e Bilan zu de Concoursen.
Inhaltsverzeechnes |
2013 [änneren]
Och 2013 si Benevolen aus alle Länner opgeruff, de Concours z'organiséieren an dobäi matzemaachen.
Informatiounen dozou op Commons.
2012 [änneren]
2012 goufe Benevolen aus alle Länner opgeruff, de Concours z'organiséieren an dobäi matzemaachen. Eng 35 Länner ware schlussendlech mat derbäi. Fir Lëtzebuerg huet sech 2012 organisatoresch näischt Grousses geännert:
- D'Lëschtesäite stoungen ewell a waren de Gemengefusiounen ugepasst an op de leschte Stand bruecht ginn;
- d'Decisioun, datt d'Belsch Lëtzebeurg "concourstechnesch" géif mat ofdecken, gouf bäibehalen, an
- d'Säiten op Lëtzebuergesch um Site http://wikilovesmonuments.be goufen, wou néideg, ugepasst.
Och de "Banner", deen op all Wikipediasäit ze gesinn ass, gouf op Lëtzebuergesch iwwersat, sou datt jiddereen zu Lëtzebuerg, deen eng Wikipediassäit uklickt, en ze gesi kritt.
Op der Projetssäit op Commons steet méi iwwer d'Virbereedungen an den Oflaf vum Concours u sech.
Den 1. Septemeber 2012 goufen et eppes klenges iwwer 200 klasséiert Monumenter zu Lëtzebuerg ouni Foto.
Dës Tabell weist den ablécklechen Tëschestand.
Bilan 2012 [änneren]
Fir de Wiki Loves Monuments Concours 2012 goufen 267 gëlteg Biller eropgelueden - eng 20 méi wéi dat Joer virdrun.
Iwwer 60 zousätzlecher waren der eropgeluede ginn, déi keng klasséiert Monumenter als Sujet haten (zum Deel hat Ee gemengt, seng ganz Vakanzebiller missen eropzelueden), an déi dofir net beim Concours matmaache kënnen.
Dës Biller ginn an 173 verschiddenen Artikelen, an 3 Sproochversiounen, gebraucht (Stand 1.10.2012).
89 eenzel Monumenter, déi kee Bild haten, hunn duerch de Concours eent kritt. Souguer déi, déi de 14. September nei op d'Lëscht komm sinn, ware bal all eng knapps Woch drop fotografesch festgehalen. Den Total vun de Monumenter mat fräie Biller läit, den 1. Oktober 2012, bei 552 (vu 706 [1] am ganzen).
Et sief och ernimmt, datt virdun, uechtert d'Joer, baussent dem Concours, eng ganz Partie Biller bäikomm waren: 148 Monumenter kruten (op d'mannst) ee Bild bäi.
Wann deen Trend unhält, gëtt et bis Enn 2013 vun all Lëtzebuerger klasséiertem Monument e fräit Bild op Wikipedia!
Gewënner [änneren]
D'Gewënner sinn hei ze gesinn; ee Bild aus Lëtzebuerg (vum Meesebuerger Kierfecht) koum op déi exzellent 4.Plaz!
21. November 2012
Note
- ↑ Note: Dës Zuel refletéiert déi eenzel Abschnitter um SSMN senger Lëscht. Bei verschiddene si méi Gebaier - alt emol ganz Stroossenzich - bei engem eenzegen Antrag concernéiert, sou datt déi tatsächlech Zuel vun Objeten méi héich ass.
2011 [änneren]
Wéi bis bekannt gouf, datt deen ursprénglech hollännesche Projet dëst Joer sou wäit wéi méiglech a ganz Europa ausgedroe sollt ginn, war et séier kloer, datt déi puer Mataarbechter, zu deene mer hei sinn, net selwer e Concours op d'Been kéinnte stellen, eng eege speziell Websäit dofir opsetzen, asw.
Dofir gouf vu Mäerz bis Juli 2011 d'Basis vun Artikelen a Fotoen zu klasséierte Monumenter geluecht:
- 105 eenzel Lëschten zu all Gemeng, wou esou Monumenter sinn, goufen ugeluecht (kuckt d'Këscht heidrënner). Ausgefëllt goufen se op Basis vun der Lëscht vum SSMN.[1]
- An all Artikel iwwer eng Gemeng gouf ënner Kuckt och e Link op déi jeweileg Lëscht gesat.
- Op Commons gouf eng Kategorie "Cultural heritage monuments in..." fir jidfer vun den
105101 Gemengen, déi a Fro kommen, ugeluecht an all Biller, déi dorënner falen, deementspriechend kategoriséiert.
De Fotos-Concours [änneren]
E puer Mataarbechter virun allem vun der nl:Wiki hunn de Site wikilovesmonuments.be op d'Bee gestallt, fir dass d'Belsch a Lëtzebuerg beim europawäitem Wiki Loves Monuments-Concours och ofgedeckt kënne ginn. Si hu sech och ëm d'Lëschte vun de belsche Gemenge gekëmmert (an déi vu Lëtzebuerg an d'Hollännescht iwwersat).
Si hunn desweidere Sponsore fonnt, fir d'Präisser vum Concours, an eng Jury zesummegestallt. De Site gouf vun engem lb:Wiki-Mataarbechter och op Lëtzebuergesch iwwersat an op der Haaptsäit hei velinkt. De Site, a 4 Sproochen, www.wikilovesmonuments.be, ass Enn August 2011 online gaangen.
Fotoen iwwer lëtzebuergesch klasséiert Monumenter waren deemno och beim Concours zougelooss.
D'Medien zu Lëtzebuerg goufen de 5. September 2011 per Presse-Communiqué iwwer de Concours informéiert.
Folgend Reportagë goufe publizéiert:
- Wort.lu, 15.09.2011 18:40, Wikipedia braucht Luxemburger Monumente
- RTL.lu, 16.09.2011, 06:45, Wikipedia brauch Fotoen a lancéiert dofir e Concours
- RTL Radio, 16.09.2011, Newsflash vun 9:00 (3:15-4:30) Wikipedia lancéiert eng grouss Aktioun fir Denkmalfleeg
Bilan nom 30. September 2011 [änneren]
246 Biller vu lëtzebuergesche klasséierte Monumenter goufen am Kader vum Concours op Wikimedia Commons eropgelueden. Dobäi koumen der nach eng 30, déi als Sujet Gebaier haten, déi net um SSMN senger Lëscht stinn. Dës goufe fir de Concours disqualifizéiert, sinn awer natierlech och gär gesinn a goufen z.D. schonns an Artikelen agebaut. Just e puer wéineg dovunner hu misse geläscht ginn, well se Gebaier gewisen hunn, op deenen den Architekt de Copyright huet.
Déi Meescht vun deene Leit, déi Fotoen eropgelueden hunn, hu virdrunn nach net op lb:Wiki matgeschafft. De User:Luxfornow zum Beispill, deen 72 Biller bäigedroen hat, war en engleschsproochegen "Expat", deen zu Lëtzebuerg (ge)wunnt (huet). Ronn 90 Monumenter, déi bis dohin nach kee Bild haten, hunn eent duerch dës Aktioun kritt. Op 254 Säiten a 6 verschiddene Sproochen goufen d'Biller bis ewell agebonnen.
D'Zuel vu klasséierte lëtzebuergesche Monumenter, zu deenen et op Wikipedia/Wikimeida op d'mannst ee Bild gëtt, läit nom 2011er WLM-Concours bei 315.
Den Intérêt un der Saach léisst hoffen, datt och nom Concours weiderhin Biller zu Monumenter, wou et hei nach keent gëtt, erpogeluede an dann an d'Lëschten integréiert ginn. D'Zil bleift e méiglechst kompletten Inventaire u fräie Biller a Beschreiwunge vu klasséierte Monumenter hei beieneenzekréien.
Et bleiwen nach kleng Detailer un de Lëschten ze maachen:
- d'Lëschten, wou néideg, an den Uertschaftsartikele verlinken (nach net iwwerall gemaach);
- Gebaier an Objeten, wann néideg a méiglech, an eegenen Artikelen (oder op d'mannst an e puer Sätz am Artikel zu der Uertschaft) beschreiwen;
- d'geographesch Koordinaten derbäisetzen, wou se feelen;
- d'Lëschten aktualiséieren, wann den SSMN seng Lëscht à jour setzt (2-3 Mol d'Joer).
20.10.2011.
Ärenzdall | Bäerdref | Bartreng | Bauschelt | Bech | Beefort | Beetebuerg | Béiwen-Atert | Bettenduerf | Betzder | Biekerech | Biissen | Biwer | Buerschent | Bus | Déifferdeng | Diddeleng | Dikrech | Dippech | Duelem | Ell | Ëlwen | Esch-Sauer | Esch-Uelzecht | Eschweiler | Ettelbréck | Feelen | Fëschbech | Fiels | Fluessweller | Fréiseng | Garnech | Géisdref | Gréiwemaacher | Groussbus | Habscht | Hesper | Hiefenech | Iechternach | Ierpeldeng | Jonglënster | Käerch | Käerjeng | Keel | Kielen | Kiischpelt | Klierf | Kolmer-Bierg | Konsdref | Konter | Koplescht | Leideleng | Lenneng | Lëntgen | Lëtzebuerg | Luerenzweiler | Mäertert | Mäerzeg | Mamer | Manternach | Miersch | Mompech | Monnerech | Munneref | Nidderaanwen | Noumer | Parc Housen | Péiteng | Pëtscht | Préizerdaul | Rammerech | Reckeng-Mess | Réiden | Réimech | Reisduerf | Réiser | Rëmeleng | Rouspert | Sandweiler | Schëffleng | Schengen | Schëtter | Schieren | Sëll | Simmer | Stadbriedemes | Stauséigemeng | Steesel | Stengefort | Stroossen | Suessem | Tandel | Tënten | Useldeng | Veianen | Viichten | Wäisswampech | Wal | Waldbëlleg | Waldbriedemes | Walfer | Wanseler | Weiler zum Tuerm | Wëntger | Wolz | Wuermeldeng
kursiv: keng national Monumenter an dëser Gemeng.
Referenzen [änneren]
- ↑ Déi Lëscht gëtt e puer Mol d'Joer aktualiséiert. D'Lëschten hei missten deemno och an Zukunft regelméisseg ofgeglach ginn. Ablackleche Stand: 18. Abrëll 2013