Wilhelm Eberschweiler

Vu Wikipedia
Wilhelm Eberschweiler
Gebuer 5. Dezember 1837
Püttlingen
Gestuerwen 23. Dezember 1921
Exaten

De Wilhelm Eberschweiler ass de 5. Dezember 1837 zu Püttlingen am Saarland gebuer. Kuerz duerno ass seng Famill op Waxweiler a méi spéit op Bitburg gezunn. No senger Schoulzäit zu Tréier, wou en an de Friedrich-Wilhelm-Gymnasium gaangen ass, ass de Wilhelm den 30. September 1858, zesumme mat sengem Brudder Friedrich, an de Jesuittenuerden zu Münster agetrueden. Alle béid haten de Wonsch Missionnaire ze ginn, e Wonsch deen allerdéngs nëmme fir säi Brudder an Erfëllung gaangen ass, deen an Amerika an der Indianermissioun geschafft huet.

De Wilhelm dogéint huet. nom kanonesche Joer, mam Noviziat zu Feldkirch am Vorarlberg misse weiderfueren. Do huet en 1861 säin éischt Gelübd ofgeluecht. Wärend sengem Studium zu Maria Laach ass en den 13. September 1868 zum Priister geweit ginn an op Oochen gaangen. 1871 huet an Däitschland de "Kulturkampf" ugefaangen an de Wilhelm ass op Wynandsrade an Holland gaange wou e Rekter ginn ass. 1884 koum en op Ditton Hall an England. Vun 1894 u war hie Beichtpapp a verschiddenen Nonnekléischter. Den 23. Dezember 1921 ass e no e puer Krankheeten zu Exaten an Holland gestuerwen an och do begruewe ginn.

De Pater Wilhelm war e Muster u Bescheidenheet a Gewëssenhaftegkeet. No bausse war en exakt bis an de klengsten Detail. Als Spiritual ass e mat senge Schüler ëmmer frëndlech ëmgaangen a war éischter drop beduecht dat Gutt an hinnen z'ënnerstëtzen an ze fleegen, amplaz hir Feeler radikal auszemerzen. Dat en iwwernatierlech Begabungen hat a méi "gesinn" huet wéi anerer, ass an den Aen vu senge Veréierer villfälteg bezeit an duerch säin Tagebuch beluecht. Zum Zäitpunkt vu sengem Doud stoung e schonn am Ruff vun der Hellegkeet. De Prozess vu senger Séilegspriechung ass den 30. November 1951 vum Bistum Tréier ageleet ginn.

Seng stierflech Iwwerreschter goufen am Mee 1958 an d'Jesuittekierch zu Tréier iwwerfouert. D'Graf an de Grafsteen sinn am Kader vun enger allgemenger Renovéierung vun der Jesuittekierch an e wierdegen Zoustand versat ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Persch, M., 2000. Eberschweiler, Wilhelm, Spiritual. In: H. Monz (Hrsg.): Trierer Biographisches Lexikon. WVT Wissenschaftlicher Verlag Trier, S. 93.
  • Syré, O., 2005. 23. Dezember 1921 - Eberschweiler Wilhelm † in Exaten. In: Kalendarium der Gesellschaft Jesu .[1]