Wilhelm Herschel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Friedrich Wilhelm (William) Herschel

De Sir Friedrich Wilhelm (William) Herschel, gebuer de 15. November 1738 zu Hannover, a gestuerwen de 25. August 1822 zu Slough an England, war en däitsch-briteschen Astronom a Museker.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Herschel säi Papp war Militärmuseker. De Jong ass mat 14 Joer als Oboist der hannoverescher Foussgard bäigetratt. No der Besetzung vun Hannover 1757 duerch franséisch Truppen ass hien no England geflücht. Do huet hien als Museksprof, Komponist an Organist geschafft. Am Joer 1766 gouf hien Dirigent zu Bath. Duerch d'Studium vu mathematescher Musekstheorie ugeregt, huet hie sech mat der Mathematik an der Konstruktioun vun Optike befaasst. D'Lektür iwwer astronomesch Wierker hu schliisslech säin Intressi un der Astronomie waakreg gemaach. Anescht wéi déi aner vu sengen Zäitgenosse wollt hie sech awer net mat der Observatioun vu Mound, Planéiten a Koméiten zefridde ginn. Villméi wollt hien d'Objete vum Fixstärenhimmel studéieren, jo souguer eng vollstänneg Oplëschtung vun alle siichtbare Stären an Niwwele maachen. Fir deen Zweck konnten awer ëm 1770 déi normal Lënsen- a Spigelteleskoper net déi néideg Leeschtung liwweren. Sou huet hien da selwer ugefaangen, Spigelteleskopen ze bauen, wat him, obwuel hie Laie war – no Mësserfolleger am Ufank och gelongen ass. Vu 1766 un huet hie vill Teleskope mat ëmmer méi groussem Duerchmiesser gebaut. Bei sengen Observatioune gouf den Herschel vu sengem Brudder Alexander a senger Schwëster Caroline ënnerstetzt.

Hie gouf op ee Schlag berühmt, wéi e 1781 en neien Objet am Sonnesystem entdeckt huet: de Planéit Uranus. Hie als Member an der Royal Society of London gewielt, de Kinnek George III. huet him eng jäerlech Vergënschtegung zougesprach. Sou konnt hie sech voll sengem Hobby, der Astronomie, zouwenden. D'Famill Herschel ass vu Bath op Slough geplënnert. Hien huet dann och nach Teleskope gebaut fir aner Leit, a konnt domat säin eegent Akommes verbesseren. Am Joer 1788 huet hien d'Mary Pitt, eng Nopeschwittfra, bestuet. Am Joer 1816 gouf hie vum Prënz-Regent, dem spéidere Kinnek George IV., zum Ritter geschloen. Zu Slough huet hie gelieft a geschafft bis u säi Liewensenn am Joer 1822.

Den Herschel gouf an der St.-Laurence-Kapell zu Upton begruewen. Op sengem Grafstee steet de laténgesche Saz Coelorum perrupit claustra ("Hien huet d'Grenze vum Himmel duerchbrach").

Entdeckungen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter prehistoreschen Zäiten hunn d'Mënschen nëmme fënnef Planéiten, de Merkur, Venus, Mars, Jupiter an de Saturn kannt. Den neien Objet huet den Herschel am Ufank Georgium sidus ("Georges-Stär") genannt; wéi awer definitiv feststoung, datt et sech ëm en neie Planéit géif handelen ass den Objet Uranus genannt ginn. Mat dëser, zoufälleger Entdeckung war den Ëmfang vum bekannte Sonnesystem op dat Duebelt gewuess.

Dem Herschel säin Intressi louch awer bei niwwelegen Himmelsobjeten. De Charles Messier huet 1780/81 e Katalog mat 103 netpunktfërmegen („niwwelegen“) Objete verëffentlecht; d'Fachleit ware sech net eens, ob et sech dobäi ëm e ganze Koup Stären oder awer ëm Wolleken, déi liichte géifen, oder Flëssegkeete gehandelt huet. Vum Hierscht 1782 u bis 1802 huet den Herschel geziilt no weideren Objete vun där Aart gesicht. Mat sengem staarken Instrument huet hie séier festgestallt, datt hie verschidden „Niwwelen“ an eenzel Stären opléise konnt.

Den Herschel huet als éischten Astronom eng Klassifizéierung vun dësen Objete gefouert. Hien huet se ënnerscheet no der visueller Magnitude, der Gréisst, der Regelméissegkeet vun der Form an der Konzentratioun zur Mëtt hin. Am Verlaf vu sengen Ënnersich huet hien eng Theorie vum Entstoe vun de Stärekéip entwéckelt: d'Gravitatioun misst mat der Zäit aus lassene Kéip dicht gepaakte Systemer entstoe loossen. Sou féiert hien d'Konzept vun der Entwécklung (oder Evolutioun) an der Astronomie an: de Stärenhimmel war elo net méi éiweg an onverännerlech. Den Herschel gouf domat Grënner vum Erkenntnesobjet Kosmologie.

Wéi hien am Joer 1790 e Fixstär mat Wollek observéiert huet, huet hie seng fréier Meenung geännert. Hien huet et elo fir méiglech gehalen, datt all d'Stäre sech ënner dem Afloss vun der Gravitatioun aus enger Zort Wollek aus Gas oder enger Flëssegkeet zesummegezunn hätten.

Am Laf vun der Zäit huet hien e Katalog mat niwwelegen Objete mat méi wéi 2.500 Objeten („Herschel-Katalog“ genannt) zesummegestallt, an och e Katalog mat 848 Duebelstären. Ouni déi fräiwëlleg Mataarbecht vu senger Schwëster Caroline wieren déi Katalogen net zustane komm.

Trotz sengem Hobby, de Fixstärenhimmel, huet hien d'Objete vum Sonnesystem net vergiess: beim Mars huet hie joreszäitlech Verännerungen nogewisen. En huet zwéi Mounde beim Saturn fonnt an e puer Mounde beim Uranus. Weider huet hien d'Rotatiounsperiod vum Saturn berechent. Hie huet och festgestallt, datt d'Venus eng Atmosphär misst hunn. (De Lomonossow huet schonn 1761 eng Atmosphär op der Venus ugeholl, awer net publizéiert).

Den Herschel huet am Joer 1800 d'Infraroutstralung entdeckt, andeems hien d'Sonneliicht duerch e Prisma goe gelooss an hanner dat rout Enn vum siichtbare Spektrum en Thermometer geluecht huet. D'Temperatur ass an deem Beräich an d'Luucht gaangen, an den Herschel huet doraus ugeholl, datt do eng onsiichtbar Form vun Energie wierksam misst sinn.

Dem Herschel seng Observatioune waren nëmme méiglech ginn, well hien zu senger Zäit dee leeschtungsstäerksten Teleskop hat. Donieft war den Herschel een aussergewéinlech talentéierten an onermiddlechen Observateur.

Seng Teleskopen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Herschel säi 40-Fouss Spigelteleskop

Besonnesch Teleskopen vum Herschel:

  • De Planéit Uranus huet den Herschel mat engem Spigelteleskop vu 6 Zoll (ronn 15 cm) Duerchmiesser a 7 Fouss (ronn 210 cm) Brennwäit entdeckt.
  • Fir säin Niwwel-Katalog huet hien haaptsächlech een Instrument mat engem 18,7-Zoll (47,5 cm) Spigel an 20 Fouss (6,1 m) Brennwäit (vun 1783 un) benotzt.
  • Säi gréisst Teleskop gouf am Joer 1789 ënner senger Uleedung gebaut an hat e Spigelduerchmiesser vun 48 Zoll (122 cm) an eng Längt vu 40 Fouss (12 m). Dësen Teleskop gouf eréischt zwou Generatioune méi spéit vum Lord Rosse sengem „Leviathan“ iwwertraff.

Den Herschel huet nëmmen Newton-Teleskope gebaut. Hir Spigele waren aus enger Metallalliage gegoss an hunn dacks missen nopoléiert ginn, well si liicht ugelaf sinn.

Och seng Schwëster Caroline Herschel a säi Jong John Herschel ware bedeitend Astronomen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Gärtner, Heinz: Das Leben des Friedrich Wilhelm Herschel. Edition Leipzig 1996. ISBN 3-361-00461-6

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: William Herschel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie