Wikipedia Diskussioun:Presserevue

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

@ Otets: Op déi Iddi, fir den Artikel ze verlinken, sinn ech och schonns komm. Da kuck der emol de SPIEGEL-Artikel eng Kéier un; da mierks de firwat ech den kompletten Text eragesat hat!! --Cornischong 5 July 2005 21:19 (UTC)

Ech weess, firwat s du de kompletten Text eragesat hues, mee ech weess net, firwat s de deen op eng Diskussiounssäit gesat huest. A wann s de genee kucks, da gesäis de datt mäin Artikel-Link keen externen, mee en internen ass. --Otets 5 July 2005 21:25 (UTC) ____________________________

Iwwersetzungsproblemer[Quelltext änneren]

"US-Kongressemployéen hu versicht d'Wikipedia ze manipuléieren." Am SPIEGEL online liesen ech "US Kongressangestellte manipulierten Wikipedia(Iwwwerschrëft). " .. In Hunderten von Fällen sind von Rechnern der US-Kongresses aus Einträge der Internetenzyklopädie Wikipedia verändert worden. ...": -- Vu "versicht ..." geet am SPIEGEL net Rieds. --Cornischong 16:18, 31 Januar 2006 (UTC)

Et läit manner un der Iwwersetzung wéi un der Interpretatioun. Si hu manipuléiert, mee et ass mëttlerweil nees alles korrigéiert, sou datt d'Manipulatiounen net vun Dauer waren. Wann déi sproochlech vläicht e wéineg onkloer suggeréiert Nuance net direkt z'erkennen ass, da kanns de dat jo op déi wuertwiertlech Iwwersetzung änneren. --Otets ♣ 16:27, 31 Januar 2006 (UTC)


Linke mat näischt hannen an näischt vir[Quelltext änneren]

Et ass sécher interessant fir eng Säit mat der Presserevue ze hunn, awer:

  • Wat soll et bréngen, datt do e Link op de SPIEGEL steet, dee just op eng Säit féiert, déi eis zielt, do wier eppes gewiescht, et wier hust net méi do?
  • Wat soll eis dat bréngen, datt do steet an der Nummer yxc vun engem Bliedchen war "eppes" iwwer d'Wikipedia dra gewiescht? Just WAT dra war, dovu steet näischt do.
  • Wat soll eis dat bréngen, datt do "Ufank 2005" am Planet RTL "eppes" iwwer déi lëtzebuergesch Wikipedia dra koum?
  • Wéi léisst sech där Saach e Sënn ginn? --Cornischong 15:58, 27 Februar 2006 (UTC)

Dee Problem ass substantiell, well vu datt mer wéinst dem Copyright näicht op eise Site eriwwerkopéieren däerfe riskéiert een ëmmer datt e Link op en Artikel stierft (oder wéi beim Spiegel "payant" gëtt) an iwwer Radios- a Fernsehsendunge guer kee Material virläit. Wann d'Presserevue keng einfach Referenzsäit soll sinn da misst een entweder all futtis Linke läschen a just déi allerneitste Meldungen halen, oder et misst ee fir all Referenz och e klenge guttgematene Résumé vum Sourcetext derbäisetzen (eng Zort "Headline" hu mer jo och elo scho bäi verschiddenen derbäistoen). --Otets ♣ 16:47, 27 Februar 2006 (UTC)

Hei ass d'Totalitéit vun allen (!!!) Eenzelheeten, déi bei Bäiträg iwwer "eis" Wiki do stinn:
  • Artikel iwwert déi lëtzebuergesch Wikipedia a Wikipedia am allgeméngen.
  • Artikel iwwert déi lëtzebuergesch Wikipedia.
  • op der Säit 12 iwwer déi lëtzebuergesch Wikipedia.
  • Reportage op RTL Radio Lëtzebuerg vum Sarah Cattani iwwert d'lb:Wiki.
  • Bäitrag iwwer déi lëtzebuergesch Wikipedia bei Planet RTL.
De Bilan: Eng Kéier war "eppes" op der Säit 12 an eng Kéier war et "eppes" vun der Sarah Cattani. --Cornischong 17:11, 27 Februar 2006 (UTC)