Wikipedia Diskussioun:FAQ Lieser

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Misst ee bäi FAQ Lieser net och d'Fro fannen "Wéi sichen ech en Artikel an der Wikipedia?", wou dann den Ënnerscheed tëscht "Lass" a "Sichen" erklärt an d'Avantagë vun der Enzyklopedie-Rubrik op der Haaptsäit, de Kategorien an de Referenztabellen erklärt gëtt?

Well déi Fro hunn ech mer och schonns gestallt, notamment haut erëm, wou ech op en-wiki geliess hunn, datt, mutatis mutanis, ee mat Herrscher op "Lass" als éischt en Artikel iwwert Herrscher fënnt, a wann et deer kee gëtt, dann z.B. en Artikel iwwert Lëscht vun den lëtzebuergeschen Herrscher an en Artikel iwwert Lëscht vun den Herrscher vu Béimen, an eréischt wann et wierklech guer keen Artikel mam Wuert Herrscher am Titel gëtt, da gëtt eng Volltext-Sich gestart. Mee bei eis, wann een net grad honnertprozenteg genau den Titel vum Artikel weess, da land ee schonns bäim Google. Kéint een dat net änneren, datt Herrscher en Artikel iwwert Herrscher bréngt, wann et ee gëtt, a soss en Artikel iwwert *Herrscher*, a soss eng Volltext-Sich? An datt Herrscher Lëtzebuerg souwuel Lëscht vun den lëtzebuergeschen Herrscher wéi och Lëtzebuerg (Land) a Lëtzebuerg (Stad) uweist? Dat wier wierklech immeeeeeeens praktesch... Otets 10:03, 26 Mäe 2005 (UTC)

Fir an d'Vitrine[Quelltext änneren]

Wéi gëtt ee gewuer, wéi heefeg en Artikel gelies ginn ass ? E. Op dëser Internetsäit http://stats.grok.se kann een nokucken, wéi heefeg en Artikel pro Mount gekuckt ginn ass (dat inkludéiert natierlech d'Editéiere vun der Säit; et bedeit och nët, datt all Visiteur den Text gelies huet). Dat funktionnéiert an all Sproocheversioun vu Wikipedia. Hei e puer Beispiller aus dem Mount Mee 2009: D'Haaptsäit : lb → 29.105 Visiten | de → 27.889.014 Visiten | fr → 14.743.066 Visiten | en → 170.773.874 Visiten Artikel iwwer d'Lëtzebuerger Land : lb → 2796 Visiten | zh → 2576 Visiten] | fr → 26.873 Visiten | de → 61.847 Visiten | en → 126.450 Visiten

Et ginn Texter, déi däerfen der Mënschheet net verluer goen: En Text, an deem Artikele "besicht" ginn, an deem d'Editéiere vun enger Säit natierlech "inkludéiert" ass, an deem "dat funktionnéiert", eng zéng Schreiffeeler stinn, brauchen net onbedéngt zousätzlech nach eng Negatioun wéi "et bedeit och nët, datt all Visiteur den Text gelies huet", fir opzefalen. Dobäi ass den "och nët", ofgesi vun der Iwwerschrëft, de Pefferkär, well et keng aner Negatioun an deem "Text" gëtt. Villmools Merci un den Auteur; mer kréien net all Dag hei eppes fir ze laachen. --Cornischong 08:12, 3. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.

D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikele vun de Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.

Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et wgl. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef.

Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Les Meloures 10:28, 3. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]


P.S: @ Cornischong
Firwat hälls de déi Verspriechen net?
Les Meloures 10:31, 3. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]