Wiktor Filippowitsch Raschnikow

Vu Wikipedia
Wiktor Filippowitsch Raschnikow
Portrait vun 2005
Gebuer 13. Oktober 1948
Magnitogorsk
Nationalitéit Russland
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun
Partei Eenegt Russland

De Wiktor Filippowitsch Raschnikow (Виктор Филиппович Рашников), gebuer den 13. Oktober 1948 zu Magnitogorsk, ass e russesche Geschäftsmann, Politiker, an Honorarkonsul vu Lëtzebuerg zu Magnitogorsk.

Hien huet säi Verméigen am Stolsektor gemaach, als Haaptaktionär vum Magnitogorsker Metallkombinat (87% vun den Aktien am Fréijoer 2011). Dräimol gouf en als Deputéierten an d'Legislativversammlung vum Oblast Tscheljabinsk gewielt. De 14. Dezember 2011 huet e virum lëtzebuergeschen Ausseminister säin Eed als Honorkonsul fir d'Oblast Tscheljabinsk geleescht[1].

De Raschnikow ass Éierebierger souwuel vu senger Heemeechtsstaat Magnitogorsk wéi vum Oblast Tscheljabinsk.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Wiktor Raschnikow huet seng berufflech Carrière 1967 als Schlässer an der Reparaturunitéit vum Magnitogorsker Metallkombinat MMK ugefaangen. Donieft huet e sech awer weidergebilt an 1974 säin Diplom an der Drockveraarbechtung vu Metaller un der Magnitogorsker staatlecher technescher Universitéit gemaach. Sou huet e sech a senger Firma eropschaffe kënnen an ass 1991 zum Haaptingenieur an éischte Stellvertrieder vum Generaldirekter ernannt ginn. 1994 huet en een zweeten Diplom an der Organisatioun vun der Produktiounsverwaltung kritt. 1997 gouf e Generaldirekter vun MMK. Zanter Abrëll 2005 ass de Raschnikow President vum Betribsrot.

Anescht wéi aner russesch Oligarchen huet de Raschnikow keng auslännesch Kuelegrouwen oder Metallwierker opkaaft, mä kontinuéierlech d'Aktië vum eegene Betrib kaaft fir schlussendlech d'Kontroll iwwer MMK z'erreechen. Enn der 1990er Joren huet e säi Stolwierk géint Iwwernamversich duerch Gesellschaften ëm den Iskandar Machmudow mat Erfolleg verdeedegt.

Baussent MMK investéiert en aktuell an den Hotel Rossija an den Hochzäitspalais zu Moskau.

De Raschnikow ass bestuet an huet zwee Meedercher, Olga an Tatjana.

Evolutioun vu sengem Verméigen[änneren | Quelltext änneren]

Déi US-amerikanesch Wirtschaftszeitung Forbes huet de Raschnikow 2011 mat engem Verméige vun 11,2 Milliarden US Dollar op der 11. Plaz vun den 200 räichste russesche Geschäftsleit gefouert, an ëmmerhin nach op der 70. Plaz weltwäit[2]:

Daten 2007 2008 2009 2010 2011
Verméigen ($ Mrd.) 7,0 10,4 2,5 9,8 11,2
Plaz (an der Welt) 104 73 261 71 70
Plaz (a Russland) 11

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëtzebuerger Ambassade a Russland - Neie lëtzebuergeschen Honorarkonsul a Russland Archivéiert op 2012-03-06. Gekuckt de(n) 2011-12-15.
  2. Forbes - Profil vum Wiktor Raschnikow