Wilhelm Gliese
De Wilhelm Gliese, gebuer den 21. Juni 1915 zu Goldberg a Schlesien [1] a gestuerwen den 12. Juni 1993 zu Heidelberg war en däitschen Astronom.
De Gliese huet vun 1933 un op der Universitéit Breslau Astronomie, Mathematik a Physik studéiert, duerno zu Berlin wou hien och am Astronomesche Rechen-Institut geschafft huet. No sengem Retour aus der Krichsgefaangenschaft 1949 war hien um Astronomesche Rechen-Institut zu Heidelberg ugestallt. Bis 1954 war hie Mataarbechter um Astronomesche Joerbuch, a vu 1957 u bis zu senger Pensioun war hien um Fundamentalkatalog 4 resp. FK5 bedeelegt.
Hien ass fir de Gliese-Katalog (Katalog vu noe Stäre) bekannt ginn, deen 1969 eraus koum. 1951 hat de Professer Peter van de Kamp hien duerzou bruecht fir e Katalog mat sonnennoe Stäre zesummenzestellen an dobäi d'Grenz vu fënnef Parsec (mat ronn 40 Objete) op dat Véierfacht (mat iwwer 1000 Stäre) ze vergréisseren. Eng éischt Versioun vun dësem Katalog mat Objete bis zu 20 Parsec ass 1957 erauskomm. D'Éditioun vun 1969 (mat iwwer 2000 Objeten) ass bis 22 Parsec gaangen. Dës Gliese-Kataloge goufen d'Grondlag fir wesentlech weider Recherchen iwwer d'Verdeelung, d'Zesummesetzung an d'Kinematik vu masseaarme Stäre an der Noperschaft vun eiser Sonn.
Den Asteroid (1823) Gliese ass no him genannt.
[änneren] Referenz
[änneren] Um Spaweck
- (en) Gliese catalogue
- (en) MitAG 77 (1994) 5–7 (e Noruff)