Will Reuland

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Will Reuland (3. Oktober 1920 zu Gréiwemaacher - 29. Abrëll 1997 och do) war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Journalist a Lexikograf.

De Will Reuland huet, no Zwangsrekrutéierung a Krichsgefaangenschaft, als Schoulmeeschter geschafft. Hie war an enger ettlecher Veräiner a Confrériën, déi em de Muselwäin an de gudde Kascht gungen.

Hie war jorelaang Lokalkorrespondent vun e puer Zeitungen, hat d'Redaktioun vum Lëtzebuerger Wënzer a vun der Zäitschrëft vun der Confrérie Saint-Hubert, an huet an der Revue de la Jeunesse an an der Warte matgeschafft. Zënter 1959 huet hien, op Radio Lëtzebuerg, d'Muselchronik animéiert, an och am Saarländischer Rundfunk, zesumme mam Léon Blasen, eng Emissioun iwwert de Lëtzebuerger Wäi gemaach.

Vun 1961 u war de Will Reuland Member vun der Dictionnaires-Kommissioun, déi de Lëtzebuerger Dictionnaire ausgeschafft huet, an huet sech do ëm d'Musel-Variante vum Lëtzebuergesche gekëmmert. Hie gouf 1963 Member vun der Linguistescher Sektioun vum Institut grand-ducal, a vun 1991 bis zu sengem Doud där hire President.

1973 huet en, zesumme mam Henri Rinnen, d'Kleines Deutsch-Luxemburgisches Wörterbuch publizéiert, dat an iwwer 10 Oploen nogedréckt gouf. De Succès huet si encouragéiert, och e Petit dictionnaire français-luxembourgeois auszeschaffen.

De Will Reuland ass och Auteur vu Gedichter a vu Jugenderënnerungen, déi an zwéi Bicher, Jempi an d'Jempien I an II verschafft goufen.

Literatur [änneren]

  • Goetzinger, G. & C.D. Conter, 2010. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Centre national de littérature Mersch, 697 S. (Reuland, Will, S. 505-506)
  • Hermes, M., 1995. Dem Will Reuland fir seng 75… In: Die Warte 1995, Jg. 48 , Nr. 29/1746 (12. Oktober), S. 3.
  • Rinnen, H., 1998. In memoriam Will Reuland. In: Bulletin linguistique et ethnologique, 27, S. 4-6.