Wilhelm vu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Wilhelm vu Lëtzebuerg 1070 – 1129 |
||||||
| Bild feelt nach | ||||||
|
|
||||||
|---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
De Wilhelm vu Lëtzebuerg, gebuer 1070, gestuerwen 1129, war Grof vu Lëtzebuerg vun 1096 bis 1129 nom Doud vu sengem Brudder Heinrich III.. De Wilhelm war de Fils vum Konrad I. a vum Clémence vu Poitiers.
Grad wéi säi Papp hat de Wilhelm och ëmmer Streidereie mam Äerzbëschof Bruno vun Tréier. Dësen huet 1121 de Kierchebann iwwer de Wilhelm verhaang.
De Wilhelm ass ëm 1105 mam Mathilde vu Northeim, Duechter vum Kuno, Grof vu Beichlingen, bestuet ginn. Si haten 3 Kanner:
- Konrad II., (* 1106, † 1136), Grof vu Lëtzebuerg
- Wilhelm, Grof vu Gleiberg
- Luitgard, (* 1120, † 1170), bestuet mam Henri II. (* 1125, † 1211), Grof vu Grandpré
| Virgänger: Heinrich III. |
Grof vu Lëtzebuerg 1096 - 1129 |
Nofolger: Konrad II. |