Wikipedia:Wikipedia op Lëtzebuergesch an 10 Froen an Äntwerten

Vu Wikipedia

Hei kuerz a kompakt, 10 Froen an Äntwerten, déi ee sech zu der Wikipedia op Lëtzebuergesch stelle kann.

1. Wéini genee ass d'Wikipedia op Lëtzebuergesch entstanen?

D'Initiativ vun enger lëtzebuergescher Versioun vu Wikipedia goung op d'Benotzerin Briséis zréck, déi am Juli 2004 d'Versioun lb.wikipedia.org bei der Wikimedia Foundation ugefrot an d'Text-Coden, z. B. fir d'Navigatioun, iwwersat huet. Méi dozou ënner Wikipedia op Lëtzebuergesch.

2. Wéi ass déi Iddi entstane fir eng lëtzebuergesch Wikipedia-Säit ze maachen?

De Wikipedia-Projet gouf vum Jimmy Wales a vum Larry Sanger den 10. Januar 2001 gegrënnt. Hannert der Wikipedia-Iddi stoung d'Visioun: Stell der eng Welt vir, an där all eenzel Persoun op dem Planéit fräien Zougank huet op d'Zomm vun allem mënschleche Wëssen.[1]. Méi dozou ënner Wikipedia an Iwwer d'Wikipedia. Den 20. September 2004 gouf et méi wéi 1.000.000 Säiten a Wikipediaen a bal 200 verschiddene Sproochen. Firwat also net och eng Wikipedia op Lëtzebuergesch?!

3. Vu wiem genee gouf déi Säit realiséiert? Wéi ass dat mat Wikipedia selwer ofgelaf, fir datt eng Säit op Lëtzebuergesch entsteet?

Iwwer Wikimedia.org kann een Eng aner Sprooch ufroen. Déi éischt Deeg vun dëser Wikipedia, am Summer 2004, sinn op Wikipedia:Geschicht nozeliesen.

4. Wéi vill Leit schreiwen op déi lëtzebuergesch Säit?

Am leschte Mount hu(nn) 80 verschidde Mataarbechter op d'mannst eng Ännerung op dëser Wiki gemaach. Den "haarde Kär" besteet aus enger gudder Dose Wikipedianer, déi reegelméisseg vill Ännerunge maachen (Stand: 2021). Do derbäi kommen Dosende vu Leit, déi ëmmmer emol nees eppes bei engem oder méi Theeme bäidroen. All d'Mataarbechter si Benevoller, déi Hiert zum gemeinsame Projet bäidroen; et gëtt kee "Chef" a kee "Chefredakter". Et brauch ee keng Memberskaart oder -kotisatioun, just Freed un der Saach a gudde Wëllen. Jiddwereen decidéiert fir sech, wéi, wéi dacks an iwwer wat hie wëll bäidroen: Deen Ee schreift z. B. just iwwer säi Spezialgebitt, deen aneren iwwerliest léiwer wat geschriwwe gouf, en Drëtten aktualiséiert Säiten, wann eppes Wichteges Neies geschitt ass, e Véierte mécht gär Fotoen a setzt déi do bäi wou et nach keng gëtt, e Fënnefte fënnt, datt ee séier deen Artikel geschriwwen huet, dee mécht, datt all Linken op enger Säit blo sinn, an e Sechsten huet Freed drun, d'Strukturen an d'Fassong ze bréngen (Kategorien, Homonymien, Lëschten, Verknëppungen, asw.) asw. Méi Detailer op eiser Communautéitssäit.

5. Wéi vill Artikelen gëtt et op Lëtzebuergesch?

Et gëtt dësen Ament genee 63.323 Artikelen op dëser Wikipedia-Versioun. Déi Zuel ännert sech vun Dag zu Dag. D'Wikipedia op Lëtzebuergesch ass domat haut wuel mat eng vun de gréissten Online-Sammlunge vun Texter op Lëtzebuergesch.

6. Wéi vill Artikele komme pro Mount bäi? Wéi ass déi Entwécklung par Rapport zum Ufank?

D'Entwécklung vun der lb.Wikipedia kann een an eisen Ierbessenzielereien nokucken. Gewéinlech kommen an der Moyenne eng 6-8 Artikelen den Dag derbäi.

7. Wie kann alles matmaachen?

D'Wikipedia ass eng Enzyklopedie, déi net vun enger bezuelter Redaktioun, mä vu fräiwëllegen Auteure geschriwwe gëtt. Jiddwereen, dee méi zu engem Sujet weess, wéi dat, wat momentan hei steet, ka säi Wëssen hei (mat)deelen. An anere Wierder: jiddwereen - och Dir! - kann hei matmaachen! Kuckt dozou: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen? - Neien Artikel opmaachen
Jiddwereen, deen e Bäitrag schreift, soll versichen, datt en inhaltlech korrekt ass, d'Quellen ugi sinn, mat Referenze begrënnt a sproochlech ouni Feeler ass. Wikipedia ass eng Enzyklopedie, déi op allen Niveauen a punkto Richtegkeet a Genauegkeet an der Rei soll sinn an dat zielt fir d'Wikipedia an alle Sproochen.
Aus der Schoulzäit weess jiddwereen, datt wann ee Feeler mécht, se da vum Schoulmeeschter ënnerstrach ginn, an datt ee Punkten ofgezunn kritt a ee muss (e puermol) verbesseren. An der Wikipedia leeft et awer anescht: wann ech e Feeler gesinn an et besser weess, da verbesseren ech e gläich a fort ass en. Duerch d'Feeler, déi anerer a menge Bäiträg verbesseren, léieren ech wuel sou vill, wéi duerch dem Schoulmeeschter säi roude Bic an ech kréien net d'Gefill dach eng Null ze sinn. Dowéinst sinn och Benotzer déi nach net ganz gefestegt sinn an der Schreifweis ëmmer häerzlech wëllkomm.

8. Wie kontrolléiert d'Artikelen op hir Richtegkeet?

cf. Wéi kann ech sécher sinn, datt d'Informatiounen eppes daachen ? Well de Projet fir jiddwereen op ass, kann et keng Garantie ginn, datt alles, zu all Ament akkurat, aktuell a vollstänneg ass. Et ginn zwar Mataarbechter, déi praktesch e puermol den Dag nokucken, wat Neies bäikomm ass. Sou hunn offensichtlech Dommheeten oder Widderspréch keng laang Liewensdauer a ginn nees ewechgemaach. Mä déi Leit sinn net onbedéngt Expert op all Gebitt, d. h. kënnen net all eenzel Donnéeën iwwerpréiwen, just, ob dat plausibel ass. Fir d'genee Iwwerpréiwung dauert et, bis en Aneren, deen och Expert ass, dat gelies huet an eventuell richteggestallt huet. Dofir ass et wichteg, datt jiddwereen, deen eppes gesäit, vun deem e weess, datt et net stëmmt, dat ännert. Sou wiisst d'Wikipedia zu enger ëmmer méi kompletter Quell vun Informatiounen. Och wichteg: Bei all Wikipedia-Artikel kann een ënner dem Knäppchen Versioune weisen all eenzel Versioune vum Artikel gesinn a matenee vergläichen. All Ännerung ass gespäichert a jiddweree ka gesinn, wéini wie wat geännert huet. Sou gesäit ee liicht, ob den Auteur vun enger Ausso een "alen" agesiessene Mataarbechter ass; Een, dee sech als Spezialist op sengem Gebitt kenntlech gemaach huet, oder awer eng anonym IP, déi just eng Kéier eng Ännerung gemaach huet. Beim Vergläiche vu Versioune gesäit een och, ob eng Ausso kontrovers ass, d. h. dacks hin an hier geännert gouf, wat dann eng besonnesch Virsiicht fuerdert. Ausserdeem kënnen d'Diskussiounssäiten, déi et zu all Artikel gëtt, en Indiz dofir sinn, ob eng bestëmmt Ausso a Fro gestallt an debattéiert gouf. Méi op der de.Wikipedia iwwer d'Zouverlässegkeet a Wikipedia:Impressum.
Besonnesch Suerg gëtt op déi korrekt an eenheetlech Lëtzebuergesch Schreifweis geluecht. E puer Wikipedianer versichen onermiddlech all Schreiffeeler ze verbesseren a leeschte sou der Allgemengheet en enormen Déngscht! Duerch si sinn an der lb.wikipedia bal keng Schreiffeeler méi. D'Wikipedia op Lëtzebuergesch ass eng Referenz wéi Lëtzebuergesch geschriwwe gëtt.

9. Wéi eng Zort Artikele sinn op der Säit? Just iwwer Lëtzebuerg oder och aner Themen op Lëtzebuergesch?

Wikipedia ass eng Enzyklopedie. Deemno kann alles wat den enzyklopedesche Critèren entsprécht (Relevanz, Neutralitéit, Objektivitéit) an op Lëtzebuergesch geschriwwen ass, an d'lb.wikipedia kommen. Kuckt och Wat Wikipedia net ass. Natierlech sinn op der lb.wikipedia besonnesch vill Artikelen iwwer Lëtzebuerg oder a Bezuch op Lëtzebuerg, wéi een dat am beschten iwwer d'Portal:Lëtzebuerg gesi kann.

10. Wéi steet et mam Copyright, kann ee meng Texter änneren, däerf ech mer selwer Biller erofkopéieren?

Texter an déi meescht Biller sinn disponibel ënner der Creative Commons Attribution/Share-Alike Lizenz oder enger anerer fräier Lizenz. De Contenu ka kopéiert, verännert, a weider verbreet ginn, mä all nei Versioun steet obligatoresch ënnert der selwechter Lizenz an et musse Source an Auteur ugi ginn. Dat heescht:
  • De Contenu vu Wikipedia ass fräi,
  • Jiddwereen huet d'Recht ze kopéieren, mä Source an Auteur musse genannt ginn,
  • Jiddwereen huet d'Recht z'änneren, hei oder anzwousch anescht,
  • All Kopie oder Ännerung ënnerläit de selwechte Konditiounen.
  • An eiser Presserevue sinn Zitater oder Publikatiounen aus lb:Wikipedia-Artikelen opgelëscht an och soss doruechter publizéiert Fotoe vun lb:-Wikipedia-Mataarbechter notéiert a kommentéiert. Verschidde Presseorganer ginn d'Quell sou un, wéi dat soll sinn an da kréie s'e grénge Punkt. De giele Punkt weist datt dat deelweis geschitt ass an de roude Punkt seet, datt d'Foto benotzt gouf, ouni d'Quell unzeginn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jimmy Wales