Willeke van Ammelrooy

Vu Wikipedia
Willeke van Ammelrooy
Gebuer 5. Abrëll 1944
Amsterdam
Nationalitéit Holland
Educatioun Schauspillschoul
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur

D'Willeke van Ammelrooy (Willy Geertje van Ammelrooy), ass eng hollännesch Schauspillerin, Dréibuchautorin a Filmregisseurin. Si ass de 5. Abrëll 1944 zu Amsterdam gebuer.

Filmcarrière[änneren | Quelltext änneren]

D'Willeke van Ammelrooy hat mat hirem éischte Film Mira vum Fons Rademakers, deen Holland um Festival vu Cannes vertrueden hat, groussen Erfolleg an hirem Heemechtsland. Duerno huet si awer besonnesch ënner der Regie vum Jean-Marie Pallardy eng ganz Serie bëlleg erotesch Filmercher gedréint. Spéider huet si da lues a lues erëm a méi seriöse Filmer matgespillt. An den 80er Joren huet si och Filmer fir d'Televisoun gedréint. Besonnesch fält de Kinosfilm De Lift aus dem Joer 1983 vum Dick Maas op, deen eng spannend Geschicht iwwer e Lift erzielt, dee sech selbstänneg mécht.

1994 féiert si fir d'éischt Regie am Film De vlinder tilt de kat op.

Am Joer 1995 spillt si eng Haaptroll am Film Antonia, deen den Oscar als beschten auslännesche Film krut.

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Willeke van Ammelrooy ass mam Operesänger Marco Bakker bestuet.

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Schauspillerin (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Regie[änneren | Quelltext änneren]

Dréibuch[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Willeke van Ammelrooy – Biller, Videoen oder Audiodateien