Wikipedia Diskussioun:Adminkandidaturen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

2004 / 2005[Quelltext änneren]

Richtlinnen[Quelltext änneren]

Sin déi fir jiddfereen ok esou ?

Briséis 00:17, 8 Sep 2004 (UTC)

"Bei der Oofstëmmung sollt de Kandidat opmannst 15 Stëmme kritt hun, ..." Ech gesinn e Problem mat deene 15 Stëmmen bei der aktueller Zuel vun "aktive" Mataarbechter. --Cornischong 23:37, 11 Feb 2005 (UTC)

Wa jiddereen der 3 zegutt huet ... ;-) Zinneke 23:47, 11 Feb 2005 (UTC)


"Bei der Oofstëmmung sollt de Kandidat opmannst 10 Stëmme kritt hun, ..." Ech gesinn e Problem mat deene 10 Stëmmen bei der aktueller Zuel vun "aktive" Mataarbechter. Ech baséiere mech do op d'Lëscht vun de Wikipedianer. Johnny Chicago 18:52, 8 Februar 2006 (UTC)

Wann ech op de Wikistats an a mengem Gediechtnis kucken, da gesinn ech eng 12 ganz aktiv Mataarbechter an dann nach eng hallef bis eng Dose sporadesch aktiver. Theoreetesch misst et also duergoen. Wéi et praktesch geet weess ech elo net am viraus, mee just 5 Stëmme wier awer e wéineg déif gegraff, neen? --Otets 19:29, 8 Februar 2006 (UTC)

Merci fir de Virschlag mat de 5 Stëmmen , dat ass d'Léisung! Johnny Chicago 20:02, 8 Februar 2006 (UTC)

Woarde mer mol of, wat praktesch méiglech ass. D'Limit vun den zing kéint duerchaus erfëllbar sinn, sou gutt wéi sech dat am Moment uléisst. A fir de Rescht ware mer jo nach ni ëm e gudde Schotz Pragmatismus verleeën. Eppes anescht: ech schloe vir, deng Propositioun vun neie Wahlregele moar den Owend op dës Diskussiounssäit eriwwerzesetzen. D'Kandidaturen an d'Stëmme bleiwe selbstverständlech op der Haaptsäit erhalen. Et geet mer just ëm eng kloer Trennung tëscht der offizieller Wahl an den Diskussiounen ëm de Wahlmodus. Vu datt déi vun der Meta heihi kucke komme mussen ier se op de Bureaucrate-Knäppchen drécken, sollte mer dat Ganzt e wéineg méi kloer strukturéiren. --Otets 14:42, 11 Februar 2006 (UTC)

A posteori muss een unerkennen datt de Johnny Chicago effektiv Recht behalen huet. Well awer d'Kommunautéit och op der lb-wiki stänneg wiisst, stellt sech d'Fro op ee just fir déi leschte Wahlen de Seuil nodréilech op 5 setze soll oder och fir zukünfteger, wou ee bis da vläicht iewer op eng verduebelt Zuel vun aktive Wikipedianer hoffe kéint? --Otets 15:18, 27 Februar 2006 (UTC)

D'Léisung dierft einfach sinn: Et feelt eis just eng Stëmm, fir dass eis Kandidatin de Quorum vun 10 Stëmmen huet. Et ass jo nach net ze spéit, dass déijéineg vun den "alen" a verdingschtvolle Mataarbechter, déi bis ewell nach net ofgestëmmt hunn, dat nohuelen (ënnert hinnen och déi Pesoun, déi d'Walresultat technesch ëmsetze kann). Hiren Asaz hei an deene leschten Deeg léisst hoffen, dass se sech ugesprach fillt, eis aus deem Patt hei erauszehëllefen ... ;-) --Zinneke 10:14, 28 Februar 2006 (UTC)

Endlech!!! --Cornischong 11:14, 28 Februar 2006 (UTC)

Meng Stëmm fir d'Alexandra[Quelltext änneren]

op d'Säit selwer an d'Ofstëmmung kopéiert

Eischt Analys vun de Bureaucratewalen[Quelltext änneren]

Et hu véier (4) Leit matgestëmmt, de nach kee Stëmmrecht haten :

Dräi (3), déi keng 50 Bäiträg an der Wiki hunn:

  • Babu: dräi (3) Bäiträg
  • Yabloko: sechs (6) Bäiträg
  • Flop: zwielef (12) Bäiträg

Een (1), dee nach keng zwéi Méint an der Wiki ass:

  • Alain: éischte Bäitrag de 17. Mäerz 2006

Johnny Chicago 00:01, 25 Mäerz 2006 (UTC)

Vu datt an eise Regele steet "All User kann eng Pro oder eng Kontra Stëmm ofginn", sinn déi uewe genannte Limitatioune net zoutreffend (si applizéire sech just op d'Kandidaten, net op d'Wieler). --Otets 00:25, 25 Mäerz 2006 (UTC)

Eng laang Woch[Quelltext änneren]

"Gewielt gëtt doropshin während enger Woch", liesen ech an der "Aktioun "Mir brauchen en zweete Bureaucrat". Déi Woch ass de 17. Mäerz ugaangen an huet anscheinend aacht Deeg gedauert. E bësse laang fir sou eng ustrengend Woch.
"All User kann eng Pro oder eng Kontra Stëmm ofginn, a kann déi och begrënnen.":
Eisen treie Mataarbechter Flop ass esou staark engagéiert, datt deen zweemol stëmmt.
De Babu, eis Otets-Sockpuppet, dee sech just een eenzegen Dag (an dat op Chrëschtdag (!!) op der Wiki opgehalen hat, fir Téitenger (!) Themaen ze behandelen, fillt sech beruff, fir zoufälleg "am leschten Ament" sengem Puppetmaster ënner d'Äerm ze gräifen. A well zwou Stëmme besser si wéi eng, gëtt hien der alt zwou of.
An eise wäerte MatOAbechter Yabloko hat de Wecker och op en Dag ze spéit gesat. Dat ass dee Mann, dee blasphemesch Dauwen op der Kierchdiech gesäit an aner Leit "geckeg" a "krank" nennt, awer soss hei nach kee Fanger geréiert huet.
Eng Minutt virun der Geeschterstonn daucht de Puppetmaster da selwer op, um Enn vun enger extrem laanger Woch vun aacht Deeg. - Et war stoark.
A pardon, wou sinn de Weltbierger, den Thorse, de Voltaire, de Jonathan, déi aner Bauchriednerpoppen? Kommen déi moar un d'Rei? --Cornischong 01:28, 25 Mäerz 2006 (UTC)

1. Deng paranoid Beschëllegunge si lächerlech. Fro der bäi den Devs d'IPen un iers de mat esou Behaaptunge kënns. Esou dacks wéi s du de Leit hei an der lescht op d'Féiss getrëppelt bass ass et scho vermessen ze mengen datt jiddereen, deen net stänneg mat där enger Meenung ass, automatesch just ech ënner anerem Numm misst sinn. A wa Leit géint dech respektiv fir mech Stëmmen, dann ass dat just kannerech fir déi dann nodréilech auszegrenzen oder duerch de Bulli ze zéien. 2. An de Regele steet "Gewielt gëtt doropshin während enger Woch, also bis de 24. Mäerz 2006. Duerno ze behaapten et wier schonn den 23. Mäerz eriwwer gewiescht, naja. 3. Stoark ass just, datt d'Wahlen all Kéiers nei ugesat solle gi wann d'Resultat net dengen Erwoardungen entsprécht. Mat Demokratie huet dat näischt méi ze dinn. --Otets 11:50, 25 Mäerz 2006 (UTC)

Reslutat vun de Wahlen[Quelltext änneren]

objektiv Betruechtung[Quelltext änneren]

Kee vun de Kandidaten ass gewielt, well keen huet déi néideg ("opmannst" wéi an de Regele steet) 2/3 vun de Stëmme kritt (problematesch kann d'Ziele vun der dergéint Stëmme sinn ech ginn emol dervun aus datt déi de Prostëmmen ofegzu ginn)

  • Otets : 5
  • Cornischong : 3
  • Total : 8 2/3 vun 8 sinn 5,333... also muss e fir opmannst 2/3 ze kréien 6 Stëmmen hunn, dat ass bei kengem de Fall.

perséinleche Statement[Quelltext änneren]

D'Wahle sin ongülteg a musse widerholl ginn. Ech proposéierren datt nei Regelen opgestallt ginn iwwert déi dann fir d'éischt ofgestëmmt gëtt.--Marcus 10:09, 25 Mäerz 2006 (UTC)

Geescht vun de Regelen[Quelltext änneren]

Déi Regele ware fir Eenzelkandidaturen opgestallt ginn, an esou bezéie sech d'Limiten och just op all Kandidatur fir sech aleng gesinn. Dofir och "eng Pro oder eng Kontra Stëmm", well ee soss en Eenzelkandidat net desapprouvéiere kéint. An dofir steet och niergends op ee Kontra-Stëmmen ofzielen muss oder wéi, well déi 2/3 sech just op d'Stëmme fir oder géint ee Kandidat aleng bezéien, net op d'Gesamtzuel vun alle Stëmmen am Fall vun e puer Kandidate fir ee Posten.

Normalerweis wier nämlech am Fall wou all Eenzelkandidat d'Kriteren fir sech gesinn erfëllt och all Kandidat gewielt, an d'Limitatioun op just ee Posten ass dee Moment leider (nach) net speziell geregelt. Mee vu datt d'Stëmmen zu menger Persoun zu 3/3 Pro sinn an d'Stëmmen zum Cornischong senger Persoun zu manner wéi 2/3 Pro sinn, stellt sech dee Problem guer net, well meng Kandidatur als eenzeg duerchgoung.

Well ech awer elo weder endlos (an u sech onnéideg) Gestreits iwwer d'Interpretatioun vun de bestehende Regelen, nach eng drëtt Oplag vum Wahlk(r)ampf gutt fannen (dat zitt sech elo scho méi wéi 2 Méint hin, an huet weder der Harmonie nach der Oarbechtsenergie vun der Wiki guttgedongen), géif ech virschloen dee Fall esou wéi en do ass engem onofhängege Vermëttlungsaussschoss virzeleeën, a wéi deen tranchéiert sou soll et da sinn. Esou en onofhängege Vermëttlungsaussschoss gëtt et nach net op der lb-wiki, dowéinst proposéieren ech dee vun der de-wiki, schliisslech hu mer eis Kandidaturregelen ursprénglech och vun der de-wiki, a spéitstens zënter der leschter de-Bürokratewahl virun annerhallwem Joer musse si wësse wéi se hir eege Regelen an deem Fall ze interpretéieren hunn. --Otets 11:50, 25 Mäerz 2006 (UTC)

hei ass et awer ganz kloer net em Eenzelkandidature gaang well d'Aktioun huet geheescht "Mir brauchen en zweete Bureaucrat" an net "mir brauchen en 2., 3. ... n. Burokrat", also sollt aus enger Lëscht (dofir jo och en Ultimatum fir ze kanidéieren) een gewielt ginn, wann d'Regelen no deene gewielt gouf net dofir geduecht sinn, sinn d'Wahlen och ungülteg. --Marcus 16:51, 25 Mäerz 2006 (UTC)

Ech sot net datt eis Regele sech op eng Kéier net méi géifen applizéiren, mee just datt ee muss kucken a wat fir engem Geescht se ganz am Ufank opgesat goufe fir se elo richteg kënnen z'interpretéiren (esou wéi ee bäi Gesetzer och d'Travaux parlementaires zu Rot zéie soll wann een déi wéi an de firwat wëll gewuer ginn). --Otets 12:47, 26 Mäerz 2006 (UTC)

Sorry, war ze spéit unn, mee ech konnt elo eng Zäit laang net op den Internet kommen (privat Grënn), an hunn den Ofschloss ze spéit matkritt. Wat ech bei de ganze Wale net verstinn ass: Wann een eng Pro-Stëmm gëtt, wisou ass et da nach néideg eng Contra-Stëmm ze ginn, dat ass dach onsënneg, oder? Myriam 22:18, 27 Mäerz 2006 (UTC)
"wisou ass et da nach néideg eng Contra-Stëmm ze ginn": Wien huet da gesot oder geschriwwen, datt et "da nach néideg" wier, "eng Contra-Stëmm ze ginn"? Villmols Merci fir eng Äntwert. --Cornischong 23:28, 27 Mäerz 2006 (UTC)

Normalerweis sollt bei Wahle mat e puer Kandidaten fir een eenzege Posten d'Entscheedung just iwwer Pro-Stëmme falen. Leider gesinn eis Regelen e méi komplizéierte System vir. Deemno ass et zwar net zwéngend néideg eng Kontra-Stëmm ze gi wann een engem anere Kandidat schonn eng Pro-Stëmm ginn huet (genee wéi et net zwéngend néideg ass eng Pro-Stëmm ze gi wann een deenen anere Kandidate schonn eng Kontra-Stëmm ginn huet), mee et ass méiglech. --Otets 17:00, 28 Mäerz 2006 (UTC)

Richtlinnen (Ergänzungen)[Quelltext änneren]

Ech schloe vir d'Richtlinnen fir Walen z'ergänzen an zwar esouwuel wat Definitioun vun der Dauer ugeet wéi och ganz allgemeng de Prinzip festzehalen datt bäi all Wal et fir all Kandidat jeweil eng separat Ofstëmmung gëtt: Hei meng Proposen fir d'richtlinne ze completéieren:

  • D'Walen dauere jeweils eng ganz Woch (7 Deeg): sie fänken den 2. Dag no der Opstellung vun der Kandidatur ëm 0:00:00 Auer (offiziell Zäit zu Lëtzebuerg) un (Beispill Kandidatur Sonndes ëm 15 Auer: Ufank vun der Ofstëmmung: Dënschdes ëm 0:00:00 Auer an demno Schluss vun der Ofstëmmung déi Woch drop Méindes ëm 23:59:59 Auer.
  • Bäi der Oftsëmmung gëtt jeweils fir all Kandidat eng separat Wal organiséiert (et kënnen och 2 oder méi Walen paralell oflafen)

An elo hoffen ech dat méiglechst vill Leit hiren Avis zu dëse Virschéi ofginn Robby 14:27, 8. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech fannen déi Ergänzunge gutt, domat dierfte bosseg an onlogesch Interpretatioune vun eise Richtlinnen nach méi schwéier ginn. --Otets 15:15, 8. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
Pro Ech sinn och fir dës Ergänzungen. --Pecalux 16:31, 8. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
Och derfir Les Meloures 16:35, 8. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
Kléngt verstänneg. Ech hu kee Problem domat. -Zinneke 17:53, 8. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Merci all denen déi hei uewendriwwer reagéiert hunn. Ech setzen déi Richtlinnen dan elo emol derbäi. E kënnt och nach een Hiweis op de Stamminet.

Ech wollt drop opmiersam maachen datt no ménger Meenung déi Richtlinnen ëmmer nëmmen da geännert kënne ginn, wa keng Wiel amgaang ass. Robby 09:51, 15. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Elo steeet an eise Richtlinnen: All Benotzer kann eng Pro oder eng Kontra Stëmm ofginn,... ech proposéieren dat ze preziséieren, well je no Interpretatioun och eng IP e Benotzer ka sinn, dofir propséierne ech de Begrëff All registréierte Benotzer (mat engem Benotzernumm) ze benotzen an ech proposéieren och d'Ofstëmmung op déi Benotzer ze limitéieren déi an de läschten 3 Méint aktiv waren (also mindestens eng Ännerung gemaach hunn). Meng Propos fir de 4. Punkt ass also: All registréierte Benotzer (mat engem Benotzernumm), den an de leschten 3 Méint virun de Walen (et zielt den Datum vun der Kandidatur) aktiv war, kann eng Pro oder eng Kontra Stëmm ofginn, a kann déi och begrënnen. Sock puppets zielen awer net mat. An elo warden ech ob Bemierkungen a Reaktiounen op déi Propos. Mat beschte Gréiss --Robby 22:13, 25. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
Ech fannen déi Prezisoun an der Rei. Les Meloures 06:08, 26. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Eis Konditioune fir als Admin ze kandidéieren soen [1]
E puer Richtlinnen
All registréierte Benotzer, dee mindestens 50 Bäiträg opweises huet, däerf sech selwer oder aner Benotzer als Admininstrateur (ochnach Admin genannt) virschloen. Un der Diskussioun iwwert d'Kandidate solle sech all Benotzer bedeelegen.
Kandidate sollte mindestens schon zwee Méint un der lëtzebuergescher Wikipedia matgeschafft hunn.
Wa mer dem Robby seng Propose gutthalen, sinn d'Konditiounen fir Wieler ze sinn vill méi restriktiv wéi déi fir Admin ze ginn.
Wéi ass et bei eise Noperen? Bei der de:Wiki gëtt verlaangt:
1. als Benotzer ugemeld,
2. mindestens 2 Méint aktiv,
3. mindestens 200 Edits an den Artikelen.
Bei der fr:Wiki gëtt verlaangt:
1. als Benotzer ugemeld,
2. mindestens 1 Woch aktiv,
3. mindestens 50 Edits
Ech proposéieren dofir d'Konditiounen fir Admin ze ginn och op d'Wieler z'iwwerdroen, also
1. als Benotzer ugemeld,
2. mindestens 2 Méint aktiv,
3. mindestens 50 Edits an den Artikelen.
--Pecalux 06:47, 26. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
Ech géif juste vilaicht daat mam Ugemellt si losse. Mer hu warscheinlech hei zwar keen Annon mat mei wei 50 Editen, mee ob aanere Sitte schon, an daat kënnt och hei emol virkomme.--Caranorn 11:04, 26. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
Wann dat keng Conditioun wier, wéi sollt een da mat Sécherheet feststelle wee ween ass? Well souguer eng fix IP kann iergendwann frësch attribuéiert ginn. --Otets 11:30, 26. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
Zu den anonyme Benotzer (net ageloggt an/oder net ugemellt) wollt ech just op d'Statistik iwwer D'Kontributiounenn vun den IPen op dëser Internesäit hiweisen http://stats.wikimedia.org/EN/TablesWikipediaLB.htm Zäitpunkt vun der Statistik 29. Februar 2008, wobäi ze bemierken ass datt vill Benotzer aus dem Reseau vum Lëtzeberger Staat wa si net ageloggt sinn d'IP 194.154.200.108 benotzen dat ass also net een méi et si vill Benotzer. --Robby
Vläit sollt een einfach d'Kandidatekonditiounen op 200 Editen eropsetzen, an d'Wielerkonditiounen op ee Mount ugemellt erofsetzen, dofir awer mat 50 Editen. Een dee reegelméisseg matschafft erfëllt déi Konditioune malit, an dann ass et och net méi schwéier Wieler ze gi wéi Kandidat. --Otets 23:10, 26. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
Ech fäerten do hat ech mech net kloer genuch ausgedréckt, ech wollt eigentlech schreiwen datt e fir Wielen ze kënnen an de läschten 3 Méint mindestens eng !Annerung gemaach misst hunn, an net datt e mindestens 3 Mäint misst matgeschafft hunn. Dëst ass just dofir geduecht dat déi Benotzer déi scho 6 MéInt laang guer net hei opgetaucht sinn, bäi walen op emol wéi Phoenix aus der Asche nees opdauchen a matt ofstëmme wëllen. Ech hoffen dat ass elo e bësse méi kloer a vläicht ka jo ee meng Propos reformuléiere esou datt meng Iddi méi kloer erauskënnt. Robby 20:59, 27. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
Elo sinn eis Wale schonn eriwwer, näischt Extraes ass virgefall, mee trotzdem kéint een d'Propose fir Wielerkonditiounen anzeféiren nees opgräifen, oder net? --Otets 15:59, 29. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]