William Evan Allan

Vu Wikipedia
William Evan Allan
Gebuer 24. Juli 1899
Gestuerwen 18. Oktober 2005
Nationalitéit Australien
Aktivitéit Militär

De William Evan Crawford Allan war de leschten australesche Veteran aus dem Éischte Weltkrich.

Hie gouf de 24. Juli 1899 zu Bega, an der deemoleger brittescher Kolonie New South Wales, gebuer an huet sech am éischte Weltkrich an der Australescher Kinneglecher Marinn engagéiert. Hie war vun 1915 bis 1918 am Déngscht um HMAS Encounter. Hie war och de leschte Veteran am Déngscht wärend den zwéi Weltkricher. No 34 Joer Déngscht an der australescher Marinn krut hien 1947 d'Pensioun am Grad vum Läitnant.

Hien ass den 18. Oktober 2005 am Alter vun 106 Joer gestuerwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]