Wikipedia Diskussioun:WikiProjet National Monumenter

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Wann deen Trend unhält, gëtt et bis Enn 2013 vun all Lëtzebuerger klasséiertem Monument e fräit Bild op Wikipedia!
Dat ass e fromme Wonsch mee do gleewen ech perséinlech net drun well et zum Schluss ëmmer méi schwéier gëtt un d'Biller ze kommen. D'Identifikatioun vun den Objeten an der Lëscht vum SSMN ass deelweis sou schlecht, dass ee beim beschte Wëllen net genau wees wat gemengt ass. An déi Objete bleiwen natierlech zum Schluss iwwreg. Et giff een net mengen dass mer am 21. Jorhonnert liewe mat Computer, Smartphone a GPS wann een déi Lëscht vum SSMN gesäit. Ausserdem gëtt et och nach Objeten di net sou gutt zougänglech sinn, wéi z.B. Kierchemobiliar oder Uergelen. --MMFE (Diskussioun) 13:02, 1. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, Du hues natierlech net onrecht. Mee 't kann een et jo sportlech gesinn :-) A wa just nach där Onléisbarer rescht sinn, kënne mer jo den SSMN kontaktéieren, well wann déi et net wëssen, da weess ech och net. Merci op jidder Fall for deng "Récolte" vun dëser "Saison"! --Zinneke (Diskussioun) 17:50, 1. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]