Wiktor Janukowytsch
De Wiktor Fjodorowytch Janukovytsch, op Ukrainesch Віктор Федорович Янукович an op Russesch Виктор Фёдорович Янукович, gebuer den 9. Juli 1950 zu Jenakijewe an der Oblast Donetsk, ass en ukrainesche Politiker, Chef vun der Partei vun de Regiounen.
De Wiktor Janukowytsch war vum 21. November 2002 bis den 31. Dezember 2004 Premierminister vun der Ukrain. 2004 huet hie fir Presidentschaftswahle vu sengem Land kandidéiert, huet awer géint de Wiktor Juschtschenko, de Leader vun der Oranger Revolutioun, verluer.
2006 war seng Partei déi stäerkst bei de Parlamentswahlen, an esou gouf hien nees, vum 4. August 2006 bis den 18. Dezember 2007, Premierminister. 2010 huet hien, als Oppositiounsleader, d'Presidentschaftswahle mat 48,95 % vun de Stëmme gewonnen.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Wiktor Janukowytsch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Witold Fokin | Walentyn Symonenko (kommissaresch) | Leonid Kutschma | Juchym Swjahilskyj (komm.) | Witalij Massol | Jewhen Martschuk | Pawlo Lasarenko | Wassyl Durdynez | Walerij Pustowoitenko | Wiktor Juschtschenko | Anatolij Kinach | Wiktor Janukowytsch | Mykola Asarow (komm.) | Julija Tymoschenko | Jurij Jechanurow | Wiktor Janukowytsch | Julija Tymoschenko | Olexandr Turtschynow (komm.) | Mykola Asarow